Neijoerschpatt vun der Minièresbunn Doihl fir hir Kollege vum Train 1900
19.1.2019


De Samschden, den 19. Januar 2019 haten déi Aktiv vun der Minièresbunn Doihl (MBD) hir Kollege vum Train 1900 op een sympatheschen Neijoerschpatt invitéiert: Et goung lass mat enger Faart bei d’Lasauvager Kierch. Als nächsten stoung en internationalen Express op Zounen (Saulnes) a Frankräich um Programm, wou d’Muséeseisebunner vun deenen zwee Veräiner vum Buergermeeschter, dem Här Adrien Zolfo an der adjointe au maire (Schäffen), der Madame Christiane Wagner empfaange goufen. D’Gemeng huet um Terminus vun der MBD e flotte klenge Chalet opgeriicht, deen elo als „Gare de Saulnes“ firméiert. Déi ursprénglech Gare vun Zounen, déi op der Normalspurstreck vun Lonkësch op Villerupt louch, hat hire Voyageursverkéier schonns 1939 verluer. De leschten Deel vum Programm wuär e gemittlechen Treff am Atelier Fond vun der Mine Doihl. Photos: 19.01.2019 Francis Wagner


Liens / Links
RAIL.LU - News

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo