Wéi ee Minettsquai ass dëst? Geléist: Adlergrund

Mehr
02 Okt 2014 13:23 - 02 Okt 2014 14:24 #3384 von jmo
Hei ass d'Léisung vum Patrick Reinert:

Et ass de leschten Quai lenks op der Streck Hussigny - Audun virum Tunnel, vun Hussigny op den Tunnel gekuckt, vis-à-vis vun der Gare Adlergrund (Redange/Moselle).

Den Ed hat eis mat sengem Tipp op en Quai an der Geigend vun Audun-le-Tiche ( Streck Audun - Hussigny) op déi richteg Spur bruecht! Villmols merci nach eng Kéier!

Hei si méih aktuell Biller vum Quai vum Patrick:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



D'Bascule hat schon én ronnen Cadran.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


D'Potoën sin aus Beton, mat enger Nut fir deck Dill anzeléen (fir dat kén Minerai op d'Haaptstreck fällt).

Hei e Plang aus dem Buch "Eisenerzgruben im Erzbecken von Beles - Differdingen - Rodingen" vum Ed - Federmeyer - Pierre Pasquali :

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Villmols merci nach eng Kéier fir all E-Mail + Hëllef!

Bis geschwenn,

Jean-Marie
Letzte Änderung: 02 Okt 2014 14:24 von jmo.
Folgende Benutzer bedankten sich: Louis R

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Sep 2014 11:22 - 19 Sep 2014 17:13 #3342 von jmo
Hei sin e puer Informatiounen vum Ed. Federmeyer:

"Ech tippen op en Quai an der Geigend vun Audun - le - Tiche ( Streck Audun - Hussigny ?).

Den SNCF Tombereau ass net am EUROP an huet och keen P-Zechen fir Privatwoon. En eenzelnen friemen Güterwon ass normalerweis, wann en net am EUROP wor, net am Ausland gelueden ginn. SNCF Ween ouni EUROP hei am Land waren normalerweis privat Ween an ganzen Rammen.
Et sin och keng Tombereau'en bekannt dei d'CFL em dei Zeit geleint huet. Daat wor eng Kategorie vun Ween dären d'CFL der vill ze vill haat.

EUROP gouf ët vun 1953 uns - mais virdrun ass e friemen Woon nom Entlueden direkt zreck an seng Hemecht gaang an et ass (sovill ech wees) och keen eenzelnen friemen Woon hei am Land gelueden gin. Daat wor jo vun 1953 uns den Zweck vum EUROP.."


Villmols merci!
Letzte Änderung: 19 Sep 2014 17:13 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Sep 2014 09:08 #3339 von Louis R
Louis R antwortete auf Re: Wéi ee Minettsquai ass dëst?
Ech ging spontan op d'Neiduerf zu Esch tippen, mais ech kann awer falsch leien.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Sep 2014 07:50 - 02 Okt 2014 14:22 #3327 von jmo
Mir sichen wou a wéini dës Foto vun dem Minettsquai gemach gouf:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Virum Quai steht den SNCF Wagon mat der Nummer Tw 7752898

Poteauën trennen d'Quai-Gleis an d'Haaptgleis. Am Haaptgleis lait eng Weich.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


D'Bascule vum Quai ass mat Betonszille gebaut, huet ee klenge Virbau, an ee flachen Dach.

Um Quai steet eng Willy's Jeep, mat der Plaquen-Nummer 3189, déi mat engem Seel 2 Buggien zit. Déi Jeep huet nom "Relevé des automobiles et des avions 1960" dun dem "Henri Bruch, Peinture/Décors, Esch/Alzette" gehéiert. An de Buggien schingt kee Minett, mais Sperrmüll ze leien. D'Foto gouf jo mol nom 2. Weltkrich gemach.

Villmols merci am Viraus fir all Tipp an all Hëllef!

Jean-Marie
Letzte Änderung: 02 Okt 2014 14:22 von jmo.
Folgende Benutzer bedankten sich: patrick

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.090 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang