Wou ass dëst? Geléist!

Mehr
20 Okt 2018 08:59 #5260 von jmo
jmo antwortete auf Wou ass dëst? Geléist!
Villmools Merci fir all déi Erklärungen!

Et ass heiansdo schwéier sech virzestellen wéi en Plaz fréier ausgesinn huet. Elo erkennen ech och d'Walfer Kierch!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Okt 2018 07:41 #5259 von Realist
Realist antwortete auf Wou ass dëst? Geléist!
Déi Foto ass opp der Haptstrooss vun der Stad opp Bäreldeng gemach gin .Platz ass ongeféier do , wou Haut De Cactus opp der lënkser Säit an den Mc Donalds opp der rietser Säit ass , also opp der Grentz vun der Stad an Bäreldeng . An der Mëtt vun der Foto gesäit een Schinnen an Katenären vum Tram , deen vun Héschdrëf an Stad gefuer ass . Am Hannergrond vun der Vergréisserung , gesäit een och opp der lenker Säit Walfer Millen an opp der rietser Säit Walfer Kierch . Haut ass lenks a riets vun där Stross alles zougebaut . Déi Foto misst Ënn 40er oder an de 50er Joer gemach si gin well an den 60er Joeren ass lues a lues alles do zougebaut gin . Ech wees daat secher well ech 57 Joer zu Bäreldeng gewunnt hun , an och nach mam Tram vun der Stad opp Bäreldeng gefuer sin .
Ech hoffen ech konnt iech mat mengen Informatiounen hëllefen .

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Okt 2018 21:11 - 19 Okt 2018 21:33 #5258 von jmo
Wou ass dëst? Geléist! wurde erstellt von jmo
Haut war eng Reportage am Wort iwwert d’Firma Karp-Kneip mat folgender Foto

Wou a wéini gouf déi Foto gemaach?

Villmools Merci am Viraus fir all Tipp!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Letzte Änderung: 19 Okt 2018 21:33 von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.085 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang