Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA: 5519 Sonderzuch op Saarbrecken den 16.Dezember

5519 Sonderzuch op Saarbrecken den 16.Dezember 01 Dez 2017 11:12 #4933

Gudde Moien alleguer,

Den Samsden 16.Dezember fiert eis letzebuerger 5519 een Sonnerzuch Letzebuerg-Saarbrecken an zereck. Voraussichtlech geint 9-Auer geet et fort. Zu Saarbrecken sinn ongefeier 5 Stonnen Openthalt iert et nees zereck op Letzebuerg geet.
Billjeen gett et op desem link : www.5519.lu/veranstaltungen/reservierung-1/

Geneesou ewéi d'lescht Joer gëtt et op dëser Faart nees e Barwon an der Mëtt vum Zuch. Zousätzlech dozou gëtt selbstverständlech, sou wéi all déi aner Joren och, am ganzen Zuch Catering ugebueden.

De Präis beleeft sech dëst Joer op 48€ pro Persoun. Dir hutt natierlech och d'Méiglechkeet fir zu Waasserbëlleg, Konz, Saarburg oder Merzeg eranzeklammen, fir op Saarbrécken ze fueren. D'Präisser sinn déi folgend: ab Lëtzebuerg (48€), ab Waasserbëlleg (48€), ab Konz (44€), ab Saarburg (36€), ab Merzeg (26€). Kanner ënnert 12 Joer bezuelen ëmmer d'Halschent vum ugewisene Präis. Dofir biede mir Iech, des Websäit kuerz virun der Faart nach eng Kéier opzeruffen, fir all weider Detailer ze kréien.

Déi zousätzlech Faart Saarbrécken - Homburg kascht 20 € extra.
Billjeen/Reservatiounen gett et op desem link : www.5519.lu/veranstaltungen/reservierung-1/
Wichteg: Déi genee Departs- an Arrivéeszäite kënnen eréischt 3 Deeg virun der Faart matgedeelt ginn, dëst aus farplangtechnesche Grënn vun der CFL an der DB.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1
Ladezeit der Seite: 0.167 Sekunden
Zum Seitenanfang