Wou gouf des Foto gemach? gelėist!

Mehr
05 Aug 2013 11:23 #2482 von jmo
Hei si weider Précisiounen vum Här Hermes :

Et handelt sëch em en Tunnel vun 60 Meter deen an der Mine Lanneberg erauskoum, zu Rëmeleng rue St. Joseph beim 2 leschten Haus lenks.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Jul 2013 08:04 #2465 von Louis R
get et eng Foto vun der Entree vun daer Gallerie?
wei huet dei Grouw geheescht?

villmols merci,

Louis

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Jul 2013 12:27 - 29 Jul 2013 16:24 #2462 von adminv15
Wou gouf des Foto gemach? gelėist! wurde erstellt von adminv15
Zenter langer Zait hu mer d'Platz mat 2 Gleiser (Bremsbierg?) gesicht wou folgend Foto gemach gouf:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Hei ass d'Äntwert déi mer haut vum Här Hermes kruten:

De Bremsberg deen dir op der Photo sicht ass keen. Et si just d'Gleiser vun enger Galerie zu Rëmeleng rue St,Joseph beim 2 leschten Haus lenks.

Dat Haus dat een do vun hannen gesäit as d'Haus No 27 an der rue St. Joseph ( A Wuerdert / Wuodert ). Dat ass dat 2 lescht Haus lenks wann en aus dem Zentrum wu Rëmeleng kennt. Dat klengt Haus uewen am Besch ass d'Tennisclubhaus. D'Schinen déi een um Bild gesäit ginn an d'Galerie eran déi ennen am Bild hannert dem Fotograf ass. Hie stung esouzesoen op der Galerie.


Mir soen villmols merci!
Letzte Änderung: 29 Jul 2013 16:24 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.078 Sekunden
Zum Seitenanfang