gare de florenville

Mehr
01 Apr 2013 18:50 - 05 Apr 2013 16:04 #2083 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Aw: gare de florenville
Dat ass sou an der Belge. Sie wëllen d'Investissementer ab 2015 an Wallounen stoppen wat Eisebunn ubelaangt, an sech méi op de Stroossen konzentréieren. Sou kritt hier Eisebunn keng nei Clients'en bei, sie verléiert der massiv. Wat paradoxe ass, hier Preiser gin vun Joer zu Joer erop, mee de Service gëtt ëmmer méi schlecht. D'Cheffen vun der Belger Eisebunn sinn alleguerten Flammäner.
Wann Deutsche Bahn, CFL, SNCF an d'NS dem belgen Staat d'Eisebunn ofkaafen, wier de Problem geléist. Holland huet Hallewstonnentakt, an souguer Véirelstonnentakt op verschidden Strecken, an dat hätten d'Belgistesch Leit gäeren. Sie wieren frou. An der Belge fueren Zich vun den Fofzeger Joeren uechtert Géigend, dat ass gäckeg.
an dann schwetzen se dauernd vun der Jonction Nord Midi saturée ect. Parallel zu däer leeft och eng Streck, vun Schaarbeek bis op Vorst. Do kann och Zug fueren.

Dat muss mol op enger Versammlung beschwat gin. Den Direkter vun der Cfl ass dovun begeeschtert. De Lëtzebuerger Staat, oder d'Luxair kënnen jo mat asprangen an een Deel vum Spaass matfinanzéieren.
infrabel.be
prorail.nl
do gesäit een direkt wou méi eng lass ass.
Letzte Änderung: 05 Apr 2013 16:04 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Apr 2013 12:29 #2076 von Realist
Realist antwortete auf Aw: gare de florenville
Genau esou ass ët Här Oswald

Infrabel verkeeft den Leit en Rëckschrëtt als Fortschrëtt. Den Schalter zou Salle d'attente zou , an dofir kritt een dann en Automat an en Souterrain ,en Skandal sonnergläichen , an dann wëllen mer Leit vum Auto opp den öffentlechen Transport kréien , gut geschafft !!!!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Apr 2013 08:08 #2075 von Claude Oswald
gare de florenville wurde erstellt von Claude Oswald
Ech liesen op dësem Site : Fermeture le 26.03.2013 à midi du guichet et salle d'attente de la gare de Florenville sur la ligne 165 dite Athus-Meuse entre Virton et Bertrix, mais ouverture sur cette même gare du passage souterrain.

Dozou gesinn ech dann e puer schéi Fotoen.

Wann ech dat richteg verstinn, gouf déi Gare - am Eisebunnerjargon - "moderniséiert". Kee Personal méi, manner Onkäschten also. E Souterrain fir d'Sëcherheet vun de Voyageuren an deemnächst en Automat fir d'Billjeeën. Op den éischte Bléck alles perfekt.

Fir de Client bedeit dëst wahrscheinlech : Keng Salle d'attente méi wou hie sech am Wanter wierme kann. Kee mënschlechen Accueil méi wann hien eng Fro huet déi den Automat net beäntwert, oder wann hie mam Automat net eens gëtt.

E Souterrain wou et no Piss sténkt, well en erfahrungsgeméiss d'Knaschtpittien unzitt.

Ech hunn och kee Lift gesinn ; also heescht dat fir d'Voyageuren, d'Trap erofgoen, d'Trap eropgoen. Ech gesinn doranner kee Virdeel fir d'Leit. Wee geet scho gär eng Trap erof, eng Trap erop, duerch e Souterrain wou et no Piss sténkt ?

Je, et schéint mir definitiv déi verkéiert Politik ze sinn.

Leider ass de Site vum rail.lu extrem neutral an enthält sech jidder Kommentar, wat e bëssche schued ass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.080 Sekunden
Zum Seitenanfang