Nei Tarifer

Mehr
08 Jan 2013 17:52 #1917 von Zischi
Zischi antwortete auf Re: Nei Tarifer
No dem Zirkus mat den neien Parkingstariffer misst et lo och dem lëschten kloer sinn, dass et an der Stad Lëtzbuerg nie em den Prais vun dem Busticket gung.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Jan 2013 15:24 #1906 von 34-19029
34-19029 antwortete auf Re: Aw: Re: Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Gring matt blo, wéinst dem Här Bausch ! Deen hät dat jo gäer.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jan 2013 18:02 #1905 von Robbes
Robbes antwortete auf Aw: Re: Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Dat misst dann een exttraen Modell Billjee gin, eventuell giel mat rouder Streiff oder esou.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jan 2013 11:03 #1904 von 34-19029
34-19029 antwortete auf Re: Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
den nirosta-chauffeur-ego huet awer nemmen 2 kneppercher, wéi soll dann do nach éng 3. zort billet erauskommen ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Jan 2013 12:09 #1903 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Daat wier z.B. eng Méiglechkeet: e Billet fir 1€ innerhalb vun Stad. Gülteg just eng Stonn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Jan 2013 10:40 #1902 von Fränk
Fränk antwortete auf Re: Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Et kinnt et jo machen dat eng Fahrt an der Stad 1/2 Kuerzstreckebilljet kascht.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Dez 2012 22:18 - 29 Dez 2012 09:36 #1899 von Jos K
Jos K antwortete auf Aw: Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Dat hei ass ee Beitrag zum Haer Bausch senger Remarque dat den aktuellen Tarifsystem d'Stad benodeelecht. Op daer enger Sait kann ee beim aktuellen Tarifsystem soen dat een zou Letzebuerg de selwechte Prais bezillt op ee vun Elwen op Remeleng, oder vun der Stater Gare op den Aldringer fiert, op daer annerer Sait huet een um Gebitt vun der Stad mechtens ee vill besseren Takt. Wann een zou Elwen em 5 Minuten een Zuch verpasst, muss ee mechtens vill meih lang warden ewei wann een an der Stad em 5 Minuten ee Bus verpasst. Ass dee Service kee Geld waert? Kann een Aeppel mat Biren verglaichen?
Letzte Änderung: 29 Dez 2012 09:36 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Dez 2012 10:02 #1895 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Re: Nei Tarifer
En Zonen Tarif emzesetzen ass net extrem schwiereg: et muss sech einfach vun dem blöden E-Go getrennt ginn. Am ZVV zu Zürich fonctionnéiert et ouni iergend e Problem.

Fir d'Abonnementer ass et ganz einfach: et schreiwt een op d'Kaart drop a wéiengen Zonen e gülteg ass. An ween mam Abonnement an enger anerer Zone erwecht gëtt, deen ass Schwaarzfuerer. Bei den Billeten fir ze entwerten ass et och einfach: den Entwerter schreiwt en Haltestelle Code drop. A bei Billeten déi kaf ginn fir direkt gülteg ze sinn, do ginn déi Zonen déi kaf goufen drop geschriwen vum Automat.

Kontrollen am Zuch zu Lëtzbuerg sinn och net ëmmer ganz efficace: oft geet et duer dem Sxchaffner d'E-Go kaart ze weisen (egal ob gelueden oder net). Et brauch einfach vill ze laang fir déi ganz Kontroll mam Apparat ze maachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Dez 2012 08:39 #1894 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Re: Nei Tarifer
Ech hu mir soe loosst dass eng ganz Partie Leit déi mat RGTR-Bussen ënnerwee sinn, SCHWAARZ fueren, well souzesoen ni kontrolléiert gëtt. De Chauffeuren ass et egal ; respektiv fänke si kee Sträit mat de Leit un.

Den Trick ass einfach : Et fiert ee méintelaang gratis = schwaarz, a falls dann enges Dages e Kontroller opdaucht, keeft ee séier iwwer Handy, per SMS en Ticket.

Et hu Leit mir erzielt, dass si an de leschte 5 Joer nach keng Kéier kontrolléiert goufen.

Am Zuch ass et natierlech anescht. Do gëtt ee permanent kontrolléiert, an d'Net-Kontroll ass éischter d'Ausnahm.

Wéi ech viru kuerzem mam TGV vu Paräis op Lëtzebuerg komm sinn, gouf ech zum Beispill net kontrolléiert. Dat huet mech allerdings gewonnert ; well ech duecht, d'Fransouse wiere méi kamëss.
Folgende Benutzer bedankten sich: roadrunner

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Dez 2012 08:16 #1893 von Louis R
Louis R antwortete auf Aw: Re: Nei Tarifer
Ass et normal, dat vill aal Lait, dei eng Pensioun hun (= Akommes), oft mat enger Invalidenkart monter gratis mam Zuch duerch Laendchen kutscheiert gin, dei Jong, ouni Akommes, awer nach meih solle fir hir Jumboskart solle bezuelen?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Dez 2012 16:12 #1884 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Nei Tarifer
BB 26072 schreift : "Secherlech as dât Beispill vun Rëmleng op Elwen richtëg, ët as nëtt fair dass een fir an der Stadt vun der Gare bis op den Aldrenger deen selwechten Praiss bezillt, mee och dëst géif den System nach méi komplizéiert maachen, dann wär ët besser den 2 Stonnen Billjee wier just an engem Kanton gültëg. Esou miisten déi Leit wéi am Beispill mât engem Dagesbilljee fueren !"

Dat ass zwar aliichtend, awer ech froe mech, wéi een da kontrolléiere kann ob de Benotzer just innerhalb vun engem Kanton fiert ?? Dat misst jo dann iwwer GPS lafen, an dee Moment géifen d'Leit regelrecht ausspionéiert ginn, wou se fueren. Ech mengen net, dass dat mam Schutz vun der Privatsphär vereinbar wier.

Respektiv wier nees eng nei Ongerechtegkeet, wa Leit déi ganz no op der Kantonsgrenz wunnen, just iwwert d'Kantonsgrenz bis op déi nächst Statioun fueren. Missten déi en Dagesbilljee kafen, well se op enger Distanz vu 5 Kilometer duerch zwee Kantone fueren ???

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Dez 2012 12:29 #1883 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Nei Tarifer
De Problem bei dene méi "extra" Billeten a Bestëmmungen (Week-end, etc.) ass datt de Client an der Regel net genee wees waat se sinn. An anere Länner ass daat méi einfach. Do steet d'Bestëmmung um Billet drop an et kann jidereen se matt sengen eegenen Aan liesen. Bei eisem blöden E-Go geet daat natierlech nees net.

En Zonen-Tarif muss net zwengend komplizéiert sinn. Ween et interesséiert kann emol um Site vum Zürcher Verkehrsverbund ( www.zvv.ch/de/linien-und-zonen/tarifzonenplan.html ) kucken wéi daat fonctionnéiert. Op all Haltestell hänkt deen heiten Plang. D'Zonen sinn seit ronn 20 Joer déi selwescht. Am ZVV gett et keen een elektronesche Billet. D'Ursaach ass einfach: d'Leit kennen de Billet net selwer kucken a secherstellen datt en gülteg ass an bei enger Kontroll geet et och vill méi séier well de Billet net muss op en Automat geluecht ginn, deen 20 Sekonnen brauch fir en Resultat erauszespäizen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Dez 2012 10:51 #1881 von 34-19029
34-19029 antwortete auf Re: Nei Tarifer
"Méi blöd as ët, dât ët ab dem 01/01/13 keen Carnet vun 10 Fahrten Kuerzstreck 1 Klass méi gët"

wost emol net datt et an der premiumklass esou extrawurschte gouf.
anscheinend sinn all déi matthuelbestemmungen (weekendbillet, aboen zu 2 de weekend fueren, 8.00 Auer mois asw.) op erfahrungswaerter vun der eisebunn zréck behale ginn. all des cumule sinn ofgeschaf ginn, well d'eisebunner do vill diskussiounen am zuch haten.
do stellt sech d'fro: wéi maachen aner réseauen et mam gruppebillet, kennen déi besser zielen ? besser interpretéieren ? sech duerchsetzen ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Dez 2012 10:01 #1880 von BB 26072
BB 26072 antwortete auf Re: Nei Tarifer
Gudd sou eng Tariferhéigung as längst iwwerfällëg, kënnt elo awer zou engem schlechten Zaitpunkt, denken, dass den "Billet familles nombreuses" nëtt genuch succés hat oder wéi as dât zë verstoën (Eppes wât sech dach gudd verkeeft gët dach nët einfach esou ofgeschaaft)
Dass den Tagesbilljee beim aalen Praiis bleiwwt as dach eng gudd Saach.
Jumbos-Kaart gët glaich verdeiert, fannen ech och eng gudd Saach, déi kéinnt rouëg 100€ pro Joër kaaschten dann wär së vis à vis vun engem Joeresabo nach bëlleg!
Méi blöd as ët, dât ët ab dem 01/01/13 keen Carnet vun 10 Fahrten Kuerzstreck 1 Klass méi gët, genau deen Billjee as main Favorit. Den frëndlechen Här an der Mobilitéitszentral huet mir een Méindeg main E-Go nach eng Kéier gefëllt an erklärt dass deen nächsten Kéier ech een Carnet à 10 Fahrten fir 2 Klass muss kaafen an dann enzel een Supplément fir 1 Klass kann kréien wou 5 Fahrten drop wären. Dëst mecht deen schons komplizéierten System vum E-Go nach méi schwéier. Feelen vun den Endwerter an den Zich dréiht och dozou bai.
Secherlech as dât Beispill vun Rëmleng op Elwen richtëg, ët as nëtt fair dass een fir an der Stadt vun der Gare bis op den Aldrenger deen selwechten Praiss bezillt, mee och dëst géif den System nach méi komplizéiert maachen, dann wär ët besser den 2 Stonnen Billjee wier just an engem Kanton gültëg. Esou miisten déi Leit wéi am Beispill mât engem Dagesbilljee fueren!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Dez 2012 08:59 - 26 Dez 2012 09:00 #1879 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Nei Tarifer
Eng Tariferhéigung u sech ass net eng Katastroph. Besonnech wann een mat aneren europäeschen Läner vergläicht. Menges Wëssens no kann een sech soss néirens fir 1.5€ oder demnächst 2€ 2 Stonnen duerch d'Géigend féiren loossen.

Ech fannen awer datt den Equiliber vun den Tarifer net OK ass. Iergendwéi ass et dach net normal datt een fir an der Stad e puer Statiounen mam Bus ze fueren genau soufil bezillt wéi vun Rëmleng op Elwen fiert. Besonnech lapidar war dem Minister seng Äntwert op eng Question parlementaire zu engem Zone-Tarif: Den E-Go kann et net. A wéi e System huet eis Politik dann do investéiert? Et schéint wuel net an en zukunftsgerichte System mee plutôt an e Faass ouni Buedem.
Letzte Änderung: 26 Dez 2012 09:00 von Marc Sinner.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Dez 2012 15:18 #1864 von merni
Nei Tarifer wurde erstellt von merni
Salut,

Lo hu mer dann d'Bescherung! Während CFL a Mobilitéitszentral emmer nach keng Info iwert déi nei Tarifer ab dem 01.01. gin, gesäit een se awer scho bei der Stad Letzebuerg:

www.vdl.lu/Mobilité/Autobus/Billets_+tarifs+et+points+de+vente.html

Besonnech schlecht ewech komme Familje mat méih Kanner: Keng Famille Nombreuse-Abonnementer zu 50% méih a Jumbo säfteg verdeiert (vu 50 op 75€).

De WE-billjee gett och ofgeschaft an d'Regelung fir de WE 1 Persoun gratis mam Abonnement matzehuelen och.

Den Dagesbilljee kritt rem Senn, bleiwt bei 4 € a gett lo gläich mat 2 Kurzzäitbilljee.

Also nach séier profitéieren; sou z.B kritt een de 50% Joresabo (Familles Nombreuses) fir 200€ nach bis den 31.12.

nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.165 Sekunden
Zum Seitenanfang