Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA: ëffentlech Petitioun

ëffentlech Petitioun 13 Sep 2016 13:37 #4559

Gudde Moien,

wou wore se dann all, d'Eisebunnsfrënn? Et gi jo vill där hei am Land, wann een emol d'Manifestatiounen esou kuckt.

Mee leider schéngen do nei Strecken an de Bléck an d'Zukunft keen Thema ze sinn; d'Freed, fir de leschten 1800er nuets um 3 Auer ze gesinn ze hunn, iwwerweit do. An dat ass schued wa just un der Vergaangenheet vun der Eisebunn festgehale gëtt anstatt an d'Zukunft ze kucken.

An da ginn et jo och nach Leit, dei all neies schon doudrechenen ier et emol an eng eescht Diskussioun koum. Deene Leit wëll ech just soen, datt deemols, wéi di éischt TGV - Linnen geplangt goufen am Frankräich, di Responsabel vun der SNCF dem Staatspresident Pompidou gesot hunn, dat géif sech ni rentéieren, dee sech duerchgesat huet am Interesse vu Frankräich (Prestige an Export).
Hätt hien deemols op "d'Doudrechener" gelauschtert, géif et haut vu Lëtzebuerg aus och keen TGV ginn. Dat siew emol gesot.

Wann also de gréissten Deel vun den Eisebunnsfrënn an der Vergaangenheet liewen oder nach just der Damp- oder der 1800er - Zäit an de mechanësche Signaler notraueren, dann ass dat selbstverständlech hiert gudd Recht. Mee si solle wëssen, datt wa si, oder hir Nokommen, nach wëllen Zich gesinn, hiren Asaatz fir d'Transportmëttel Schinn an Zukunft gefrot ass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

ëffentlech Petitioun 13 Sep 2016 08:37 #4556

143 "signatures électroniques" bis den 9. September 2016 (Date de fin de la période de signature: 08-09-2016).
Dat ass net déck!
A wann een da kuckt, wien ënnerschriwwen huet: Knapps eng Dozen Leit déi direkt un der Streck wunnen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 02 Aug 2016 22:01 #4512

  • Claude Oswald
  • Claude Oswalds Avatar Autor
  • Offline
  • Beiträge: 104
Här Sinner,

Är Iwwerleeunge sinn interessant. Zum Beispill wou Dir schreift : “Eng Décisioun gëtt emmer an engem bestëmmten Kontext geholl an ass och an deem Kontext ze jugéiren. Si kann sech Joeren spéider effektiv als falsch erausstellen, mee de Leit vun deemols e Reproche ze maachen wier e bessen ze kuerz gegraff.”

An der Groussregioun respektiv an den Nopeschlänner goufen an der Zäit eng Partie Eisebunnsstrecken aus militäresche Grënn gebaut, déi ni eng wirtschaftlech Roll gespillt hunn. Dofir sinn déi och der Rei no nom Zweete Weltkrich verschwonnen.

Ironescherweis kann et awer och passéieren, dass eng Décisioun déi gëschter richteg war, haut falsch ass, a maar ass se nees richteg. An der Stad Lëtzebuerg gouf 1908 den elektreschen Tram agefouert. Dat war deemools e Fortschrëtt. 1964 gouf den Tram awer nees ofgeschaaft, well e soi-disant almoudesch war a gehënnert huet. Ewell gëtt en nees agefouert.

Et gesäit een dat an enger Rei franséische Stied, déi an den 1950er respektiv an den 1960er Joeren hiren Tram ofgeschaaft hunn, an déi en zénter den 1990er Joeren nees aféieren. Et wier ee geneigt ze soen, dass déi Politiker déi séngerzäit den Tram ofgeschaaft hunn, net ganz wäitsiichteg waren. Et goufe jo och Stied déi hiren Tram bäibehalen hunn, an déi e permanent moderniséiert hunn. Zu Zürich gehéiert den Tram zum Markenzeeche vun der Stad. E gouf ni ofgeschaaft. Déi Zürcher haten also eng aner Approche wéi z.B. déi Stroossbuerger.

Mir hunn als Tram asbl geléiert, dass et méi einfach ass e bestehende Réseau auszebauen an ze moderniséieren, wéi komplett bei Null unzefänken. Mir hunn an den 1990er Joeren e gewësse Widderstand zu Lëtzebuerg géint den Tram gespuert, deen och haut nach ënnerschwelleg bei enger Partie Leit besteet. Den ADR huet versicht, dëse Widderstand politesch auszeschluechten, wat him awer net gelongen ass.

Wat elo d’Petitioun fir eng Neibaustreck Lëtzebuerg-Fréiséng-Mondorf-Réimech betrëfft, sou kënnt déi net vu mir an och net vun der Tram asbl. Et kann een dat bedaueren, dass eenzel Persounen eng Petitioun lancéieren, ouni sech virdrun ze informéieren oder mat aner Leit oder Associatiounen ze beroden an ofzeschwätzen.

D’Iddi vun dëser Neibaustreck hätt sëcher eng aner Nues, wann een dat am Kader vun der Groussregioun an doriwwer eraus kucke géif. Dee Moment géif se d’Verbindung mat Saarbrécken an doriwwer eraus mam süddäitsche Raum maachen. Am 21. Joerhonnert dierften déi technesch Problemer éischter ze léise sinn, wéi am 19. Joerhonnert. Dofir sinn d’Virschrëfte vläicht méi streng ginn.

Ech kann awer verstoen an novollzéien, dass déi Leit déi all Dag mam Bus op Fréiséng-Mondorf-Réimech fueren, net vu Begeeschterung an d’Luucht sprangen, wann de Bus am Stau steet. Dës Leit hu vläicht keng präzis Iddi, wéi een dat verbessere kënnt ; awer si gi ganz einfach dovun aus, dass den Ist-Zoustand net “der Weisheit letzter Schluss” ass, an dass et am 21. Joerhonnert aner Méiglechkeete misst ginn. Vläicht dreeme si vun engem Monorail oder vun enger Seelebunn déi iwwert de Stau fiert.

Vun der Politik komme leider net vill Impulser. D’Politiker ginn dovun aus, dass d’Leit léiwer mam Auto fueren, an da maache se alles fir den Auto. D’Politiker sinn an deem Sënn Realisten ; awer dat bréngt eist Land net virun a léist de Problem net.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 02 Aug 2016 19:09 #4511

D'Situatioun zu Oth ass mer duerchaus bekannt. Ech fannen et genau wéi dir net sonnerlech ideal, datt d'Aufwärtskompatibilitéit vun där Strooss net ginn ass. Do hätte menger Meenung no duerchaus Moossnahmen sollen getraff ginn fir eng spéider Réouverture net ze verhënneren. Domatt ass nach keng Décisioun gefall iwer déi tatsächlech Réouverture vun där Linn. Déi muss selbstverständlech separat gekuckt ginn an do spillen dann ganz aner saachen matt.

D'Réouverture vun der Linn ass nach ëmmer e gutt Steck méi bëlleg wéi den Neibau, well keen Terrassement muss gemaach ginn an den Ënnerbau (wann en gutt ass) och kann iwerholl ginn. Virun allem mussen keng Terrainen kaf ginn. Et entfalen also eng Rei Prozeduren.

Ech wees och datt et schon ganz vill Iddien ginn huet fir Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg ze bauen. Wann déi Linn op Märzeg deemols virun 150 Joer net réaliséiert ginn ass, dann muss daat en Grond gehat hunn. Wahrscheinlech war se deemols net prioritär. Et wier schéin wann se haut do wier, do sinn ech ganz d'accord. Daat heescht awer net, datt sech haut en Neibau geng rechtfertegen. Wann dir haut eng Eisebunnslinn wëllt bauen, dann geet déi méiglech Demande an 50 Joer leider net duer als Argument. Eng Décisioun gëtt emmer an engem bestëmmten Kontext geholl an ass och an deem Kontext ze jugéiren. Si kann sech Joeren spéider effektiv als falsch erausstellen, mee de Leit vun deemols e Reproche ze maachen wier e bessen ze kuerz gegraff.

Wann dir eng Pétitioun lancéiert, dann heescht daat jo, datt dir am Hier und Jetzt eppes fuerdert. Entweder besteet en objektiven Bedarf schon haut fir déi Moossnahm oder dir kënnt glaubhaft noweisen, datt deen Bedarf an absehbarer Zäit wärt bestoen. Bedenkt, datt sou e Projet sech muss kënnen en Concurrence matt anere Projet'en, déi och gären Suen hätten, behapten. An do ass eng Zuchstreck op Réimech denkbar schlecht opgestallt. De Bedarf un Infrastruktur ass zu Lëtzebuerg enorm an op anere Plazen am Land ass de Bedarf däitlech méi dringend (an d'Finanzen nun emol limitéiert). Wann eng Pétitioun méi soll sinn, wéi just e Stéck Symbolpolitik, waat duerno nees zu den Akten geluecht gëtt (an daat passéiert matt ville Péititiounen, egal wéien Themengebitt se betreffen), dann muss erkennbar sinn, datt se (zu engem vernünftegen Kosten-Nutzen-Verhältnis) eppes zur Léisung vun engem bestehenden Problem bäidréit.

Esou eng Zuchstreck kann duerchaus eng Visioun duerstellen. Mee eng Pétitioun dozou ze maachen schengt mer dach awer strategesch gesinn daat falscht Mëttel ze sinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 02 Aug 2016 16:53 #4510

Wéi mer op folgendem Plang gesin, haten virun 150 Joër och well Lait Visiounen:

Anhang ProjetGuyot1865.JPG nicht gefunden


1865 huet de Projet Guyot schons Lëtzebuerg via Réimech mat Mertzig wolle verbannen.

Haut wiere mer frou wa mer déi Eisebunnsverbindung well hätten fir séier op Saarbrëcken ze kommen!

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Jos K.

Aw: Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 01 Aug 2016 18:04 #4503

Ma gesidd Dir, Här Sinner,

zu Däitsch-Oth hu si gesot, en Zuch géif sech net rechenen, well een no 20 Joer Stëllstand sowisou hätt missen e kompletten Neibau maachen. Wat hu si gemaach? Si hunn d'Liaison Micheville iwwer d'Strooss gebaut mam Resultat, datt et an Oth haut net méi méiglech ass fir a Richtung Fontoy eraus ze kommen well et kënnt een nämlech net op de Viadukt kënnt.

Zu Oth goufen och di Leit, enneranerem d'franséisch Organisatioun AGIRR, an d'Lächerlecht gezunn a kruten och vun "Experten", vum Comptoir bis bei d'SNCF, viirgerechent, datt den Zuch ze deier géif. Haut ass Oth di eenzeg Uertschaft, där hire Contournement duerch d'Uertschaft selwer leeft. Mee dat huet sech anscheinend gerechent.

Wann deemols di Leit mat de Visiounen ënnerstëtzt gi wieren, ënneranerem och vu Lëtzebuerg, da wieren opmanst di néideg Bréck op der Trass vun der Eisebunnstreck tëscht Oth a Russange gebaut ginn fir spéiderhinn kënnen nees emol aus der Other Gare op Fontoy ze fueren. Haut ass et ze spéit.

Där Fäll ginn et nach wou Visiounen lächerlech gemaach ginn. Schlieeslech hat an den nonzeger Joeren am Convict den deemolege Staatsminister Santer am Kader vun der BTB - Diskussioun op d'Fro no Visiounen geäntwert: "Wann ee Visiounen huet, muss ee bei den Dokter goen." Haut ass den Tram an der Stad Realitéit a kee vun de Leit deemols, déi och gesot kruten "a wat kascht dat" huet misse bei de Psyschiater op d'Couche.

Also, net direkt Leit, di eng Iddi hunn, als Fantast dohinner stellen. Et kënnt jo emol sinn, datt si am Nachhinein Recht behale mat hirer Iddi.

René

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 31 Jul 2016 20:34 #4502

Wann der d'Légende vum Plang kuckt, dann gesidd dir datt net all Arrêten als Case duergestallt sinn, mee eenzelner als Punkten (wann et der méi sinn dann nach matt enger Zuel dobäi). Bei de Regionalzich op Waasserbelleg sinn teschent Wecker an Waasserbelleg zwee Punkten Arrêten esou agedroen: daat kënne wuel nëmmen Manternach a Mertert sinn. Do gengen dem Plang no zwee Zich d'Stonn halen. Ähnleches fir déi vun iech erwähnten Arrêten op der Nordstreck. Déi sinn och esou duergestallt.

D'Réouverture vun der Linn Audun-Fontoy kinnt zwee Intérêten hunn: engersäits d'Ubannung vun den Uertschaften selwer (och matt P+R fir Frontalieren vun méi wäit) an anersäits fir de Verkéier Ech/Belval - Frankräich eng Alternativ zu Beetebuerg - Diddenuewen schafen (Kapazitéitsgewënn fir den traffic an d'Stad). Den Nodeel ass leider, datt dofir d'Fuerzäiten net extrem konkurrenzfäheg sinn (och géigeniwer enger Emnsteigverbindung zu Beetebuerg). Dowéinst gesinn ech daat virop als eng Optioun, iwer déi et sech lount nozedenken. Well d'Platforme vun der Streck ass zum allergréissten Deel nach do. Et geng allerdengs eng Staang Geld kaschten. Och d'Bréck nees fahrtüchteg ze maachen kinnt deier ginn.

Et ass leider traureg datt verschiddenes zu Lëtzebuerg esou fierchterlech laang dauert, esou guer Saachen matt deenen jidereen d'accord ass. Daat ass een vun de Punkten wou eist Land an den nächsten Joeren misst drun schaffen, wann mer ökonomesch wëllen konurrenzfäheg bleiwen. Mir mussen méi séier sinn ewéi anerer (an d'Chinesen sinn ganz séierer).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 31 Jul 2016 18:58 #4501

  • Claude Oswald
  • Claude Oswalds Avatar Autor
  • Offline
  • Beiträge: 104
Här Sinner,

Ech hu mer emol Ären Netzplang ugekuckt. Do sinn – wann ech dat richteg verstinn – e puer Iddien déi ech mat ënnerschreiwe géif, oder déi op d’mannst diskussiounswierdeg sinn.

Dir géift also Fontoy – Audun-le-Tiche reaktivéieren ? Ok, ech mengen do géift Dir den Appui vun enger AÖT kréien.

Dir gesitt och Dikrech an Ärem Gleisplang vir ? Ok, ech mengen och do hutt Dir den Appui vun enger AÖT.

Ech vermëssen allerdings e puer Arrêten op Ärem Plang. Manternach ass z.B. verschwonnen. Heescht dat, dass déi Manternacher Leit an Zukunft mam Auto op Wecker fuere sollen ? Ech soen Iech direkt, dass mäi Brudder net frou wier.

Och op der Nordstreck vermëssen ech e puer Garen : Luerenzweiler, Lëntgen, … W.e.g., sot mer net, dass Dir déi Garen zoumaacht, an dass Dir d’Leit forcéiert mam Bus ze fueren.

Fir de Rescht wëll ech soen, dass d’Membere vun der Tram asbl zénter 1991 “des hauts et des bas” kannt hunn. Et ware Leit déi eis belächelt hunn, oder déi de Kapp gerëselt hunn : “Lo hu se endlech d’Tramschinnen iwwerall an der Stad erausgerappt, an da wëllt Dir den Tram erëm aféieren ?“

Et goufe vun Ufank un, a praktesch bis zum Schluss, Versich, fir de Bau vum Tram ze verhënneren. D’FLEAA koum mat der Virstellung vun engem Duebelgelenkbus. D’Madame Polfer huet am Stater Cercle e Bus virgestallt deen ouni Chauffeur duerch d’Stad fuere sollt. Si wollt domat dem Mady Delvaux säi BTB torpedéieren.

Méi rezent huet de fréiere Chef vun de Stater Bussen d’Iddi vun enger Seelebunn an d’Gespréich bruecht.

Den ADR wollt am Ufank de Verkéiersproblem an der Stad Lëtzebuerg mat Gelenkbusse léisen an ass duerno op den Tunnelprojet vum Ingenieur Schummer gesprongen.

Mir hunn an den 1990er Joeren naiverweis gemengt, Lëtzebuerg wier d’Land vun de kuerze Weeër a vun de séieren Décisiounen. Déi Saach mat de kuerze Weeër stëmmt vläicht, well mir goufen iwwerall empfaangen. Fir de Rescht awer muss een onheemlech vill Gedold hunn.

Also wann Dir gären eng Iddi duerchsetzt, da sicht Iech Alliéierter a fänkt léiwer HAUT un – a sitt frou, wann Dir an ZWANZEG Joer e Resultat hutt. Ech mengen dat net béis ; mä et ass leider esou.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 31 Jul 2016 12:48 #4500

Wann ech schreiwen, datt den Zuch en Transportmëttel wéi en anert ass, dann heescht daat, datt den Zuch sou wéi all anert Transportmëttel seng Berechtegung muss kënnen objektiv beleeën. Dem Zuch en Bonus anzeraumen, just well et en Zuch, daat kënnt fir mech ze kuerz. Den Zuch huet aner Randbedingungen an daat féiert dozou datt et Situatiounen ginn, wou en Zuch besser geegent ass an anerer wou e Bus de besseren Choix ass.

Ze behapten den Bus wier dem Zuch systematesch ënnerleeën kënnt ze kuerz: et kënnt vill méi drop un, wéi am konkreten Fall de Betrieb an d'Offer ausgesinn (Vitesse, Takt, Zouverlässegkeet, etc.). D'Bandbreet ass souwuel beim Zuch wéi beim Bus ganz grouss. Vum Belval z.B. hutt der souwuel en Zuch wéi e Bus an d'Stad. Demno wou d'Ziel an der Stad ass, ass den Bus e gutt Steck méi séier. Et ass och net weider verwonnerlech: wann een mam Zuch aus der Stad op de Belval fuert, dann gitt der d'Gefill net lass, datt den Zuch absolut net vum Fléck kënnt. An esou Plazen hunn mer vill am Land. Och well dauernd nei Arrêten bäikommen an domatt d'Vitesse enorm ofhëllt: d'Distanz vun Belval op Belval Lycée ass ca. 1 km. Mir fueren also bal Tram matt Rollmaterial waat fir Schnellzuch geduecht ass. Daat kann net goen. En Halt all km ass einfach net wesensgerecht fir en schwéiert Verkéiersmëttel wéi den Zuch. Deen huet eng aner Roll an soll sech op déi konzentréiren. D'Feinverteilung ass fir Tram a Bus an net fir den Zuch. Mir brauch keng Bimmelibahn, mee eng performanten Eisebunn wou et virun geet.

Fréiseng ass och et gutt Beispill: vill Autoen kommen aus Frankréich. Nun gëtt et eng Eisebunnsstreck op Diddenuewen. Mee leider fiert de letzebuerger Ministère an der Zwëschenzäit matt eng grousser Zuel un Buslinnen an d'Frankräich. Daat entsprëcht net der Roll vum Bus. De Modal Split vum Zuch bidd a Richtung Frankräich nach vill Potenzial. De Problem ass leider, datt et a Frankräich net méiglech ass, mam Buch op eng gare ze kommen. Et gëtt keen Zubringerverkehr. D'Léisung fir de Modal Split vum Zuch ze erhéigen läit demno net eleng beim Zuch selwer, mee och beim Bus.

Matt enger Zuchstreck ass de Problem bei der Hesper Kierch (deen sérieux ass) nach ëmmer net geléist. Dofir schengt mer de Projet vun der neier N3 méi geegent, och waan daat eng Strooss ass. Wann den Duerchgangsverkéier verschwënnt, dann ass zu Hesper keen Problem méi fir de Bus. D'Léisung vun Problemer op Plaz A kann ënner Emstänn op Plaz B leien. An et kann och sinn, datt fir e Problem am öffentlechen Transport ze léisen, eng Strooss muss gebaut ginn. Dem Bësch ass et d'ailleurs och egal op mer matt enger Strooss oder eng Zuchstreck doduerch fueren. De Plazbedarf an d'Resultat sinn dee selweschten: et mussen Beem fort.

Ech sinn ganz d'accord datt d'Landesplanung an Transportpolitik méi stark missten op eneen ofgestëmmt ginn. Zu Lëtzbeurg bastelen mer seit Joeren un Konzepter (IVL, etc.), mee iwer de Pobeier sinn se bis elo selten erauskomm. D'Gemengenautonomie spillt dobäi eng grouss Roll. Wann all Gemeng wëllt Cité'en bauen, dann kréien mer de Wildwuchs deen mer haut hunn. Matt de Plans sectoriels gouf en zaghaften Ufank gemaach fir verschidden Gemengen, notamment do wou haut schon en Zuch fiert, als prioritaire ze klasséiren an anerer als complémentaire. An der Praxis muss dat sech awer nach beweisen.

Zu Lëtzebuerg wier fir den öffentlechen Transport (egal ob Bus oder Zuch) och schon vill geschafft, wann mer eis Planungen net méi eleng gengen op den Auto ausriichten. Wou zu Lëtzebuerg ass et méiglech ze Fouss oder mam Bus an e Supermarché ze goen/fueren? Beispill Junglënster: virun ca. 15 Joer ass de Centre commercial Langwiss gebaut ginn. Dee läït 1 km vun der Busgare ewech (Fousswee duerch en net ganz attraktivt Industriegebitt). Esou eng Standortwahl seet am Fong alles: et ass alles op den Auto ausgeriicht (quasi US-amerikanesch Verhältnisser). Den öffentlechen Transport kënnt guer net fir an den Iwerleeungen. Där Beispiller ginn et honnerten am Land. Maacht emol eng Stastistik a wéiengen Uertschaften et e Supermarché gëtt, resp. wou iwerall keen. D'Konzentratioun ass extrem stark ausgeprägt. Vill mëttelgrouss Uertschaften hunn eng Epicerie an domatt huet et sech. Zu Lëtzebuerg sidd der leider forcéiert en Auto ze hunn. An wann der den Auto bis hutt, dann benotzt der en och.

Ech wees net waat dir iech ënnert Visiounen firstellt, mee fir mech sinn daat Iddien, déi eppes zu enger Léisung beidroen, liicht ambitiéis mee trotzdem realistesch sinn. 30 km Schinn um Rand vum Netz nei bauen, bréngt leider ganz wéineg an huert kaum eng Chance op Realiséirung am Wettstreit matt anere Projet'en em déi knapp finanziell Mëttelen. Den Opbau vun eng moderner a perfomanter S-Bunn op Basis vum bestehenden Eisebunnsréseau (cf. de Plang deen am leschten Post ugehaangen war) schéngt mir méi geeegent fir dauerhaft eppes fir eng nohalteg Mobilitéit ze erreechen. By the way: déi bescht Mobilitéit ass déi, déi guer net stattfannen muss, well d'Leit sech guer net mussen déplacéiren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 31 Jul 2016 10:42 #4499

  • Claude Oswald
  • Claude Oswalds Avatar Autor
  • Offline
  • Beiträge: 104
D’Eisebunn ass och fir mech kee Fräiliichtmüsee. Fir ze soen, si ass en Transportmëttel wéi en anert, sinn ech awer net mam Här Sinner d’accord. D’Eisebunn huet aner Contrainten, wéi d’Strooss. Si huet awer och aner Méiglechkeeten.

Den Zuch ka séng Schinnen net verloossen. Dat war just beim SchieStraBus méiglech, dee sech awer ni duerchgesat huet. De Bus ass méi universell asetzbar, well d’Stroossennetz méi dicht ass. De Bus fiert och op Plazen, wou ni Schinne geluecht goufen, oder wou d’Schinnen erausgerappt goufen, fir enger “schéiner” Strooss Plaz ze maachen.

Op der aner Säit huet de Bus Capacitéitsgrenzen. Et kann een net 10 Bussen unenee strécken. Dat huet just d’Madame Polfer gemaach, wéi se géint den Tram manifestéiere wollt.

Ceci dit hunn ech laang genuch zu Fréisàng gelieft, fir ze wësse wat do leeft, a wat do net leeft. Ech hu festgestallt, dass mer am Beräich vum ëffentlechen Transport eng 2-Klassegesellschaft hunn : Déi eng Leit kënne sech op de séieren Zuch verloossen, an déi aner Leit musse sech mam Bus zefridde ginn deen am Stau mat den Autoen hänkebleift. Et war dack genuch de Fall, dass de Bus owes fir aus der Stad eraus, den Houwald erof bis bei d’Hesper Kierch mat den Autoen am Stau stung an 10 bis 15 Minutte verluer huet. Bei der Hesper Kierch ass nämlech en Triichter, wou zwee Verkéiersstréim openee stoussen : deen ee vun der Route de Thionville, an deen aner vun der Rue de Gasperich. Duerno war nach e klenge Stau viru Fréiséng, dee mat e bëssche Pech schonn um Schlammestee ugefaang huet. De Bus krout nees eng Kéier 5 bis 10 Minutte Verspéidung.

Et feelt tëschent der Wollefsmillen an der Hesper Kierch un der néideger Plaz fir eng Busspur. Dat Selwecht ass de Fall tëschent dem Schlammestee a Fréiséng. Méi generell fällt et mir op, dass d’Busspuren op deene Plaze wou der bestinn, an der Regel geduecht si fir an dStad eran ze fueren, awer net geduecht si fir aus der Stad eraus ze fueren. Dat kënnt een esou interpretéieren, dass et dem Patronat wichteg ass, dass d’Leit mueres matzäiten op d’Aarbecht kommen, awer dass et dem Patronat egal ass, wéi d’Leit owes nees heem kommen.

Ech hunn an där Zäit wéi ech zu Fréiséng gewunnt hunn, festgestallt, dass d’Verkéierssituatioun sech verschlëmmert huet. Et sinn ëmmer méi Autoen duerch Fréiséng gefuer. Zum Deel waren dat franséisch Grenzpendler, zum Deel awer och Leit déi sech am Kanton Réimech néiergelooss hunn. Et gi jo iwwerall Citéë gebaut ; awer et feelt un der néideger Landesplanung an un enger Transportpolitik, déi dësen Numm verdingt. Wéi mäi Brudder an den 1980er Joeren op der ETH zu Zürich Raumplanung studéiert huet, war dat Wuert zu Lëtzebuerg nach onbekannt.

Hei zu Lëtzebuerg kënnt een den Androck hunn, dass d’Immobiliepromoteuren den Toun uginn. Hinnen ass et allerdings quiitschegal, ob d’Leit duerno am Stau stinn. Schlëmmer nach, se beléien d’Leit mat onrealistesche Verspriechen a behaapten, vu Fréiséng wier een an 10 Minutten an der Stad. Dat klappt just nuets, wann d’Stroossen eidel sinn.

Ech fannen et gutt, dass den Här Sinner eng realistesch Linn vertrëtt, an dass hie mat der Rechemaschinn rechent. Dat ass jo och no allgemenger Opfaassung verstänneg.

Awer ech géif et nach vill besser fannen, wann hie Visiounen hätt, a wann hien de Leit nei Perspektive weise kënnt. Ze soen, mer hunn de Chausson-Bus tëschent Lëtzebuerg a Fréiséng-Mondorf-Réimech duerch en M.A.N. oder e Mercedes ersat, ass nu wierklech kee Quantesprong. Ech sinn der Meenung, och déi Leit am Kanton Réimech hunn e Recht op e qualitativ héichwäertegen ëffentlechen Transport, quitte dass deen eppes kascht.

Eng politesch Partei déi keng Visiounen huet, huet am Fong keng Daseinsberechtegung. Se wëllt jo näischt änneren. Se wëllt just den Ist-Zoustand verwalten.

D’Relioune liewe vun der Visioun déi se de Leit verkafen, dass et nom Liewen op dëser Welt e bessert Liewen am Paradäis gëtt. Wann d’Relioune keng Visioun méi hätten an d’Leit mat der Banalitéit vun der Realitéit vertréischte géifen, kënnte se direkt apaken.

An deem Sënn fannen ech et positiv, wa Leit eng Visioun hunn, a wa se de Courage hunn mat hirer Virstellung an d’Ëffentlechkeet ze goen. Dofir hunn ech déi Petitioun um Site vun der Chamber ( www.chd.lu ) ënnerschriwwen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 30 Jul 2016 23:40 #4498

Ech wees net wéi dir et gesidd, mee fir mech ass d'Eisebunn keen Freilichtmuseum. Si ass en Transportmëttel wéi en anert, waat sech volkswirtschaftlech rechnen muss. Daat heescht net daat déi eenzel Linn muss Gewënn ofwerfen (soss geng et nemmen nach ganz wéineg Linnen ginn), mee daat d'Eisebunn do agesat gëtt, wou se am Verglach matt aneren Verkéiersmeëttel am sënnvollsten ass. An daat ass do wou vill Leit ze transportéiren sinn.

Ech wees och net wéi dir den Erfolleg vun enger Eisebunn moosst, mee fir mech miest deen sech net an km-Schinn, mee an Unzuel u Passagéier, resp. a Passagéier-km. Mee daat heescht och, datt Suen mussen do investéiert ginn, wou se dee gréissten Notzen hunn. Op de bestehenden Linnen geng sech nach vill Potenzial bidden. Limitéirenden Facteur ass oft d'Gare Lëtzbuerg. Ween also zu Lëtzbeurg wëll d'Performance vum Schinneréseau erhéigen, muss konsequent do investéiren, wou d'Engpäss leien. Mir dir schengt léiwer eng Extensioun en terme vun km-Schinn ze hunn, wéi datt e puer dausend Leit méi pro Dag do gefouert kënne ginn, wou d'Eisebunn wierklech eppes brengt.

Enger Streck iwer Fréiseng a Mondorf op Réimech fehlt net nëmmen d'Demande, déi et haut brauch, fir eng Neibaustreck ze rechtfertegen, mee och den iwergeuerdneten Netznotzen. Et wier eng Stëchstreck ouni Ubannung op der anerer Säit (eng Verbindung zur däitscher Obermosel geng net wierklech eppes brengen). E Fehler wier och datt se geographesch en groussen Emwee mëcht. Déi eenzeg Chance fir eng Zuchstreck via Réimech wier eng Verbindung Lëtzbuerg - Saarbrecken. D'Topographie mecht et hei leider net ganz einfach (d.h. et gëtt deier) an d'Demande ass och net héich genuch. Dëst ass eng Verbindung wou de Bus op absehbar Zäit den objektiv besseren Choix ass.

Ech wees och net wéi dir iech staatlech Investitiounspolitik firstellt, mee leider sinn d'Suen limitéiert. Et wier ganz schéin, wann et e Pëtz geng ginn, wou déi einfach sou erauskéimen. Ech wees datt all déi Projet'en, déi ech opgezielt hunn, op der Lëscht stinn fir realiséiert ze ginn. Dofir hunn ech se jo opzielt. Si stinn seit Joeren op där Lëscht, mee et geet einfach net virun. Enner anerem well net genuch Suen do sinn, fir alles ze maachen. Wann dir Minister wiert, wou geng dir d'Suen investéiren: entweder an d'Engpassbeseitigung um bestehenden Réseau oder an eng nei Streck matt éischter wéineg Demande? Nota bene datt déi nei Streck duerno och well ënnerhalen ginn.

Den Ennerscheed zur Streck op Remleng ass datt déi schon existéiert. Haut gengen mer se wahrscheinlech net méi nei bauen. Mee si ass do well se fréier gebraucht ginn ass fir de Güterverkéier (och deemols wier se ni eleng fir de Persouneverkéier gebaut ginn). Mir gengen haut eisen Stroosseréseau och anescht bauen, wann mer en nach eng Kéier um wäissen Blaat gengen plangen. Béid Réseauen sinn do an hierer heiteger Form. Dofir ass et en gewaltegen Ennerscheed, ob et em Bestandstrecken geet oder ob et em eng vollstänneg Neibaustreck geet.

Zu enger Linn op Junglënster: eng Verlängerung als Tram schengt mer wéineg zielführend, winnst der Hechstgeschwindegkeet vum Material. Beim Tram sinn daat sou ca. 70 km/h. Op der schéiner riichter Iechternacher Strooss kann de Bus der souguer méi séier fueren. Datt de P+R Junglenster sou schlecht genotzt gëtt, läit och un enger onkloerer Busoffer. Et ginn 3 Linnen, all am Stonnentakt, mee ënnerteneen net vertakt. 2 Linnen fueren iwer Dummeldeng (110 an 111), eng iwer de Kierchbierg (107). 2 propper 30-Minuten-Täkt (eemol op de Kirchbierg, emol iwer Dummeldeng) matt eng kloerer Positionéirung am Netz gengen vill hëllefen. Mee wéi sollen d'Leit daat och wëssen, et gëtt bis haut keen Linienplang vum RGTR. En général ass de Réseau vum RGTR vill ze komplizéiert.

Zum Arrêt Pont Rouge: fir eng 2-gleiseg Streck sinn 6 Zich pro Stonn, heescht all 10 min een, wéit ewech vun der Kapzitéitsgrenz. Déi läit (bei enger Haltekant pro Richtung) bei ca. 10-15 Zich pro Stonn. D'S-Bunn München fiert suguer matt 24 Zich/h/Richtung op enger 2-gleiseger Streck. Wann der déi notzbar Kapazitéit vun deene 6 Zich berechent, dann kommt der bei ca. 2000 Leit pro eraus. D'Kapazitéit vum Funiculaire läit massiv méi héich. An waan der dann och bedenkt, datt laangfristeg am Emfeld vum neien Arrêt bal genausou oder méi Leit wunnen an schaffen wéi am Anzugsgebitt vun der Stater Gare, dann fannen ech déi 6 Zich pro Stonn dach eng ganz schlecht Ausnotzung vun der (existéirender) Kapazitéit vun der Streck. Et geng awer dermatt ufänken, datt vun der CFL endlech e minuttengenaut Fahrplankonzept virgeluecht gëtt. Well wann den Zuch herno 10 Minutten an der Stater Gare ze warden steet, dann hunn mer nix gewonnen. Momentan passen d'Fahrpläng vun Nordstreck an Rescht op alle Fall net openeen.

Ween zu Lëtzebuerg wierklech eppes wëll fir d'Eisebunn maachen, deen sollt sech dofir asetzen, datt eise Réseau zu enger moderner S-Bunn matt duerchgebonnen Linnen gëtt. Domatt geng d'Kapazitéit vun der Gare Lëtzebuerg an domatt vum quasi ganzen Réseau quasi verduebelt ginn. Waat et dofir brauch sinn vill kleng Projet'en am Zentrum vum Netz an net eng nei Streck um Rand vum Netz op enger Plaz wou se net wierklech gebraucht gëtt. De Plang am Anhang weist, waat aus dem Réseau erauszehuelen ass, an enger Maximalvariant. Do misst op enger Rei Plazen de Bagger geholl ginn fir Engpäss ze beseitegen.

Anhang Netzgrafik.pdf nicht gefunden

Dieser Beitrag enthält einen Anhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Marc Sinner.

Aw: Re: Aw: ëffentlech Petitioun 30 Jul 2016 13:11 #4497

Majo Här Sinner,

kommt, mir zerrieden direkt emol alles. Mir ginn neien Iidien kéng Chance a stellen direkt eppes dergéint wat ons méi wichteg erschéngt. Et ass bei villem esou hei am Land.

Et kann een alles géint eppes anescht opweien. An da mecht ee just d'Spill vun deenen, déi näischt wëlle maachen oder hir Iddien wëllen duerchsetzen.

A wat d'Fro vun der Demande ugeet: Hu mir eng Demande fir den zuch op Ettelbréck? Hu mir eng Demande an de Käldall? An hu mir eventuell eng Demande op Bissen? Och do ginn et Leit, déi Iech soen, datt een di Leit, di do mat fueren, kéinnt an e Bus setzen, viläicht an e Gelekbus, wann een se net zevill quetsche wëllt. Also schafe mir den Zuch of Ärer Logik no well et ze deier gëtt? Hunn di Leit op Relatiounen, déi sech net "rentéieren", keen Usproch op eng besser Transportqualitéit, wéi d'Schinn se nunn emol bitt? Si bezuele jo och Steieren.

A wann di Leit, déi sech "Eisebunnsfrënn" nennen, ech schwätze bewosst net vun deene Ferrosexuellen, a sech sollen fir d'Schinn asetzen, schon d'Spill vun de Rechner maachen, da wees ech net, wien d'Schinn nach soll verteidigen. Da gi mir dem Bus an dem Fernbus alles an d'Eisebunnsfetischisten kënne sech dann un der Dampmaschinn op der Museesbunn, bei déi si mat hirem Auto gefuer sinn, opgäilen.

Näischt fir ongutt.

René

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: ëffentlech Petitioun 30 Jul 2016 13:01 #4496

  • Claude Oswald
  • Claude Oswalds Avatar Autor
  • Offline
  • Beiträge: 104
Den Här Sinner weess ëmmer alles besser. Jiddefalls ass dat séng Meenung.

Mir wëssen alleguer, dass eng nei Eisebunnsstreck net gratis ze kréien ass. Mir gesinn, dass op d'mannst tëschent der Stater Gare a Fréiséng eng relativ grouss Nofro ass. Mir wëssen alleguer, dass d'Politiker zimmlech konservativ sinn a fir unzefänken en daaft Ouer maachen. Dat hunn se am Ufank och beim Stater Tram gemaach. Respektiv huet d'Madame Polfer den Tram an den 1990er Joere bekämpft, an ewell steet se an der éischter Rei, wann et ëm den Tram geet.

Sou eng Petitioun kann eng Diskussioun uregen déi d'Parteie forcéiert Faarw ze bekennen.

Et steet dem Här Sinner fräi, eng eege Petitioun ze lancéieren an déi Projeten no vir ze bréngen, déi him um Häerz leien.

Ech wëll awer soen, dass eng Nordausfahrt vun der Gare Lëtzebuerg keng nei Eisebunnsstreck ass. Souwisou ass do e Projet an der Maach.

All déi aner Garen déi hien nennt. sinn als Projet an der Maach. Och d'Gare Beetebuerg soll un d'Rei kommen. Dat alles sinn awer keng Extensioune vum Schinneréseau.

Ech verstinn net, wat hien un der Gare Pafendall auszesetzen huet ; respektiv firwat fir hien - ech zitéieren - en Zuch all 10 Minutten "nix" ass. Wat stellt hie sech vir ?

Ech kënnt mir eng Extensioun vum Schinneréseau a Richtung Osten virstellen, z.B. op Jonglënster. Jonglënster ass eng Uertschaft déi ëmmer méi grouss gëtt, an zousätzlech hu mer de Verkéier dee vun hanner Jonglënster kënnt an an d'Stad fiert. Dass den aktuelle P & R mam Bus d'Leit net sonnerlech unzitt, wonnert mech net. De Bus ass fir vill Leit keng wierklech Alternativ zum Auto.

De Professer Knoflacher huet sech an der Zäit mat deem Thema beschäftegt a vun engem "Schinnebonus" geschwat. Awer dat muss ech dem Här Sinner wuel net erklären.

Sou eng Extensioun vum Schinneréseau kënnt ech mer virstellen als eng Verlängerung vum Stater Tram.

Mä wéi gesot : den Auteur vun der Petitioun weess och, dass maar net de Bagger kënnt an eng nei Eisebunnsstreck baut. Bei sou Projete muss ee Gedold hunn. Vill Gedold. Déi Leit déi 1991 d'Tram asbl gegrënd hunn, wëssen dat.

Wahrscheinlech wieren och si deemools vum Här Sinner kritiséiert ginn, an hien hätt hir Iddi lächerlech gemaach. Ech fannen et schued, wa sougenannten Eisebunnsfrënn soss näischt Besseres wëssen, wéi aner Leit hir Iddie lächerlech ze maachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: ëffentlech Petitioun 30 Jul 2016 12:28 #4495

Ass déi Petitioun wierklech eescht gemengt? Well d'Demande, déi op där Streck besteet, rechtfertegt a kenger Weis den Neibau vun enger Eisebunnsstreck. Wann henno 2 Zich pro Stonn pro Richtung driwer fueren, dann ass daat fir eng Neibaustreck net wierklech vill.

De Käschtepunkt vun där Linn geng wahrscheinlech em 1 Milliard € leien. Daat ass ze vill fir en dach ganz begrenzten Notzen. Déi Suen fehlen herno op dene Plazen wou wierklech Kapazitéitsengpäss bestinn, notamment an a rondrëm d'Stater Gare. An éier eng Linn op Réimech un der Rei ass, ass nach déi direkt Streck op Esch ze bauen. Déi hätt en wierklechen Notzen, andeem se op Beetebuerg Kapazitéiten fräimecht, déi fir aner Desserten kënnen genotzt ginn (Remleng, Diddeleng, Diddenuewen). Oder wéi wier et matt engem groussen P+R zu Zoufftgen, do wou d'Autobunn d'Zuchstreck kräizt?

D'Petitioun ass total ongeegent fir d'Chamber dozou ze brengen, Positioun ze bezéien. Et ass en Uleiess waat keng realistesch Chance op Realiséirung huet an domatt puer Symbolpolitik ass. All realistesch denkenden Politiker, och déi déi fir en Ausbau vum Eisebunnsréseau sinn, stëmmt dogéint.

Méi zielführend wier et, e Projet ze fuerderen, deen eng realistesch Chance op Realiséirung huet. Et ginn der genuch an den Tiräng. Et ass just d'Fro firwaat déi all sou schrecklech lues virun ginn. Z.B. Gare périphérique Howald an Zéisseng, Gare Beetebuerg, duerchgehend 4 Gleiser an der Nordausfahrt aus der Gare Lëtzbuerg (Projet ass zreckgesat winnst Finanzéirung), eng sérieux Desserte vum Arrêt Pont Rouge (an net een Zuch all 10 Minuten an der Spëtzt, waat nix ass). Oder emol endlech e neien effizienten Plan de voies vun der Gare Lëtzebuerg (e groussen Deel vum Traffic muss haut iwer een eenzegen Englänner). Matt 1 Milliard € kann een do ganz vill maachen an de Gewënn ass vill méi grouss wéi matt enger Streck op Réimech (wou den Zuch dann um Enn nees am Houwalder Bësch steet well keng Plaz an der Gare ass).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: ëffentlech Petitioun 28 Jul 2016 13:48 #4492

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: ëffentlech Petitioun 28 Jul 2016 13:25 #4491

Hallo alleguer,

ech géif all Leit, déi sech Eisebunnsfrënd nennen a fir déi d'Eisebunn nët nëmmen d'Foto vun der 1506 mat 4018 an Duebeltraktioun ass, opruffen, dës Petitioun ze ennerschreiwen. Et ass d'Gelegenheet fir datt nees nei Schinnen hei am Land verluecht ginn fir nei /al Géigenden ze erschléissen.

Trotz dem vill zitéierten Invest an d'Schinn ass op deem Gebitt scho laang näischt méi geschitt, gesäit ee vun der Verlängerung vun der Didelenger Streck op Volmerange-les-Mines of. Di nei Streck op Beetebuerg ass just e Kapazitéitsausbau, genee wéi d'drëtt Spur op der Autobunn. An d'Zweegleisegkeet op Péiteng ass dat selwecht wéi de Bau vum Contournement vu Kärjéng, wou haut schons vum Weiderbau dovun laanscht Dippech geschwat gëtt.

Mir sollen ons dach näischt virmaachen a punkto Eisebunnsinvestitiounen an déi am normal Bléck gesinn. Et gi wuel punktuell Verbesserungen, mee grouss Neibauten ginn et net. Esouguer op de Findel fuere mir net méi a wandelen d'Gare ëm an en Datazenter.

Schlëmmer nach, trotz allen Aussoën iwwer d'Wichtegkeet vun der Schinn goufen an de leschte Joren d'Halten vu Bellain an vun der Maulusmillen zougemaach, Ettelbréck - Diekerech hängt nach emmer un engem seidene Fuedem, de Persouneverkéier op der Schinn al Käldall gëtt nach esou matgeholl, vun enger Eisebunnsverbindung op Bissen fir de Persouneverkéier wëllt keen eppes wëssen..

Duerfir: Ennerschreift massiv, da muss ons Chamber Positioun ergräifen. An da gesi mir jo wat deenen Damen an Hären d'Nohaltegkeet vun der Schinn, déi si esou gär an de Mond huelen, wert ass.

René
Folgende Benutzer bedankten sich: Claude Oswald

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von René. Begründung: Schreiwfeeler

ëffentlech Petitioun 28 Jul 2016 12:17 #4490

  • Claude Oswald
  • Claude Oswalds Avatar Autor
  • Offline
  • Beiträge: 104
Ech wëll Iech drop opmierksam maachen, dass um Internet-Site vun der Chamber www.chd.lu eng ëffentlech Petitoun leeft déi a priori vläicht e bëssche verréckt kléngt, awer déi op den zweete Bléck net oninteressant ass :

La pétition publique n°682 est déposée.

Numéro de la pétition: 682
Intitulé de la pétition: Zugverbindung von Luxemburg nach Remich.
Mit Zwischenstationen: Frisange - Mondorf - Remich

But de la pétition: Das Ziel dieser Petition soll eine Zugverbindung zwischen Luxemburg und dem Osten des Landes sein. Es gibt im Norden, Westen, Nordosten und im Süden Zugverbindungen wieso soll es denn keine Zugverbindung im Osten geben? Früher gab es ein Zugverbindung (Jangeli) von Remich nach Luxemburg. Man müsste auch weniger Busse auf die Straßen schicken. Die Straße würde von dem täglichen Personenverkehr entlastet werden. Ein Zug wäre viel Umweltfreundlicher als alle diese Busse.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Mit dieser Zugverbindung würde man dem zähflüssigen Verkehr von Hesperange nach Frisange umfahren und die Arbeitspendler, Schüler… würden viel schneller zu ihrem Ziel kommen. Der wöchentliche Arbeitsverkehr zwischen Deutschland, Frankreich und Luxemburg würde mit einer Zugverbindung abnehmen. Hierdurch würden die betroffenen Ortschaften von diesem Verkehr entlastet werden.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1
Ladezeit der Seite: 0.187 Sekunden
Zum Seitenanfang