Voitures ex CFL - Wegmann

Mehr
14 Feb 2015 14:07 #3648 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Re: Voitures ex CFL - Wegmann
Ass och ouer mee wouhinn mat dem Museumsmaterial. D'Schmett zu Péiteng platzt aus allen Nouten ( Westwon, 804, 856, etc...) am CRM ass mat den oofgestalltenen Kissen an Z2 an Dostoen di attente réparation hun iwerhaapt keng Plaatz, zu Beetebuerg och nit an di eemzeg Plaatz ass am Moment den Triage op den 80er Gleiser.... Nit ideal wéinst Vandalismus mee waat soll ee machen...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Feb 2015 12:45 #3647 von br.eli
br.eli antwortete auf Re: Voitures ex CFL - Wegmann
Salut,

Et muss een awer och soen, dat d'Wegmänner nie enner Dach waren respektiv sinn.

Wann déi emmer dobaussen stinn ass dat net grad optimal.
Souwuel weinst dem Vandalismus ewéi d'Wieder dat d'Material nit grad schount.

Restauréiert Material soll een am bëschten emmer enner Dach setzen. :)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Feb 2015 09:25 #3641 von Lemmy
Moin..
Den Tim90 huet Recht.
Di 4 Wegmänner goufen su "hallef " freschgemaach.Bogien sin rem conform gemaach ginn (Spill an den Lager an der Timonerie rausgeholl, Boudin vun der Laaffläch rem laut UIC reprofiléiert...) Heizungssystrem up to date gemaach ( Wegmänner haaten eng automatesch commutatioun vun Damp oder op elektresch 3000 V resp 1500 V ) , Dichtechkeet vum Bremscircuit am Zylinder an distributeur rem ok bruecht an e bessi um intérieur gepimpt.... Mengen un der Dierkontroll gouf och geschafft soss hätten se nie mei autosisatioun fir ze laafen kruut a kengem Land vun der EU....
Dat heescht waat een bezillt dat gett gemaach wéi bei engem auto.. Wann nit un der karrosserie geschafft gouf dann wor dat och nit sou ausgehandelt am cahier de charge........

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Feb 2015 22:17 #3638 von Tim90
Tim90 antwortete auf Aw: Re: Voitures ex CFL - Wegmann
Salut,

Ech kann iech just dat soen wat ech gesot kritt hun, vun Leit déi sech an hirer Freizeit mam Muséesmaterial beschäftegen.
Vleicht sin déi Wegmänner déi verkaft goufen jo och schon ausgebessert gin, an et huet just keen eppes doriwwer geschriwwen?
D'Sonderzich mat der 5519 lafen jo an der lescht mat gelounten schweizer Voituren, déi géifen och léiwer mat den Wegmänner fueren. An et muss jo en Grond hun dass se net méi fueren därfen.
Géint den Atelier zu Neustrelitz as zweifellos neicht ze soen, mee no dem wat ech wees sin d'Wegmänner demols eben leider net komplett frësch gemach gin. Et muss een jo och bedenken dass dat alles vill Geld kascht huet, evtl. ze vill fir wirklech alles nei kennen ze machen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Feb 2015 20:41 #3637 von UP3985
UP3985 antwortete auf Re: Voitures ex CFL - Wegmann
Sou gesinn waren déi Ween zu CFL Zäiten (virun der HU an engem héich qualifizéierte Wierk), wéi si eisereens nach zu Dausenden doruechter gefouert hunn, an engem nach schlemmeren Zoustand?

Kaum ze gleewen :silly:

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Feb 2015 10:29 - 10 Feb 2015 10:30 #3636 von HSB_99_6001
HSB_99_6001 antwortete auf Voitures ex CFL - Wegmann
Moien.

Wéi erkläert sech dann, datt déi Wegmänner, déi deemols u verschidden däitsch Musées-Eisebunnen verkaaft gi sinn, och lo nach fueren ? Waren déi net sou faul ?

Eis 4 sinn dach eréischt virun 6 Joer zu Neumünster komplett an d'Rei gesat ginn ? An lo sollen se scho faul sinn... mmh


Fritz
Letzte Änderung: 10 Feb 2015 10:30 von HSB_99_6001.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Feb 2015 19:46 #3634 von Tim90
Voitures ex CFL - Wegmann wurde erstellt von Tim90
Salut,

D'Wegmänner kënnen den Momemt net angesaat gin well se net méi verkéierssecher sin. D'CFL huet festgestallt dass d'Biedem vun der Carrosserie platzeweis faul sin. Et goufen Miessungen gemach an déi hun ergin dass d'Material ze dënn as. Déi faul Blecher/Profiler mussen all rausgeschnidden an erneiert gin.

Tim

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.105 Sekunden
Zum Seitenanfang