Stechstreck

Mehr
20 Dez 2012 18:11 #1862 von Zischi
Zischi antwortete auf Re: Aw: Stechstreck
Ech denken mol, dass dat net kënnt.

Et get dofir eng ganz einfach Erklärung:

D'Streck bei den Merterter Hafen huet keen direkten Uschloss un d'Streck Lëtzebuerg-Wasserbelleg, d.h. et misst vir d'eicht emol zu Wasserbelleg d'Keier gemach ginn. Et ass awer lo sou, dass déi Streck 3,9 km lang ass an nëmmen maximal mat 60 km/h ze furen ass. Demno brauch et eng 5 Minuten fir den Trajet ze machen.

D'Detailler sinn ze fannen op der Sait 27 an dësem Dokument: www.mt.public.lu/ministere/services/direction_chemins_fer/ACF/Document_reference/pdf_DRR_2014_fr.pdf

Dobai kënnt dann nach den Trajet vun Wasserbelleg an d'Stad(40 Minuten an der Reginonalbunn) an d'Zait fir emzeklammen(souen mir mol 5 Minuten), resp. d'Sait ze wiesselen.

Get also am Ganzen minimum 50 Minuten an dann ass een just op der Gare.

Kuckt een elo déi 2 Bus-Linnen déi direkt vun Griewenmacher an d'Stad ginn(130 an 135), dann brauchen déi ronn 45 Minuten vun den Extremitéiten aus gekuckt, mais et kann een awer iwerall dotëschent rausklammen, och um Kierchbierg.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Dez 2012 15:12 - 20 Dez 2012 15:12 #1861 von UP3985
UP3985 antwortete auf Aw: Stechstreck
map.geoportal.lu/?lang=fr

-> Données de base
-> Cartes topographiques
-> Cartes topographiques historiques
-> 1954
Letzte Änderung: 20 Dez 2012 15:12 von UP3985.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Dez 2012 13:16 #1860 von Danger UXB
Danger UXB antwortete auf Aw: Stechstreck
Vu wegen "ennerwaasser am Merterter Hafen" !
Déi Streck ass emmer "iwwer Waasser" uewen laangscht Strooss gelaaf, mat enger Mäierchen teschent der Strooss an der Bunn.
Dén eenzegen Noodeel ass, datt d´Gleiser vum Merterter Hafen do ophaalen, wou fréier den aalen Footballs-Terrain vum CS Gréiwemaacher louch.
An dat ass zimmlech aus der Stad raus; ca 400 m bis op de Schwäinsmoart, do wou fréier déi Maacher Gare stoung (an haut d´Bussen haalen), an dann nach eng Kéier 400 m bis an den Zentrum.
En neien Circuit Train-Pédestre ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2012 18:10 #1857 von Gaffinet
Gaffinet antwortete auf Aw: Stechstreck
Salut, Also daat ass leider haut zu Daachs net mei meiglech. Deen originalen streckenverlaaf fennste haut ennerwaaser am Merterter haafen. Dei heiteg Streck gouff nei trasseiert. Et ass nemei meiglech se ze reaktiveieren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2012 16:16 #1854 von Dario
Stechstreck wurde erstellt von Dario
Hallo. Ech wollt mool froen ob CFL Nie d'Iddi haat fir d'Streck Wasserbelleg -Griewemaacher via Mertert Hafen nees ze aktivèieren? esou eng Verbindung gouf et jo an der Zäit. Ech kann mir och virstellen dass nött all Daach dausende Leit do gèifen matfueren awer et wièr emmerhiun ze probieren oder? Grèiss an schèin Feierdeeg. Dario

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.096 Sekunden
Zum Seitenanfang