SNCB Desiro Automotrices zu Lëtzebuerg

Mehr
09 Jun 2018 16:15 #5165 von marv91
@Mibra : Gudd Antwäert
@Max_goedert : Dat stemmt, Desiroen fueren normalerweis als Train P a IC op der Streck vu Liers op Gouvy
Eng oppen Fenster an den aalen Voituren brengt net vill Ofkielung besonnesch net bei den Géigenden wou riets a lenks Besch ass a wou e nemmen mat 90 km/h fiert. Mee komfortabel awer virunallem knaschteg a rëffeg Sëtzer.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Jun 2018 22:17 #5164 von MiBra
Salut Alleguerten

Mir kenne vill schwätzen iwwert waat keint sinn, mais leider ass et an der Realiteit nett emmer esou einfach.

Zu Desirio ass ze soen dass d'SNCB se eigentlech kaaft haat fir am Regionalverkeier ze laafen se awer elo vill op den IC's Linnen agesaat ginn well naischt aanescht do ass. De Confort ass dem Asaatzzweck entspreichend doduerch natierlech nett immens.

Zu AM96 ass ze soen dass et wuel Bi-courants Einheete gett dess awer a Richtung Frankreich agesaat ginn. Dofir hu se KVB mais kee Memor 2+. Da misst vunn denen elo frei ginnen Monocourants AM96 de Memor 2+ oofgebaut ginn an op dei drop gebaut ginn, wobei et menger Meenung no keng AM96 matt beide Systemer gett an dommader och kenn Agreement besteht.

Insgesamt muss awer och dei zukünfteg Generation mat ECTS ausgerüst sinn well e soss wahrscheinlech geschwenn nett mei a Letzbuerg fueren. Denn Opwand op aalt Material esou eng deifgreifend Modifikatioun duerchzefeieren rechent sech nett. Dofir steiss CFL Cargo d'1500er jo och lues a lues oof.

MbG
Michel
Folgende Benutzer bedankten sich: marv91

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Jun 2018 15:44 #5163 von Max_goedert
Max_goedert antwortete auf SNCB Desiro Automotrices zu Lëtzebuerg
Ech fueren d'Streck Leck-Letzebuerg all Woch. Heinsdo goufen schon mol Desiroen vun Leck op Gouvy agesaat wou een dann zu Gouvy emsteigen misst (Héichwasser, feelend Material, etc). An den Desiroen huet een mol keen Desch fir ze schaffen, dann léiwer gemittlech Setzer, eng fresch Brise aus der oppener Fenster, wéi an den Desiroen agequetscht.

AM96 wieren schonns eng Alternativ fir bis op Léck, fréier sinn se jo och oft vun Gouvy op Bréissel gefuer.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Jun 2018 17:54 #5162 von marv91
Äer Meenung. Bon, Desiro gouf beschafft fir Automotrices classiques z'ersetzen woubäi déi méi 40 Joer aal Automotricen nach ëmmer circuléieren (Liège, Namur, ....). Mee gudd, mir sinn an der Belsch.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Jun 2018 22:36 #5160 von CC1800
Léiwer dat wéi 3 Stonnen an engem Desiro, déi Setzer sinn vir esou laang Zich eng absolut Frechheet!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Jun 2018 20:41 #5159 von marv91
Dat wees ech (Linn 10), dat ass jo den enormen Problem. Géif dir méi wéi 3 Stonnen laang an engem Zuch ouni Klima ausharren ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Jun 2018 20:30 - 04 Jun 2018 20:31 #5158 von Thomas
Nee den IC tescht LIERS AN LETZEBUERG FIERT iwwert d'Linn 10 mat ONKLIMATISEIERTEN I10.
Ech mengen dir schwätzt vum Bréissel-Letzebuerg deen effektiv eng Klimaanlag bräuch, mee hun d'AM08 der keng?
MbG,
Thomas
Letzte Änderung: 04 Jun 2018 20:31 von Thomas.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Jun 2018 20:07 #5157 von marv91
Mir sinn eis awer eens dass IC33 Liers - Luxembourg mussen mat klimatiséierten Material (wéi AM96) gefuer ginn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jun 2018 19:56 #5155 von Thomas
Ech mengen dass fir d'IC iwwer Klengbetten eischter I11 oder M6 agesaat ginn. D'Siemens 18 hat nach keng rezent Testfahrten hei am Land, dofir zweifelen ech dass dei als Traktioun geholl ginn. Fir den Lecker IC iwwer d'Linn 10 kennen keng Duebelstäcker geholl ginn well d'Tunnelen ze déif gebaut sinn.
MfG,
Thomas

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jun 2018 13:44 #5154 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf SNCB Desiro Automotrices zu Lëtzebuerg
Et mëcht absolut Sënn d'Regionalzich op AM08 enzustellen. Daat Material ass souwisou zu Arel stationéiert. Wéie Material kënnt op d'ICen? Et huelt jo mol Testfahrten matt enger 13 an engem I11 Steierwoon ginn. Oder ginn et 13 matt M6? SNCB 18er waren nach net zu Lëtzbuerg, oder?

Wees een, bis wouhin op 25kV emgerüst gëtt? Wou läit ab September d'Systemtrennstell? Afahrt Gare Arel oder op der Grenz?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jun 2018 11:25 #5153 von marv91
Gett awer och Zäit. Well Lëcker IC-Ziich sinn dat lescht. Hoffentlech décidéieren se AM96 fir IC33 azesetzen (gett schwéier wéinst dem Seecherheetssystem a dem Asatz Richtung Lille).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Jun 2018 18:10 #5151 von Thomas
Jo effektiv, well d'Klenbettener Streck op 25kV emgerüst gett, hellt d'SNCB leiwer AM08 wei AM96 bicourant fir op Letzebuerg. Wann dir also nach net grnuch fotoen vun eiser leschter 3kV mat AM96 hutt, dann rooden ech iech der nach puer ze maachen well d'Streck am August emgerüst gett.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Jun 2018 13:21 #5150 von roadrunner
SNCB Desiro Automotrices zu Lëtzebuerg wurde erstellt von roadrunner
En Dënschdeg hun ech 2 Desiro-Motrices vun der SNCB am Stater Triage gesin. Ech huelen un dass déi fir Testzwecker hei sin en vue vun enger Homologatioun.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.145 Sekunden
Zum Seitenanfang