Minettsquai Diddeleng

Mehr
08 Feb 2016 22:04 - 14 Feb 2016 19:22 #4247 von jmo
jmo antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Ech hun d' Kaarten Limpach an Peltier 1929 leider nët, a freeë mëch iwert Copien/Scans. Villmols merci am Viraus! Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 14 Feb 2016 19:22 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
08 Feb 2016 10:10 - 08 Feb 2016 18:20 #4245 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Gudde Moien,

Op der zweeter Kaart am Message #4230 ass d' "Ladestelle Wollmeringen" detailléiert agedroen.
Dat ass de Quai, vun dem Fotoen am Message #4212 sinn, an den ech am Message # 4221 als Quai "Eschweiler" bezeechent hat, Numm den de Quai och nach gedroen huet.

Datt d'Gleis "nach der Ladestelle Langenberg" esou bezeechent ass, verhënnert net, datt et bis op d'Mine "Kraemer" konnt weidergoen.

Op eeleren Kaarten (Limpach, Pelieter 1921) gesäit een, datt e Gleis Richtung "Kraremer" hannert dem Uschloss "Langenberg" weidergaangen ass.

Well ech net Proprietaire vun deene Kaarten sin, kenn ech leider och kee Scan schécken.
Letzte Änderung: 08 Feb 2016 18:20 von cc 14100.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
08 Feb 2016 09:54 #4244 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
D'Kaart vum November 1940 (16.11.1940) ass déi an Ärem Message #4212, an d'Peltier's Kaart vun 1939 (Edition 1940) ass déi an Ärem Message #4230.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Feb 2016 22:27 - 08 Feb 2016 09:27 #4243 von jmo
jmo antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Ass et méiglech ee Scan vun där Kart ze kréien?

Ech kennen déi net.


Villmols merci am Viraus!

JM
Letzte Änderung: 08 Feb 2016 09:27 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Feb 2016 17:51 #4242 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Gudden Owend,

Ech giff an dësem Fall der Kaart vum November 1940 méi Vertrauen schenken (no däitscher Grëndlechkeet erstallt), wei der allgemenger Peltier's Kaart vun 1939

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Feb 2016 10:04 - 06 Feb 2016 20:52 #4230 von jmo
jmo antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Villmols merci fir déi Info!

Gët ët eng Foto oder ee Plang vum Quai Kraemer um Site vun der Mine Kramer?

Op folgender Kart vun 1940 gët ët keen normalspuregen Uschloss (méih ?) vum Carreau de mine Kraemer:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



an op dëser Kart vun 1916 geet d'normalspureg Bunn och just op Langenberg (Krupp)

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



bis dann,

jm
Letzte Änderung: 06 Feb 2016 20:52 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Feb 2016 16:29 #4228 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Gudde Mëtteg,
De Quai N° 55 ass richteg agedroen, well d'Mine "Kraemer" hat och e Quai mat Uschloss un d'Normalspuernetz vun Diddeleng aus, bis op d'mannst Enn vum éischte Weltkrich, dem Plang vun uewen no bis Ufank vum zweete Weltkrich.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Feb 2016 19:33 - 02 Feb 2016 19:59 #4224 von jmo
jmo antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Villmols merci!

Jo, dat ka ganz gutt sin! De Quai lait jo an Frankraich.

Kinnt ët de Quai N° 55 sin, deen op der Kart vun 1940 op der falscher Platz agedroën wier? Hat Mine Kraemer iwerhaapt een normalspuregen Eisebunnsuschloss?

Wat mëch intrigéiert ass, dat de Quai op der Foto nach esou gutt ausgesait an och seng speziell Form. E kann onméiglech 100 Joër ausser Betrieb sin...
Letzte Änderung: 02 Feb 2016 19:59 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Feb 2016 10:47 #4221 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Minettsquai Diddeleng
Gudde Moien,
dat kennt de Quai "Eschweiler" gewiescht sinn.
Den EBV (Eschweiler Bergwergsverein) war Konzessinär vun der lothrengescher Konzessioun "Wollmeringen" (Eduard Stollen),
déi no dem éischte Weltkrich der ARBED iwwerdroen ginn ass, a vun hier mat der Mine "Kraemer" a "Kraemer-Extension" ofgebaut ginn ass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Jan 2016 20:24 - 01 Feb 2016 21:56 #4212 von adminv15
Minettsquai Diddeleng wurde erstellt von adminv15
Nierwend de Stellwierker ass de Moment d' Sait vun de Minettsquaiën ee grousse Chantier um rail.lu.

Fir déi Sait siche mer och Fotoën an Informatiounen déi nach fehlen! Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

Eng konkret Fro ass wéi een Minettsquai op folgende Fotoën zu Diddeleng Richtung Volmerange ass:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Quai à Dudelange, direction Volmerange (Photos: 22.4.2001 jmo)

Mat Hëllef vu folgender Kart vun 1954 giff ech mengen dee Quai (giel op der Kart markéiert), wier een aale Quai vun der Mine Kraemer oder vum Eduard Stollen . D'Minièresbunn vun der Mine Kraemer geet lënks laanscht, also genau richteg, aa geet dann bei "Laminoirs" an een Tunnel Richtung Frankelaach. Dee Quai vun Mine Langenberg war um Site vun der Mine selwer, d'Normalspurgleis dohinner leeft riets vum Quai:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Op dëser Kart vum 16.11.1940 ass de Quai nët agedroën:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



En huet och eng ganz speziell Form! Een "normalen" Minettsquai ass jo awer och schief!?

Villmols merci am Viraus fir all Hëllef! Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 01 Feb 2016 21:56 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.128 Sekunden
Zum Seitenanfang