Monorail

Mehr
06 Okt 2018 18:57 #5250 von MiBra
MiBra antwortete auf Monorail
Hallo Leif Leit hei am Forum

Zu der Monorail geing ech emol soen, daat ass en "Hirngespinst" ewei esouvill Saachen dei emmer am Wahlkampf e bemool optauchen. Den Här Sinner huet ganz passabel duergeluecht wou d'Problemer scho bei der Planung uginn. Dobei ass dann ze soen dass eppes waat an der Heicht fiert och muss erreechbar sinn (Accés mobilité réduite z.B.) an daat gett deier.
De schnellen Tram ass och nett Problemfrei mais awer secher matt manner käschten an Opwand emzesetzen.

Dass CFL awer d'Klakken net huet heiere huet lauden stemmt esou nett ganz, iwwer Joeren gouf vunn enger Direktlinn Lux-Esch geschwaat mais d'Idi konnt sech net richteg duerchsätzen. Mir fueren haut ann 22-25 Min. vun Esch an d'Staad, do nach 5 Minuten ze wannen ass eng Erausfuerderung.
Esoulaang mer op Strecken am Traffic mixte fueren (Schnellzich, Regionalbunnen a Gidderzich) ass daat emmer problematesch, an och matt enger Direktlinn Esch-Lux wanne mer e puer Km unn Distanz e kennen och eventuell matt manner Haltepunkten mei seier an der Staad sinn, fir dann do beim Einfahrtssignal ze stoen an ze waarden an dei vill ze kleng Gare era geloos ze gin.

Mei Standpunkt wier dohir e "schweieren Tram" oder eng "liicht Eisebunn" vunn Esch an d'Staad (+ - laanscht d'Autobunn), nett op d'Gare mais weidergeleet an den entstehenden Tramsreseau. Dofir brauch e keng "richteg" Eisebunnssträck. Och daat geet secher nett ouni Problemer mais ech gein mengen daat wär finanziell an teschnesch de beschte Kompromess.

MbG
Michel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Okt 2018 12:37 #5249 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Monorail
Et ginn e puer Monrail-Systemer op de Welt, virun allem an Asien. Deelweis och iwert der Mëttelbande vun Stroossen, z.B. wéi hei op der Foto:

upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/9/94/Naha_Okinawa_Japan_Monorail-01.jpg

Bautechnech wier esou eppes wuel machbar. D'Pillier'en géng een wahrscheinlech net sur place géissen, mee als virfabrizéiert Element op de Chantier bréngen. E Camion deen an de Pillier rennt, ass net e Problem. De Lastfall vum Anprall ass an de relevanten Baunormen virgesinn. Hei sinn déi entspriechend statesch Noweiser ze erbréngen. Déi Pillier'en sinn och net aus Stol, mee aus Beton.

D'bautechnech Problemer leien awer ganz wou anescht: déi Streck fiert jo net just iwert der Autobunn, mee muss och iergendwou hieren Ufank an hieren Enn hunn. Dofir hunn ech bis haut keng sérieux Iddien gesinn.

Op Säit Stad ginn et am Fong zwou Varianten:
1) mir fueren mam Monrail bis an de Stadzentrum. Dann géng ech awer mol déi gären gesinn, denen schon eng Catenaire vum Tram ze vill war.
2) de Monorail hält an der Peripherie op (z.B. Cloche d'Or). Dann mussen all d'Leit op Tram a Bus emsteigen. Daat fonctinnéiert awer nëmmen ganz begrenzt. Op mer dann vill geschafft hunn, ass eng aner Fro.

Op Säit Esch hunn mer ähnlech Problemer. Do kënnt dobäi, datt de System vum Monorail ongenügend netzfäheg ass. En ass un seng Infrastruktur gebonnen, an kann bestehend Infrastruktur net mattbenotzen, z.B. existéirend Zuchstrecken.

Zudem ass e Monorail esou en Spezialsystem, datt en just vun ganz wéinegen Constructeuren geliwert gëtt. Bei der Commande spillt den Wettbewerb am Fong net, wouduerch de Präiss dierft iwerproportionnal héich sinn. Zudem ass een während der gesamter Liewensdauer un deen een Fournisseur gebonnen (déi Systemer sinn natierlech all propirétär an inkompatibel). Beim Tram hunn mer schon esou Spezialkomponente kaf fir ouni Catenaire ze fueren. Menger Ansicht no e Fehler, well mer eis zukünfteg bei Netzerweiderungen en terme vun potenzielle Fournisseuren massiv aschränken. Manner Wettbewerb an doduerch méi héich Präisser.

Just fir komplett ze sinn: dem Här Bausch sengem séiren Tram op Esch iwerzeeg och net ganz. Firwaat net direkt eng richteg Zuchstreck bauen? Offensichtlech ass de System Zuch entretemps esou schwéierfälleg ginn (ETCS L1 FS), datt verschidden Leit et als virdeelhaft ugesinn, en zweete, net interoperablen Schinnenréseau niewt der CFL opzebauen. Am Fong missten do bei e puer Leit op der CFL d'Alarmglocken ugoen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2018 18:49 #5247 von clauhe
clauhe antwortete auf Monorail
Warde mär emol of bis dass ee Camion an ee Pilier geknuppt ass. Da läit dee ganze Butteck op der Autobunn esou ewei an der Zäit Lutepotoen op Géigespuer gefall sinn wann een dra gerannt wor. Dofir stinn dess jo haut schéin op der Säit vun der Autobunn.
MbG
Claude

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2018 17:35 #5243 von Louis R
Louis R antwortete auf Monorail
Dës Iddi gët vun der Firma Guy Rollinger déi hire Siège zu Wickreng huet.
Am Plang ass eng 2gleiseg Monorail-Streck viirgesinn:

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Okt 2018 22:23 #5241 von charel1604
charel1604 antwortete auf Monorail
Bei enger "eegleiser"-Monorailstreck a bei enger Fahrdauer vun 20 Minuten fir een Aller, kinnt effectif just all 40 Minuten ee Monorail vun der Stad op Esch fueren....

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Okt 2018 19:11 - 03 Okt 2018 21:41 #5239 von Fränk
Monorail wurde erstellt von Fränk
Ech hun haut eng Reklam fir ee Monorail tëscht der Stad an Esch um Radio héieren, grad an dem Moment wou ech iwwert d'Escher Autobunn gefuer sinn.


Leider kennen ech keng genee technesch Détailler, mais ech hu mer mol versicht déi Saach viirzestellen an mer folgend Froe gestallt:

- Dës Monorail-Streck misst jo op mannst an 6-7 m Héicht (wann nët nach méih héich) gebaut ginn fir och iwwert d'Stroossen- an Eisebunnsstrecken ze kommen déi d'Autobunn kraizen.

- Dës massiv Pilier-Konstruktiounen an der Mëtt vun der Autobunn giffen jo rieseg Chantieren während der Bauphase mat sëch brëngen, d.h. rieseg Stauen iwwert Joëren. Ech ka mer och nët viirstellen dat dat bëlleg gët.

- Am Fall vun enger Pann misst d'Autobunn gespart ginn fir d'Lait "aus luftiger Höhe" ze récupéréieren.

- Ass bei där Iddi eng Streck an all Richtung viirgesinn? Wann nët bréicht een jo eng Platz an der Mëtt vun der Streck wou sëch Gefierer gingen kraizen, oder soll nët oft hin an hir gefuer ginn?

- Giff een do nët tonnen am Auto erféieren wann op emol esou ee Gefier iwwert engem ginn gefuer kéim? Esou wéi wann ee Flieger iwwert engem land/start?

- Gët ët iergendwou op der Welt esou ee Monorail an der Mëtt vun enger Autobunn?

- Wien huet dee Projet lancéiert?

MbG,

Fränk
Letzte Änderung: 03 Okt 2018 21:41 von Fränk.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.104 Sekunden
Zum Seitenanfang