Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3

THEMA: Atterlinn

Atterlinn 21 Okt 2011 18:24 #61

Moien,

wees een, wat mat der Streck Kleinbettingen-Steinfort geschitt? Ginn et Pläng fir d´Gleiser wegzehuelen? Si ass jo schon säit längerer Zäit net méi am reglären Betrieb.

zu der Streck Ettelbreck Bissen: Wees een wéini d´CFL op deser Streck fiert?

Merci

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 22 Okt 2011 10:07 #62

Ettelbreck-Bissen.Sou vill ech wees 2 bis 3 molls Woch .Moies.Zeiten.Schon daks Moies frei,kann awer och mei speit ginn.Eng Chancesaach

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Schank Vital
3.Montee du Knapp
L-9175 Niederfeulen

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/

Aw: Atterlinn 06 Nov 2011 19:52 #86

Also deen Deel fun Klengbetten op Stengefort do sin d Gleiser bis firun da Barriere nach wei nei, mais duerno Am Garebereisch an duerno bis zum Prellbock am Besch sin d Gleiser zugewuesst. Hannen op engem aalen Oofstellgleis stinn seguer nach 2 aal güterween.
Hoffen dass d Gleiser emol rafistoleiert gin mol den Garebereich wiergudd fier eventuell dei eng oder aaner Sonderfahrt. Weivill KIlometer Gleislängt sinn et fun Klengbetten op Stengefort wou d Gleiser nach leien? Kann een mier daat soen. Merci.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 06 Nov 2011 20:01 #87

Ass dann nach deen deel Klengbetten Stengefort an Betrieb. Well zu Stengefort hannert da Barriere am Bereich fun da Gare sin d Gleiser komplette zugewuesst bis bei den Prellbock am Besch wou nach een aalen Oofzweig zu enger Firma ass. Weifill Gleiskilometer sin et fun Klengbetten op Stengefort? Wier flott wann een d Gleisanlagen fun da Stengeforter Gare keint an d Rei setzen fier Sonderfahrten fun Klengbetten aus ze maachen.

Hei nach eng aktuell foto fun da Situatioun wei et an da Gare ausgeseid.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 07 Nov 2011 08:28 #89

Moien!

Op lokalpoliteschen Plang get et zu Stengefort scho joerelaang Stemmen, déi fir en dem Takt ugepasstenen Zoubrénger vum P&R zu Stengefort mat Tëschenhalter op Klengbetten. Ech mengen dës Idee war och virun engem gudde Joer vun enger Eisebunnergewerkschaft an d'Öffentlechkeet gedro ginn. Eng Verlängerung vun dësen Zich de WE bis bei de Prellbock direkt an de Stengeforter Bësch (Naerholungsgebidd mat Naturschutzgebidd) wier eng flott Erweiderung vun der Offer.

Virun enger gudder Reih Joeren, wéi déi demoleg Uniroyal, d'Gemeng an d'CFL sech nit eenz goufen, fir d'Sanéierung vun där eisener Bréck um Tipp ze bezuelen, war och am Gespréisch, fir d'Schinnen erauszerappen. Dest ass awwer mat Gléck nit geschitt a bis bei de P&R get d'Streck nach heinsdo mat Schlakenzich oder Chantierszich befuer.

Dei 2 Wagonen um Tipp goufen als Monument fir un de Gütertransport ze erënneren do ofgestallt.

Virun enger ganzer Reih Joere goufen et och sou Sonnerzich, ech erënnere mech un den De Dietrich an d'5519 dei bis op Stengefort an d'Gare gefuer sinn.

Zur Längt:
ronn 2,5km bis op d'Barrière zu Stengefort (selte befuer)
ronn 1,75km bis bei de Prellbock
ronn 0,75km bei d'Textilcord
Folgende Benutzer bedankten sich: Gaffinet

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von LuRa1404. Begründung: Schreiwfehler

Aw: Atterlinn 07 Nov 2011 12:54 #90

ok merci.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 07 Nov 2011 13:03 #91

Wei ech d Fotoen gemeet hun sin ech bis an den Besch bei den Prellbck getreppelt. An meng Fro ass elo dei heiten. Well hannert dem PRellbock geht jo direkt d Velospist un. Wier do keng Meiglechkeet direkt nieft da Velospist d Gleiser weiderzeverleen bis op dei nexten Statioun? oder souweid wei et nach meiglech ass an dass dann do een Quai gebaut geiff gin fier d Leid. Ech wees aus Quellen dass op verschiddenen deeler fun da trass Heiser gebaut gouffen sou och zu Eischen.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 07 Nov 2011 20:52 #92

Salut, ok Merci fir d´Äntwerten.

Et wier jo schon flott wann déi besteend Streck nees méi oft géif befuer ginn. Fir d´Gleiser ze verlängeren denken ech, dass dest net ouni enormen Opwand ze maachen ass. D´Velospist Richtung Eischen verleeft jo ab dem Prellbock genau do, wou fréier Gleiser waren, d.h. et misst quasi een neien Bahndamm geschaff ginn, an duefir misst op deenen meeschten Plaatzen vill Buedem bewegt ginn. Ausserdem missten Gleisen vunn hannert der Stengeforter Gare och mol fir d´éischt komplett erneiert ginn. D´Fro ass bei sou eppes emmer, ween dat bezillt?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 07 Nov 2011 23:54 #93

Ma ech sichen Leid fier een Club ze grennen. Dei bereet sinn sech emt d Streck ze kemmeren. Sou dass sondes och museumsfahrten meiglech sinn. Mais wees net wou ech do soll ufrooen. Falls daat Vorhaben meiglech wier. Bis wei weid wier et rem meiglech d Gleiser ze leen?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 08 Nov 2011 07:11 #94

Ier ech mech an sou en neie Club ging lancéiere ging ech mol mat de Frënn vun der Atertlinn a.s.b.l. a Kontakt trieden. Si hunn d'Monument zu Nidderpallen op d'Been kritt an ech menge mech ze erënneren, dass si mat dene läschte Sonnerzich och eppes ze dinn haten.

Dei bestehend Schinnen emol ze reaktivéiere schéngt mir e schwéiert Manöver. D'Streck méi weit auszebauen, gesinn ech als quasi onméiglech. Bis op Äische verleeft d'Streck am Bësch. Mat héische Fielswänn läanscht Seit, am Hang oder op engem Damm. Zu Äischen ass d'Streck verbaut an duerch den Hank ass eng nei Trasse schwéier ze erschléissen. Direkt hannert den Haiser kommen déi fir vill Geld nei restauréiert dräi Brécken.

Dat de Stat fir de Streckenausbau Geld fräi mëscht kann ech mer schlecht virstellen. Ökologesch gesinn hunn d'Hecke laanscht d'Velospist eng wichteg Roll als Biotopverbund...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 08 Nov 2011 10:50 #95

Salut,
fir emol direkt eppes kloer zestellen;daat mat de Museumsbunnfahrten kann's de vergiessen.De Staat huet seinerseits gesoot,ee Museumsbunn-Site an eisem Land geet duer an dofir kritt keen aneren eng Autoristatioun fir esou eppes.D'Jangelysfrenn vu Niederpallen wollten och esou eppes maachen an sie hun die do Äntwert kritt.
Et kéint een e Rail-Bike ( eng Art Velo op Schinnen;ewou 2 pedaléieren an 2 kenne matfuehren ) op der Streck maachen;dofir brauch een net vill auszebauen an den iwergang tescht Klengbetten a Stengefort stellt och kee Problem duer.Mee ewéi den LuRa1404 schreiwt,triett fir d'eischt mat ons ( den Attertfrenn ) a Kontakt,nemmen zesummen kann een eppes erreschen.Ech huelen daat doen mat an eise Comitee an da schwätze mer doriwer.
Bis dann

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 08 Nov 2011 15:17 #96

Daat dooten ass tippech Letzebuergesch, aaner länner hun fill museumsbunnen, wei d Belge, Deitschland, Frankreich etc. Fannen et schlemm dass eis Regierung sou verbured ass. Jeje. Se gin leiwer d Suen dohinner wou keen se Kbrauch plaatz eis kulturell an geschichtlecht wiesen ze secheren. WAAT FIER EEN ARMUT EIERLECH. :(

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Atterlinn 08 Nov 2011 18:55 #98

Et get eng einfach Léisung: Et muss e mat denen Responsabel vum Train 1900 dofir suergen, dass hiere Reseau vu Péitung bis op Klengbetten erweidert get. Dann dierft et ke Problem méi sinn dat Stéck bis op Stengefort oder nach puer Kilometer méi och unzebannen. ;)

Rail-Bike ass eng gudd Idee. Dat ging souguer an d'Konzept vum www.steinfort-adventure.lu passen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 09 Nov 2011 07:20 #102

Salut,

Fir d'Linne Kb-St rem an den Dingscht ze huelen wier keng schlecht Idi, eng Navette vum P&R bis op Kb kinnt klappen.

Mee ech mengen et wier bessen opwänneg. D'Schinnen sinn zwar vläicht an der Rei. Mee waat ass mat deenen 3 PN'en? Bei zwee Steck ass weder Signalisatioun, nach Barrieren. Zu Stengefort PN ass just Signalisatioun. Bei Regelmeissegem befueren ass daat a mengen Aen nit mei Zaitgemeiss.

Dann kënnt nach dobai: mat wei engem Material sollt do d'Navette gefuer gin? D'Linn ass jo nach nit elektrifizeiert. An och wann se elektrifizeiert giff gin, giff se jo warscheinlech un d'Linne 5 ugeschloss ginn. Bekanntlech ass daat jo awer 3 Kv. Also kinnt een mol nit mat enger Motrice dohin fueren. Fir do eng 3000'er dann anzesetzen, daat wier a mengen Aen awer e bessen iwwerdriwwen. Bleift also nach den Autorail VT. Daat wier menger Meeung no daat eenzegt sennvollt waat een do als Navette asetze kéinnt. Dann bréicht een och mol keng elektrifizeirung duerchzefeieren.

En Rail-Bike wier secherlech ganz interessant, mee ass d'Streck duerfer grouss genuch? Ech wees nit genau wei deen Prinzip fonktioneiert, mee wei geet daat wann sech der 2 begeinen? Kanns jo nit nemen 1 Railbikefuere lossen. An bei mei wei engem kennt et jo zu croisementen?

Fir se fir Museumsfahrten ze haalen ass och e g gudd Idi, haaptsaach den Troncon bleiwt bestoen :-)

MbG
Tom

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 09 Nov 2011 10:32 #103

Salut,
de Problem bei der Desserte ass jo och nach,dat den Zuch ,deen aus der Stad op Klengbetten firt,muss Kap maachen,fir kennen virun op Stengefort ze fuehren.Wär d'Gleis also Richtung Stad gedréihnt,wär et besser.En Autorail anzesetzen,wär net schlecht,mee fir en Eenzelfahrzeug ze kaafen,ass haut ze deier,zumols fir eng Streck vu 5 km ze bedingen;de Client steet net gären no 5 km op,fir emzeklammen.
Waat de Rail-Bike ubelangt,daat ass dee Problem,wann 2 sech begéinen;se hiewen se op,huelen se erof an deen aneren kann langschtfuehren.
Meer hun 2 interessant Siten hei an der Géigend,dei et wertvoll sin,fir kucken ze goen an ze gesin,ewéi daat fonktionnéiert.
Do ass emol den Rail-Bike des Fagnes;des 7 km lang Streck geet vun Sourbrodt op Kalterherberg;also daat eenzegt verbleiwent Schinnesteeck am Hohe Venn,ewou Gleiser nach leien.
www.railbike.be
Dann get et nach Les Draisnes de Molignée;daat leit haner Dinant an geet vun Warnant resp Falaen op Maredsous an ass 14 km lang.
www.draine.be
De Prinzip vum Rail-Bike ass ganz einfach.2 Veloen sin esouzesoen uneneen geschwees an an der mett sin 2 Setzplatzen,d.h. 2 pedaléieren an 2 lossen sech féiheren.Komm se um Schluss vun der Streck un,get et do eng kleng Dreihscheif,déi de Véhikel dréihnt ,esou daat een erem zereeckfuehre kann.Den Départ wär,soe mer entweder zu Klengbetten oder zu Hagen an den Terminus wär beim Prellbock am Besch tescht Stengefort an Eischen.
Klengbetten als Départ wär net schlecht,mee da gifen erem Leit vun der CFL Problemer wéint der Catenaire gesin,an zu Hagen ass jo bekantlech keng Catenaire.
Anbei eng Foto,ewéi en Rail-Bike ausgeseit.
Bis dann

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Dan525354.

Aw: Atterlinn 09 Nov 2011 22:01 #105

alson, ech wollt eemol och op versschidden aspekter vun der attretlinn hiweisen
_klengbetten-stengefort. zenter engem joer ass do gur neischt mei gefur. um site vun der freierer gare wiesst d'onkraut an och beem fencken un, alles ze iwerdecken. weider a richtung prellbock gett et nach mei sclemm, vun den gleis fir bei d'textilcord scho gur net ze schwetzen.
ech perseinlech geiw mengen, wann emol eng initiativ geiw gerennt ginn, fir op d'manst ze erlaaben, dass den w.w. oder den de dietrich kennten bis virun de p.n furen, da wä op d'manst de hobby-eisebunner scho gehollef. d'weich no 26 an der gare selwer ass och defekt. och am ausland si schon strecken erem aus dem dornröschen schlof erwecht ginn. de potential vun deene leit , dei sech op de parking um freiere site vun der gare extérieure setzen, fir mamm bus weiderzefuren, si beachtlech. wei heescht et: l'union fait la force. e beispill: virton-arhus an arel:no joren , matt der wirkung vun e pur leit, dei derfir gekämpft hunn, gett et jo nees voyageursbetieb, matt arreten derzweschen.
-Bissen-ettelbreck-dikkerech dee konzept wär , matt scaafen vun neien quaien zu bissen a colmar-usines meiglech, zb matt asatz vun de vten, am volleksmond trabi genannt. während den haaptzeiten, mures an mettes resp owes , matt haaptaxcent schülertransport. vu dass d'quaien jo ok sinn, deen a richtung leteburg zweschen der attert an deer aanerer streck ass, sinn do keng arbech^ten erfuedert. bekanntlech leeft och net mei vill fir a-m zu bissen, wär et durchaus justifieiert, fir erem voyageurs betiieb zu ze aktiveieren. . et leit am fong nach un eise volleksvertrieder , fir matt deene neidegen argumenter dofir ze plädeieren. mais och dei respektiv gemenge missten do matwierken.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 10 Nov 2011 06:21 #106

Daat klengt net schlecht. Mais fier stengefort misst een weinstens deen deel bis hanner der gare do wou dei 2 güterween stinn saneieren fannen ech mol. Mais bon ma haaten jo VTen mais dei goufen jo nees verkaaft, dei sougenannten "Dildoen".

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 16 Nov 2011 17:15 #159

Bissen daerft jo demnächst och net méi befuer ginn, wann den Drot net méi vunn Scheffleng kennt. Et ass ze hoffen, datt deser Streck net dat nämlecht geschitt, wéi daer vunn Stengefort. Et ginn jo hei vill Leit déi duefir plädéieren fir nees Persounenverkéier op deenen zwou Strecken anzeféieren, d´Fro ass wéi een dest kann errechen. Wann d´CFL keen geegent Material huet oder well kaafen dierft et schwéier ginn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 16 Nov 2011 18:24 #160

Weiviel Km Gleislängt) fun Ettelbreck op Bissen?
Weisou soll fun Scheffleng keen Droot mei kommen.
Och wann d Schmelz zu ass. Den Droht kennt fum TLM an huet nix mam Mittal ze dinn. Deen ass weider a Betrieb. Ech sinn fun Scheffleng dofier wees ech daat.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 16 Nov 2011 18:37 #161

An der Läscht kennt zwar och emmer mei Droht mam Camion op Bissen, leider :-/

Ech hoffen dass dei Streck an iergend enger Form erhaale bleift,...

Wei ass et iwwerhaapt mat der Goodyear? An der Zait sinn dei jo och mol mam Zuch ugefuer ginn?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3
Ladezeit der Seite: 0.209 Sekunden
Zum Seitenanfang