Changement horaire 2015

Mehr
16 Dez 2015 12:05 - 16 Dez 2015 16:04 #4132 von Hipp
Hipp antwortete auf Re: Changement horaire 2015
Dir huet Recht dat ee Fernbus eng stark Konkurrenz fir den Zuch ka sin an dat d’Eisebunn sëch och muss vun Zait zu Zait nei opstellen an sëch muss Neies afalle loossen (besser Vernetzung, park &ride, Velosboxen, Helmboxen, Realtime-Informatiounen, Wifi, etc).

Trotzdem fueren ech perséinlëch léiwer mat engem Zuch/Tram, ewéi mat engem Bus. Et fueren och Bussen duerch d’Stad déi bal ausgesin ewéi Tramen, duerfir sin ët awer nach lang keng Tramen. Déi „Simili-Tramen“ gin nët aus Nostalgiegrënn esou gebaut, mais fir ee Bus-Minderwärtegkomplex ze kompenséieren! Wann d'Tramën keng Virdeeler par rapport zu de Bussen hätten, giff keen esou Bussen bauen!

Et kann een nët dauernd just iwer Verspéidungen bei Zich lamentéieren, well d’Autoën an d'Bussen stin och am Stau. A bei der Lufthansa gët och gestreikt... Do kann een dann och nervös gin, oder?

De Problem ass dat Eisebunn an Stroosseverkéier ganz verschidden Spillregelen hun (Reglementer, Arbëchtskonditiounen, Praisdumping bei "Trassebenotzung" op de Stroossen, etc.) awer soss direkt Konkurrente sin.

Amplatz hei iwert d’Fernbusser ze diskutéieren, wier ët besser konkret Iddien ze proposéieren wéih een d’Eisebunn méih interessant fir de Benotzer ka machen – an Lobbing fir d’Eisebunn machen, well d’Politik mëcht wat se vu baussen gesot kritt. Mir mussen also méih Drock machen. Fir Reklam fir Busser ze maachen gin ët ganz bestëmmt anner Foren.
Letzte Änderung: 16 Dez 2015 16:04 von Hipp.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Dez 2015 10:22 #4131 von merni
Neen, dat as wirklech net komplizéiert! Ech hat bis elo nach nie Problemer.

Am Service Point kritt een eng alternativ Verbindung plus de Formular fir eng eventuell Entschädigung.
Wann een am Service Point net bäi kennt klemmt een einfach sou an de nächsten Zuch. Et as natirlech net falsch wann een en Zuchführer (vun deem Zuch) uschwetzt.

Am Fall vu Verspéidungen hunn ech bis elo nach emmer tadellos viru gehollef kritt. An anere Wierder keng Ursaach e Fernbus ze huelen deen och net emmer pünktlech as. Eis Verkéierswéer si nun eben all iwerlascht.

weiderhin schéin Zuchreesen
nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2015 22:21 #4130 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Dat heescht, fir d'éischt gëtt een emol nervös, well ee mierkt dass den Zuch trentelt, a well een net weess ob een deen aner Zuch nach kritt oder net.

Da muss ee wahrscheinlech den Zugführer opsichen, fir dass deen engem bescheinegt, dass den Zuch Verspéidung huet. Dat ass net evident bei engem laangen Zuch, a wann een net weess, wou de gudde Mann grad drun ass.

Op der Gare muss een de "Servicepoint" sichen a fannen. A wann do 20 Leit an der Schlaang ze waarde stinn ? Wat mëcht een dann ? Léisst een d'Saach sinn a probéiert "esou" mam nächsten Zuch ze fueren ?
Oder muss ee sech an deem Fall op eng penibel Diskussioun mam Zuchführer astellen ?

A wéi ass et mat de reservéierte Sëtzplazen, wann den éischten Zuch fort ass, an den nächsten Zuch ass iwwerfëllt ?

Da seet ee sech wahrscheinlech, an engem Bus géif ee besser sëtzen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2015 16:37 #4129 von merni
Salut,
... bei Verspéidung fällt d'Zugbindung natirlech ewech. Et kann een ouni Problem souguer héijerwerteg Zich benotzen. Reservatiounen kritt een an dem Fall zeréckbezuelt.
Am Servicepoint kritt een dat an d'Reih gemach (wann dozou keng Zäit bleiwt meld een sech beim Zuchführer)

nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2015 12:44 #4128 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Ech hunn elo grad eppes um www.cfl.lu gelies. Et gëtt nees eng Dingschtleeschtung suppriméiert. Dat war et dann :

Suppression du service "Bagages enregistrés" en trafic international à partir du 12 décembre 2015

Le service "Bagages enregistrés" sera supprimé à partir du 12 décembre. Les bagages sont acceptés au transport jusqu'au 11 décembre.

Dat heescht, fir de Voyageur gëtt d'Rees mat der Eisebunn doduerch net méi attraktiv. Se verléiert éischter un Attraktivitéit.

+++ +++

Fir op de Fernbus zeréckzekommen : De Virdeel beim Fernbus deen direkt vun A op Z fiert, ass deen, dass een als Voyageur ënnerwee net ëmklamme muss. Beim Zuch muss een ewell ëmmer méi dack ënnerwee ëmklammen.

Nu gëtt et Leit déi eis wäismaache wëllen, dass dat alles kee Problem ass. Si soen, et soll ee séng Been an de Grapp huelen a sichen, op wat fir engem Gleis deen aner Zuch fortfiert.

An der Praxis ass et e bësschen anescht. Et huet ee vläicht e gënschtegen Tarif an Däitschland, awer dann huet een e Billjee mat "Zugbindung". Respektiv huet ee séng Sëtzplazen an engem ganz bestëmmten Zuch reservéiert.

An der Theorie ass all Zuch pünktlech. An der Praxis erlieft een allerdings, dass den Zuch mat deem ee grad ënnerwee ass, 10 oder 20 Minutte Verspéidung huet. Dann ass deen aner Zuch mat der reservéierter Sëtzplaz fort, an et steet een do mat séngem Billjee mat Zugbindung. Spéidstens dee Moment ass déi ganz Saach net méi lëschteg.

Ech ginn dem Marc Sinner Recht : Entweder d'Eisebunne loosse sech eng afalen, oder si sinn a ville Fäll "weg vom Fenster".

Et muss jo keen den Eisebunner an den Eisebunnsfrënn erklären, wat et heescht, wa Strecken zougemaach ginn. D'Eisebunnen hunn an deem Beräich, zénter dem Zweete Weltkrich eng grouss Erfahrung.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Dez 2015 14:18 #4126 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Léiwe Marc Sinner,

Dir stellt eng grouss Fro : "D'Fro déi d'Eisebunn sech géigeniwer dem Fernbus muss stellen ass am Fong ganz einfach: "Waat kann ech als Eisebunn maachen, fir datt de Client bei mech kënnt?""

Ass bei der staatlecher Eisebunn iwwerhaapt eng kommerziell Kultur, déi drop ausgeriicht ass, méi Clienten unzezéien ? Oder mëcht d'Eisebunn just dat, wat se vun der Politik ugestallt gëtt ?

Jo, et hu schonn aner Leit beklot, dass d'Zich lues a lues ëmmer méi lues ginn. Dobäi kann ech mech op den éischte Bléck net bekloen : Wann ech gären de Koblenzer "Schnellzuch" huelen, kann ech zu Mënsbech eraklammen. Dat ass fir mech dat Nächst. Ech brauch net bis an d'Stad oder bis op Waasserbëlleg ze fueren.

Ech verstinn awer, dass, wann de "Schnellzuch" enges Dages op all Kouduerf hale bleift, dass en dee Moment e Schleekenzuch ass.

Mat Köln ass esou Beispill, wou d'Eisebunn ménger Meenung no ëmmer méi un Terrain verléiert. D'Experiment mam Pendolino op der Äifel-Streck virun enger Rei Joeren ass gescheitert. Zënter den IC ofgeschaaft ass, musse mer zu Koblenz ëmklammen.

Parallel awer bastelt d'Politik beharrlech um "Lückenschluss" vun der Autobunn A1 - an da kann ech mer gutt virstellen, dass e Reesbus dee mat 100 km/h op der Autobunn fiert, gutt virukënnt a fir vill Leit eng valabel Alternativ ass. Wann ech a méngem Bekanntekrees esou lauschteren, ass fir eng Partie Leit de Virdeel dee si beim Bus gesinn, dass se ënnerwee net ëmklamme mussen. Eng direkt Buslinn Lëtzebuerg - Köln géif si arrangéieren.

Ech vermëssen doriwwer eraus Visiounen a massiv Investitiounen am Beräich vum Schinnennetz. D'Fro awer bleift - an dat ass wahrscheinlech eng politesch oder ideologesch Fro - ob d'Eisebunn als Bedreiwer méi kommerziell, privat a liberal soll ginn, oder ob se dem politeschen Uerder ënnerstallt soll ginn ?

Ech weess net ob Dir Member an der ALACF sitt oder an der AÖT, ma dat si wahrscheinlech Plattforme wou an deem Sënn diskutéiert gëtt. Et wier natierlech net schlecht, wann hannen e Resultat erauskomme géif.

Dat heescht, et geet net duer dass Gläichgesënnter ënnert sech diskutéieren, awer dobausse gëtt keen eppes gewuer. Se mussen och mat hiren Iddien an d'Ëffentlechkeet goen a Reklamm maachen.

An der Tram asbl hu mer deen Exercice haaptsächlech an den 1990er Joere gemaach. Aktuell ass dat net méi onbedingt néideg, ausser dass ménger Meenung no e puer Korrekturen um Tramsmodell vu Luxtram musse gemaach ginn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Dez 2015 13:43 #4125 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Wann den Zuch op Tréier bis virun e puer Joer nach iwer 10 Minuten méi séier war, dann läit et wuel net un der Infrastruktur. Kuckt emol d'Fahrpläng iwert déi lescht Joeren. Op bal allen Strecken ass den Zuch méi lues ginn. Op deenen engen just em e puer wéineg Minuten, op aneren spierbar (z.B. d'Nordstreck):
- D'Fuerzäiten sinn op der Nordstreck vergläichbar matt denen virun der Elektrifizéirung. Dobai fueren mer haut awer matt Material waat wesentlech méi PS huet.
- Am Minnett kommen lafend nei Arrêten dobäi. Den Zuch fänkt do un, eng Roll ze iwerhuelen, fir déi eist Rollmaterial net geduecht ass. Wann d'CFL am Minnett gären Tram fiert, dann sollen se och matt Tramsmaterial fueren. Weder 2200, nach 3000 oder 4000 sinn dofir konzipéiert, Strecken matt esou villen Halten ze fueren. Beim Akaf vum Material ass deemols net nogeduecht ginn.
- Eisen Signalsystem fördert och net grad eng schnell Betriebsabwicklung. Wéi oft leeft den Zuch op Esch zu Léiveng op en rout Signal op an tuckert dann matt 60 km/h bis an d'Gare Beetebuerg.
- Lëtzebuerg-Bréissel ass och esou en Paradebeispill: anstatt méi séier ass den Zuch just méi lues ginn. Esou gewënnt een keng Client'en.
Et kann also net un der feelender Infrastruktur leien, wann den Zuch haut méi lues ass wéi fréier.

D'Frop déi d'Eisebunn sech géigeniwer dem Fernbus muss stellen ass am Fong ganz einfach: "Waat kann ech als Eisebunn maachen, fir datt de Client bei mech kënnt?" Entweder méi bëlleg (geet oft net), oder méi séier oder besseren Konfort oder méi Choix bei de Verbindungen? Wann den Chef vun der Eisebunn net an der Lag ass, e kloert Argument ze nennen, firwaat de Client soll bei hien kommen an net bei d'Konkurrenz, dann sollt en sech froen, ob en de Buttek net sollt zoumaachen. D'Ökologie ass kaum en Argument, a schon guer net wann d'Eisebunn matt Kuelestroum fiert.

E gutt Beispill ass WLAN am Zuch. Während esou eppes am Fernbus quasi Standard ass, brengt d'Eisebunn et bis elo net fäerdeg dem Client deen flächendeckend ze offeréiren. Secher, et ass technesch méi anspruchsvoll well méi eng grouss Bandbreet muss zur Verfügung stoen an den Zuch och méi séier fiert. Daat sinn awer déi Angebotselementer, déi beim Client eng Roll spillen an der Eisebunn deelweis en verstëpsten Image ginn. Kuckt d'Material waat teschent Basel an Bréissel fiert (SNCB I6 & I10). Daat ass definitiv net méi zäitgeméiss.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Dez 2015 09:38 #4124 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Fir de Phänomen Fernbus ze verstoen, muss ee vläicht méi wäit zeréckgoen an eeler Stroossekaarten aus den 1960er oder 1970er Joere kucken.

Deemools gouf et keng Tréierer Autobunn, oder beschtefalls e kuerzt Stéck um Kierchbierg (dat haut als Boulevard zeréckgebaut ass). Op der Strooss fir op Tréier ass een duerch eng Rei Uertschafte gefuer, Sennéngerbierg, Nidderaanwen, Rued/Syr, Bierg, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg. Den Zuch war deemools duerchaus kompetitiv.

D'Politik huet dunn décidéiert, eng Autobunn ze bauen. Den Auto gouf doduerch bevirdeelegt. Mir hunn den Test an den 1990er Joere gemaach, dass e Kolleg mam Auto vun der Stad op Tréier gefuer ass, a mir aner hunn den Zuch geholl. Wéi mir um Hauptbahnhof zu Tréier ukoumen, souz de Kolleg schonn op der Terrass.

Déi Tréierer Autobunn ass e Beispill stellvertriedend fir all déi aner Autobunnen a Schnellstroossen déi zénter den 1970er Joere gebaut goufen, zu Lëtzebuerg an am Ausland. Dodogéint fueren d'Zich gréisstendeels nach op deene Strecken aus dem 19. Joerhonnert.

Wéi héich ass dann d'maximal Vitesse op der Waasserbëlleger Eisebunnsstreck ?

An dann héieren ech vu Leit déi mir soen, dass si mam Auto, vum Kierchbierg op Waasserbëlleg an 10 Minutte fueren, quitte dass si sech net un de Code de la Route halen.

Ech hunn ewell zegmol gelies, dass Däitschland a Frankräich zwar hir ICE- an TGV-Strecken an d'Vitrine stellen, awer dass de Rescht vum Réseau lues a lues verlottert. D'Strecke ginn op Verschläiss gefuer an duerno stëllgeluecht, well iergendeng Bréck net méi ganz sëcher ass.

Et feelt deemno de politesche Wëllen, fir d'Eisebunn nees op Vordermann ze bréngen. An dat huet wahrscheinlech domat ze dinn, dass déi politesch Parteie keng Konturen a keng Visioune méi hunn. Um Klimagipfel gi schéi Sonndesriede gehal, awer mat der Realitéit hunn dës Rieden net vill ze dinn.

De mueren hunn ech nach eng Madame héieren déi der grénger Partei no steet, an déi sech domat gerëscht huet, dass si eng Tankstell am Duerf zoumëcht, fir en Zeechen ze setzen. Et ännert awer ënnert dem Strëch guer näischt, well elo deelen déi aner Tankstelle sech de Kuch, an et komme gradesou vill Tanktouriste wéi virdrun.

Op der Plaz wou déi eng Tankstell zougemaach gëtt, soll en "Drive-In" kommen, dee sech also kloer an däitlech un d'Automobiliste riicht.

Ech fannen dat einfach schäbeg, wéi déi Gréng d'Leit op d'Aa drécken.

Dat Selwecht gesinn ech tëschent Ettelbréck an Dikrech, wou e Grénge vir bäi an der Rei steet, wa gejaut gëtt, d'Schinne missten erausgerappt ginn, fir deen ominéise "Boulevard de la Nordstad" ze bauen.

D'Eisebunn schéint definitiv an eiser autoverwinnter Welt keng Chance ze hunn, well d'Politiker kee Courage hunn, fir géint de Stroum ze schwammen.

+++ +++

De Marc Sinner stellt d'Fro, wat d'Eisebunn falsch mëcht ?

Hei misst ee vläicht nüancéieren an erausfannen, wee fir wat zoustänneg a responsabel ass.

Ween organiséiert de Fahrplang ? Wee bestellt d'Zich, a wee bestellt dës Zich nees of ?

Wenn huet décidéiert, dass de Fernverkéier sech selwer droe muss ?

Et ass net de Fahrdienstleiter zu Lëtzebuerg an och net de Lokomotivführer.

Ech géif emol gäre gesinn, dass déi Verantwortlech mam Numm genannt ginn.

Oder eng aner Fro : bei den Europawahle wielen dach déi meescht Leit chrëschtlech sozial a sozialdemokratesch, an trotzdeem gëtt eng neoliberal Politik gemaach. Wat leeft do net richteg ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Dez 2015 20:14 #4123 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Re: Changement horaire 2015
Zu de Fernbussen ass folgendes ze soen:
1) de Fernbus ass vum Emweltstandpunkt aus net zwengend méi schlecht wéi den Zuch, wann de Stroum fir den Zuch aus Kuelenkraftwierker kënnt. Sou wéi d'Energiebilanz vum Auto och duerchaus kann kompetitiv sinn, wann méi wéi eng Persoun dran setzen.
2) matt Romantik a Protektionismus kommen mer am Eisebunnsberäich net weider. Wou de Monopol vun der Eisebunn (souwuel intramodal wéi intermodal) hingefouert hunn, gesinn mer op ville Plazen. D'Angebot entsprechend schlicht an einfach net den Besoinen vum Maart. Wann de Fernbus et packt, Demande vum Zuch eriwerzezéien, dann misst sech bei der Eisebunn vläicht een froen, waat d'Eisebunn falsch mëcht. Kuckt de Fahrplan vum TGV teschent Lëtzebuerg a Strosbuerg ab Abrëll 2016 an dir gesitt waat ech mengen. E Fernbus ass do just eng Fro vun der Zäit. Tëschent Metz a Strosbuerg huet den TGV aus Steiergelder eng Schnellfuerstreck gebaut kritt. Op der Autobunn ass Péage, sou datt d'Argument vun der Wettbewerbsverzerrung och net kann gëllen.

Tëscht Lëtzebuerg an Tréier sinn mer am Fall vum bestallte Regionalverkéier beim Zuch: eise Staat gëtt massiv Suen aus fir och an Däitschland Infrastruktur ze finanzéiren, mee iwerléist duerno DB an CFL de Buttek. An d'Eisebunne produzéiren eng Offer déi net der Nofro entsprecht. Gläichzäiteg finanzéiert de Stad dräi Buslinnen op Tréier an Emgéigend. Et besteet offensichtlech keen Konzept op staatlecher Säit. Eng Ausschreiwungspflicht geng an deem Sënn eppes brengen, datt de Staat sech als éischt misst Gedanken maachen waat en iwerhapt wëllt. Den Exploitant fiert dann just daat waat bestallt gouf. D'Kompetenzen wieren kloer opgedeelt an net esou en Gewurschtels wéi haut.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Dez 2015 08:00 #4122 von Realist
Realist antwortete auf Aw: Re: Changement horaire 2015
Här Oswald

Dir hut vollkomme Recht , och hei an Däitschland wou ech wunnen , gesäit een ëmmer méi der Fernbusser opp de Strossen .
Wann een awer dann Fotoen vun der COP21 gesäit , wou den Hollande mat aneren möchtegern Weltretter Hand an Hand fir Fotografen sech perfekt an Bild setzt , an wann een wees daat och den Hollande , an déi däitsch Ëmweltministerin Barbara Hendriks , dofir gestëmmt hun fir opp fossil Brennstoffer ze verzichten , dann stellen ech mer Fro mat waat déi Bussen , Camioen asw dann sollten fueren , oder gi mer erëm massiv Bëscher an zum Deel och Reenbëscher offholzen fir Biosprit unzebauen ? dat ass Hypokrisie pur . Wann dat esou ëmgesaat get wéi et opp der COP21 beschloss gin ass , misst d'Eisebunn massiv ausgebaut gin , dann misst de Camionsverkéier just nach opp dat néidegst reduzéiert gin , an iwerall do wou en Zuch fiert därft keen Fernbuss méi fueren , Realitéit wäert awer eng ganz aner sin .

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Dez 2015 18:02 #4121 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Changement horaire 2015
Léiwe Marc Sinner, ech hu perséinlech den Androck, wéi wann d'Eisebunn en Auslafmodell ass. Déi franséisch Regierung setzt z.B. grouss Hoffnungen an den Opbau vun engem Réseau vu (private) Fernbussen, während an de leschte Joerzéngten ëmmer méi Eisebunnsverbindungen ofgeschaaft goufen. Dat kann dach alles keen Zoufall sinn.

D'Fro ass allerdings, wat ass haut nach e "Sozialist", oder wouranner ënnerscheeden déi sech vun de Liberalen ? Mer missten emol de Politiker méi genee op d'Fanger kucken.

Maar ass jo den zweeten Tour vun de Regionalwahlen am Frankräich. Ech sinn emol gespaant, wat dobäi erauskënnt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Dez 2015 21:34 #4120 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Changement horaire 2015
Waat awer hei net gesot gouf: op der Waasserbelleger Streck sinn op mannst zwee Zich eweg gefall. D'Verstärkerzich op Waasserbelleg (RB, départ .47) an Tréier (RE, départ .56) sinn zesummen geluecht ginn. Den Zuch hält also iwerall vun Lëtzebuerg bis Tréier. A punkto Fuerzäit mecht et mol keen Ennerscheed, well den RE bis elo 7 Minuten (!) zu Waasserbelleg stoung (zimlech secher aus Kréizungsgrënn um daitschen Abschnitt). Waat awer bliwen ass fir d'Verstärker RE ass déi extrem laang Fuerzäit vun Kreuz-Konz op Tréier Süd (12 min amplaz 6 min). Wees een waat heifir d'Ursaach ass?

De Fazit insgesamt vum Fahrplan Letzebuerg-Tréier ass desolat: während een fréier mam IC den Trajet konnt an 40-45 Minuten maachen (départ Lëtzebuerg .24, arrivée Tréier ca. .08), dauert d'Rees haut mam Taktzuch 55 Minuten an mam Verstärkerzuch souguer 70 Minuten. An dann wonnert een sech, wann d'Leit net mam zuch fueren! Et wier dringend néideg wann teschent Lëtzebuerg an Tréier mol en Angebot kënnt waat konkurrenzfäheg ass. Den Koblenzer RE kann ouni Problem em ca. 10 Minuten beschleunegt ginn, am wesentlechen duerch manner Halten. En zweeten stëndlechen Zuch matt méi halten geng daat Angebot komplétéiren. De Marché ass zimlech secher do. D'Offer muss just op de marché ausgeriicht ginn. Wann daat net passéiert, dann fueren mer Lëtzebuerg-Tréier an e puer Joer nëmmen nach mam Fernbus.

Et ass souwisou e Wonner, datt et nach net méi Fernbusverbindungen ab Lëtzebuerg ginn. Op Köln wier e Marché, op Strosbuerg demnächst och wann den TGV bis fiert an op Bréissel eventuell och. Alles Verbindungen wou d'Angebot vum Zuch schlecht bis inexistent ass. Just Parais ass den Zuch am Moment konkurrenzfäheg.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Dez 2015 22:12 #4108 von adminv15
Changement horaire 2015 wurde erstellt von adminv15
Nouvel arrêt en service à Sandweiler-Contern

Comme d’habitude à l’approche de la nouvelle année, les CFL vont mettre en place leurs nouveaux horaires de train. Ce changement sera effectif à partir du dimanche 13 décembre 2015.

Les principales modifications ont été apportées :

- sur la ligne 10, dite Ligne du Nord, où les points d’arrêt de Michelau et Goebelsmuhle seront désormais desservis chaque jour par tous les trains à destination de Troisvierges et au-delà, et ;

- sur la ligne 30, menant de Luxembourg vers Wasserbillig (et continuant vers Trèves et Coblence), où le tronçon entre Luxembourg et Oetrange sera remis en service après dix mois de travaux intensifs. Ainsi, les arrêts de Cents-Hamm et de Sandweiler-Contern seront de nouveau desservis.

L’arrêt de Sandweiler-Contern a été déplacé et se situe désormais plus près de la zone d’activité économique Weiergewan près de Contern. Sis au bout de la rue des Chaux, il est à deux pas des entreprises de cette zone d’activités et offre ainsi aux salariés de ce pôle d’activités important une meilleure accessibilité aux services du transport public.

En ce qui concerne les autres lignes ferroviaires du réseau CFL, elles n’ont subi que des légères adaptations horaires.

Les nouveaux horaires peuvent être consultés sur le site www.cfl.lu ou sur l’application CFL mobile. En outre, les CFL vous offrent la possibilité de télécharger les fiches horaires des différentes lignes à partir de leur site internet. Des dépliants horaires sont également mis à votre disposition dans tous les guichets CFL.

Finalement, dans le cadre de nos efforts permanents pour optimiser notre service au client, nous vous informons que l’offre sur la ligne 90 (Luxembourg – Thionville – Metz – Nancy) sera renforcée à partir du 03 avril 2016. Le détail des adaptations sera communiqué en début de l’année 2016.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.142 Sekunden
Zum Seitenanfang