Letzebuerg kritt en internationalen Gidderzuch bei

Mehr
05 Nov 2011 12:19 - 05 Nov 2011 12:22 #84 von jmo
Den 13.3.2008 moies esou géint 9h30 hat ech zu Rodange den Zuch No 40329 Zeebrugge - Milano ënner annerem och mat Lannutti-Remorquen photographéiert.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Méih Fotoen ënnert: Gare Rodange

Fiert den nach?
Letzte Änderung: 05 Nov 2011 12:22 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Nov 2011 22:37 - 04 Nov 2011 22:41 #79 von gilyv051
Salut,

wi d'Kollegen vu Wallorail mellen, fiert de sougenannten "Lannutti"-Zuch deen op speziellen Remorquen Glasproduiten vun Dresden op Charleroi transportéiert, ab Dezember via Koblenz, Beetebuerg an d'Athus-Meuse.

Grond ass datt di Remorquen ze héich sinn fir verschidden Tunnel a Brécken op den Infrabelstrecken 40 Visé-Léck an 125 Namur-Léck,an dowéinst do nëmmen mat spezieller Autorisatioun a reduzéierter Vitesse konnt gefuer ginn. Dobäi kennt datt schon e puer mol sou Zich zu Oochen-West festsouzen, well Infrabel se nëmmen Weekends op hirem Reseau wëllt hunn, fir den Persounentraffik net ze stéiren.

Lo sollen se iwwert Lëtzebuerg fueren fir sou méi pénktlech ze sinn.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Bild: www.wallorail.be

Merci,

Yves
Letzte Änderung: 04 Nov 2011 22:41 von gilyv051.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.081 Sekunden
Zum Seitenanfang