Petition fir een Tram-Train teschend Esch an d'Stadt

Mehr
11 Dez 2014 17:44 - 11 Dez 2014 17:46 #3527 von LuxBeam
Ech mengen net, datt den Ausbau op 4 Gleiser nëmmen duerfir do as fir dem Passagéiertransport ze déngen. An Zukunft kënnen alleguerten d'Zich vun Beetebuerg op d'Athus-Meuse iwwer d'Stad, Dippech an Péiteng fueren a Plaz iwwer Esch. Doriwwer wärten sech d'Leit zu Esch bestëmmt freeën.

Op zousätzlech dozou och nach méi Kapazitéit tëscht Esch an der Stad gebraucht gët gleewen ech net well jo haut schon all 15min en Zuch fiert.

Den Sudtram fannen ech dogéint eng interessant Iddi.
Letzte Änderung: 11 Dez 2014 17:46 von LuxBeam.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Dez 2014 14:31 - 11 Dez 2014 14:37 #3526 von GM1800
Ech fannen och dat eng nei direkt Streck tëschend Esch an der Stad méi giff brëngen ewéi 4 Gleiser parallel vun der Stad op Betebuerg.

Ausser méi Kapaziitéit brëngen 4 parallel Gleiser effectif kee weidere Virdeel fir d'Lait, weder zaitméisseg, nach zousätzlëch Arrêtën, nach eng alternativ Streck am Fall vun engem technesche Problem oder engem Accident...

D'Iddi vun engem Train-Tram tëschend Esch an der Stad fannen ech nët schlecht. Et war jo och eng Kéier vun engen Sudtram um Belval geschwat gin...

Mais d' misst awer fir d'éischt ausdiskutéiert gin ewéi een giff konkret funktionnéieren.
Letzte Änderung: 11 Dez 2014 14:37 von GM1800.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Dez 2014 11:56 #3525 von DL2992
Hmm esou gesinn hutt dir Recht. Ech hat effektiv d'Petitioun net alleng missen androen an Experten nofroen. :dry:

Mee bon, ass leider schonn gemeet.

Hunn déi Iddi vum Train-Tram säit laangem am Kapp, nodeems ech den vun Mulhouse an enger Konferenze zu Stroossbuerg kennegeléiert hunn. An wou ech héieren hunn dat eng nei Stréck tëschent Esch an d'Stad gebaut misse ginn, hunn ech geduet firwat net direkt dorausser een Train-Tram maachen an mam zukünftegen Stader Tram ubannen.

Mee bon, leider mengt d'Regierung dat de Bau vun enger néier Streck tëschent d'Stad an Beetebuerg prioritär ass.
Ech fannen dat dëst nei Stréck Stad-Beetebuerg näischt deenen Awunner aus der Minett wärt bäibréngen, mee nëmmen een Plus ass fir d'Frontalieren an d'Reesender déi aus Richtung Diddenuewen kommen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Dez 2014 12:50 #3516 von Claude Oswald
Schlecht organiséiert a mat kengem Mënsch ofgeschwat.

Dat Ganzt riskéiert e grousse Flop ze ginn, well et och un der néideger Publicitéit feelt.

Ech hätt emol domat ugefaang mat engem unerkannte Verkéiersexpert ze schwätzen an deen ze froen, wat hie vun der Iddi hält. Duerno wier ech an d'Ëffentlechkeet gaang.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Dez 2014 11:24 #3515 von DL2992

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.093 Sekunden
Zum Seitenanfang