THE MILLENIUM - GM-TOUR

Mehr
22 Dez 2011 16:01 - 22 Dez 2011 16:07 #387 von STEINER Séb
STEINER Séb antwortete auf Re: THE MILLENIUM - GM-TOUR
Bonjour à tous, et merci Dan pour tes infos trés complètes. Je me permets de rajouter deux photos d'AFB.


La 5211 en gare de Bettembourg le 04 juillet 2000.



La 5401 en double traction toujours avec la 5211 sur ce train pour Stockem via Libramont. Photo prise à Bertrix le 29 décembre 2000.

Joyeuses fêtes de fin d'année à tous.

Séb.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Letzte Änderung: 22 Dez 2011 16:07 von STEINER Séb.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Dez 2011 00:16 - 22 Dez 2011 00:19 #380 von Dan525354
THE MILLENIUM - GM-TOUR wurde erstellt von Dan525354
Den 31.Dezember jährt sech zum 12.Mol de Millenium - GM-Tour,deen ech den 31.Dezember 1999 enerholl hun.Deen hun ech gemat,fir ze kucken,wou déi jeweileg SNCB 52-53-54 de Joerdausendwiessel gife verbrengen.Wann een sech nach erennere kann,gouf et jo tescht dem 31.Dezember 1999 22:00 an dem 1.Januar 2000 02:00 keen Zuchverkéier a ganz Europa,well jo d'Angst ronderem gangen ass,daat um 0:00 Digital-Auren vun 1999 amplatz op 2000 gifen op 1900 sprangen;dest gouf jo Y2K genannt.Hei also dann déi historesch Geschicht vun mengem Tour.
De läschte 49950 ( Train Citernes vides Luxembourg - Feluy ) war bespannt mat 5205+5312 an ass Donneschdeg,den 30.Dezember 1999 zu Rodange iwer d'Grenz gangen.
Freideg,den 31.Dezember 1999 um 1:34 kommen zu Péiteng 5313+5308 mat 19 Ceteren als 48941 ( Essence Shell Feluy - Luxembourg ) duerch fir an Stad;et ass de läschten 41 fir 1999 an domat sin déi 2 Maschinen déi läscht 52-53-54,déi 1999 zu Letzebuerg waren;sie huelen mueres den 41928 ( Automobiles Fiat Allessandrinia - Manage ) mat op Ronet.
Um 13:00 huelen ech mam Auto den Départ fir op Ronet a begéinen um 13:41 zu Habay 5407+5212 um Wee fir op Stackem.
Zu Ronet stin um 15:00 folgend Maschinen : 5211 , 5216 , 5301 , 5302 , 5306 , 5307 , 5308 , 5313 an 5315;ausserdem stin op der Schrottplatz 5310 an 5317,d.h. 2 Maschinen vum Accident vun Halancy.An der Hall vum aalen Dépôt steet ausserdem d'Kescht vun der 5204,déi do als Reservekescht fir 5404 virgesin ass.
Um 16:42 kennt 5319 zu Namur hlp duerch d'Gare fir op Ronet,sie war d'Maschin,déi virgesi war,fir de 49970 ( Coils vide Dudelange-Usines - Gent ) ze maachen,mee dee war mueres suppriméiert gin.
Um 17:15 steet dann 5319 och bei deenen anere Maschinen.
BIS 21:00 ÄNNERT DO NEICHT,ET BLEIWT DAAT DE STAND BIS METERNUECHT,also : 5211 , 5216 , 5301 , 5302 , 5306 , 5307 , 5308 , 5313 , 5315 , 5319 .
Um 22:00 si mer dann zu Bertrix am Stellwierk derbei,ewou d'Weichen tescht Houyet an Bertrix verriegelt gin.Ech wenschen de Jongen Alles Guddes fir 2000 an fuehren an den Atelier de Traction Diesel vu Bertrix.
Do stin um 22:30 folgend Maschinen : 5205 , 5212 , 5303 , 5305 , 5309 , 5312 , 5403 an 5407.
Als Autoraile stin do : 4404 , 4407 , 4408 , 4501 , 4502 , 4504 , 4508 , 4509 an de 4510.
Um 0:00 si mer tescht Lahage a Meix-devant-Virton am Besch ennerwee.
Um 0:05 steet zu Virton an der Gare folgend Material : 5214 , 5215 an 5318 : ausserdem 7338 , 4406 an 4505.
Um 1:00 stin zu Stackem am Triage um Grille folgend Maschinen : 5201 , 5209 , 5304 an 5401 ;ausserdem 7339 an 7342;déi 6 Maschinen stin do mat lafendem Motor.???
Um 1:15 stin dann am Atelier de Traction Electrique zu Stackem folgend Maschinen : 5217 , 5311 , 5314 , 5316 an 5320.Ausserdem stin och do : 4410 , 4506 , 7340 an 7341 .
Esou hu mer déi 30 SNCB 52-53-54er gesin,déi deen Moment a Betrieb waren.204 004 alias 5404 stung iwregens zu Gouvy am Dépôt.En Tour vun 380 km war e schéint Erliewnis.
Sonndeg,den 2.01.2000 huet sech zu Ronet neicht geännert.
Zu Péiteng hun iwregens folgend Maschinen de Weekend verbruet :909 , 910 , 2008 , 2009 an 2019.
Méindeg den 3.Januar 2000 kommen um 1:15 zu Péiteng 5313+5313 mat 20 Ceteren als 48943 duerch fir an Stad;sie sin domat och déi éischt SNCB 52-53-54,déi 2000 op Letzebuerg kommen.
Hei dann nach eng kleng Statistique derbei :
Den éischte Containerzuch 42660 Athus - Anvers war zu Athus mat 5320+5205 bespannt.
Den éischte 44960 Péiteng - Stackem ( Stackem tout venant ) war mat der 1810 bespannt.
Den éischte 49950 war mat der 5303 bespannt an sie huet 21 Ceteren mat op Ronet gehol.
Denschdeg de 4.Januar 2000.
Den éischte 47971 ( Cois Gent - Dudelange-Usines ) war mat 5305+5315 bespannt;déi selwecht Maschinen fuehren metten mam éischten 49970 zereck op Ronet.
Mettwochs,de 5.Januar 2000 gouf owes de 47962 ( Belval - Anvers ) mat den 5313+5307 bespannt.
Ech kéint nach virufuehren,mee eng Kéier muss een ophaalen.
Bis dann
Fir weider Froen dozou,net färten mech ze froen.
Letzte Änderung: 22 Dez 2011 00:19 von Dan525354.
Folgende Benutzer bedankten sich: Aldo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.074 Sekunden
Zum Seitenanfang