SNCF BB 12000/13000

Mehr
26 Nov 2014 08:41 #3485 von Initsch
Initsch antwortete auf Aw: Re: SNCF BB 12000/13000
Bei enger Dosto's Rame soll och deen Panto an der Luucht sinn, deen am waitsten vun der éischter Voiture ewech ass, eben fir och d'Schied duerch Fonkenfluch un der Rame ze vermeiden. An Fahrtrichtung vun der Lok ass daad och deen éischten.

@Dan, bei der 3000'er stemmt daad, mee z.b. d'2200'er huet och en Panto fir den zweeten System (1500V), deen kann awer an engem Noutprogramm och op 25kv geschalt ginn fir op d'Sait ze fueren wann den Primären Panto futti wier.

MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Nov 2014 02:14 #3481 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Aw: Re: SNCF BB 12000/13000
Salut,
wann natirlech eng Machin weih 3000er zwou Spannungen huet,dann ass Jo dee vischte Panto fir 3000V an deen henechten fir 25000V,deemno,ewéi se gedréihnt ass,dann geet et eben net anescht,fir esou ze fuehren.Mee wann se dann e Panto verléiert,dann ass se en Détresse,well se Jo pro Spannung nemme ee Panto huet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Nov 2014 21:48 #3480 von bb3602
bb3602 antwortete auf Re: SNCF BB 12000/13000

Louis schrieb: Kënnt ët hautzudags nach oft vir dat eng Lok hire Panto verléiert?


Nee, dat kennt net méi ganz oft fier. 2 Pantoen hunn och nach en aanere Grond: Wann ee Gidderzich mat empfindlecher Fracht fiert (zum Beispill Autoen, oder Bensin), da soll ee mam fiichte Panto fueren, fir ze vermeiden, dass Fonken, déi vum Panto faalen Schieden un der Fracht verursaachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Nov 2014 18:53 #3476 von Louis R
Louis R antwortete auf Re: SNCF BB 12000/13000
Kënnt ët hautzudags nach oft vir dat eng Lok hire Panto verléiert?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Nov 2014 08:13 #3455 von !!RH!!
!!RH!! antwortete auf Re: SNCF BB 12000/13000
Hei nach en aalen Film vun der SNCF déen den ennerschiddlechen Fonctionnement vun déenen éenzelnen Typen erklärt.

@+

René


Folgende Benutzer bedankten sich: BB 26072, Louis R, Gerry

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Okt 2014 19:53 - 31 Okt 2014 20:23 #3454 von bb3602
bb3602 antwortete auf Re: SNCF BB 12000/13000
Gudden Owend,

d'12000er (selwechte Modell wéi CFL 3600) hate Reiheschloss-Glaichstroummotoren,
d'13000er hate 50-Hertz-Reiheschloss-Wiesselstroummotoren.

Duerch dese Bauartennerscheed waren d'13000er haaptsächlech fir méi liicht Zich geegent, déi séier konnte beschleunegen, während d'12000er universell asetzbar waren.

2 Pantoen hate se (wéi déi meeschten elektresch Lokomotiven, och d'CFL 4000er hunn 2 Pantoen pro Stroumssystem), fir am Fall wou ee futti geet eng Reserve ze hunn, a mam aanere Panto kenne weiderzefueren.
Dofir soll wa méiglech mam henneschte Panto gefuer ginn, fir dee fiischten am Fall vun der Panne net futtizerappen. Während engem Fahrrichtungswiessel waren also emmer kuerzzaiteg déi 2 Pantoen uewen.
Letzte Änderung: 31 Okt 2014 20:23 von bb3602.
Folgende Benutzer bedankten sich: Obersteiger, Louis R

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Okt 2014 12:44 #3452 von Obersteiger
SNCF BB 12000/13000 wurde erstellt von Obersteiger
Moien,

ech wollt emol foen waat den ennerscheet zwechent den BB12000 an de BB13000 ass.

p.s. virwaat hunn dei zwee pantographen hun schon fotoen gesin wou dei zwee uewen sin?

Merci am viraus

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.102 Sekunden
Zum Seitenanfang