Tram Centre de Remisage et Maintenance CRM

Mehr
29 Jul 2014 11:52 #3263 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Tram Centre de Remisage et Maintenance CRM
De Centre de Remisage vum Stater Tram ass virgesinn, fir um Kierchbierg gebaut ze ginn. Dat schéint mir och logesch ze sinn, well den Tram an der Stad Lëtzebuerg fiert an net zu Esch.

Souwäit ech matkritt hunn, ass déi geplangten Iwwerlandlinn (Train-Tram oder Zuch) tëschent Esch a Lëtzebuerg op Äis geluecht ginn.

Et war bei Gelegenheet vun engem Tram fir de Minett geschwat ginn ; awer esou wéi ech déi rezent politesch Aussoe verstan hunn, schéint dat just nëmmen en Bus ze ginn deen äusserlech eng gewëssen Ähnlechkeet mat engem modernen Tram huet. E richtegen Tram ass ménges Wëssens net am Minett virgesinn.

Dat wëllt awer net heeschen, dass ee keng Iddien entwéckele soll fir den ëffentlechen Transport nach méi attraktiv ze maachen, a fir iwwert dat eraus ze goe wat d'Regierung aktuell wëlles huet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Jul 2014 20:21 - 23 Jul 2014 20:42 #3257 von mopsfidels
Tram Centre de Remisage et Maintenance CRM wurde erstellt von mopsfidels
Also, ech sinn dofir, datt den CRM zu Esch gebaut gëtt (a n deenen eidelen Haalen do vun der Arbed, niewt der Gare), an datt et dann eng Zort Train-Tram gëtt. Deen Ufanks op normalen Schinnefiirt, am 15 Min Takt ewéi normal Zig heutzutage. Et gëtt jo anscheinend sécher eng nei Streck gebaut zwësche Beetebuerg an Letzebuerg.
Aus op mannst 2 gudde Grënn:

1. Daat Gebei steet schon, muss just renovéiert ginn, Schinnen an alles och. Ass dann fir Zukunft gesuergt. Et ass geplangt Bësch ofzeholzen, um Kiirchbierg. Daat soll een net maachen!
2. Eng Direkt Zug Verbindung vum Minett (an Ausland) an d'Stad eran, fir dann an Zukunft och eng "Tramification" vun der Buslinn 205 ze hunn, iwer Féitz , a Monnerech -> Cloche d'OR. Eng wichteg Linn ass souwisou: Cloche d'Or bis Spidol CHL iwert de Belair, Märel. Dorunner denkt natirlech keen...
3. Déi Zig déi dann net méi gebraucht wäerte ginn, sinn dann fräi fir op aanere Plaatzen anzesetzen.
4. Et spuert een massiv Suen, oder et huet een 2 Problemer geléist, mat enger simpeler Aktioun.

An en plus ka kee soen et giff ze deier kaschten, mat eiser neier m-Kaart misst een P+R Aboen dra maachen, an all Persoun déi een P+R benotzt baal zwéngen och een Ticket ze kaafen fir den ÖPNV! Firwaat ass dann soss eng nei Kaart erfonnt ginn?!
Letzte Änderung: 23 Jul 2014 20:42 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.074 Sekunden
Zum Seitenanfang