Débat d'orientation du 20/11/1996 dans la Chambre des Députés sur le tram régional (BTB-2002) - N° 4147 - Débat

Débat d'orientation sur le tram régional (BTB-2002) - N 4147 (Rapport de la Commission des Transports) M. Marc Zanussi (LSAP), rapporteur.

- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Mir stin haut virun der Diskussioun iwwer d'Aféierung vun engem regionalen Tram hei zu Lëtzebuerg. D'Virberedungen zu dëser Debatt si mat der Décisioun vun der Transportkommissioun am November 1995 an d'Wee geleet gin. D'Virberedungen, Dir Dammen an Dir Hären, hun awer och doranner bestanen, en Hearing non public den 13. a 14. Mäerz 1996 ze maachen, en Hearing, bei deem nët manner wéi 16 verschidden Organisatiounen, Ministèren an aner Strukturen invitéiert waren, fir hei hir Menung zu deem regionalen Tram ze soen.

Et war e Bestriewes vun Ufank un an der Transportkommissioun, fir déi Diskussioun iwwer de regionalen Tram méiglechst breet ze féieren, all Participantën an den Dialog anzebannen an och déi, déi eng éischter kritesch Positioun zu deem Virhaben hei haten.

Op dëser Plaz wéilt ech agangs nach eng Kéier merci soen all denen, déi un deem konstruktiven Dialog deelgeholl hun, mat deem Resultat wat mer bis haut kennen.

Merci méngersäits awer och un d'Kommissiounsmemberen, déi an enger halwer Dose Stonnen intensiver Diskussioun um Rapport matgeschafft hun, eng Rei vu konstruktive Virschléi gemeet hun, eng Rei Ëmännerunge proposéiert hun, déi an de Rapport integréiert gi si mam Resultat, dass de Rapport den 12. November 1996 vun der Kommissioun akzeptéiert gin as.

De Bericht, dee mer elo virleien hun, as relativ ëmfangräich, en ëmfaasst nët nëmmen de regionalen Tram, mä och eng Rei vun aneren Elementer am Ëmfeld vum kollektive Persounentransport an e beschäftegt sech och mat der Entwécklung vum Individualverkéier a sénge Konsequenzen op d'Entvölkerung vun de Stied zu Gonschte vun neie Wunnsiidlungen, bedauerlecherweis öfter méi laanscht d'Stroossenaxen, wéi laanscht de Réseau vun de Schinnen, mat all de Verkéiersproblemer, déi dat matsechbréngt.

Fir dës Entwécklung gët et natiirlech eng ganz Rei vun Erklärungen, déi leien haaptsächlech an de Virdeler vum Privatauto a séngem Komfort, a sénger Vitesse, an deem héije bal onersätzleche Bedürfnis vun de Leit vun der onofhängeger a maximaler Mobilitéit. Et schéngt esou ze sin, wéi wann den Auto denen dote Bedürfnisser am nächste géing kommen. Dofir gin och 75% vun den Trajetën an der Europäescher Gemeinschaft mat Privatautoë gemeet.

Et gët awer och seit enger Rei vu Jore méi kritesch iwwer den Auto diskutéiert, et gët vu "Coûts externes" geschwat, haaptsächlech duerch déi negativ Niewenerscheinunge vun der Loftverschmotzung, wat dee gréisste Käschtepunkt verursaacht, zwetens duerch d'Akzidenter, drëttens duerch d'Doudeger, duerch de Materialschued, asw.

An zu Lëtzebuerg, dat sollt een eng Kéier hei op dëser Plaz soen, sin déi dote Käschte veranschlaagt mat 7 Mia d'Jor, déi op de Lëtzebuerger Steierzueler ofgewälzt gin. Op europäeschem Plang belafe sech déi Käschten op 2 bis 2,5% vum PIB vun der Europäescher Gemeinschaft. Op Grond vun denen doten Erkenntnisser as et selbstverständlech, dass am Laf vun dene leschte Joren eng nei Diskussioun iwwer d'Verdelung vun dene Käschte stattfond huet. D'Kommissioun geet nët am Detail op déi doten Diskussioun an, mä weist awer drop hin, dass et eng Diskussioun as vu grousser Bedeitung fir haut a virun allem nach méi fir d'Zukunft.

Dir Dammen an Dir Hären, elo awer zum öffentlechen Transport, deen hei zu Lëtzebuerg an och queesch duerch eis Länner vun der Europäescher Gemeinschaft positiv quotéiert as, op d'manst wat d'Theorie ubelaang der Praxis gesäit et leider e bëssen aneschtes aus, et brauch een nëmmen ze kucken, wéi an de Spëtzestonnen an de Stied den Trafik leeft a wat fir eng Staue mer heiansdo mussen do iwwerwannen, fir op eis Ziler ze kommen.

Trotz denen Efforën, déi an dene leschte Joren am öffentlechen Transport gemeet gi sin, stellt een awer fest, dass den Individualverkéier weiderhin am Uwuessen as an dass den öffentlechen Transport offesichtlech stagnéiert. D'Ursaachen dofir si bekannt: - d'Kapazitéitslimit vun CFL, AVL an TICE an de Spëtzestonnen - den expansiven Aarbechtsmaart, glécklecherweis - déi zentral Situatioun vun der Stad Lëtzebuerg am administrativen an ökonomesche Beräich, - d'Delokaliséierung vu groussen Entreprisen, z.B. op de Kiirchbierg oder aner periphär Staddeler, déi schlecht oder guernët un en öffentlechen Transport ugebonne sin.

Wann déi Behaaptung opgestallt gët, dass den Individualverkéier weiderhin hei zu Lëtzebuerg klëmmt, da soll een dat och mat Chiffere beleën. International Expäre gin dervun aus, dass den Trafik an denen nächsten 20 Jor an den industrialiséierte Länner ëm 50% klamme wäerd, an d'Majoritéit dovunner iwwer d'Strooss respektiv duerch den Individualverkéier ofgedeckt wäerd gin. Dat as besonnesch dramatesch wann een d'Situatioun vu Lëtzebuerg kuckt, well do stëmmt deen Trend 100%-eg.

1996 hate mir zu Lëtzebuerg eng Autosdicht vu 637 Autoën op 1.000 Awunner. Domadder si mer europäesch d'Spëtzt. An d'Steigerungsrate vum Automobilspark weise wéi déi Entwécklung zustane konnt kommen. 1992 hate mer 4,2% 1993 4,8% 1994 5,2% an 1995 5,6% Steigerungsrat.

Wann een esou Steigerungsraten am Automobilspark huet, da muss een natiirlech och soen, dass mer hei zu Lëtzebuerg alles derfir gemeet hun, dass ee relativ bequem mam Auto iwwerall hikënnt.

Mir hun d'Collectrice du Sud gebaut, mir hun de Contournement vun der Stad gebaut, mir hun d'Rocade de Bonnevoie gebaut, mir baue méiglecherweis nach d'Nordstrooss oder sécherlech esouguer. Mir bauen och nach eng Verbindung mam Saarland a vun dohir kann ee soen, dass mer alles gemeet hun an eng optimal Stroosseninfrastruktur hun, déi och mat responsabel as fir deen héije Park un Individualverkéier a Privatautoen hei zu Lëtzebuerg.

Den Thema vun haut, Dir Dammen an Dir Hären, as awer de kollektive Persounentransport, an dofir vläicht e puer Wuert zu sénge Strukturen an zu sénge Leeschtungen.

Den Transportsecteur huet 1995 ronn 700 Entreprisen ëmfaasst, déi 12.000 Leit beschäftegt hun. Séng Kontributioun zum BIP louch 1995 bei 4,2% an domadder kann ee behaapten, dass den Transportsecteur hei zu Lëtzebuerg eng grouss Bedeitung huet. Déi grouss Bedeitung gëlt awer och fir den öffentlechen Transport, an och do stellt ee fest, dass am Laf vun dene leschte Jore grouss Efforë gemeet gi sin. Och wann déi Efforën nët ze vergläiche si mat denen Efforë fir den Individualverkéier, esou gin dach Efforën an dene leschte Joren am Beräich vun den Investissementer och fir den öffentlechen Transport gemeet.

Den öffentleche Persounentransport huet hei zu Lëtzebuerg véier Träger: d'CFL, den AVL, den RGTR an den TICE.

Si alleguerten hun Efforën an de leschte Jore gemeet a Resultater erziilt, fir hir Clientèle méi zefriddenzestellen, wéi dat an dene vergaangene Joren de Fall war.

D'Eisebunn huet, fir nëmmen e puer Modeller ze skizzéieren, nei Haltestellen ageriicht: zu Nidderkuer, zu Hääschdrëf, zu Schiren, um Zens, zu Hamm an um Houwald. Si huet eng Modernisatioun vun hirem Fuerpak virgeholl. Si huet och den Taktverkéier bei den Autobussen agefouert. Si uet den Ausbau vun de Parkplaze bei der Gare gemeet. Et gouf eng Elektrifizéierung vun der Nordstreck an d'Wee geleet, d'Moderniséierung vun der Streck Esch/Péiténg, an eng Verbesserung vun hirem Image sin eng Rei vun Efforën déi gemeet gi sin, mat dene bekannte positive Resultater.

All Jors 5% méi Clientën seit 1991. 34.000 Leit pro Dag gin hei zu Lëtzebuerg transportéiert vun der Eisebunn an domadder leie mir als Lëtzebuerg no der Schwäiz an der Zuel vun den Déplacementer mat der Eisebunn am héchsten.

Bedenklech dergéint as d'Tatsaach, dass paralell zu deem Uwuesse vu Clientën nët dat selwecht Uwuessen am Verkaf vun de Billjeën ze konstatéieren as. Dee läit ledeglech bei 1,1 bis 2%. Dobäi kënnt déi Feststellung, déi scho virdru gemeet gin as, dass mer elo mat enger Stagnatioun konfrontéiert sin an de Spëtzestonnen, déi haaptsächlech op d'Transportkapazitéit an op d'Grenze vun der Transportkapazitéit vum aktuelle Material zréckzeféiere sin, an dofir, Dir Dammen an Dir Hären, diskutéiere mer haut an hei zesummen iwwer en neit Konzept, iwwer de regionalen Tram.

Säit 1990 gouf d'AVL reorganiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Professer Brändli, et gouf eng Reorganisatioun vun de Linne gemeet, et goufe Busspueren agefouert, et gouf Park & Ride ageriicht, et gouf eng Verbesserung op der Desserte vun de Linne gemeet an et gouf och do eng Moderniséierung vum Fuerpark gemeet.

Och hei sin d'Resultater stattlech a loosse sech weisen. An dene leschte sechs Jor konnte Progressioune bis zu 80% Clientën opgewise gin. Insgesamt goufen 21,1 Mio Leit pro Jor transportéiert, an och hei déi selwecht Konstatatiounen, nämlech déi, dass an de Spëtzestonnen d'Material op hire Kapazitéitsgrenzen ukomm as.

Den TICE as seit 1992 amgaang eng Reform vu séngem Fahrplang ze maachen, och hei mat der Ënnerstëtzung vum Professer Brändli, déi 1995 ëmgesat gin as doduerch, dass en Taktverkéier agefouert gin as, doduerch dass den Netzplang méi transparent gestalt gin as, doduerch dass sech konzentréiert gin as op déi eigentlech Missioun vun engem interkommunalen Transportsyndikat, nämlech d'Leit méiglechst bequem a séier tëschent den Uertschaften hin an hir ze féieren an nët an den Uertschaften hin an hir ze kutschéieren.

Och hei sin d'Resultater, déi viru kuerzem der Press virgestallt si gin, ganz beachtlech. D'Etüd vun der ILReS huet gewisen, dass mer 1995 op 1996 en netto Zouwuess vu Clientë vu 40% um TICE hun, mat engem Total vun 1995 vu bal 12 Mio Leit, déi transportéiert gi sin.

Dat selwecht gëlt fir den RGTR, an deem ronn zwou Dose privat

Transportentreprise regruppéiert sin. Si deservéieren 160 Linnen a 600 Uertschaften am Land, a Jor fir Jor gët och deen dote Réseau ausgebaut. 1995 war e Plus vu 6,5% an de Kilometer ze verzeechnen, mat enger Leeschtung déi elo ëmmerhi bei 14,5 Mio km läit.

Bei denen dräi öffentlechen a bei dem RGTR kann een zwou gemeinsam Feststellunge maachen. 1. an de Spëtzestonnen as de Fuerpark op der Transportkapazitéit ukomm, dofir haut d'Diskussioun iwwer den Tram, iwwer en neit Konzept mat méi héije Kapazitéiten; 2. muss ee soen a feststellen, dass de Verkaf vun de Billjeën an d'Struktur vun dene Leit déi d'Billjeë kafen éischter bedenklech as. Den Zouwuess läit bei 1-2%, a mir si mat der Tatsaach konfrontéiert, dass hei am Land ronn 2/3 vun de Clientë vum öffentlechen Transport gratis fueren.

Eng wichteg Viraussetzung, en éischte Schratt, eng besser Koordinatioun an e méi bequeme Service goufe fir d'Clientën 1991 gemeet, wou déi national Tarifunioun agefouert gin as mat enger méi héijer Transparenz vun der Taruktur mat folgende Kritären: 1. eng Vereinfachung vun der bestanener Tarifstruktur 2. eng Depersonaliséierung vum Abonnement 3. d'Jumbokaart mat siwe Jor 4. Schülertransport bis 6 Jor gratis 5. gratist Fueren och fir Leit déi invalid sin, respektiv sozial schwaach.

Dir Dammen an Dir Hären. Dës Tarifunioun as eng wichteg Neierung gewiescht, an as och responsabel fir den Zouwuess vu Clientën op deem ganze Réseau. All dës Resultater, déi mer virdrun opgezeechent hun, sin de Bewäis derfir, dass den öffentlechen Transport vun de Leit profitéiert gët, wa säin Ugebuet stëmmt, wann e propperen an transparente Fahrplang do läit, a wann den öffentlechen Transport ufänkt konkurrenzfäeg mam Auto ze gin. D'Resultater schwätzen do derfir.

Dir Dammen an Dir Hären, mir si mat der Tatsaach konfrontéiert, dass den öffentlechen Transport positiv quotéiert as. D'Ëmfroë vun der ILReS vun 1992 an 1994 beweisen dat. Et gët allerdings eng Differenz tëschent der Theorie an der Praxis. D'Leit soen u sech jo zum öffentlechen Transport, mä nët fir sech selwer, an dohir sin d'Resultater och vun dohir bedenklech, dass 51% vun de Leit soen, si géingen den öffentlechen Transport och nët huelen, esouguer nët wann e gratis wir. Besonnesch schwéier schéngt d'Akzeptanz an der Alterskategorie vun 20 bis 35 Jor ze sin. Sécherlech en Zeeche fir Efforën an där doter Zilgrupp vu Leit ze maachen.

Elo, Dir Dammen an Hären, awer zum Projet selwer, an do géing ech wëllen ufänke mat engem Zitat aus der Regirungserklärung vum 22. 7. 1994: "La politique des transports gouvernementale privilégiera la décongestion de l'agglomération formée par la capitale et sa périphérie urbanisée par la promotion des transports publics. L'agglomération ainsi définie sera traitée comme un ensemble, tout en respectant l'autonomie communale et en cherchant le concours des autorités locales pour arrêter un concept cohérent; le Gouvernement encouragera à cet effet la constitution d'un syndicat intercommunal."

Zum Verlaf vum Projet e puer Wierder als Erënnerung. D'Initiativ zum Projet Luxtraffic as ausgaangen 1992 duerch eng Initiativ vum

Transportministère zesumme mat der Stad Lëtzebuerg. Et gouf e Konsortium geschaf vun Ingenieursbüroën, déi sech zesummefond hun an den Numm Luxtraffic ugeholl hun an ugefaangen hun ze schaffen. Hiert Zil kann ee resüméieren op folgende Saz: "Die wichtigsten Ziele sind die Verbesserung der Umwelt (weniger motorisierter Individualverkehr, mehr öffentlicher Verkehr), unter anderem zwecks Erhaltung bzw. Steigerung der Attraktivität der Stadt Luxemburg als Lebensraum für alle Bürger, sowie eine verbesserte wie auch attraktiver gestaltete Mobilität mit dem öffentlichen Verkehr."

Aus dëser Zilformuléierung, aus dene ganzen Dokumenter déi erstallt gi sin, geet klor ervir, dass et sech bei deem Projet, deen ausgeschafft gouf, nët eleng ëm e Projet fir d'Stad Lëtzebuerg handelt, mä ëm e Projet fir d'ganzt Land, e Projet fir d'Regioune vun eisem Land ënnerteneen ze verbannen an d'Garantie op héchster Mobilitéit ze erreechen.

De Büro huet verschidde Phasen ugewannt fir zu sénge Konklusiounen ze kommen. Fir d'éischt gouf en Inventär gemeet ënner Berücksichtegung vun dene Sondagen, déi ech virdru skizzéiert hun, ënner Berücksichtegung och vun där Skepsis, déi Leit géintiwwer der Realisatioun vum Projet hun an ënner Berücksichtigung vun der héijer Attraktivitéit vum Individualverkéier hei zu Lëtzebuerg. .

Si sin trotzdeem zu der Erkenntnis an zu der Schlussfolgerung komm, dass och hei am Land e grousst Potential fir den öffentlechen Transport do as, ënner der Viraussg, dass folgend Schwaachpunkte vum öffentleche Persounentransport kënnen éliminéiert gin.

1. Wann d'Kapazitéitsgrenze vum Material opgehuewe gin. Déi si mat deem aktuelle Material nët méi ze verbesseren.

2. Hu se an hire Rapporen en Defizit u Courage vun der Politik vermësse gelooss, fir offensiv Positiounen zum Virzuch vum öffentlechen Transport ze huelen.

3. Si hun e staarke Koordinéierungsdefizit tëschent denen eenzelnen Träger ausgemaacht.

4. Si hu gesot, et goufen nët genuch Efforen a Richtung Rentabiliséierung vum bestoende System gemaacht.

5. Si hu gesot, et géife grouss Defiziter am Beräich vum Marketing beim öffentlechen Transport.

An de Konklusioune seet de Büro dann awer och, dass dee Verkéiersproblem, deen d'Stad Lëtzebuerg kennt, u sech kee Problem as, deen an der Stad selwer produzéiert gët, mä en importéierte Problem an e schwätzt vun zwee Chifferen: 270.000 Trajetën, déi all Dag an d'Stad eraféieren, an 130.000 Trajetën innerhalb vun der Stad.

D'Basis vun dëser Erkenntnis as dann och ganz klor. Wa mer eng Léisung fir dëse Problem wëllen erbäiféieren, muss et eng Léisung fir d'ganzt Land sin, an et kann och nëmmen eng Léisung sin, wou dat bestehend Schinnennetz vun der Eisebunn eng importent Roll fir d'Zukunft muss spillen.

Hir Konklusioune sin dann och déi, dass fir dee Problem hei u Lëtzebuerg ze léisen, een e Bahnhybrid misst aféieren, mat engem méi schéinen Numm, "regionalen Tram" genannt, e Gefier also, wat esouwuel op de Schinne vun der Eisebunn wéi och op egene Gleiser herno duerch d'Stad ka fueren. Dass dat keng Onméiglechkeet as, beweise Beispiller aus dem Ausland. Eng Rei vu Memberen aus dësem Haus konnte sech och déi lescht Deg bei enger Visite zu Karlsruhe dovunner iwwerzegen an déi lescht Zweifelen ausraumen, dass esou e System ganz effikass ka fonktionnéieren.

Dir Dammen an Dir Hären. Et gouf awer och gläichzäiteg gesot, dass eng Léisung nët nëmmen eleng fir d'Stad Lëtzebuerg muss fond gin, mä dass deen importéierte Problem, deen d'Stad Lëtzebuerg am Beräich vum Verkéier huet, muss agebonne gin an dass et nëmmen e regionalen Tram ka si fir d'ganzt Lëtzebuerger Land.

Si hun du fir d'Realiséierung zwou verschidde Konstruktiounsphase virgeschloen.

Eng éischt Phas mat enger Längt vu 16,5 km, woubäi éischtens

Amenagementer op der Gare virgesi waren.

Zwetens en zweespuregt Gleis vun der Gare duerch d'Avenue de la Liberté via de Pont Adolphe bis op de Boulevard Royal, mat enger Bréck Richtung Uelzechtdall.

Drëttens eng Verbindung op de Kiirchbierg mat dem eventuelle Bau vun enger neier Bréck.

An der zweter Phas huet de Büro zousätzlech 10 km virgesinn:

Eischtens en zweten Accès ze maachen duerch de Süden, iwwer Bouneweg vun der Stad eran.

Zwetens eng Verlängerung vun der Linn op de Kiirchbierg bis op de Findel an duerno nees op d'Gleiser vun der Eisebunn Richtung Waasserbëlleg.

Drëttens eng Ax fir de Lampersbierg hei an der Stad unzeschléissen.

D'Ween sollten ongeféier 60 m laang sin, 400 Leit kënnen transportéieren an 120 km schnell fueren. Si sollten natiirlech virun allem bequeem, modern an zouverlässeg fir d'Utilisateure sin.

D'Investissementer, Dir Dammen an Dir Hären, déi deemools an de Raum gestallt gi sin, waren an der Gréisstenuerdnung vun 30 Milliarden. Dat huet sécherlech eng ganz Rei Leit am Ufank ofgeschreckt. 30 Milliarde Frang si jo och en décke Pak Geld, mä trotzdeem muss een dee Chiffer kritesch gesinn, kritesch an deem Geescht, well ën Investissementer virgesäit, nët nëmme fir den Tram, mä an deem Pak waren ebenfalls de Bau vun engem Atelier de maintenance fir d'Eisebunn mat Milliarden dran, en drëtt Gleis tëschent Betebuerg an der Stad mat engem Käschtepunkt vun 1,1 Milliard, esou wéi eng Rei vu Gefierer, déi d'Eisebunn souwisou hätt misste kafen, well hiirt Material, wat d'Technik ubleaangt, um Enn vu sénger Liewensdauer ukomm as.

Am Rapport gët dann och eng Schätzung gemaacht iwwer d'Entwécklung vum öffentlechen Transport bis an d'Jor 2005. A si sin dann zur Konklusioun komm, dass, wann näischt géif geschéien, wir maximal mat engem Zouwuess vum öffentlechen Transport vu 14% ze rechnen. Mat der Aféierung vum Tram wir mat enger Steigerungsrat vun 28% ze rechnen, a bei de Pendler gët esouguer eng Steigerung vu 40% geschat op den neien Transportsystem "regionalen Tram".

Domat as et ganz klor, dass déi Investissementer, déi do gemaacht gin, grouss Virdeler mat sech bréngen an och ze rechtfertege sin. De Büro huet awer ebenfalls gesot, dass et nët eleng duergeet, Investissementer an d'Infrastrukturen ze maachen, mä en huet och gesot, dass Investissementer a virun allem Effore musse gemaacht gin am Beräich vun der Rentabilitéit, am Beräich vum Marketing an am Beräich vun der Gestioun.

D'Virdeler, déi duerch de Projet fir d'Stad a fir d'Land géingen entstoen, wire resüméiert op fënnef Punkten:

1. Eng Erhéijung vun der Attraktivitéit vun der Stad Lëtzebuerg als Centre de travail, als Centre de loisirs, eng méi grouss Accessibilitéit insgesamt fir d'Stad.

2. Eng Reduktioun vun de Reeszäiten an der Stad Lëtzebuerg.

3. Eng besser Ausnotzung an domadder Rentabiliséierung vum Eisebunnsréseau.

4. Eng Reduktioun vum Pendlerverkéier, manner Akzidenter, manner Doudeger.

5. Eng Reduktioun vun de Schuedstoffemissiounen, déi jo bekanntlech mat engem ganz héije Koeffizient bei der Käschtenopstellung nidderschloen.

Fir d'Realiséierung huet d'Regirung am Hierscht 1995 en Expär an der Persoun vum Alain Groff engagéiert, e Mann, dee mat ganz vill Engagement, mat vill Iwwerzegung, mat vill Dynamik a mat vill Sachkenntnis sécherlech säint dozou bäidréit, dass dee Projet a vernünfteg Bahne gelenkt gët an och an deem virgesinnenen Zäitpunkt realiséiert ka gin.

Luxtraffic, dat muss klor gesot gin, soll nët nëmmen als Zil hu fir e regionalen Tram anzeféieren, mä soll och enden an engem Gobalkonzept fir den öffentlechen Transport insgesamt hei zu Lëtzebuerg an dofir och den Aarbechtstitel vun deem Grupp, deen agesat gin as, fir dozou ze féieren, - "BTB 2002" heescht soss näischt wéi Bus-Tram- Bunn 2002, - e Grupp, deen an dräi verschiddenen Aarbechtsgruppen ënnerdeelt as:

1. Organisation et Financement, 2. Planification et Réalisation, 3. Promotion des Transports publics,

chaperonnéiert vun engem grousse Comité d'accompagnement, an deem all Forces vives de la nation dra sin, fir och permanent am Dialog mat jidderengem dëse Projet unzegoen, well mer och als Transportkommissioun der Iwwerzegung sin, dass all Dialog an dësem Zesummenhang noutwendeg as a mat jidderengem muss gefouert gin, och wann ën éischter kritesch dem Projet géintiwwer steet.

D'Konklusioune vun der Kommissioun zu deem heite Punkt gin dohinner, dass gesot gët, eng modern Transportpolitik muss eng Kombinatioun vun Effikassitéit, Flexibilitéit, Sécherheet a Suerg ëm d'Emwelt garantéieren. D'Kommissioun deelt och d'Menung wat déi europäesch Kommissioun schreift an hirem Livre vert iwwer d'Prioritéit fir de kollektive Persounentransport, an d'Erfarungen an de Stied beweisen, dass et wuel eng Noutwendegkeet as, den éffentleche Verkéier auszebauen, mä dass, wann deen Ausbau stattfënt, - an dat gouf och am Rapport vu Luxtraffic niddergescen - op d'Koexistenz vum öffentleche Verkéier an dem Individualverkéier muss opgepasst gin, well et geet nët drëm den Individualverkéier ze erstécken an der Stad. Et geet jhust drëm, dem Individualverkéier séng negativ Implikatiounen op d'Emwelt ze reduzéieren an dat passt och an d'Objektiv an den Engagement vun eisem Land, fir bis an d'Jor 2005 CO2-Reduktioune vun 20% ze erreechen.

Dir Dammen an Dir Hären, d'Kommissioun as och der Menung, dass an déi éischt Phas vun dësem Projet d'Schoulen agebonne musse gin. Den Tram soll dohinner fuere wou d'Leit sin. An der Kommissioun gouf zum Beispill de Virschlag iwwer d'Abanne vum Geesseknäppchen gemaacht, dass dat eng vun den éischte Prioritéite vun dësem Projet soll sin.

Dann as et och absolut noutwendeg, fir eng besser Koordinatioun tëschent denen eenzelnen Transportträger ze garantéieren. Et kann nët sin, dass oft gewiesselt muss gin. Et kann nët sin, dass d'Waardezäiten esou laang musse sin, well alles dat féiert zu engem Découragement vun de Leit a féiert dozou, dass den öffentlechen Transport nët profitéiert gët. Do bleiwen nach eng ganz Rei vun Efforen ze maachen.

Mir hun och am Rapport iwwer den Aménagement du Territoire geschwat iwwer déi negativ Konsequenze vun enger Zentraliséierung an a ronderëm d'Stad, esou wéi mer se elo kennen an d'Kommissioun huet och an deem Zesummenhang e puer Iddië formuléiert, déi ech hei nëmme wëll kuurz présentéieren.

Zum Beispill gouf gesot, dass ee soll urbanistesch drop oppassen, dass nët onbedéngt Lotissementer dohinner gebaut gi wou den öffentlechen Transport ni kann hikommen, dass d'Industrië méiglechst regruppéiert sollte gin, dass Schoulen an Zerwisser mat héijem Persounepotential och musse regruppéiert gin, a wann dann eng Kéier den Inventar gemaacht gët vun denen Administratiounen, déi nët onbedéngt an der Haaptstad musse sin, da wir dat sécherlech och zu Gonschte vun enger Dezentraliséierung vun enger besserer Ubannung un den öffentlechen Transport.

Am Punkt 3.2. huet ee vun de Kapitelen den Titel "La demande suivra l'offre". Dat as eng Iwwerzegung vun der Kommissioun, déi drop erausleeft, dass den öffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg eng reell Chance huet, wann e konkurrenzfäeg gemaacht gët zum Auto, wann ën nët méi deier as wéi den Auto, wann d'Reeszäiten nët vill méi grouss si wéi mam Auto a wann e konfortabel an accessibel bleift.

D'Beweiser sin do. D'Eisebunn, den AFL, den TICE an den RGTR hun duerch hir Efforen, déi se gemaacht hun, och eng ganz Rei vu Clientën zousätzlech op den öffentlechen Transport kritt an domadder as et och eng Evidenz, dass mer mussen drun denke fir e Kapazitéitsausbau ze garantéieren.

A wa gesot gët, dass uganks de Joren d'Steigerungsraten nët méi déi ware wéi se am Ufank waren, dann as dat op déi Kapazitéitsgrenzen

zréckzeféieren, a wa mer nach e qualitative Sprong wëlle maache fir méi Leit ze transportéieren, da muss en neie System kommen. D'Kommissioun schléisst sech och de Schlussfolgerunge vum Büro Luxtraffic un, dee seet, dass als eenzeg Léisung, fir deen dote Problem an de Grëff ze kréien, e regionalen Tramsystem muss agefouert gin.

D'Kommissioun geet dann och dovun aus, dass fir de Projet ze realiséieren - an dat gouf och am Hearing gesot vun där enger oder anerer Organisatioun - de Projet nët iwwerdimensionnéiert soll sin a mir plaidéieren dofir, fir e reduzéierten Aktiounsradius vum Projet an enger éischter Phas.

D'Konzept vum regionalen Tram as jo jidderzäit ausbaufäeg a soll op den Erfarunge vun dëser éischter Phas ausgebaut gin, wann d'Méiglechketen dozou bestin.

Eiser Menung no sn där éischter Phas haaptsächlech d'Nord-Süd-Ax vun der Stad Lëtzebuerg, dat heescht vun der Gare-Centre Aldringen-Kiirchbierg ugebonne gin. Duerch dee reduzéierten Aktiounsradius as et méiglech, d'Investitiounskäschten ze reduzéieren.

Dir Dammen an Dir Hären. Et war dann och d'Aufgab vun dem Aarbechtsgrupp "Planification et Réalisation", deen agesat gouf, fir dozou séng Virschléi ze maachen.

Ech wëllt hei och dem Här Jean Schiltz e grousse Merci ausdrécken, fir de Résumé, deen ën eis als Kommissioun zur Verfügung gestallt huet iwwer d'Aarbechte vun deem Aarbechtsgrupp, déi am Rapport och intégréiert sin.

D'Ziler vun deem Aarbechtsgrupp "Planification et Réalisation" sin et eng Definitioun vum Basisréseau ze maachen an d'Integratioun vun engem Bahnhybrid, de regionalen an internationalen Zich ze erméiglechen.

Den aktuelle Stand vun den Aarbechten as deen, dass, entgéint deem wat am Projet Luxtraffic virgesi war, et nët geplangt as den Tram bis op Klengbetten fuere ze loossen. D'Ursaach huet zwee Grënn:

1. Well fir op Klengbetten ze fueren een e Motor misst hun, deen eng zousätzlech Stroumaart misst hun. Mir bräichten also amplaz Motore mat zwou Stroumaarten, Motore mat dräi Stroumaarten. Dee gët et nach nët.

2. Déi Klengbettener Streck as nët onbedéngt optimal geleën a bezuch op d'Leit, déi an den Uertschafte ronderëm wunnen. Wann een op deen dote Wee sollt goen, misst een sech iwwerleë fir nët direkt en neit Gleis ze bauen.

D'Tramme fueren och bis op Athus oder Audun-le-Tiche. De Süde vum Land bis erop an den Norden, as bis op Dikrech ugebonnen, woubäi d'Richtung Osten nach eng Rei vu Problemer weist, déi an der éischter Phas nët sollte realiséiert gin.

Dann as de Schema vun der Exploitatioun ze erstellen als zweten Objektiv vun dësem Aarbechtsgrupp. Do geet et drëm, d'Frequenze festzeleën op denen eenzelne Linnen, d'Points d'arrêt an d'Points d'échange ze fixéieren.

Dat drëtt Objektiv vun deem Aarbechtsgrupp as et, ze kucke wéi een de regionale Busréseau un den Tram kann eruféieren, well ee vun den entschedende Punkten as en anstännegen Zoubréngerdéngscht duerch de Bus. Alleguer déi, déi ufanks skeptesch waren a gefaart hun, dass mat der Aféierung vun engem regionalen Tram de Busdéngscht géing zréckgoen, konnten elo nach eng Kéier zu Karlsruhe iwwerzeegt gi vun der Tatsaach, dass duerch d'Aféiere vun engem regionalen Tram nëmmen en optimalen Zoubréngerdéngscht vum Bus muss do sin. Domadder steet a fällt de System. Zu Karlsruhe konnt een no der Aféierung vum regionalen Tram ëmmerhin eng Steigerungsrat vu ronn 10% feststellen.

De véierten Objektiv vun dësem Aarbechtsgrupp as et, fir definitiv an am Detail d'Linnen ze affinéieren an der Stad Lëtzebuerg a ronderëm. Do sin Etüden, déi elo am Hierscht missten an Optrag gi gin, fir ze kucke wéi de Réseau duerch d'Stad Lëtzebuerg soll verlafen, wéi d'Ubannung un de Kiirchbierg soll geschéien, wéi méiglecherweis d'Ubannung un Hollerech, de Lampersbierg geschéie soll, an et soll och gekuckt gi wéi de Schülertransport ka geléist gin.

Wann d'Kommissioun, Dir Dammen an Dir Hären, fir eng reduzéiert éischt Phas plaidéiert, dann och fir zu gudder Lescht d'Käschte vun deem Projet erofzedrécken. Et as ganz klor, dass e Käschtepunkt vun 30 Milliarden d'Leit méiglecherweis erschreckt an nët onbedéngt zu der politescher Akzeptanz vun deem Dossier ka bäidroen.

No der Analys vun de Chifferen a vum Käschtepunkt, kënnt een dann awer zur Konklusioun, dass keng 30 Milliarden noutwendeg si fir déi Phas do ze realiséieren, mä datt et duergeet mat engem Investissement vu ronn 11 bis 15 Miden, fir déi éischt Phas kënnen ze realiséieren.

Ech hu schon aganks gesot, wat fir eng Käschten dass bei denen 30 Milliarden dra waren. Ech brauch dat op dëser Plaz nët nach eng Kéier ze widderhuelen.

Da gouf och am Projet vun der sozialer Rentabilitéit vum regionalen Tram geschwat. Et as en däitsche Modell applizéiert gi fir déi sozial Rentabilitéit festzestellen, an deem alleguer d'Faktoren, déi Käschte verursaachen, an alleguer d'Faktoren, déi Notze bréngen, géintiwwergestallt goufen, an allgemeng gët ugeholl, dass, wann do e Koeffizient vu méi wéi 1 erauskënnt, de Projet nëtzlech as a realiséiert soll gin.

Dee Modell, deen applizéiert gin as zu Saarbrécken, deen e Resultat erbruecht huet ënner 2, as och zu Lëtzebuerg applizéiert gin an huet e Resultat bruecht vun 2,6. Domadder dierft et ganz klor sin, datt de Projet vu sénger sozialer Rentabilitéit hir ze vertrieden as, wat och an den Diskussioune vun der Kommissioun konfirméiert gin as.

D'Kommissioun war dann awer och der Menung, dass et entschedend as fir dëse Projet, dass relativ séier weidergeschafft gët. Et läit en Zäitplang vum Ministère vir, dee beseet, dass 1997 en Avant-projet mat eventuell engem Dépôt vun engem Projet de loi virgeholl soll gin, an dass duerno hei eng Diskussioun soll stattfannen iwwer e sougenanntenen Zweckverband, respektiv e Verkéiersverbond.

1998 muss Material bestallt gin.

1999 sollen d'Pläng finaliséiert gin, an an der Stad mat den Aarbechten ugefaange gin.

Am Jor 2000 soll e Pilotprojet starten an enger Diameterlinn, am beschten tëschent dem Süde vum Land bis erop op Miersch, wann nët, tëschent enger anerer Streck, tëschent der Stad an Esch, oder tëschent Miersch an der Stad Lëtzebuerg.

Et as dat eng Iddi vum Transportministère, déi een absolut muss begréissen, well et domat och drëm geet, de Leit ze weise wéi dee regionalen Tram soll ausgesinn. Et kënnt ee sech virstellen, dass d'Leit den Androck hätten, et géif sech nach ëm déi al Tramme vu fréier handelen. Dofir as et ganz wichteg, dass méiglechst schnell dee Pilotprojet realiséiert gët, fir dass d'Leit nët nëmme kënnen deen Tram gesinn, mä dass se och séng Auswierkunge kënne spieren a selwer kënnen dovunner profitéieren.

D'Eisebunn as amgaang an Etüden driwwer nozedenken wou déi Pilotlinn soll gefuer gin an engem Takt tëschent 15 an 20 Minutten. D'Kommissioun ënnerstëtzt d'Regirung bei dësem Virhaben an ënnerstëtzt d'Regirung och, esou wäit et hir méiglech as, an deem doten Zäitplang an ënnersträicht nach eng Kéier, dass et onbedéngt noutwendeg as, fir 1998 déi noutwendeg Kreditter zur Verfügung ze stellen, fir Material ze kafen.

Da gët et en Aarbechtsgrupp, deen déi schwireg Missioun huet op d'Fro ze äntweren: "Quel type d'exploitation"? Dat as sécherlech eng vun dene schwiregsten Aarbechten, déi musse gemaacht gin. Dofir gouf en Aarbechtsgrupp "Organisation et Financement" agesat, an och hei fanne mer am Rapport e Résumé vun deem Aarbechtsgrupp. Ech wëll hei dem Här Paul Schmit, deen deen Aarbechtsgrupp presidéiert, merci soen, dass e mer déi Informatiounen zur Verfügung gestallt huet.

Den Aarbechtsgrupp huet elo e Modell ausgeschafft, deen u sech als Basis eng Trennung tëschent dem Leeschtungsbesteller an dem Leeschtungserbrénger virgesäit. Dat heescht, engersäits en Organ dat definéiert, wat fir eng Leeschtungen dass musse gefuer gin, an op där anerer Säit Opérateuren, déi déi Leeschtung sollen erbréngen.

Dee Modell, dee virgestallt gët, huet u sech dräi verschidden Niveauën.

1. Dee Modell gesäit vir, en Zweckverband ze maachen, deen zesummegesat as aus dem Stat an den interesséierte Geme Dee soll d'Demanden, déi kommen, kanaliséieren. Dee soll décidéieren, wéini a wouhinner gefuer gët. Dee soll och décidéieren, ob Linnen ofgeschaaft respektiv bäigemaacht gin. Dat soll u sech e politesche Gremium sin, deen och séng politesch Responsabilitéit iwwerhuele soll.

2. Et géif en Zwëscheninstrument interkaléiert gin, wat sech géif Verkéiersverbond nennen, wat géif bestoen aus engem öffentlechen, privaten oder gemëschte Statut, wou d'Stad Lëtzebuerg, d'Eisebunn, privat Kapital oder aner interesséiert Gemenge kënnten dra sin. Deen hätt als Fonktioun, déi technesch Gestioun an de Management vun deem neie System ze maachen.

3. Et gët en drëtten Niveau: dat wiren d'Bedreiwer. Laut der Virstellung vun deem Aarbechtsgrupp wiren dat all Transportentreprisen, souwuel déi privat wéi déi öffentlech, déi op der Basis vun engem Contrat de service public, dee mat hinnen an dem Verkéiersverbond géif gemaacht gin, hir Leeschtungen erbréngen.

Dir Dammen an Dir Hären. D'Kommissioun huet zu dësem Modell nach en anere Modell an de Raum gestallt als Ureiz fir d'Diskussioun, dee folgendermoossen ausgesäit: - Et géif en Zweckverband gemaacht gin, deen aus den Autorités publiques, dem Stat an de Gemengen zesummegesat wir, deen als Missioun hätt, d'Orientation politique ze maachen an d'Definitioun vun de Leeschtungen ze erstellen.

- En hätt als Aufgab, fir de Contrat de service public mat den Entreprisen auszeschaffen.

- E géif sech ëm d'Tarifpolitik bekëmmeren.

- E géif eng Enveloppe zur Verfügung stelle fir d'Bedreiwe vum regionalen Tram.

- E géif d'Koordinatioun vun den Horairen, d'Statisticken, d'Informatioun an d'Promotioun vum öffentlechen Transport maachen.

E wir équipéiert mat engem Bureau, mat engem administrative Staff a mat verschiddene Kommissiounen, déi hie géinge beroden. Deen Zweckverband géif de Contrat de service public ausschaffe mat der Eisebunn, mat der AVL, mam RGTR a mam TICE.

Fir d'Gérance an d'Gestioun vun dem Tram géif eng nei Struktur geschafe gin op der Basis vun där Enveloppe, déi den Zweckverband zur Verfügung stellt, eng Struktur, an där de Stat, d'Stad Lëtzebuerg, d'Eisebunn an interesséiert Gemenge vertruede wiren. Déi hätten zur Missioun, e Contrat de service public mat der Eisebunn auszeschaffen, d'Elaboratioun vum Fahrplan ze maachen, d'Entwécklung vum Trafik an den Entretien vun den Arrêtën an niewebäi nach aner Klengegketen ze organiséieren.

Dat wir e Contrat de service public, dee mat der Eisebunn misst ausgeschafft gin. En hätt de Virdeel, dass dat op der Basis vun enger Enveloppe géif geschéien. D'Eisebunn misst déi Leeschtungen erbréngen, déi do gefuerdert gin.

D'Kommissioun huet ganz klor gesot, dass elo nach nët den Zäitpunkt komm wir, fir sech fir deen een oder anere Modell auszeschwätzen. Déi doten Diskussioun kënnt d'nächst Jor op eis duer. Et geet haut drëm, haaptsächlech zum Prinzip vum Tram ze diskutéieren a méiglecherweis - an hoffentlech - zur Konklusioun ze kommen, dass dat dee richtege Wee as. D'Kommissioun wollt also bewosst, wat d'Exploitatioun ugeet, haut nët fir deen een oder anere Modell Positioun ergräifen. Näischt verhënnert awer, dass herno an der Diskussioun d'Vir- an d'Nodeler vun deem engen oder anere Modell duerch d'Orateuren hei kënne virgedroë gin.

D'Kommissioun konnt sech awer drop enegen, dass zwou Virentschedunge sollten am Rapport zréckbehale gin: 1. dass der Eisebunn, egal wéi, bei der Exploitatioun vum regionalen Tram eng wichteg Roll soll zoukommen, aus der Iwwerleung eraus, well ganz einfach vum regionalen Tram 2/3 bis 3/4 vum Persounentrat vun der Eisebunn soll iwwerholl gin; 2. dass déi nei Struktur, déi geschafe géif gin, kee Faass ouni Buedem däerf sin, kee Lach däerf gin, wou onendlech an onkontrolléierbar Suen erafléissen.

Dat sin déi zwou Viraussetzungen, déi d'Kommissioun als Konklusioun zu der Gestioun festgehalen huet.

Dir Dammen an Dir Hären. Deen Aarbechtsgrupp hat nach eng aner Missioun, nämlech fir ze kucken, wéi een nët nëmmen dat Ganzt kann organiséieren, mä och nach finanzéiere kann. Do gët et eng Rei vu Méiglechketen, wéi dat zustanekomme kann.

1. Den Aarbechtsgrupp hat dann d'Missioun, fir verschidde Varianten iwwer d'Finanzéierung an d'Organisatioun vum gesamten öffentlechen Transport virzeleën.

2. En hat och d'Missioun, fir ze kucken, wivill Suë mussen opbruecht gin, fir d'Etüden ze finaliséieren a fir ze décidéieren, virum Avant-projet de loi, wéi et mat der Realiséierung soll weidergoen.

3. Deen Aarbechtsgrupp hat och nach d'Missioun, fir d'Kompetenzen an d'Responsabilitéite bei der Planifikatioun, der Realisatioun an der Exploitatioun festzehalen.

D'Fro vun der Finanzéierung vum öffentlechen Transport, ob dat eng Aarbecht vun der Gemeng oder eng Aufgab vum Stat as, geeschtert jo duerch d'Châmber bei Geleënheet vun allen Diskussiounen iwwer den öffentlechen Transport. Et gët Zäit, dass op déi Fro do eng Äntwert bruecht gët.

D'Kommissioun as an dësem Punkt zur Konklusioun komm, dass et op kee Fall ka bleiwen, wéi et as. Et kann nët sin - an ech sin nët deen éischten, deen dat hei op der Tribün seet - dass sech an Zukunft weiderhin 10 Gemengen an de Stat eleng d'Käschte vum öffentlechen Transport mussen delen. Et muss eng gerecht Verdelung queesch duerch d'ganzt Land geschéien.

Et gët dräi Méiglechketen, wéi dat kënnt fonktionnéieren: - Et kënnt een et maache wéi am Frankräich, wou eng Taxe transport opgehuewe gët bei den Entreprisen, déi bis zu 1,75% vun der Masse salariale géif ausmaachen, wa se méi wéi 9 Leit beschäftegen. Dat as e Modell, deen et scho gët.

- Et kënnt een dee ganzen öffentlechen Transport iwwer de Budget vum Stat finanzéieren.

- Et kënnt ee sech och virstellen, eng gerecht Verdelung vun de Käschten ze maachen tëschent dem Stat an de Gemengen.

Zu deem drëtte Modell, deen dee waarscheinlechste wäerd sin, huet den Aarbechtsgrupp dann och verschidden Iddiën entwéckelt, wéi esou eng Opdelung vun de Käschte kënnt ausgesinn. - Als Kritär kënnt een an de Gemengen d'Zuel vun den Arrêtën, d'Zuel vun de Leit, déi den öffentlechen Transport benotzen, oder d'Zuel vun de Kilometeren huelen, déi an der Gemeng gefuer gin.

- Eng zweet Méiglechkeet wir, dass een de Präis einfach op d'Populatioun vun der Gemeng, op d'Zuel vun den Aarbechtsplaze respektiv op d'Zuel vun de Schüler géif fixéieren.

- Et kënnt ee sech virstellen, dass et eng Solution mixte kënnt gin tëschent denen zwee Virschléi.

- Et kënnt ee sech och virstellen, dass et eng Offre de base vun deem Verkéiersverbond oder deem Zweckverbond kënnt sin, an dass all zousätzlech Leeschtungen, déi eng Gemeng gären hätt, vun hir géifen akaaft gin an och deementspriechend bezuelt gin.

D'Kommissioun begréisst déi Aarbechten an Iwwerleungen, déi an deem heiten Zesummenhank gemaacht gi sin. Si dréckt d'Hoffnung aus, dass op deem dote Plang an den nächste Méint nach méi konkret Resultater wäerte virleien, fir dass mer hei an der Châmber

 

 

kënnen driwwer diskutéieren. Grondsätzlech félicitéiert si awer d'Regirung fir déi Aarbecht, déi bis elo gemaacht gin as, an ënnerstëtzt si, fir an där doter Richtung endlech no enger Léisung ze sichen.

Da gët et nach en drëtten Aarbechtsg dee sech mat der Promotioun vum öffentlechen Transport beschäftegt. Do wëll ech jhust een Zitat vum Här Brändli virdroen, dee gesot huet: " Das Image des öffentlichen Transportes in Luxemburg ist weder gut noch schlecht, sondern inexistent. " Domadder huet hie genau dat gesot, wat d'Expären ëmmer erëm, wann hei zu Lëtzebuerg iwwer den öffentlechen Transport geschwat gët, widderhuelen. Et mussen do méi Effore gemaacht gin.

Deen Aarbechtsgrupp huet ënner der Presidentschaft vum Här Alain Groff schon eng Rei Viraarbechte gemaacht. Och hinnen nach eng Kéier merci fir d'Zurverfügungstelle vun denen Dokumenter. Mäi Kolleg Roger Klein wäerd zum Punkt Öffentlechkeetsaarbecht a Verkéierserzéiung méi an den Detail agoen.

Dir Dammen an Dir Hären. Ech kommen zu de Konklusiounen an zum Schluss.

Mir stelle fest, dass ganz vill un dësem Dossier geschafft gët. Mir haten an der Kommissioun d'Iwwerzegung, dass et e realistesche Projet as, deen d'Perspektive fir den öffentlechen Transport duerstellt, deen awer zur gläicher Zäit eng Erausfuerderung fir den öffentlechen Transport duerstellt. Et kann e formidablen Déngscht un de Biirgerinnen a Biirger vun eisem Land gin, e formidablen Déngscht un der Natur an der Emwelt hei am Land.

Mir félicitéieren d'Regirung fir déi Aarbechten, déi iwwer de Wee vun denen dräi Aarbechtsgruppe geleescht gi sin. Mir félicitéiere se och fir déi Kreditter, déi 1997 am Budget fir d'Weiderdreiwe vun dësem Projet stin.

Mir gin eiser Hoffnung Ausdrock, dass deen Zäitplang, deen opgestallt gin as, och agehale ka gin. D'Transportkommissioun as zu jidder Zäit bereet ze hëllefen, wann dat noutwendeg as.

Domadder wir ech um Schluss vu méngen Ausféierungen zum Rapport ukomm.

Dir hut op Ärem Pult eng Bemiirkung fond vum Minister Robert Goebbels am Zesummenhank mam Uschloss un de Kiirchbierg. D'Erklärung as ganz einfach déi, mir hun offensichtlech an der Kommissioun nët iwwer all Sachinformatioune verfüügt, well do den Androck opkomm as, dass mat der Urbaniséierung vum Kiirchbierg den öffentlechen Transport vergiess gi wir. Deem schéngt nët esou ze sin. Mir huelen dat da mat Genugtuung zur Kenntnis, wat den Här Robert Goebbels eis hei geschriwwen huet.

Ech wéilt ofschléissend nach eng Motioun deposéieren, wou d'Regirung opgefuerdert gët, am Beräich vum BTB 2002 sou séier wéi méiglech weiderzeschaffen, fir dass haaptsächlech an enger éischter Phas d'Nord-Süd- Ax vun der Stad Lëtzebuerg soll erschloss gin, dass den öffentlechen Transport soll weiderhin, a méi wéi bis elo, promovéiert gin, an dass virun allem déi Desserte-pilote sou séier wéi méiglech soll ëmgesat gin.

Mir encouragéieren d'Regirung weiderhin, fir a Richtung vun engem neie " schéma financier " ze schaffen, en Zweckverbond oder e Verkéiersverbond, fir d'Käschte gläichméisseg ze verdelen.

A mir halen an der Motioun fest, dass der Eisebunn e " rôle important " an der zukünfteger Exploitatioun vun deem Tram soll zoukommen. Mir maachen awer och eng Invitatioun un déi bestoend Transportträger, bis zur Realiséierung vum Bahnhybrid respektiv vum Tram régional Efforen am Beräich vun der Koordinatioun ze maachen, fir nach méi Leit wéi bis elo op den öffentlechen Transport ze kréien.

Ech géif dem President dës Motioun iwwerreechen.

Motion 1

La Chambre des Députés,

- Considérant la déclaration gouvernementale du 22 juillet 1994 stipulant: " La politique des transports gouvernementale privilégiera la décongestion de l'agglomération formée par la capitale et sa périphérie urbanisée par la promotion des transports publics. L'agglomération ainsi définie sera traitée mme un ensemble, tout en respectant l'autonomie communale et en cherchant le concours des autorités locales pour arrêter un concept cohérent.

Le Gouvernement arrêtera les orientations quant aux transports collectifs appelés à assurer la desserte urbaine et suburbaine de la capitale sur base de l'étude Luxtraffic ";

- considérant les conclusions de l'étude " Luxtraffic " réalisée à l'initiative commune du Ministère des Transports et de la Ville de Luxembourg et présentée fin 1994, notamment la préconisation d'un tram régional combinant un service ferroviaire régional et une desserte urbaine dans le cadre d'une conception globale des transports publics dénommée ultérieurement " Bus Tram Bunn 2002 ";

- considérant la décision de principe du Gouvernement en Conseil du 24 février 1995 en faveur de la transposition des conclusions de l'étude " Luxtraffic ";

- considérant les conclusions de ses auditions des 13 et 14 mars 1996 avec les institutions et associations concernées par la réalisation d'un nouveau système de transports publics;

- considérant les conclusions intermédiaires des groupes de travail " BTB 2002 ";

invite le Gouvernement

- à mettre en oeuvre les conclusions de l'étude " Luxtraffic " telles qu'elles seront ajustées par les groupes de travail " BTB 2002 ";

- à concentrer la réalisation du futur système de transport d'abord sur l'amélioration de la circulation générale autour de l'axe Nord-Sud de la capitale;

- à promouvoir dès maintenant les transports publics en général et le tram régional en particulier moyennant la mise en place rapide d'une desserte- pilote et à permettre l'acquisition en temps utile de matériel roulant requis;

- à inciter dès maintenant les transporteurs publics à coordonner davantage les horaires ainsi que les informations aux clients;

- à élaborer * un schéma d'exploitation réservant un rôle important aux CFL * un schéma financier reposant sur un cadre légal ou toute autre solution nationale équitable.

(s.) Marc Zanussi, François Bausch, Roger Klein, Jean-Pierre Koepp et Nicolas Strotz.

Ech soen Iech merci fir Är geschätzt Opmiirksamkeet.

M. le Président.- D'Wuert huet elo d'Transportministerin, d'Madame Mady Delvaux-Stehres.

Débat

Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre des Transports.- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Ech wollt der Kommissioun an dem Rapporteur merci soë fir déi Aarbecht, déi gemaacht gin as. De Rapport as eng exzellent Synthes, souwuel wat d'Etüd Luxtraffic wéi och déi Aarbechten ubelaangt, déi an der Zwëschenzäit, no der Akzeptatioun vu Luxtraffic, geschitt sin. An deem Sënn as et en Dokument, wat eis gutt weiderhëlleft, wat och, fir d'Présentatioun no baussen, weist, wou mer haut dru sin.

Ech brauch nët op alles anzegoen, wat den Här Zanussi gesot huet. Hien huet op eng formidabel Manéier d'Aarbechte vun dene verschiddenen

Aarbechtsgruppen résuméiert. Ech wëll nëmme rappeléieren, dass déi prinzipiell Décisioun, fir an d'Richtung vun engem Bahnhybrid, also vun engem Tram régional ze goen, geholl gin as vun der Regirung de 24. Februar 1995, an dass säithier d'Planifikatiounsaarbechte lafen an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Lëtzebuerg a mat anere Gemengen, déi drun interesséiert sin. Mir sin also elo an enger Phas, wou geplangt gët, wou weider Etüde musse gemaacht gin, zum Beispill iwwer d'Trassen, an technesch Etüden. Mir sin och mat där schwireger Diskussioun amgaangen, wéi d'Organisatioun an de Finanzement solle gemaacht gin.

An deem Sënn soen ech merci fir all déi Perspektiven, déi d'Kommissioun hei opmécht. Ech mengen nët, dass mer haut schon esou sin, fir zu deem Punkt kënnen Décisiounen ze huelen. Mäin Objektiv bleift nach ëmmer, dass mer an ongeféier engem Jor op déi Froen, déi haut alleguer opgeworf gi sin, och am Rapport, Äntwerte kënne gin.

Ech wëll nach den Engagement vun der Regirung rappeléieren, fir d'Infrastrukturkäschte fir d'Schinne fir deen neien Tram ze iwwerhuelen. D'Regirung huet och den Engagement geholl, dass de Plan pluriannuel vun der Regirung fir 1997 am Fonds du rail extra fir den Tram régional 50 Millioune virgesäit, fir 1998 100 Milliounen, fir 1999 750 Milliounen a fir d'Jor 2000 1,250 Milliarden. Dat sin déi Dotatiounen, déi virgesi sin am Plan pluriannuel fir d'Infrastrukturkäschten, déi ufale fir de Bahnhybrid. Jhust hei zur Informatioun, dass déi Suen am Plan pluriannuel virgesi sin.

Ugangs vum Débat wëll ech haaptsächlech un d'Objektiv erënneren, eist Objektiv bei deem Projet Tram régional, dee mer am Transportministère BTB Bus-Tram-Bunn genannt hun. Ech wëll ënnersträichen, dass et hei nët nëmmen drëm geet, fir en Tram ze bauen, nët e Gadget, dee mer an d'Vitrine setzen, mä et geet drëm, fir e gutt an effikasst Angebot vun öffentlechem Transport am ganze Land ze garantéieren. Dat as d'Objektiv! Den Tram as ee Moyen méi, dee mer asetzen, fir dohinnerzekommen.

Eng zweet Remarque: Ech gesinn d'Promotioun vum öffentlechen Transport an och den Tram régional nët an engem Krich géint den Auto. Mäin Zil as et, fir ze soen, mir sollen de Leit d'Mobilitéit méi grouss maachen, mir sollen hinnen eng Alternativ zum Auto ubidden. Mir solle kucken, esouvill wéi méiglech komplementar ze fueren.

Et as evident, dass et Regiounen am Land gët, wou mer ganz sécher d'Besoinë vun der Populatioun nët kënne mam öffentlechen Transport ofdecken. Et as grad esou evident, dass et aner Uertschaften a Géigenden am Land gët, wou ee sécher besser, vill méi effikass a méi schnell mam öffentlechen Transport weiderkënnt wéi mam Auto. Et geet drëm, déi Komplementaritéit ze organiséieren, wa mer wëllen de Verkéierschaos an denen nächsten 10 Jor hei zu Lëtzebuerg verhënneren. Dat as d'Objektiv vun där ganzer Operatioun. Ech mengen, et wir wichteg, fir dat am Ufank vum Débat nach eng Kéier ze ënnersträichen.

Prioritéit soll et sin, fir de Clientën eng gutt Offer ze maachen: 1. 20% vun den erwuessene Lëtzebuerger hu kee Führerschäin. 2. Alleguer déi jonk Leit kënnen och nët mam Auto fueren.

Also musse mer e gutt Angebot un öffentlechem Transport maachen. Ech sin iwwerzeegt, dass d'Leit vun deem Angebot profitéieren, wann den öffentlechen Transport méi schnell wéi den Auto as. Dat as d'Zil, wou mer sollen hikommen.

All Moyenën - den Zuch, de Bus an den Tram - si gutt, fir dat Zil ze erreechen.

D'Objektiv as och, fir ee grousst Verkéiersnetz ze kréien, fir vun engem Transportmëttel op dat anert iwwerzegoen. Ee Verkéiersplang, ee Fahrplang, fir dass ee sech erëmfënt, eenTicket an ee selwechte Präis, egal op wat fir engem Moyen ee fiirt, wat mer elo schon hun!

Ech wëll Iech eng kleng Informatioun am Ufank gin. Mir hu jo am Oktober d'lescht Jor eng Enquête gemaacht bei där ganzer Lëtzebuerger Populatioun. Mir hun dat definitiivt Resultat nach ëmmer nët. Wat elo virläit an Zuelen, dat seet dat schéint däitscht Wuert " Zahlenfriedhof ". Et sin esouvill Zifferen, dass een dran ënnergeet. Mir sin amgaangen déi opzeschaffen. Ech denken, dass mer ufanks Dezember an der Kommissioun kënnen eng éischt Virstellung maachen, an och de Gemengen dat matdelen.

Jhust e puer Informatiounen. Déi Enquête as nëmme bei de Lëtzebuerger gemaacht gin, och nët bei de Frontalierën, wat mer wëllen am Fréijor nohuelen. Pro Dag leën d'Lëtzebuerger 1.265.000 Weër zréck. Dovunner gin der 200.000 zu Fouss oder mam Velo gemaacht. Déi iwwer eng Millioun den Dag gin also motoriséiert gemaacht. Vun dene motoriséierte Weër gin 18% mam öffentlechen Transport gemaacht, also all déi aner nët.

Dee " model-split ", wéi dat am technesche Jargon heescht, as awer ganz ënnerschiddlech. Et gesäit een, dass an der Stad - am Zentrum, op der Gare an um Lampertsbierg - den Undeel vun de Leit, déi den öffentlechen Transport benotzen, tëschent 30 a 35% läit. Deen Undeel as am schlechtsten am Süde vum Land bei nëmmen 10%. Et kann ee soen, dass d'TICE- Verbesserungen nach keen Afloss drop haten.

Eng aner interessant Informatioun, déi eigentlech konfirméiert, firwat et esou wichteg as, an der Stad an an de Randgebitter unzefänken, as, dass 44% vun all denen Déplacementer wiertes sin, an d'Stad eran, aus der Stad eraus oder innerhalb vun der Stad. 15% sin an de Randgemenge vun der Stad Lëtzebuerg. 26% vun denen Déplacementer fannen am Süde vum Land statt. Dat konfirméiert also, dass mer sollen ufänken eis ze konzentréieren op eng Verbesserung - dat as jo den Objektiv - vum Tram, fir d'Uewerstad an de Kiirchbierg unzeschléissen un d'Schinn, well dat e Moyen as, fir vill méi Leit ze déplacéieren.

Ech wollt Iech déi Informatioune jhust zum Ufank vum Débat gin. Ech soen nach eng Kéier merci fir all Är Suggestiounen. Ech hoffen, dass mer an engem Jor kënnen zu Konklusioune kommen.

Ech wëll nach eng Kéier ënnersträichen, dass déi ganz Diskussioun ëm e verbessert Angebot am öffentlechen Transport drëm geet, fir an 10 Jor den totalen Zesummebroch an der Mobilitéit am Lëtzebuerger Land ze verhidden. Et geet drëm, fir eng verbessert Mobilitéit fir all Leit hei am Land ze sichen.

Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Als éischte Riedner as den Här Nicolas Strotz agedroen.

Här Strotz, Dir hut d'Wuert.

M. Nicolas Strotz (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. D'Ofhale vun där heiteger Orientatiounsdebatt iwwer den öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg am generellen an de Bau vun engem Tram am speziellen as ouni Aschränkung ze begréissen.

An engem Sondage vun der ILReS, deen zwëschen dem 29. Mäerz an dem 2. Abrëll dëst Jor gemaacht gin as, si 56% vun de Lëtzebuerger positiv agestallt zum Bau vun engem Tram. Nëmmen 38% glewen awer, datt den Tram och wiirklech realiséiert gët. 23% wossten iwwerhaapt nët, datt eng Initiativ an dëser Richtung gemaacht gin as.

Ugesiichts vun dësen Zuelen, kënnt déi heiteg Orientatiounsdebatt et erlaben, éischtens ee méi brede Publikum iwwer de Projet Bus Tram Bunn 2002 ze informéieren, an zwetens dene Leit, déi un der Realisatioun vum Tram zweifelen, duerch ee kloort Signal d'Machbarkeet vun dësem Projet méi no ze bréngen.

An deem Sënn as och de Rapport vum Här Zanussi ze verstoen, deen hien eis haut an enger mustergülteger Aart a Weis virgedroen huet. Ech soen him merci fir säin Asaz, deen hien och während dene ganze Preparatioune vun dësem Rapport bewisen huet. Och wann den Eisebunner am Kader vun den Diskussiounen emol mat him duerchgaangen as, sou huet hien den Débat dach awer während dem Hearing wéi bei der Preparatioun vum Rapport a voller Sachkenntnis an Neutralitéit gefouert.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Wann hei an der Châmber d'Majoritéit vun den Deputéierte sech fir de BTB 2002 ausschwätzen, kënnt ech mer virstellen, datt doduerch eng Dynamik an de Projet erakënnt, déi et erméiglecht, déi ugestrieften Ziler och ze erreechen. Sécherlech mussen nach verschidden Hürden iwwerspronge gin.

Ech wëll hh drun erënneren, dass d'CSV sech an hirem Walprogramm bei de leschte Châmberswale fir den Tram ausgeschwat huet, an ech zitéieren: " Um dem öffentlichen Personentransport den Weg zu ebnen, darf der Projektvorschlag Luxtraffic nicht zu den Akten gelegt werden. "

Och wann de Kolleg Bausch alt emol mengt, hie misst d'CSV rügen, si hätten nët déi néideg Approche zu dësem Projet, géif ech him soen, dass et nach ëmmer erlaabt as an enger Kommissiounssëtzung, aus där hien zitéiert huet, kritesch Froen ze stellen, déi ëmmer derzou bäidroen, e Projet an déi richteg Richtung ze dirigéieren.

Vill Leit froë sech, firwat mir iwwerhaapt een Tram brauchen, firwat de Stat soll Milliarden an esou e Projet erastiechen. D'Äntwert läit op der Hand: fir dem Biirger eng besser Liewensqualitéit ze garantéieren. - Mir wëllen dem Biirger et erlaben, séier an ouni Stress op séng Aarbecht ze kommen oder akafen ze goen oder enger anerer Aktivitéit nozegoen.

- Mir wëllen dem Biirger et erlaben, sech an der Stad Lëtzebuerg kënnen opzehalen, ouni allméiglech Zorte vu Kaméidi ausgesat ze sin an ouni eng schlecht, gesondheetsschiedlech Loft mussen anzeootmen.

- Mir wëllen awer och den Awunner vun denen Uertschaften, wou de Stroosseverkéier a Richtung Stad duerchgeet, eng verluere Liewensqualitéit zréckgin.

Sécherlech as de Projet BTB 2002 nët déi eenzeg Moossnam, déi op dësem Gebitt muss geholl gin. - De Contournement vun der Stad Lëtzebuerg, wou ee sech d'Fro muss stellen, wéini datt mer, zumindest op dem Deelstéck Stroossen-Gaasperech déi drëtt Spur bäibauen, - déi verschidden Emgehungsstroosse vun eise Lokalitéiten, - d'Nordstrooss, déi en Deel vum Verkéier aus dem Uelzechtdall eraushëlt oder op d'manst verhënnert, dass nach méi Verkéier an den Uelzechtdall kënnt, sin aner Mesüren an dës Richtung. Domat geet et awer nët duer.

Besonnesch aus ëmweltpoliteschen Iwwerleungen eraus muss d'Förderung vum öffentlechen Transport vis-à-vis vum Individualverkéier eng Prioritéit an der Transportpolitik gin. Wann ech vun ëmweltpoliteschen Iwwerleunge schwätzen, wëll ech hei ganz klor festhalen, dass den Emweltschutz kee Selbstzweck as, mä leschten Enns dem Biirger séng Liewensqualitéit soll verbesseren.

Wa mir wëllen en Tram bauen, heescht dat, datt e Besoin do as, fir en Tram ze bauen. Aneschters ausgedréckt, wëllt dat soen, datt den öffentlechen Transport, sou wéi en haut fonktionnéiert, nët dee gewënschten Effet huet, also nët esou fonktionnéiert, wéi e fonktionnéiere soll.

Den Tram as u sech nëmmen eng Komponent vum öffentlechen Transport nieft dem Bus an dem Zuch.

Wa mer elo wéilten en Tram bauen, ouni eis ze iwwerleën, wéi de gesamten öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg an Zukunft soll ausgesinn, bräichte mer keen Tram, well hien eleng den Attrait vum öffentlechen Transport nët kënnt steigeren.

D'Iwwerleungen iwwer de Bau vun engem Tram bidden awer déi formidabel Chance, iwwer de gesamten öffentlechen Transport an eisem Land nozedenken, eng Chance, déi onbedingt genotzt muss gin. Ech wëll drun erënneren, wann am Ufank nach vum Bahnhybrid geschwat gin as, dass haut den Term " Bus-Tram-Bunn 2002 " benotzt gët, woumat gemengt as, datt den öffentlechen Transport a sénger Gesamtheet nei iwwerduecht soll gin.

Wann eis dat glécke sollt, kann een, ouni ze iwwerdreiwen, vun enger klenger " Revolutioun " op dësem Gebitt schwätzen, déi laang op sech waarde gelooss huet.

Nët dass an dene leschte Joren näischt um Gebitt vum öffentlechen Transport geschitt wär, loin de là, sougutt den AVL, wéi den TICE, d'CFL an de Stat iwwer de Wee vum RGTR hu considérabel Efforaacht, fir d'Servicer esou attraktiv wéi méiglech ze gestalten, a vill Positives as an dësem Beräich an de leschte Jore geschitt.

Leider muss een awer haut feststellen, dass déi eenzel Opérateuren un hir Grenz gestouss sin, sief dat aus technesche Grënn, sief dat aus finanzielle Grënn.

Wat zu Lëtzebuerg feelt, as eng optimal Koordinatioun, sougutt tëschent denen eenzelnen Opérateuren, wéi och de verschiddenen Transportmodussen. Doduerch geet dem öfftentlechen Transport vill vu séngem Attrait verluer, well d'Initiative vun den eenzelnen Opérateuren nët esou gräife kënnen, wéi dat de Fall wär, wann den öffentlechen Transport optimal organiséiert a koordinéiert wär. Hei gëlt et, awer elo schon den Hiewel unzesetzen, fir mat dene bestehende Systemer maximalen Notzen erauszezéien.

Et stellt ee fest, dat hun d'Hearingen zu dëser Debatt och bewisen, datt de Wëlle vun den eenzelnen Opérateuren am öffentlechen Transport do as, fir méi enk mateneen ze schaffen. Si sin also och elo scho gefuerdert.

Besonnesch erfreelech schéngt et mir, datt d'Kooperatioun tëschent dem Stat an der Gemeng Lëtzebuerg bei der Planung vum Bau vun engem Tram bis elo excellent war.

Kruzial Froë bleiwen awer nach ze regelen, wéi zum Beispill de Finanzement an d'Gestioun vum neie System. Hei wär ech frou, wa mer vläicht am Laf vun dëser Debatt déi offiziell Stellungnam vun der Stad Lëtzebuerg gewuer géife gin.

Betoune wëll ech nach eng Kéier, datt de Projet BTB 2002 vill méi as wéi de Bau vun engem Tram, mä eng komplett Reorganisatioun vum öffentlechen Transport bedeit.

Firwat dann elo de Bau vun engem Tram?

Ech wëll virausschécken, dass et sech beim virleiende Projet nët jhust ëm de Bau vum engem Tram handelt, dee sech op dem Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg beweegt, mä datt et en Tram as, dee sougutt op Tramschinne wéi och op Zuchgleiser kann zirkuléieren.

Et as virgesinn, datt den Tram zum Beispill ka vun Diddeléng bis op Ettelbréck fueren. Et handelt sech hei also ëm e regionalen Tram, deen an engem Rayon vun 30 Kilometer ronderëm d'Stad kann agesat gin.

Den Tram bitt vis-à-vis vum Bus verschidde Virdeler: - Den Tram huet eng relativ héich Beförderungskapassitéit, déi dräi- bis véiermol méi héich as wéi bei Standardbussen.

- Op Verkéiersverbindungen, déi oft benotzt gin, erlaabt den Tram eng méi rationell Betriibsweis wéi de Bus, wat natiirlech zu Aspuerunge bei de Personalkäschte bäidréit.

- D'Zäitverloschter op den Arrêtë si begrenzt, well den Tram op Grond vu sénger Bauweis e schnellt a bequeemt Aus- an Eraklammen erlaabt. Den Tram huet oft duebel esouvill an duebel esou grouss Dire wéi de Bus.

- De Gank an engem Tram as méi grouss wéi an engem Bus, wat eng besser Verdelung vun de Passagéier erlaabt.

- Dat selwecht gëlt och fir d'Ofstelle vu Gepäck, Kannerkutschen an esou weider.

- De Fahrconfort as méi grouss beim Tram, well en eng fest Spurféierung an en agreabelt Vitesseverhalen huet.

- Den Tram as méi ëmweltfrëndlech wéi de Bus, well e keng Ofgase produzéiert a manner Kaméidi mécht.

- Ausserhalb vun den Zentre kann den Tram och méi schnell wéi de Bus fueren. Dat as besonnesch de Fall bei engem regionalen Tram, sou wéi mir e virgesinn, dee jo d'Zuchinfrastrukture benotze kann.

- Een anere grousse Virdeel vum Tram as, datt den Tram mat engem Steierkapp op den zwou Extremitéiten a mat Diren op den zwou Säite keng Wendeschleef benéidegt.

- Vis-à-vis vum Zuch huet den Tram dee grousse Virdeel, méi e klenge Bremswee ze hun, an esou och kënnen op méi kuurzen Distanze stoen ze bleiwen.

- Den Tram as och méi attaktiv wéi de Bus dat Studien am Ausland beweisen.

Et spriechen also eng Rei vun Avantagë fir den Tram. Et däerf een awer nët vergiessen, datt den Tram linnen- oder tracégebonnen as. Et as dofir nët méiglech, den Tram esou fueren ze loosse wéi de Bus, dat heescht, duerch all Quartierë vun der Stad, well an dësem Fall de Käschtepunkt ze héich géif gin.

Den Tram as als eng Aart Réckgrat vum öffentlechen Transport an a ronderëm d'Stad ze bezeechnen, op deen déi aner öffentlech Transportmëttele mussen ausgeriicht gin.

Dat heescht, fir datt dat gesamt Konzept fonktionnéiert, wäerd dem Bus an dem Zuch och nach an Zukunft eng genau esou grouss Roll zoukommen: - den Zuch, fir d'Leit aus gréisseren Distanzen an d'Stad an Emgéigend ze bréngen; - de Bus, deen als Zouliwwerer zum Tram an Zuch muss figuréieren, an deen déi Zone muss ofdecken, wou Tram an Zuch nët hikommen.

D'Roll vum Bus as an deem Sënn enorm wichteg, muss hien dach kënne verhënneren, dass eist Land a verschidden Zonen opgedeelt gët: déi privilegiéiert Zonen, wou den Tram hikënnt, an déi manner gutgestallte Gebidder, wou den Tram nët hikënnt.

De Bus wäerd also nët verschwannen. Dee wäerd weider ausgebaut gin, e muss nach zousätzlech Busspuren ugeluegt kréien an e muss an e globaalt Leitsystem agebonne gin. 9/e1strniS

Wat den Tram ugeet, as an enger éischter Phas geplangt, bezun op d'Stad Lëtzebuerg, vun der Gare via Zentrum op de Kiirchbierg respektiv via Eech ze bauen. Dat as quasi d'Réckgrat vum neie Projet an der Stad. En enger zweter Phas muss dann den Tram awer och op aner Deler vun der Stad an Emgéigend ausgebaut gin, fir datt d'Aktivitéitszonen an d'Schoulen, wéi Lampertsbierg a Geesseknäppchen, dat heescht, do wou Usammlunge vu ville Leit stattfannen, och dervu profitéiere kënnen.

De Succès vum BTB 2002 hänkt eben dermat zesummen, datt jidfereen d'Méiglechkeet kritt, schnell an ouni vill brauchen ëmzesteigen, iwwer den öffentlechen Transport zu séngem Zil ze kommen.

Hei kënnt nach vill Aarbecht op de Grupp " Planification et Réalisation " duer, fir eng optimal Léisung ze fannen, déi alle Géigenden an a ronderëm d'Stad Rechnung dréit.

En zwete Problem, dee besteet, as d'Emsteige vun engem Transportmodus op een aneren. Hei as et wichteg, dass op dene sougenannte " complexes d'échange ", wéi zum Beispill op der Gare oder am Centre Hamilius, d'Emsteige vum Zuch op den Tram oder vum Bus op den Tram esou schnell wéi méiglech vir sech geet.

Problemer wäerte komme bei verschiddenen Engpäss, wéi zum Beispill wat de städtesche Beräich ugeet tëschent der Paräisser Plaz an der Gare, op der Rouder Bréck, am Eecher Bierg an esou weider.

Wat de Beräich ausserhalb der Stad ugeet, dat heescht, op dem traditionelle Schinnennetz vun der Eisebunn, do wäerd et op eenzelne Streckenabschnitter enk gin, fir den Tram, deen am Taktverkéier fiirt, de Persounenzuchverkéier an de Güterverkéier, deem jo och eng Prioritéit soll bäigemooss gin, laanschteneen ze kréien. Ech sin awer zouversiichtlech, dass hei technesch Léisunge fond kënne gin.

D'Fördere vum öffentlechen Transport an de Bau vun engem Tram heescht awer och, deem öffentlechen Transport Prioritéit vis-à-vis vum Individualverkéier ze gin. Wann de Bus an den Tram sollen optimal fonktionnéieren, musse si op hire Spure kënne fräi zirkuléieren, ouni vum Individualverkéier gestéiert ze gin. Den Tram an de Bus musse bei de roude Luuchten an op de Kräizunge Virfaart hun.

Den Individualverkéier däerf nët méi ouni weideres an den Zentrum vun eise Lokalitéiten, hei as besonnesch d'Gemeng Lëtzebuerg betraff, erakommen. Sécherlech däekann een nët den Individualverkéier ganz aus der Stad erauskréien. Et muss een awer éierlechkeetshalber soen, datt den Individualverkéier duerch den Tram beeinträchtegt gët, well wann den Tram an de Bus esou fonktionnéieren, wéi dat virgesinn as, wäerten d'Autoën et méi schwéier kréien, fir an d'Stad eranzekommen.

Et heescht dofir, den Auto schon op der Peripherie virdrun opzefänken, an de Leit et dann ze erméiglechen, ouni groussen Zäitverloscht op den öffentlechen Transport ëmzeklammen. Et muss och dem Auto méi schwéier gemaacht gin, fir am Zentrum ze parken.

Et kënnt ee sech zum Beispill en intelligente Parkingsystem virstellen, dee folgendermoosse géing ausgesinn: - Op der Peripherie a virdrun e P & R-System op alle Bus- an Tramlinnen, fir d'Navetteuren, also de Beruffsverkéier opzefänken;

- d'Schafung vun enger Zone intermédiaire;

Ech mengen domat zum Beispill de Glacis, d'Stäreplaz oder d'Gare, wou et erlaabt as, zwou bis véier Stonnen zu engem raisonnable Präis ze parken.

- eng zentral Zon mat dissuasive Präisser fir maximal zwou Stonne Parken, mat enger Rei vun Ausnamen: altersbedéngt, gesondheetsbedéngt an esou virun.

Dëse System as vum technesche Standpunkt aus mat intelligente

Parkkäärtercher duerchaus machbar.

Dir gesitt, dass nach eng Rei vun technesche Schwiregkete bestin - ech hun der e puer hei opgezielt - déi awer mat guddem Wëlle kënne geléist gin.

Ee puer Wuert zu den Exploitatiounsstrukture vum zukünftegen öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.

Wéi ech scho virdru gesot hun, steet a fällt d'Organisatioun vum zukünftegen öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg mat dem Kooperatiounswëllen zwëschen dene verschiddenen Opérateuren an dësem Beräich. De Wëllen zur Kooperatioun mengen ech awer kënne festzestellen. Natiirlech läit den Däiwel oft am Detail, an et wär ze hoffen, datt dës Kooperatioun nët jhust un engem Detail hänkebleift.

Wéi e Kooperatiounsmodell ee wëllt op d'Bee stellen, bleift ofzewaarden. Am Rapport gët déi eng oder aner Propositioun gemaacht. Den Här Zanussi as am Detail drop agaangen. Ech mengen, déi Propositioune beinhalte munch interessant Virschléi. Hei as et un dene Betraffenen, fir sech ze enegen an e Modell ze fannen.

Wat d'Bedreiwung vum neie System ugeet, soll ménger Menung no - sou wéi et och an der Motioun steet - der CFL eng importent Roll zouerkannt gin.

Wat de Finanzement vum Tram betrëfft, muss ee ménger Menung no d'Fro vum Finanzement vum ganzen öffentlechen Transport stellen. Wéi ech et virdru scho gesot hun, de Bau vun engem neien Tram eleng kann den öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg nët entschedend verbesseren.

Et kann nët sin, datt an anere Gemenge wéi d'Gemeng Lëtzebuerg den Tram zirkuléiert, ouni dass dës Gemengen awer e richtegen Notze vun dësem neien Transportmëttel hun, well den Zoubréngerdéngscht dohinner nët

fonktionnéiert. Et geet nët duer, Arrêtën op der Tramspur ze erriichten, mä d'Leit aus dene verschiddene Gemenge mussen och kënnen iwwer den öffentlechen Transport zu dësen Arrêtë kommen oder zumindest mam Auto op Opfangparkingen no bei dësen Arrêtë gelaangen.

Hei muss nach Iwwerzegungsaarbecht geleescht gin, fir d'Gemengen derzou ze kréien, sech finanziell um öffentlechen Transport ze bedelegen. Dene verschiddene Gemenge muss ganz genau erkläert gin, wéi een Notzen den Tram an den öffentlechen Transport hinne brénge kann.

Sécher as et nët méi zoumuttbar, dass nëmmen eenzel Gemengen zesumme mam Stat déi ganz Chargë vum öffentlechen Transport droen, quitte datt déi Gemengen, déi e kommerzielle Bënëfiss duerch hir Roll als Aktivitéits- a Geschäftszentrum hun, eng spezielanziell Responsabilitéit beim öffentlechen Transport och weider mussen droen.

Wat de Bau vum neie Systen an den Ausbau vum bestehenden Netz, souwéi och d'Gestioun vum gesamten öffentlechen Transport ugeet, mussen d'Käschten esou genee wéi méiglech chiffréiert gin. D'Attraktivitéit fir de Bau vum neie System duerf nët duerch ënnerschaten Devisë gesteigert gin. Et muss mat offene Kaarte gespillt gin, souwuel beim Bau wéi och bei der Gestioun.

Een anere wichtegen Aspekt, deen ee muss berücksichtegen, wann een en effikassen öffentlechen Transport op d'Bee stelle wëllt, as d'Betreiung vum Benotzer vum öffentlechen Transport. Et muss een ëmmer dervun ausgoen, dass et sech beim Benotzer ëm e Client handelt, deen nët forcément den öffentlechen Transport muss huelen. De Biirger kuckt, ob et fir hie méi interessant as, säin Auto ze huelen oder awer en öffentlecht Transportmëttel ze benotzen. Dëse Choix hänkt vu ville Parameteren of.

Sécherlech steet et fest, wann den öffentlechen Transport vis-à-vis vum Individualverkéier favoriséiert gët, datt den Usager méi staark zu dësem leschtgenannten Transportmodus tendéiert.

Fir awer sécher ze goen, dass de Biirger den öffentlechen Transport optimal benotzt, musse verschidde Mesüre geholl gin: - Den Usager muss zu allen Auerzäiten, ouni laang brauchen ze waarden, en öffentlecht Transportmëttel benotze kënnen. Dofir as et och esou wichteg, datt nët nëmmen den Tram, mä och déi aner öffentlech Transportmëttelen ausgebaut gin.

- De Client muss kënnen ouni Problem en Iwwerbléck iwwer de Fahrplang kréien, an och ouni Problem den Tram, Zuch a Bus um richtege Quai erëmfannen.

- Den Usager muss e gewëssene Confort gebuede kréien.

- Hie muss op e frëndlecht Personal ziele kënnen.

Ech weess, dass den Aarbechtsgrupp " Promotion des Transports publics " sech dëser Problematik bewosst as an och dorunner schafft.

En zwete Punkt, deen ech an dësem Kader wëll uschneiden, as d'Publizitéit vum öffentlechen Transport bei der Bevölkerung. Wat notzt e gudden, performanten öffentlechen Transport, wann d'Leit dobaussen nët wëssen, dass et esou e Service gët, wann d'Leit nët wëssen, datt och si ouni gréisser Problemer op den öffentlechen Transport kënnen zréckgräifen?

Hei mussen direkt déi néideg Mesüre getraff gin, fir dass d'Leit iwwer de Wee vun der Reklam Goût um öffentlechen Transport kréien.

Dee performantesten öffentlechen Transportsystem huet awer keen Zweck, wann nët am Kader vun der Landesplanung, sief dat um nationalen, regionalen oder kommunalen Niveau, endlech dru geduecht gët, wa gréisser Infrastrukture realiséiert gin, zum Beispill Schoulen, Stroossen, Lotissementer, Sportsinfrastrukturen, Industrie- an Handelszonen an esou weider, fir och den Aspekt vum öffentlechen Transport ze berücksichtegen.

Bis elo as an dene meeschte Fäll gebaut gin, fir da festzestellen, dass e gréissere Verkéiersproblem besteet. De Kiirchbierg war e gutt Beispill, wéi een et nët soll maachen. Am Rumm vun der Neiorientéierung vun der Urbanisatioun vum Kiirchbierg as awer elo an der Planung dem öffentlechen Transport Rechnung gedroë gin. Et wäerd näischt deem an de Féiss stoen, dass souwuel d'Tramme wéi och d'Bussen herno kënne kamout mat an de Kiirchbierg agebonne gin, fir esou do e maximalen öffentlechen Transport garantéieren ze kënnen.

Awer och a ville Gemengen as wäit vun den Zentren ewech gebaut gin, ouni sech d'Fro ze stellen, wéi dës Lotissementer sollen un den öffentlechen Transport ugebonne gin. D'Konsequenze vun esou enger Politik sin ëmmer déi selwecht: Stauen, Accessibilitéitsproblemer an esou virun.

Dëswäerd sech an Zukunft nach méi akut stellen, nët nëmme fir den Zentrum, mä och fir de Süden an den Norden - d'Nordstad - wa mer wëssen, datt d'Bevölkerungszuel vu Lëtzebuerg weider an d'Luucht geet, fir vläicht op 500.000 oder méi ze klammen.

Ausser enger Rei anere fundamentale Froen, déi bei der Entwécklung vun eisem Land ustin, muss ëmmer och d'Fro vum öffentlechen Transport gestallt gin. Et däerf nët méi sin, datt fir d'éischt geplangt a gebaut gët, an da finanziell deier Léisunge musse fond gin, fir d'Accessibilitéit nët ze verbesseren, mä iwwerhaapt emol ze garantéieren. Hei muss ee

fundamentaalt Emdenke kommen.

Ech wëll elo zum Schluss vu ménger Interventioun kommen.

Am Numm vun der CSV-Fraktioun halen ech fest, dass mir voll hanner dem BTB 2002-Projet stin. Dëse Projet stellt eng historesch Chance fir eist Land duer, fir e modernen a performanten öffentlechen Transport fir d'21. Jorhonnert ze schafen.

Ugesiichts de Verkéiersproblemer, mat dene mer haut konfrontéiert sin, an déi, laut den Aussoë vun den Expären, an Zukunft nach ëmmer méi grouss gin, musse mir dem öffentlechen Transport an denen nächste Jore Prioritéit gin, an dat am Interesse vun eise Biirger.

Eng Rei vu Problemer beim BTB 2002-Projet stin nach op, ech hun der hei schon e puer opgezielt. Déi dräi Aarbechtsgruppen, déi zu hirer Léisung agesat goufen, leeschten, ënner der Présidence vum jonken Expär, dem Här Groff, eng gutt Aarbecht. Et as mer nët baang, dass si déi adequat Mesüre wäerten ausschaffen, fir déi bestehend Problemer ze behiewen. Dës technesch, organisatoresch a finanziell Problemer mussen awer fir d'éischt geléist gin, ier e performanten öffentlechen Transport kann definitiv op d'Bee respektiv op d'Schinn gesat gin.

Wéi scho virdru gesot, geet et nët nëmmen drëm, den Tram ze bauen, mä dat ganzt öffentlecht Transportwiesen ze reorganiséieren. Wann dat nët de Fall wär, géing den Tram keng gréisser Verbesserung an eisem öffentlechen Transport bréngen.

Dësen ambitiöse Projet bedéngt d'Mathëllef vun eiser ganzer Gesellschaft, sief et déi öffentlech Instanzen, wéi de Stat an d'Gemengen, sief et déi eenzel Opérateure vum öffentlechen Transport, sief et awer och den eenzelne Biirger, deen derzou muss bruecht gin, fir méi verstäärkt op den öffentlechen Transport zréckzegräifen.

Ee modernt a performant öffentlecht Transportwiesen erfuerdert doriwwer eraus eng méi effikass Landesplanung, fir datt d'Feler vu gëschter an Zukunft nët méi gemaacht gin, a fir datt bei all Realisatioun vu gréisseren Infrastrukturen den Aspekt Transport och berücksichtegt gët.

Wann all dës Viraussetzungen erfëllt sin, wäerd d'Realisatioun vum BTB 2002 eng formidabel Réussite gin, mat alle positive Konsequenze fir eis Wirtschaft a fir eis Biirger.

Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Als nächst Riednerin as d'Madame Anne Brasseur agedroen.

Madame Brasseur, Dir hut d'Wuert.

Mme Anne Brasseur (DP).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Ugangs vu ménger Stellungnam wëll ech gläich soen, dass déi Debatt vun haut, och wann d'Châmber sollt à l'unanimité beschléissen, dass mer e regionalen Tram zu Lëtzebuerg brauchen, nët däerf zum falsche Schluss leden, dass domat d'Problemer vum Verkéier geléist wiren. E Beschloss vun der Châmber as eng Saach, d'Realisatioun dervun as awer vill méi komplizéiert. Et gët nach zevill Froen an dësem Dossier, zemools technescher a finanzieller Natur, déi nët geléist sin.

Ech sin och der Menung, Här President, dass dës Debatt ze fréi kënnt. Et wir ménger Menung no méi utile gewiescht, wa mer déi Debatt eréischt geféiert hätten, nodeem déi dräi Group travail, déi agesat gi si vum Transportministère a vun der Stad Lëtzebuerg, hir éischt Konklusioune gezun hätten. Or, dat as nach nët de Fall, sou datt ech déi Debatt vun haut jhust als éischten öffentleche politesche Schrëtt vun der Châmber kann ugesi fir déi zukünfteg Entwécklung vum öffentlechen Transport. Mir mussen ons all dobäi bewosst sin, dass de Wee fir en neit öffentlecht Transportmëttel nach ganz wäit as.

Och wëll ech agangs ënnersträichen, dass ee sech nët däerf op d'Fro beschränken, ob ee fir oder géint en Tram as.

Den öffentlechen Transport däerf nämlech kee Selbstzweck gin, an nach vill manner zu engem Dogma erhuewe gin, wéi dat leider vu gewësse Säiten heiansdo praktizéiert gët.

(Interruption)

D'Madame Wagener huet mech elo ënnerbrach, si schéngt sech ugesprach ze fillen! Ech gin zum Beispill d'Gefill nët lass, dass fir verschidde gréng Kreesser - soss hätt si och nët drop reagéiert - den öffentlechen Transport en Dogma as. Or, dat kann a méngen Aë wiirklech nët sin.

Et geet virun allem drëm ze klären, wéi hei zu Lëtzebuerg dem steigende Besoin fir Mobilitéit kann eng Äntwert gebuede gin, ënner der

Berücksichtegung vun ekonomeschen, ekologeschen mä och finanzielle Facteuren.

A ménger Interventioun wëll ech nët an den Detail vun der Etüd Luxtraffic agoen, well de Rapporteur, den Här Zanussi, dat op eng excellent Aart a Weis gemaacht huet. Ech wëll fir d'éischt op d'Problematik vun der Mobilitéit agoen, dann op de Kontext, an där d'Etüd Luxtraffic realiséiert gin as, fir da méi spezifesch d'Problematik vum öffentlechen Transport vun der Stad Lëtzebuerg ze beliichten, a fir zum Schluss eng Rei Froen opzewerfen, déi musse beäntwert gin, ier d'Iddi vun engem regionalen Tram kann an d'Praxis ëmgesat gin.

Zu der Fro vun der Mobilitéit muss ee fir d'éischt emol d'Definitioun kucken. Dat as eppes, iwwer dat vill geschwat gët, mä de Petit Larousse definéiert d'Mobilitéit als " facilité à se mouvoir, à être mis en mouvement, à charger et à se déplacer ".

Onst Verlaangen no ëmmer méi Mobilitéit geet am Fong scho géint dës Definitioun, op d'manst linguistesch gesinn, well wann ee kuckt, wat Facilitéit heescht, dann as dat eppes, wat een ouni Méi ka maachen.

Et gesäit een, dass d'Mobilitéit haut nët méi ka mat Facilitéit gläichgesat gin. Mobilitéit huet eigentlech am Ursprung näischt ze di mat Facteurë wéi Distanz, Vitesse oder Moyenë fir sech fortzebewegen, mä haut gët den Term "Mobilitéit" ëmmer méi a Verbindung gesat mat der Motorisatioun. Mir setzen dann och nach dat Wuert "Auto" dobei a verstin am Fong den Term "Mobilitéit" nëmmen nach an Zesummenhang mam Auto an da schwätze mer vun Automobilitéit.

Wann een och kuckt wéi sech ons Stied entwéckelt hun: D'Gréisst vun de Stied huet sech am Fong ëmmer no dem jeweilegen Transportmëttel geriicht. Am Ufank vum Mëttelalter haten d'Stied en Diameter vun 3-5 km, an do konnt een alles zu Fouss maachen. Et gouf och keen anere Moyen.

Duerno, wéi d'Kutsch ageféiert gin as, sin d'Stied méi grouss gin, mä all déi eenzel Quartierë woren awer a sech nach Selbstversuerger, esou dass een am eenzelne Quartier alles konnt maachen. Normalerweis wor och d'Aarbechtsplaz no bei der Wunnéng.

Déi éischt Ännerunge vun der Gréisst vun eisen Agglomératiounen a vun der Separatioun vun de verschiddene Fonktioune koum duerch den Zuch, wéi ee gemengt huet domat kënnt een all Schwiregketen iwwerbrécken.

E wesentleche Schrëtt as du geschitt 1938 mat der Charte d'Athènes, wou décidéiert gin as, et soll een d'Fonktioune vum Schaffen, vum Wunnen a vun de Loisiren trennen. Deen eenzegen, dee sengerzäit dogéint gewiert huet, wor de Le Corbusier, mä all déi aner hu fond, den Auto wir esou e formidable Moyen fir alles ze iwwerbrécken, dass ee sollt d'Fonktiounen an de Stied trennen.

Haut kenne mer d'Resultat mat Stauen, Kaméidi, Energieverbrauch, Emweltbelaaschtung an Akzidenter.

An Europa stierwen all Jor 55.000 Leit op onse Stroossen an et gin 1,5 Millioune Blesséierter.

Eleng zu Lëtzebuerg hu mer all Jor ëm déi 70 Doudeger an d'lescht Woch wor en traurege Rekord mat 6 Doudeger, eleng an enger Woch. Niewent der perséinlecher Tragik an der Trauer vun der Famill, muss ee wëssen, dass d'Ausgaben an Europa an Zesummenhank mat den Akzidenter sech op 70 Milliarden ECU belafen. Dat heescht, 25 Mol onse Joresbudget.

De Georges Als, fréieren Direkter vum STATEC, zesumme mam André Thill, dem fréieren Direkter vun den Assurances sociales, hun ausgerechent, dass d'Folgekäschte vun den Akzidenter hei zu Lëtzebuerg all Jor 2% vum PIB géingen ausmaachen.

Wann ee gesäit wéi d'Steigerungsrat vun onsem PIB as, da geet de Wuesstum an d'Folgekäschte vun den Akzidenter.

En anere Facteur, deen och ëmmer méi wichteg gët wann ee vun der Mobilitéit schwätzt, as dee vun der Zäit. An Däitschland verléieren d'Automobilisten all Jor am Duerchschnëtt 70 Stonnen a Stauen a verbrennen 2,4 Milliarde Liter Bensin onnëtz.

Eng Etüd, déi an Däitschland gemaacht as gin, huet och ergin, dass wa mer ons Fräizäitbeschäftegung op den Niveau vun de 60er Jore géingen zréckschrauwen - jidderee vun ons weess, dass et déi Zäit och scho Fräizäit gouf - dann hätte mer 2/3 manner Autoen op der Strooss.

Et gët eng Rei Leit, déi mengen, et wir dem Verkéiersproblem bäizekommen andeem een d'Aktivitéiten nach weider géing dezentraliséieren. Dat as a méngen Aen en Trugschluss, well een dezentral Aktivitéiten nëmmen duerch Individualtransport ka matenee verbannen. Et kënnt zwar dann an de Stadzentren zu enger Entlaaschtung, mä d'Verlagerung vun den Aktivitéiten engendréiert méi Trafik op anere Plazen, wat ekologesch nët ze veräntwerten as.

Den Här Goebbels huet ëmmer gesot, dass wann d'Banque générale op de Kiirchbierg kéim, da géing dat zu enger Entlaaschtung vum Stadkär bäidroen. Or, dat as falsch, well d'Stad gët doduerch nët entlaascht. D'Banque générale hat an huet eng limitéiert Zuel vu Parkplaze mëtten an der Stad, déi se och haut nach benotzt. De gréissten Deel vun hirem Personal, dat mëtten an der Stad geschafft huet, as mam Bus schaffe komm. Haut, wou se um Kiirchbierg sin, obwuel eng Buslinn dohinner fiirt, fueren se mam Auto. Dat heescht, datt mer doduerch méi Autoen duerch d'Stad hu wéi virdrun, nët ze schwätze vun deem Verloscht vu potentielle Clientën, déi d'Geschäftswelt doduerch ze verzeechnen huet.

Et gin och Tendenzen, déi soen - an dat sin haaptsächlech déi Gréng an och d'Sozialisten - dass fir de Verkéiersproblem ze léisen, keng Parkplaze méi dierften am Zentrum ugebuede gin.

Ech hun dem Här Strotz virdrun nogelauschtert an deen huet och gesot, d'Parke misst méi schwéier gemaacht gin am Stadkär.

D'Demokratesch Partei as do anerer Menung, well fir ons muss de Stadzentrum fir den Auto accessibel bleiwen. Wat notzt et ons e Stadkär ze hun, deen autofräi as, an doduerch d'Clientën ëmmer méi mat hirem Auto op d'gréng Wiss gin, well d'gréng Wiss jo eng Alternativ as, dëst ëmsou méi, well d'Regirung d'Implantatioun vun engem risegen Akaafszentrum um Kiirchbierg massiv favoriséiert huet.

D'Verduebelung vum Präis vun de Protokollen, déi vun der Mme Transportminister ageféiert gin as a wou trotz Verspriechen et nach zu kenger Erofse koum, dréit nach zousätzlech zu der Onattraktivitéit vum Stadkär bäi.

Wat hu mer mat der Verdrängung vum Auto aus dem Stadkär erreecht? E Stadkär, an deem et ëmmer manner Geschäfter gin zu Gonschte vun der grénger Wiss, well se nët kënne mat der grénger Wiss konkurréieren, eng ganz Rei Existenzen, déi op d'Spill gesat gin, an e Stadkär, deen doduerch nët méi attraktiv as, well e Stadkär kann nët nëmmen duerch kulturell Institutiounen - an do gët jo och nach eng op de Kiirchbierg gesat amplaz an de Stadkär - attraktiv sin. E Stadkär kann nëmmen attraktiv sin duerch e flotte Commerce. Or, de Commerce gët hei désavantagéiert.

D'DP versicht mat all hire Mëttel esou eng katastrophal Politik ze verhënneren, fir dass onse Mëttelstand mat onse Stadzentren nach eng Zukunft hun.

D'Politik vun der Accessibilitéit vum Stadkär muss an onsen Aen dem geleëntleche Visiteur et erméiglechen mam Auto an d'Stad ze kommen. Dofir huet d'Majoritéit vum Stater Gemengerot géint d'Stëmme vun der LSAP an dene Grénge fir e Parking ënnert der Avenue Monterey gestëmmt. Dee Parking soll reservéiert bleiwe fir Leit, déi eng kuurz Zäit an d'Stad kommen a fir Awunner vum Stadkär.

D'Parkdauer am Stadzentrum as jo och erofgesat gin an an de Wunnquartierën as de Stationnement résidentiel ageféiert gin, fir do d'Wunnqualitéit ze hiewen an d'Leit vun den Dauerparker ze befreien. Dat misst och nach weider ausgebaut gin, mä esou e System fonktionnéiert nëmme mat engem Contrôle. Or, de Contrôle geet ganz zu Laaschte vun de Gemengen. D'Recettë vun de Protokoller fléissen awer an d'Staatskeess.

Ech hu virun zwee Jor eng Proposition de loi hei agereecht. D'lescht Jor bei de Budgetsdebatten hat de Budgetsminister, den Här Fischbach, gesot, bis spéitstens Januar 1996 léich e Projet de loi um Dësch. Dee läit nach ëmmer nët vir. Déi Ongerechtegkeet vis-à-vis vun de Gemenge muss en Enn gesat kréien, fir dass d'Gemengen - an et as nët nëmmen d'Stad Lëtzebuerg - Kontrollagente kënnen astellen, déi finanzéiert gin duerch d'Recette vun de Protokoller an da kann och an der Stad de Système vum Parking résidentiel op aner Quartierën ausgebaut gin. Wa mer keng Léisung fannen, da sin d'Leidtragend d'Leit aus dene betreffende Quartierën oder vun

Nopeschgemengen.

Fir déi Leit, déi an d'Stad schaffe kommen, as den öffentlechen Transport ausgebaut gin, esou dass trotz steigender Mobilitéit am Verglach zu auslännesche Stiet, d'Verkéierssituatioun awer nach ze meeschteren as. Mir däerfen och hei nët den Daiwel un d'Wand molen. Esou katastrophal as d'Situatioun nun awer och nët.

No dësen allgemengen Iwwerleungen zu der Mobilitéit géing ech elo méi speziell op d'Situatioun vun der Stad Lëtzebuerg agoen.

D'Stad Lëtzebuerg huet eng Surface, déi nëmmen 2% vum Territoire vum Land duerstellt, wou 20% vun der Populatioun wunnen, 30% vun den Aarbechtsplazen ugesiedelt sin a wou wäit méi wéi 50% vum PIB

engendréiert gët.

Bei den deeglechen Autosmouvementer an der Stad sin 1/3 Banneverkéier, also Verkéier vun Awunner vun der Stad selwer, 2/3 komme vu baussen.

26% vun den Déplacementer - an dat sin d'Zuele vum Jor 1993; d'Mme Minister huet déi aktualiséiert; elo sin et iwwer 30% - vun de Stater Awunner maache sech mam Bus, wougéint déi vu baussen nëmmen zu 18% op de Bus zréckgräifen.

Dëst beweist ganz däitlech, datt de Problem nët vu banne vun der Stad entsteet, mä vu baussen, esou dass d'Léisung sech nët kann op d'Gebitt vun der Stad beschränken.

Ech wëll elo kuurz beliichte wéi den öffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg organiséiert as.

D'Stad Lëtzebuerg huet hire Busbetrib réorganiséiam Resultat, dass haut 70-80% méi Leit mam Bus fuere wéi viru 7 Jor. Dat heescht, 21 Millioune Passagéier am Jor. Dat as enorm. Dee Succès gët et awer nët zum Nulltarif. An de Budgetspropositioune fir 1997 beleeft sech den Defizit op 1,1 Milliard, déi eleng vum Stater Biirger muss gedroë gin. Dat as natiirlech en enormen Defizit fir de städtesche Bus.

Wou gin déi Suen hin? Ech gin Iech d'Donnéë vun 1995.

Et gin 22 Linnen; de Gesamtréseau huet 125,7 km, wouvun iwwer 12% Buspiste sin an deemnächst kënnt nach eng vum Kiirchbierg an d'Stad dobäi. Déi Buspist as à l'unanimité vum Gemengerot décidéiert gin, mä et as eng Staatsstrooss a leider läit d'Permission de voirie nach ëmmer nët vir.

Et gi 590 Haltestellen, dovu 532 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg an 183 Aubetten.

De Personalbestand si 37 administrativ Beamten, 209 Chauffeuren, 13 Kontrollere plus 30 Beamten, 61 Handwierker an 89 Aarbechter, wat en Total mécht vu 439 Leit, niewent enger Rei vu Chauffeure vu Privatentreprisen. Pro Jor gin et am ganzen 59.701 Tournéën an zesumme gin all Jor 6.272.128 km gefuer. Dat as wierklech eng Zuel, déi ee muss ënnersträichen.

D'Zuel vun de Busse beleeft sech op 136, dovun 98 Standardbussen. Ee Bus kascht tëschent 7 an 8 Milliounen. 7 Gelenkbussen, woubäi 1 Gelenkbuss tëschent 12 an 13 Millioune kascht. 3 Mëttelbussen an 8 Minibussen. En Experiment leeft mat Bussen, déi mat Biodiesel gedriwwe sin a mat Elektrobussen. Well mer esou flott Experimenter hun, si mer och an engem europäeschen Projet matagebonnen.

De ganze Fuhrpark bitt am ganzen 13.065 Plazen, wouvunner 7.937 Sëtzplazen a 5.128 Stoplaze sin.

Fir dem Bus virum Auto Prioritéit ze gin an domat d'Effikassitéit an de Confort ze erhéije sin niewent de Busspueren, Buscapen an d'Strooss gebaut gin. Bei 30% vun de Verkéiersluuchte gët et Prioritéit fir de Bus. An de Stroosse sin 43 speziel Detektere geluegt gin, fir dem Bus op der Kräizung Prioritéit ze gin.

Deemnächst wäerd d'Stad Lëtzebuerg och e Busleitsystem kafen, deen 200 Millioune kascht, e System, deen et erméiglecht, fir an der Zentral festzestelle wou all Bus drun as, genee Informatiounen iwwer d'Retardën oder d'Avancen op den Horaire ze liwweren, fir dann op d'Verkéiersluuchten nach méi direkt anzewierken, fir dem Bus nach weider Prioritéit ze gin, an och fir an enger nächster Etapp de Passagéier op der Haltestell genee ze informéiere wéini säi Bus kënnt, ob e Retard huet oder nët.

Dës enorm Ustrengunge vun der Stad Lëtzebuerg hun hir Friichte gedroen, mä d'Stad eleng kann nët méi finanziell Efforen an dësem Beräich maachen.

Pro Awunner beleeft sech den Defizit pro Jor fir de Busbetrib op 14.000 Frang.

Niewent der Stad Lëtzebuerg mussen och d'Südgemengen, déi am TICE zesummegeschloss sin, fir den öffentlechen Transport opkommen, wou awer de Stat ronn 56% vum Defizit iwwerhëlt.

Dann huet viru kuurzem och nach d'Gemeng Ettelbréck sech e Bus ugeschaaft, deen se och finanzéiere muss, oder brauch déi nët dofir opzekommen? Ech huelen un, dach!

M. Edouard Juncker (CSV).- Wien da soss?

Mme Anne Brasseur (DP).- Ech gin dem Här Juncker do Recht. Dat heescht, dass nëmmen 11 Gemenge musse vun hirem Budget den öffentlechen Transport finanzéieren, wougéint d'Populatioun vun denen aneren 107 Gemenge ganz zu Laaschte vum Stat as. Dëst as eng

Ongerechtegkeet, där onbedéngt muss en Enn gesat gin.

Mä nët nëmme sin d'finanziell Effore vun der Stad Lëtzebuerg op Grenze gestouss, mä och déi vun der Kapazitéit vum Stroossennetz.

Et brauch ee sech nëmmen an de Spëtzestonnen d'Nei Avenue oder d'Busquaië beim Centre Hamilius unzekucken, fir festzestellen, dass einfach nët méi Bussen an där Zäit do erapassen. Et as wuel nach un déi eng oder aner Verbesserung vum bestehende System ze denken; et as awer nët méiglech, nach wesentlech méi Leit an der Stad mam Bus ze transportéieren.

Wa mer also wëllen nach méi Mobilitéit duerch den öffentlechen Transport erreechen, dann as et klor, dass et zu engem anere System muss kommen.

Elo zu der Etüd Luxtraffic.

Et as intressant, kuerz op den Historique vun dëser Etüd anzegoen. Uganks der 80er Joren as d'Iddi opkomm, fir zu Lëtzebuerg e Metro ze bauen. An dës Iddi koum nët, wéi oft ugeholl, vu politescher Säit, mä vu Metrosconstructeuren, déi hei zu Lëtzebuerg wollte Suë verdingen, andeem hei géing e Metro gebaut gin, wou jidferee weess, dee sech mat der Matière beschäftegt, dass fir eng Populatioun ënner 500.000 e Metro einfach nët realistesch as.

Op Grond vun denen 3 Propositiounen as eng grouss Opregung am Land entstanen an et hu sech Mouvementer zesummegedi fir en Tram hei zu Lëtzebuerg. Du sin d'Débatën och nach passionnéiert gin a waren oft guer nët méi sachlech. Du war et Metro contra Tram. Eischtens war, souvill ech weess, déi politesch Säit ni fir e Metro, an d'Fro huet sech och nët gestallt, ob ee fir e Metro oder fir en Tram wär.

Well een awer keng politesch Décisioune kann huelen op Grond vun Emotiounen, hun den deemolegen Transportminister Robert Goebbels an de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg beschloss, eng Etüd maachen ze loossen, fir ze kucken, wat an Zukunft dat bescht Transportmëttel fir Lëtzebuerg wir. Dës Etüd as zur Halschent vum Stat finanzéiert gin an zur Halschent vun der Gemeng Lëtzebuerg.

Den Här Zanussi as am Detail drop agaangen, sou dass ech dat nët brauch ze maachen. Wichteg as festzestellen, dass no dëser Etüd weder e Metro, nach e verbesserte Bustransport, nach en Tram fir d'Stad eleng a Fro kënnt. D'Iddi vun der Etüd as et, dat bestehend Schinnennetz vun der Eisebunn vu ronn 270 Kilometer ze benotzen an de Süde vum Land mam Norden duerch en Tram duerch den Zentrum vun der Stad ze verbannen, a weider och un den Osten an de Weste vum Land unzebannen.

D'Avantagë vun esou engem System sin aliichtend an hei och schon ugedeit gin. Well mir hei zu Lëtzebuerg ganz kleng Distanzen hun, as et nët attraktiv, wann ee vun engem Transportmëttel op dat anert muss ëmklammen, well d'Gesamtreeszäit doduerch enorm an d'Luucht geet an dofir dann den öffentlechen Transport vis-à-vis vum Auto nët intressant as.

En aneren Avantage vun esou engem neie System as, dass een d'Anzugsgebitt wierklech kann erweideren, an ekologesch as et och eng sënnvoll Alternativ: d'Kapassitéit vun esou Gefierer as vill méi héich wéi déi vun engem Bus, wou mer un de Limiten, wat d'Stad Lëtzebuerg ubelaangt, ukomm sin.

Wéi ech a ménger Introduktioun gesot hun, sin awer vill Problemer nach nët geléist, e Sujet, deen ech elo wëll uschneiden.

Vun den inconditionnelle Verfechter vun engem Tram zu Lëtzebuerg gi Beispiller aus dem Ausland ugeféiert. Dat si Stied wéi Karlsruhe, Zürich, Saarbrécken oder Stroossbuerg. De Vergläich mat Lëtzebuerg as a méngen Aën nët zoulässeg, well dës Stied en enormt Anzugsgebitt hun, wat vill méi grouss as wéi dat vun der Stad Lëtzebuerg, a virun allem, well se iwwer meeschtens ganz breet Stroosse verfügen. E schinnegebonnenen Transport mécht nëmme Sënn, wann d'Gefier ka konfliktfräi fueren, d.h. dass egen Tracë mussen zur Verfügung stoen, wat an enke Stroossen nët evident as.

D'Kärstéck vum neien Tram zu Lëtzebuerg as et, d'Gare mam Stadzentrum mat Beggen engersäits a mam Kiirchbierg anerersäits ze verbannng éischt Etapp soll jo déi sin, eng Verbindung mat Eech-Beggen: dat as eng Längt vu 5,5 Kilometer. Déi éischt grouss Schwiregkeet as sécher d'Stéck vun der Neier Avenue tëschent der Gare an der Paräisser Plaz.

Jidferee vun Iech as do kënneg: et sin am Moment do 3 Fuerspuren zur Verfügung, wouvunner eng eng géigelefeg Busspur as, plus dann nach eng Parkspur. Dat heescht, dass mer nëmmen zwou Autosspuren hun. Eng zweegleiseg Tramsspur doran ze bréngen, schéngt mir méi wéi problematesch, well an Zukunft och nach e Bus do muss fuere kënnen, wann och a reduzéiertem Mooss.

Et geet also nët duer, ze soen, da missten d'Autoën zréckgedrängt gin, well si sin nun eemol do. Virun allem muss awer och an dëser Geschäftsstrooss - an dat musse mer och berücksichtegen - de Problem vun de Beliwwerunge vun de Commercë geléist gin. Dëst ka sech jo nët op de Schinne maachen, well soss gët den Tram behënnert. E ka sech awer och nët op der Autosspur maachen, well déi gët scho reduzéiert fir d'Autoën, soss kritt een e Verkéierschaos an der ganzer Stad.

E weidere Knackpunkt as dee vun der Neier Bréck. Do stin 3 Fuerspure plus eng géigelefeg Buspist zur Verfügung. Wann een der zwou fir den Tram hëlt, bleiwen der nach zwou fir d'Autoën iwwreg. Wann ee weess, dass dat déi eenzeg Verbindung vun der Stad mat der Gare as - well déi Al Bréck leeft jo an déi aner Richtung -, da gesäit een, dass d'Léisung vun dësem Problem nët mat Absichtserklärungen ze léisen as. Well et as jo wuel awer kaum drun ze denken, dass mer d'Nei Bréck géinge verbreden.

Den Eecher Bierg as eng weider Schwiregkeet, an et kann een nët drun denken - den Eecher Bierg huet 3 Fuerspuren -, dass den Tram do och nach kéint zweegleiseg fueren. Et geet also nëmmen, wann den Eecher Bierg géing méi breet gin.

Da muss een och oppassen, dass de Bus muss kënnen um Site vum Tram zirkuléieren, well - well mer Fuerraum fir den Auto ewechhuelen - et ka jo nët sin, dass de Bus da mat géing dora stieche bleiwen. Da géing jo de Bus d'Opfer gi vun där Transportpolitik, an dat ka jo awer nët sin.

Eng weider Schwiregkeet as d'Koordinatioun vum internationale

Schinnentransport mam nationale Regionaltram. Well eise Schinneréseau staark belaascht as duerch international Zich, muss awer verhënnert gin, dass doduerch de Regionaltram nët regelméisseg ka fueren, well e soss säin Zweck géing verfelen. En drëtt Zuchgleis - wat envisagéiert gin as an der Etüd Luxtraffic - op der Betebuerger Streck as en héijen Investissement, mä déi Investitioun eleng vun 1,1 Milliard léist de Problem nët.

E weidere Problem as dee vun de Stroumaarten, wou am Ufank vun der Etüd Luxtraffic geduecht gin as, esou e Gefier misst 4 Stroumaarten hun, fir dass mer och kéinten a Belgien, a Frankräich an an Däitschland fueren, a fir an der Stad ze fueren, bräicht een eng zousätzlech Stroumaart. Vü dass et esou Gefierer nët gët an dass mer nët Experimenter solle maachen, déi schrecklech deier sin, huet deen ee Groupe de travail gesot, et soll ee sech op zwou Stroumaarte beschränken, esou dass de System, wéi en elo geplangt as, nët kann op d'Grenzregioun ausgeweit gin.

Dat sin nëmmen e puer Schwiregketen technescher Natur, fir déi mer haut nach keng Léisung hun.

En anere schwirege Volet as selbstverständlech dee vun de Finanzen. Den Här Strotz hat gemengt, en hätt gär eng offiziell Stellungnam vun der Stad Lëtzebuerg. En huet zwar gesot, d'Tribün vun der Châmber wir nët d'Plaz dofir, mä ech géing dem Här Strotz soen, e soll säi Kolleg Bus- a Finanzschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, den Här Willy Bourg, dee beschtens am Bild as, froen: dee kann em déi néideg Erklärunge gin, wann nach Klärungsbedarf besteet.

(Interruptions)

Wat ech ganz klor betount hun, sin déi Efforen, déi d'Stad Lëtzebuerg all Jors mécht: 1,1 Milliard fir den öffentlechen Transport. Ech sin nët mandatéiert, fir hei am Numm vun der Stad Lëtzebuerg ze schwätzen, mä da schwätzen ech a méngem perséinlechen Numm, an ech hun e Mandat an der Stad Lëtzebuerg. Méi Belaaschtung kann d'Stad Lëtzebuerg fir den öffentlechen Transport nët droë wéi déi 1,1 Milliard d'Jor.

M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Madame Brasseur, kann ech Iech eng Fro stellen?

Mme Anne Brasseur (DP).- Här President, wann Der erlaabt...

M. le Président.- Jo!

M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Ech wollt jhust nure froen, ob d'Stad Lëtzebuerg nët kéint hiren Defizit decken, andeem se géing de ganze Service privatiséieren, well da kéinten ongeféier 500 Milliounen d'Jor agespuert gin.

Mme Anne Brasseur (DP).- Ech sin ëmmer frou, dass den Här Henckes esou Iwwerleunge mécht an dass en dat esou einfach fënt. Ech weess, den Här Henckes as e grousse Finanzexpär. Ech sin dat nët! Ech sin och nët esou kéng, esou Aussoen einfach esou ze iwwerhuelen.

Wann ech vun de Finanze geschwat hun, da wäerd déi éischt Realiséierungsphas ouni d'CFL-Atelierën tëscht 12 a 15 Milliarde kaschten. Dat as enorm!

(Interruption et hilarité)

A wann d'Stad Lëtzebuerg bis elo nieft de jäerleche Käschte fir de Busbetrib, déi sech op iwwert eng Milliard belafen, och 50% vun de Fräë vun der Etüd gedroen huet - déi huet och keng aner Gemeng bezuelt: d'Stad Lëtzebuerg huet d'Halschent vun de Frais d'étude fir d'Etüd Luxtraffic bezuelt, de Stat huet déi aner Halschent bäigedroen -, dann as et klor, dass d'Stad nët nach weider kann zur Kontributioun gezu gin, dëst ëmsou méi, dass mer eis an der Analys klor sin, dass de Problem nët vu bannen eraus vun der Stad engendréiert gët, mä muss am ganze gekuckt gin.

D'Madame Transportministerin huet deklaréiert - a si huet dat elo grad widderholl -, dass d'Investissementer fir d'Schinnen iwwer de Fonds du rail lafen. Dat as eng gutt Nouvelle an eng erfrelech Zouso, dass de Fonds du rail do soll asprangen. D'Dotatioune fir de Fonds du rail gi jo och am Programme pluriannuel vun der Regirung an d'Luucht. Natiirlech geet dat nët duer, fir dat Ganzt hei ze finanzéieren.

Wéi et awer mat denen aneren Investitiounskäschten as, z.B. d'Uschafe vun de Gefierer, wou d'Käschten - nom Devis vun der Etüd Luxtraffic - sech op 7,4 Milliarde belafen, wéi et mat den Haltestellen as, mam Aménagement vun de Stroossen: all déi Froë sin nach nët gekläert. Och wann d'Etüd Luxtraffic festgestallt huet, dass de Facteur Käschten/Notzen, ënner der Berücksichtegung och vun ekologesche Facteuren, positiv as - an den Här Zanussi as drop agaangen -, wäerten d'Exploitatiounskäschten héich sin.

Vu weem gin déi da gedroen? Ménger Menung no missten all d'Käschte fir de Persounentransport hei zu Lëtzebuerg - ob dat d'Eisebunn, den TICE, den RGTR, d'städtesch Bussen oder den neien Tram as - zesummegeschloë gin, an da misst d'Solidaritéit vun alle Gemenge mam Stat zesumme spillen.

E weidere Problem as dee vun der zukünfteger Exploitatioun vum Tram. A méngen Aën däerf een nët an de Feler verfalen a vun dene bestehende Strukturen ausgoen. Et muss ee villméi ënnersichen, wéi d'Exploitatioun kéint optimal organiséiert gin, fir dann déi bestehend Strukturen unzepassen, ofzeschafen oder nei Strukturen ze schafen.

Deen eenzege Punkt, op deem d'DP-Fraktioun nët mam Rapporter d'accord as, as deen iwwer d'Exploitatioun, wou d'Majoritéit vun der Kommissioun méi wéi ee Préjugé favorable huet, fis d'CFL sech drëm soll këmmeren. Wann ech dat och nët ausschléissen, däerf een dach awer nët mat esou A- prioriën un dës Problematik erugoen.

Eng aner Fro as déi vum zukünftege Rôle vum Bustransport. Et as nët drun ze denken, dass d'Busse géinge verschwannen, wéi dat vun de private Busentrepreneure gefaart gët. D'Busse mussen dann de Rôle vum

Zoubréngerdéngscht op den neie System iwwerhuelen, well e schinnegebonnene System duerch manner Flexibilitéit jo nët all Lokalitéite kann desservéieren.

An der Stad Lëtzebuerg muss de Bus esou organiséiert gin, dass weider all Quartierë mam Stadzentrum verbonne gin, wat eng komplett Ëmstellung vum jëtzege Busréseau mat sech bréngt. Op jidde Fall muss dofir Suerg gedroë gin, dass d'Unzuel vun de Bussen an der Neier Avenue zréckgeet, well een do haut schon zu Spëtzenzäiten d'Limitë vun der Kapassitéit erreecht huet.

Fir déi Problemer, déi ech elo opgeworf hun, ze léisen, huet den Transportministère mat der Stad Lëtzebuerg Aarbechtsgruppen agesat, déi awer nach nët zu Konklusioune komm sin. D'Fräë fir dës zousätzlech Etüde gin alt nees zu 50% vun der Stad Lëtzebuerg gedroen.

Donieft feelt och nach de Sondage iwwer d'Mobilitéit, dee vum

Transportministère ugekënnegt gin as. D'Mme Transportministerin huet eis elo virdru vun deem "Zahlenfriedhof" e puer wesentlech Donnéë gin, déi wuel intressant sin. Ech bedaueren et awer, dass déi Zuelen nët fir dës Debatt zur Verfügung stoungen, a wéi ech uganks gesot hun, kënnt dës Debatt ménger Menung no vill ze fréi, an et wir gutt gewiescht, wa mer déi Zuele scho gehat hätte plus d'Konklusioune vun den Aarbechtsgruppen, ier mer hei en öffentlechen Débat gehat hätten.

Nieft de Groupes de travail fir deen techneschen a finanzielle Volet gët et och een, dee sech ëm d'Promotioun vum öffentlechen Transport soll këmmeren. Do muss direkt ugesat gin, an et wir sënnvoll, dass direkt eng global Publicitéitsstrategie vun allen Transportträger hei zu Lëtzebuerg géing entwéckelt gin. Am Moment maachen d'Eisebunn, de Busbetrib vun der Stad Lëtzebuerg an den TICE getrennte Publicitéitscampagnen.

Nach gëschter konnt een an der Press liesen, dass den TICE elo eng nei Publicitéitscampagne ulafe léisst. Dësen Niewentenee misst esou séier wéi méiglech an e Mateneen ëmgewandelt gin, woubäi een awer muss oppassen, dass d'Käschten awer musse raisonnabel bleiwen, an och do muss ee sech froen, vu weem déi Käschte gedroë gin. Och wann den Tarifverbond eng wichteg Etapp war, geet dëst nët duer. Esou sin nach weider Efforen ze maachen, wat d'Ofstëmmung vun den Horairen ubelaangt.

Och stellen ech mer d'Informatiounspolitik vun den Transportträger anescht vir. Ech war dëslescht op der Gare am Guichet, fir en Zuchbilljee ze kafen. Do hun ech gesinn, dass do e Schëld hänkt, wou drop steet, et géingen an der Gare keng Zuchhorairë verkaf gin. Ech huelen un, dass de Busbetrib vun der Stad Lëtzebuerg keen Zuchhoraire an d'Gare kee Bushoraire verkeeft. Or, ech mengen, domadder muss ee fir allemol Schluss sin. Mir mussen dach d'Méiglechkeet kréien, dass een, dee mam öffentlechen Transport fiert, ob dat mam TICE as, mam RGTR, mam Zuch oder mat Busse vun der Stad Lëtzebuerg, op enger Plaz all Informatioune ka kréien.

Dann as en anere Volet dee vum Schülertransport, deen och nach muss besser a finanziell méi équitabel geregelt gin. Well d'Eisebunn souwisou muss an nächster Zukunft neie Matériel roulant fir de Persounentransport uschafen, schéngt et sënnvoll, dass se Tramgefierer keeft, fir déi da mat erhéichter Frequenz anzesetzen. Domat kann nët nëmmen d'Fiabilitéit vun esou Material getest ginoch d'Akzeptanz vun de Passagéier. Dat wir a méngen Aën en éischte Schrëtt.

Et gët also nach eng Rei vu Punkten, déi een direkt mat engem raisonnablen Opwand ka verbesseren.

Ech kéim elo, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, zu ménge Konklusiounen.

Wéi et aus méngen Ausféierungen ervirgaangen as, begréisst d'DP-Fraktioun prinzipiell d'Iddi vun der Schafung vun engem neien Transportsystem zu Lëtzebuerg, fir dem ëmmer zouhuelende Mobilitéitsbesoin vun eiser Bevölkerung gerecht ze gin, an dat am Intérêt souwuel vun der Ekonomie wéi vun der Ekologie.

Ech wëll awer nach eng Kéier ënnersträichen, dass den öffentlechen Transport kee Selbstzweck däerf sin an nët als Dogma däerf gëllen. Fir d'DP kann et nët heeschen, dem Auto de Krich unzekënnegen. Den öffentlechen Transport an den Auto si fir eis keng Konkurrenten, mä déi zwee sin a musse complémentaire bleiwen.

Och wëll ech virun enger zevill euphorescher Stëmmung vis-à-vis vum Tram warnen. Zevill Froen technescher a finanzieller Natur musse fir d'éischt nach geléist gin. Wann all dës Froen op eng verstänneg Aart a Weis kënne geléist gin, setzen och mir alles drun, fir dass den öffentlechen Transport am nächste Jordausend eng Zukunft huet, fir esou och d'Zukunft vun eisem Land ze sécheren.

Ech soen Iech Merci.

Plusieurs voix.- Très bien!

M. le Président.- Als nächste Riedner as den Här Roger Klein agedroen. Den Här Klein huet d'Wuert.

M. Roger Klein (LSAP).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, well mer haut iwwer d'Perspektive vum öffentlechen Transport schwätzen, hun ech eppes gemaacht, wat ech, ech gin et gären zou, ganz sele maachen: ech sin haut mat den öffentleche Verkéiersmëttelen an dës Châmbersëtzung komm.

(Interruption)

Ech liewen nach! Dir gesitt, ech hun et iwwerstanen, an et war och eng ganz gutt Experienz fir mech. Ech hu jo d'Chance, dass ech an engem Rayon vu manner wéi zwee Kilometer vun direkt zwou Garen ewech wunnen, zwou vun dene 64, déi nach fonktionnéieren, an...

(Interruption)

Dir maacht et all Dag, jo! Wann dësen Dag erëm as - ech sin nët esou ongedëlleg -, dann zéien ech méng Konklusiounen a méng Konsequenzen, ob ech et nët méi dacks maachen.

(Interruption)

Op jidde Fall, wéi gesot, ech hun zwou Garen am Ëmkrees vu manner wéi zwee Kilometer, an ech kommen och aus enger Gemeng, wou en RGTR- Zoubréngerdéngscht d'Leit aus dene verschiddene Quartierën op den Zuch bréngt.

Ech sin also - an ech zielen Iech dat, well déi privat Experienz an engem gewësse Sënn ganz relevant as fir den Transport public mat sénge Stäerkten a mat sénge Schwächen - um 13.25 Auer aus dem Haus gaangen. Ech hu mech op d'Gare féiere gelooss an ech hun den Zuch vun 13.40 Auer geholl.

Deen as mat 5 Minutte Verspéidung lassgefuer, well e waart op den Zuch vun Déifferdéng, well et kommen nämlech ganz vill Leit aus dem Raum Déifferdéng op Péiteng, déi do ëmsteigen an de Schnellzuch huelen, well dat fir si méi agreabel as, wéi wa si den direkten Zuch iwwer Esch-Betebuerg an d'Stad huelen.

(Interruption)

Ech hun elo grad dem Här Garcia gesot, dass ech dat ofhängeg maache vu ménge weideren Experienzen; ech hun nämlech wëlles, haut nach e bëssen ze fueren. Ech zielen Iech dat herno!

(Interruption)

Wann Der mech e bësse wëllt weider erziele loossen...

Ech sin dun an e Bus vun der Linn 20 geklommen, dee laut der Ausso vum iwwregens ganz frëndleche Chauffeur sollt um 14.20 Auer fueren, wat en och gemaacht huet, an ech war um 14.28 Auer, also grad rechtzäiteg fir d'Debatten, hei an der Châmber. Madame Buurgermeschter, wann ech déi relativ laangdezäit op der Gare erwähnen, da soll dat keng Kritik sin un Äre Bus, mä éischter en Ageständnis vu ménger Onerfuerenheet. Wann ech méi Experienz hätt, hätt ech ganz sécher e Bus fond, dee schon éischter gefuer wär.

Ech hun deemno 63 Minutte gebraucht. Dat war fir méng Begrëffer zwar uerg laang am Verglach mat denen 30 Minutten, déi ech brauch iwwer d'Collectrice du Sud an iwwer d'Escher d'Autobunn...

Une voix.- Awer nët moies um halwer 8!

M. Roger Klein (LSAP).- Nee, nët moies um halwer 8!

...bei absolutem Respektéiere vun de Vitesselimitatiounen. Mä ech hu mer gesot, dass et trotzdeem relativ as, an ech hun et an de Verglach bruecht mat gëschter Owend, wou ech heemgefuer sin no den Debatten iwwer d'Genmanipulatioun - besser gesot, wou ech nët heemgefuer sin, mä am Stau gestanen hun, deen den éischte Schnéi verursaacht hat - an iwwregens zwou Stonnen an zing Minutte gebraucht hun, an dat war wesentlech méi nervenopreiwend wéi all dat Ëmsteigen, wat ech haut gemaacht hun.

Ech wëll Iech dann och, well schon dono gefrot gi war, mäin öffentlechen Transportplang vum Rescht vum Dag nët virenthalen. No dëser Sëtzung wäerd ech mam Bus erëm op d'Gare fueren, wou ech da mam Zuch op Esch fueren. Ech wëll nämlech um Vernissage vun der Ausstellung "Honnert Jor Sozialisten an der Châmber" deelhuelen!

Une voix.- Schon esou laang?

M. Roger Klein (LSAP).- Schon esou laang! An och ganz sécher nach déi nächst 100 Jor! Dono fueren ech da mat engem TICE-Bus, deen neierdings op dräi verschiddene Linnen am Stonnentakt d'Streck Esch-Rodange desservéiert, heem.

Domat hun ech da sämtlech véier Réseaux publics benotzt, déi et gët: - d'CFL, déi op der Schinn déi 5 Strecke bedreift, déi stäreförmeg vun der Stater Gare ausgin, plus d'Streck Péiteng-Betebuerg, de leschten Iwwerbleibsel vun der fréierer sougenannter Gürtelbunn, an dee mat Bussen déi sougenannt "Lignes de substitution" fiert; - den RGTR, deen ënner direkter Autoritéit vum Ministère des Transports säit dem 15. Mee 1996 d'Coursë vun de CFLs-Busse koordinéiert, awer och déi iwwer 160 Linnen, déi vun de privaten Entreprisë gefuer gin; - d'Busse vun der Stad Lëtzebuerg, déi am ganzen 23 Linnen desservéieren an dobäi all Dag Dausende vu Passagéier vun der Gare an de Stadzentrum an doriwwer eraus op hir Destinatioune bréngen; - an d'Busse vum TICE, déi, wéi d'Ofkierzung et verréit, d'Nofolleg vun engem fréieren Tram iwwerholl hun, deen d'Zentre vun der Sidérurgie am Süde vum Land matenee verbonnen huet, Bussen, déi haut géréiert gi vun engem Syndikat vun 8 Gemengen aus dem Kanton Esch an enger aus dem Capellener Kanton.

Wann déi véier Réseauën och onofhängeg vunenee fonktionnéieren, esou besteet dach eng gewësse Koordinatioun, déi tëscht denen enge méi direkt an tëscht anere méi labber as. Wat awer ménges Wëssens nët besteet, dat as eng gemeinsam Publikatioun - eventuell a verschiddene Fasciculen, no Regiounen opgedeelt - vu sämtlechen Horairë vun dene véier Réseauën, déi ganz sécher dem Verbraucher géif entgéintkommen, dee vun engem op deen aneren ëmsteige wëll.

Op de véier Réseauë besteet zënter dem 1. Januar 1991 eng sougenannt Tarification uniforme, d.h. et kann ee mat deem selwechte Billjee den öffentlechen Transport am ganze Land benotzen. Wann ech mäin Titre de transport am Carnet kafen, da kann ech fir 128 Frang e ganzen Dag laang de ganzen interne Réseau benotzen. De Präis gëlt fir d'zweet Klass.

Ech fueren ëmmer zweet Klass, wann ech mam Zuch fueren. Ech hun ni verstanen, firwat ech éischt Klass sollt fueren, well d'éischt Klass fiert d'selwecht fort a kënnt d'selwecht u wéi déi zweat as genau esou en Iwwerbleibsel aus fréieren Zäiten. Am Fliger heescht et alt wéinstens "Business class" an "Tourist class"; hei schéngt se mer e bëssen iwwerlieft ze sin, déi Bezeechnung.

(Interruption)

Ech fueren am léifsten non-fumeur. Ech sin zwar en tolerante Mënsch, mä ech fannen et méi agreabel, non-fumeur ze fueren.

D'Aféiere vun der Tarification uniforme as eng vu ville Mesüren, déi an de leschte Jore geholl goufen, fir eisen öffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen. Op sämtleche véier Réseauë goufe grouss Effore gemaacht. Ech zitéieren "à titre d'exemple" den TICE, dee virun zwee Deg op enger Pressekonferenz iwwer d'Resultater vu sénge Verbesserungen, awer och iwwer d'Grenzen oder d'Defiziter vum öffentlechen Transport referéiert huet.

An deem Zesummenhank an au vu vum Rôle vum TICE an eisem Gesamtsystem vun den Transports publics sief et erlaabt, eng Klammer opzemaachen an d'aktiivt Abezéie vum TICE an d'Aarbechtsgruppe "Planification et Réalisation" an och "Organisation et Financement" ze froen, dat ëmsou méi, wéi déi véier separat Réseauë sech an Zukunft an engem globale Konzept erëmfanne sollen. Klammer zou.

ILReS-Studien, déi jeeweils am Mee 1995 an 1996 duerchgefouert goufen, hu gewisen, dass d'Neigestaltung vum Réseau an domat verbonnen d'Aféierung vum Taktverkéier - an dat als Ëmsetzung vun der "Brändli- Studie", déi 1988 an Optrag gi gouf - innerhalb vun engem Jor zu enger Steigerung vun der Zuel vun de Passagéier vun nët manner wéi 40% gefouert hun, eng enorm Steigerung vu 7.792 op 11.804 Passagéier pro Dag. Souwuel d'Zuel vun de Coursen as eropgaangen (vun 260 op 350 pro Dag) wéi och d'Auslaaschtung vun de Bussen (d'duerchschnëttlech Zuel vun de Passagéier pro Course as vun 30 op 34 eropgaangen).

Den Taktverkéier, dee jo och scho vun der Eisebunn wäitgehend agefouert gin as, schéngt also eng entschedend Viraussetzung fir eng gréisser Akzeptanz vum öffentlechen Transport ze sin. Et as och ze verstoen: Taktverkéier bedeit Transparenz vun den Horairen.

Ech brauch also nët dauernd mat engem Fahrplang an der Täsch dorëmmer ze lafen, fir ze wëssen, wéini deen nächste Bus fiert, mä ech ka mer relativ liicht mierken: vun där Statioun aus fiert en ëmmer ëm souvill Minutten op oder ëm souvill Minutte bis. Dobäi as wichteg, wéi kuerz deen Takt as, well wann ech e Bus verpassen, da gët et eng Schmäerzensgrenz vun Zäit, déi ech bereet sin ze waarden, fir deen nächsten ze kréien.

Et as awer och klor op der Pressekonferenz gesot gin, wat fir eng Bevölkerungsgruppen den öffentlechen Transport vum TICE benotzen: 68% vun de Passagéier gin zum Nulltarif oder zum Quasi-Nulltarif gefouert. All zwete Passagéier as e Schüler, all 8. den Détenteur vun enger Invalidekaart. Ganz wéineg vertrueden as - an dat seet d'ILReS-Etüd och - an den öffentlechen Transportmëttelen d'Altersgrupp vun denen 20- bis 50jäeregen.

Et kéint een also e bëssen iwwerspëtzt behaapten, dass virun allem déijéineg mam öffentlechen Transport fueren, déi nach kee Führerschäin hun oder awer op Grond vun hirem Gesondheetszoustand fräiwëlleg oder noutgedrongen op d'individuellt Verkéiersmëttel verzichten.

Et kéint een desweideren zu där sécherlech och iwwerspëtztener a falscher Schlussfolgerung kommen, den öffentlechen Transport wär zwete Choix, gewëssermoossen eng Noutléisung fir déi Bevölkerungsgruppen, déi sech aus deem engen oder anere Grond nët mat engem egenen, individuelle Verkéiersmëttel fortbewege kënnen.

Déi Virstellung existéiert sécherlech a ville Käpp, an et as dat gewëss ee vun den Haaptproblemer vum öffentlechen Transport: ehlecht Image de marque, déi am Bewosstsäin vu ville Leit aus enger mëttlerer Alterskategorie ze fannen as, nët zulescht vläicht och dofir, well se negativ Erënnerungen aus hirer Jugend mat weiderdroen a sech nët bewosst sin, dass sech grad um Gebitt vum öffentlechen Transport am Laf vun de leschte Jore villes gedoen huet.

Mä an engem Land, wou et esou vill Autoë gët wéi néierens an Europa, wou vill Familje sech en zweten Auto leeschte kënnen oder wëllen, wou den Individualismus grouss geschriwwe gët, do huet den öffentlechen Transport et nët einfach. Et muss een zwar aschränkend drop hiweisen, dass 15% vun de Familjen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, keen Auto hun...

(Interruption)

15%! Sin et der elo 24? Viru kuerzem waren et der nach 15, laut engem Rapport. Da soë mer, et wären der 24! Da muss ech och méng zweet Zuel korrigéieren.

Da sin et 76%, déi een oder méi Autoën hun. Fir déi dozou ze bréngen - ob dat der 76 sin oder 85, dat as relativ egal -, méi dacks op hiren Auto zugonschte vun engem öffentleche Verkéiersmëttel ze verzichten, dozou brauch ee méi wéi Iwwerzegungskraaft. Dofir mussen eng Rei vu konkrete Mesüre geholl gin.

Ech zitéieren: "Investieren in den öffentlichen Transport bedeutet, dem Verkehrsinfarkt durch den Individualverkehr zu entgehen". Dat schreift de Landesverband vun den Eisebunner ganz richteg a sénger grad sou flotter wéi instruktiver Broschür "Vorschläge der FNCTTFEL für ein zukünftiges Globalkonzept im öffentlichen Transport".

Domat as de Kär vum Problem ugeschwat: wa mer kee globaalt Konzept entwéckelen, fir eisen öffentlechen Transport weider ze moderniséieren a virun allem ze aktualiséieren, de geännerte Besoinën unzepassen, dann erstéckt eis Haaptstad am Verkéier, dann iwwerlaaschte mer d'Zoufahrtsweër zu den Aarbechtsplazen an der Haaptstad an am Zentrum vum Land bis zum Kollaps.

(Interruption)

Dat as nët schlëmm. Ech fueren trotzdeem weider, Här Regenwetter!

Ech zitéiere weider: "Höhere Geschwindigkeit und mehr Flexibilität angestrebt", as den Titel vun engem Artikel gëschter am "tageblatt" iwwer d'Moderniséierungsaarbechten op der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg. Dat kéint och als Leitmotiv stoen iwwert all dene Mesüren, déi an denen nächste Joren a Jorzingte musse geholl gin, fir eisen öffentleche Verkéier méi attraktiv ze gestalten, an de Projet vum regionalen Tram wäerd sech sécher wéi eng Epine dorsale duerch déi ganz Bestriewungen zéien.

Den öffentlechen Transport as präislech attraktiv. Do, wou en et a ville Fäll nach nët mam Auto ophuele kann, dat as am Beräich vun der Durée vum Trajet, also der Zäit, déi ech brauch, fir vu méngem Ausgangspunkt op méng Destinatioun ze kommen, am Beräich vun der Flexibilitéit an deelweis och am Beräich vum Confort.

Awer grad op deem Gebitt huet och den öffentlechen Transport Fortschrëtter gemaacht. Déi nei Gefierer vun der CFL bidden e ganz gudde Confort a si glat a guer nët ze vergläiche mat den Automotricë vu fréier, an de Fait, dass déi nei Bussen, déi den TICE bestallt huet, mat enger Klimaanlag ausgerüst sin, as och en Hiweis, dass versicht gët, esou benotzerfrëndlech wéi nëmme méiglech ze sin.

De Bahnhybrid as eng Upassung vum öffentlechen Transport un aktuell Begebenheten. Haut schaffen 90.000 Leit an der Haaptstad: déi meescht dovu si Pendler. Ofgesinn dovun, dass et un der Zäit wär, fir iwwert eng seriö Dezentraliséierung nozedenken - mä dat as nët den Thema vun den Debatte vun haut -, muss ee feststellen, dass eisen öffentlechen Transport, haaptsächlech eist Schinnennetz, där Tatsaach nët esou gerecht gët, wéi et vu ville reea potentielle Benotzer gewënscht wär.

Mer wëssen alleguer, dass aus historesche Grënn d'Stater Gare relativ wäit ewech vum Stadkär huet misse gebaut gin. Wann ech also mam Zuch an d'Stad fueren, da sin ech nach wäit ewech vun der eigentlecher City, an nach vill méi wäit ewech vun de Centres d'activité, déi an der Peripherie entstane sin, wéi de Kiirchbierg, awer och d'Cloche d'or oder d'Kalchesbréck, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Wéi eis Eisebunnslinne geplangt gi sin, am 19. Jorhonnert - an de Gros vun dene Strukture besteet jo haut nach -, du waren d'Aarbechtsplazen haaptsächlech am Süden. D'Zuel vun de Leit, déi an d'Stad schaffen oder akafe komm sin, war geréng.

Vill Lëtzebuerger sin héchstens eemol am Jor an d'Stad komm, an dann zu Fouss mat der Prozessioun.

D'Eisebunn sollt an éischter Linn den Uschloss vun der Haaptstad un den internationale Persouneverkéier garantéieren, schliisslech huet et am "Feierwon" nët geheescht: "Kommt Dir vu Stengefort, Betebuerg a Waasserbëlleg", a wa vu "Frankräich, Belgien a Preise" riets war, dann hat den Auteur deemools ganz sécher och nach nët d'Visioun vun dene 60.000 Frontalierën, déi een haut bei allen Iwwerleungen zum öffentlechen Transport mat konsideréiere muss.

De Bahnhybrid-Projet as an deem Sënn eng Aktualiséierung vun eisem Schinnennetz, dass duerch dëst öffentlecht Verkéiersmëttel, dat gewëssermoossen d'Charakteristike vum Zuch a vum Tram matenee verbënt, de Passagéier, deen an d'Stad kënnt, nët méi op der Gare an en anert Verkéiersmëttel, am Prinzip e Bus, ëmsteige muss, mä dass e mam selwechte Gefier bis op séng Destinatioun bruecht gët, an enger éischter Phas an de Stadzentrum an op de Kiirchbierg.

Dat neit Bahnhybridgefier géif an engem Rayonnement vun iwwer 20 Km de Passagéier op dräi vun dene fënnef besteënde Schinnennetzer, déi op d'Stater Gare féieren, ophuelen. Op denen zwee aneren as aus enger Rei vun technesche Grënn dat an enger éischter Phas nët méiglech, an et géif, laut de Konklusioune vum Aarbechtsgrupp "Planification et Réalisation", de Passagéier direkt z.B. vun Dikrech, Diddeléng oder vu Rodange op de Boulevard Royal oder op de Kiirchbierg féieren.

Vü dass de Bahnhybridprojet eigentlech eng Erweiderung vun eisem Schinnennetz as, wann och eng speziell, well iwwer d'Stroossen an nët iwwer eng Eisebunnstrace gefuer gët, schéngt et mir op der Hand ze leien, dass bei der Sich no engem Exploitant an engem Opérateur vun deem neie Moyen de transport op déi zréckgegraff gët, déi hei am Land 275 Km Eisebunnslinnen exploitéieren an och als eenzeg deen entspriechenden Know-how derzou hun, nämlech den CFL.

De Bahnhybridprojet géif also fir de Benotzer um Trajet Lëtzebuerg-Gare an den Zentrum oder op de Kiirchbierg den Avantage vun der gréisserer Kommoditéit, keen Ëmsteigen, a vun engem appréciablen Zäitgewënn matsechbréngen.

De Bahnhybrid duerch d'Stad fueren ze din, an dat "en site propre", dat heescht op Gleisspueren, déi exklusiv fir hie reservéiert gin, diirft nët esou einfach gin. D'Mme Brasseur as am Detail op d'Problemer agaangen. Schliisslech mussen a sollen aner öffentlech Verkéiersmëttelen, wéi z.B. Bussen an och den individuellen Trafik nach hir Chance behalen a sollen nët iwwer Gebühr beanträchtegt gin. Dat si Problemer, déi een nët diirf minimiséieren, déi een awer och nët vu vireran als nët ze iwwerwannen duerstelle soll a fir déi absolut prioritär Léisunge musse gesicht gin. Et as evident, dass dobäi an éischter Linn déi direkt Betraffen, d.h. déi politesch Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg mat de Ministèren a mat denen néidegpären déi Léisunge sichen an duerchschwätze wäerten.

D'rout Bréck schéngt jo laut leschten Erkenntnisser vun der Statik hir de Bahnhybrid op de Kiirchbierg féieren ze kënnen, esou dass keng zousätzlech Bréck misst gebaut gin, wat ganz sécher nët nëmme finanziell gesinn interessant as, an et as schon op dee klenge Lapsus am Rapport higewise gin. Wéi de Minister vun den Travaux publics eis ganz rezent verbal an dono och nach schrëftlech konfirméiert huet, as um Kiirchbierg eng Trass fir den öffentlechen Transport virgesinn a reservéiert.

En zukunftsorientéierten Transport public bedeit weiderhin och Transformatiounen um besteënde Schinnennetz.

Et gët keng direkt Verbindung tëscht der Stad Lëtzebuerg an denen zwou nächstgréisste Gemenge vum Land, Esch an Déifferdéng. De Virschlag vum Landesverband, mëttelfristeg eng direkt Linn Lëtzebuerg-Esch virzegesinn, an zwar praktesch paralell zur Autobunn, as dofir nët vun der Hand ze weisen, well een d'aktuell Faartzäit vun theoretsch 22 Minutten, déi praktesch bal nët anzehalen as, wesentlech verkiirze kéint. Dat géif och de Problem, fir aus dem Raum Déifferdéng an d'Stad ze fueren, ferm erliichteren. Momentan féiert de Wee entweder iwwer Esch-Betebuerg oder iwwer Péiténg mat Ëmsteigen. Béid Weër verlaange wuel méi Zäit, wéi et fir e moderne Persounentransport zoumuttbar as.

D'Noutwendegkeet vun engem drëtte Gleis op der Betebuerger Streck grad wéi vun der Zweegleisegkeet vun der Streck Péiténg-Lëtzebuerg sollen och nach eng Kéier ervirgestrach gin, fir dass an engem akzeptablen Takt ka gefuer gin. Desweidere misst sech gefrot gin, ob eng Rei Uertschaften aus dem Weste vum Land, haaptsächlech aus dem Kapellener Kanton, déi all relativ ongënschteg, d.h. wäit ewech vun der Linn Lëtzebuerg-Arel leien, nët eng Kéier duerch eng nei Bahnhybridstreck mat der Stad solle verbonne gin.

D'Distanz vun den Uertschafte bis op d'Garen as en allgemenge Problem. An denen Uertschaften, wou et eng Gare gët, as de Wee op d'Gare dacks kilometerwäit, esouguer vum Uertskär aus. D'polypenaarteg Ausdenung vun eisen Uertschaften duerch déi typesch Lëtzebuerger Bauweis, nämlech laanscht d'Landstroossen, an och den neien Trend zum Lotissement "en pleine verdure" droën nët derzou bäi, de Wee op d'Gare, fir vill Leit méi kuerz an domat méi akzeptabel ze maachen. Méi schlëmm as et an all dene Gemengen, wou keng Gare méi as. Entretemps as et jo awer esou, dass vu villen Uertschaften aus e gudden Zoubréngerdingscht op déi nächstgeleë Gare organiséiert as. Dësen Dingscht gët am allgemenge vum RGTR assüréiert.

An engem zukünftege Konzept muss dësen Zoubréngerdingscht nach weider ausgebaut a generaliséiert gin. An der Hypothees, dass an Zukunft méi Leit mam Zuch oder mam Bahnhybrid an d'Stad fueren, kritt den Zoubréngerdingscht also nach méi eng wichteg Roll ze erfëllen, wéi bis elo.

Dozou kënnt, wéi e Bléck op d'geographesch Lag vun eisen Industrie- an Handelszonen uechter d'Land weist, dass déi allermannst vun denen un eist Schinnennetz ugebonne sin, eng Tatsaach, déi künfteg bei der Planung vun neie Centres d'activités méi staark berücksichtegt muss gin. Fir d'Accessibilitéit vun all denen Zonen, an domat d'Mobilitéit vun den Aarbechtskräften ze garantéieren, mussen och am Kader vun engem zukünftege globale Verkéierskonzept verstäerkt Zoubréngerdingschter vun de Garen an d'Industriezonen organiséiert gin, well et kann an duerf dach nët sin, a ganz besonnesch an enger Zäit vu grousser Aarbechtslosegkeet, dass een eng Aarbecht nët kann unhuelen, well ee kee Führerschäin oder keen Auto huet, fir op séng Schaff ze kommen.

De Bahnhybrid duerf awer och keng Verschlechterung vun der Situatioun fir de Benotzer matsechbréngen, soss besteet d'Gefor, dass d'Leit, déi elo mam Zuch fueren, erëm op en individuellt Verkéiersmëttel iwwergin. En hybrid Gefier huet nämlech nët nëmme Virdeler par rapport zum klasseschen Zuch. Ee vun den Haaptnodeler as sécherlech d'Verhältnis vun de Sëtzplazen zu de Stehplazen. An engem hybride Gefier gët et prinzipiell méi Stehplaze wéi Sëtzplazen, fir dass zu de Spëtzenzäite méiglechst vill Leit matenee kënnen transportéiert gin. Mä wéi as d'Akzeptanz vun enger Stehplaz, nët op enger Kuerzstreck, mä op enger méi laanger Distanz? Huelen ech a Kaf 20 Minutten ze stoen aplaz ze sëtzen, nëmme fir nët ëmzeklammen oder vläicht 10 Minutten éischter op ménger Destinatioun ze sin?

Wéi as et mat der Vitesse vum Bahnhybrid? Do gin Héchstgeschwindegkete vun 80 bis 120 genannt. Wat as realistesch? Par contre geet beim klasseschen Zuch rieds vu Vitesse bis 150 Km, op der virgeschloener Streck Lëtzebuerg-Esch bis 200 Km. Wéi as et mat der Vitesse vum Bremsen, vum Beschleunegen? Wéi as et mat zousätzlechen Halten? Do wäerte jo Demandë kommen, fir hei an do zousätzlech Arrêtën anzeriichten, wat jo am Interessen as vun de Leit, déi an der Géigend wunnen, wat awer d'Transportdauer verlängert. Wéi as et mat de Spëtzenzäiten? Fueren do niewent den Hybridgefierer traditionell Zuchrammen, eventuell direkt vun enger gréisserer Uertschaft no Lëtzebuerg-Gare, während de Bahnhybrid iwwerall hält. As et méiglech mat engem direkten Zuch op Lëtzebuerg-Gare ze fueren an do an e Bahnhybrid ëmzeklammen, ouni allzevill Zäit ze verléieren? Vun den Äntwerten, déi d'Expären op dës an op nach vill aner Froë wäerte fannen, hänkt leschten Enns dee vun eis all erhofften Erfolleg vum regionalen Tram of.

Derzou kënnt och nach, dass nët nëmmen d'Gare Lëtzebuerg, mä vill aner Gare musse moderniséiert gin. An der Afaart an Duerchfaart duerch eng Gare ka vill Zäit gewonnen oder verluer goen. Den Aménagement vun de Quaiën as e wesentlecht Element beim Aklammen, Ëmsteigen an Erausklammen. Eng méiglechst Proximitéit vun Halt vum Zoubréngerdingscht a Quai as wënschenswäert, d'Quaië grad wéi de Bahnhybrid mussen accessibel si fir Leit am Rollstull oder mat enger Kannerkutsch. Fir déi, déi nët mam Zoubréngerdingscht op d'Gare komme wëllen oder kënnen, musse sécher Velosënnerstänn zur Verfügung stoen a weider lokal Park & Ride amenagéiert gin.

Den CFL wéi d'Gemenge sin hei gläichermoosse gefuerdert. Dass den CFL gewëllt as, deen Challenge fir d'Zukunft anzegoen, erkennt een un hiren ambitiéise Moderniséierungsprojetën, ech nenne stellvertriedend fir vill de Projet vun der Moderniséierung vun der Péiténger Gare, ënner villem aneren och mat der Vergréisserung vum Park & Ride, e Projet, an deen an denen nächsten zwee Jor 1,3 Mia investéiert gin.

Eng aner Fro as déi heiten: Wéi verdréit sech d'Förderung vun engem Konzept fir e regionalen Tram mam Individualverkéier?

Erënnere mer drun, dass beim Hearing vum 13. a 14. Mäerz den

AutomobileClub ee vun dene wéinege Gespréichspartner war, deen eng ganz Rei vu Bedenken ugemellt huet.

Am Fazit vu sénger Stellungnam zum Luxtraffic-Konzept schreift den Automobile Club och: öPNV (öffentlicher Personen-Nahverkehr) kein Ersatz für das Auto.

Den Automobile Club, Dir Dammen an Dir Hären, huet Recht, den

öffentlechten Transport as an duerf keen Ersatz si fir den Auto, nët an deem Sënn wéi de "Petit Robert" de Begrëff definéiert, et as jo eent vun dene wéinegen däitsche Wierder, dat an de franséische Sproochgebrauch agaangen as, an laut do d'Definitioun vun "Ersatz": "Produit de remplacement de moindre qualité". Dat, Dir Dammen an Dir Hären, duerf den öffentlechen Transport vun der Zukunft nët gin, dat as nämlech d'Reproduktioun vun der Virstellung vum öffentlechen Transport aus där guernët esou gudder aler Zäit, engem öffentlechen Transport, deen een nët aus fräie Stécker benotzt huet, mä gezwongenermoossen, well engem keen individuellt Verkéiersmëttel, dat een als besser ugesinn hätt, zur Verfügung stung.

Wa mer en zukunftsorientéierten öffentlechen Transport mam Term "Ersatz" awer positiv definéiere wëllen, da musse mer op de "Wahrig" zréckgräifen, wou mer folgend Definitioun fannen, déi ech mir perséinlech géing zu ege maachen: "das, was man als Ergänzung benutzen kann".

A grad dat hei as wichteg, et soll an et muss wuel an enger Demokratie eng Komplementaritéit bestoën tëschent öffentlechem Transport an individuellem Transport. Et mussen Alternantive sin, tëschent denen e "libre choix" méiglech as. Et as dofir och falsch ze argumentéieren, e regionalen Tram géif eng Nordstrooss iwwerflësseg maachen.

Mir brauche béides, e gutt Stroossennetz an e gudde Réseau fir den öffentleche Verkéier. Mir musse virun allem, an dat as eng vun dene ganz groussen Erausfuerderunge vum 21. Jorhonnert, den öffentleche Verkéier esou attraktiv gestalten, dass de Choix vun dësem Transportmodus dem Biirger liicht gemaacht gët. De Gros vun de Biirger as sech sénger Verantwortung nämlech méi bewosst, wéi dacks vu villen ugeholl gët. Wann den öffentleche Verkéier bequem, effikass, flexibel a séier as, da gët en och benotzt, wéi d'Zouwuessraten op alle Réseauen an dene leschte Jore beweisen, a wa mer et verstin, déi Defiziter, déi nach par rapport zum Individualverkéier bestin, ze combléieren, da wäerten och an Zukunft vill méi Leit do sin, déi fir vill Trajetën a Relatioun mat Beruff a Fräizäit, fräiwëlleg op hiren Auto verzichten, an da wäerte mer och erëm energermoossen normal Verhältnisser op eise Stroossen an an eise Stied kréien.

Dat as ganz sécher nët ouni begledend Moossnamen am edukative Beräich ze erreechen. Dorënner verstin ech eng Verkéierserzéiung an de Schoulen, déi och op d'Avantagë vum öffentlechen Transport hiweist, grad esou wéi op d'Gefore vum Individualverkéier. Dorënner verstin ech och eng positiv Duerstellung vum öffentlechen Transport an de Curriculumë vun de Schoulbicher, dorënner verstin ech virun allem awer eng breetugelueten a global Informatiouns- a Publizitéitskampagn fir den öffentlechen Transport.

Den Individualverkéier huet séng Lobby, loosse mer déi roueg gewäerde loossen, well et as hiirt gutt Recht hire Produit ze promovéieren, mä d'öffentlech Hand, wéi et esou schéin heescht, an d'Bedreiwer vun de Réseaux publics sollen awer och hire Produit, deen ëmmer méi amgaang as sech e "label de qualité" ze verdingen, an der Öffentlechkeet duerstellen a promovéieren.

Wa mer et fäerdegbréngen, a räsonnablen Délaiën eenzel Etappe vum regionalen Tram, an deem wat alles dermat zesummenhänkt, ze realiséieren, da schafe mer un der Schwell vum 21. Jorhonnert zousätzlech staark Argumenter fir e fräie Choix vum fräie Biirger fir den öffentlechen Transport. Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Nächste Riedner as den Här Fernand Greisen. Den Här Greisen huet d'Wuert.

M. Fernand Greisen (ADR).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Fir d'éischt wëll ech alle Leit, déi an den Aarbechtsgruppen an um Rapport matgeschafft hun, merci soen.

D'Konzept, dat hei virgeluet gët, de Projet Bahnhybrid, as scho virgestallt gin. De Rapport definéiert d'Kritären, un esou engem neien integréierte Betrib erfëllt musse gin, an och d'Virdeler, déi dëse System bréngt. Ëmmer erëm weist dës Etüd op d'Beispill vun auslännesche gudden Erfarungen hin, z.B. Karlsruhe. Dobäi gët awer nët gesot, wéi wäit hannendru mir alt erëm eng Kéier sin. D'Planung fir d'Karlsruher Verkéiersbetriber gouf 1984 ugefaangen an 1992 as deen éischte Betrib gerullt. Dogéint sin d'Preparatioune vun dësem Débat 1995 ugefaange gin.

Erënnere wëll ech och, dass virdrun hei zu Lëtzebuerg vu privater an och öffentlecher Säit scho Propositiounen a Projetën, och iwwer d'Finanzéierung, virgeluegt goufen, hei awer am Bericht nët berücksichtegt gi sin.

Wann et stëmmt, wéi am Bericht steet, dass fréier Stied an Diirfer sech ëmmer ëm eng Verkéiersachs, Strooss oder Eisebunn, mä oft Waasserwee entwéckelt hun, an doduerch eng bestëmmte Situatioun festgeluegt gouf, esou muss awer och hei gesot gin, dass d'Entwécklung vum individuelle Verkéier, dem Auto, op alle Gebitter vun der Politik nët virausgesinn a schlecht begleet gouf.

Et muss gesot gin, dass d'Entwécklung an d'Ausbredung vun eise Stied an Diirfer méi oft individuellen Interessen a politesche Machtverhältnisser Rechnung gedroen huet, as wéi engem iwwerluegten, mënschegerechten Entwécklungsplang.

Ech kann also nët dermat d'accord sin, an de Rapport gët nun emol deen Uschäin, dass den heitege Chaos op deem Gebitt naturbedingt an nët ze verhënnere gewiescht wir. Dëse Chaos, an dës Situatioun goufen duerch eng falsch Politik an der Vergaangenheet verursaacht.

Och dem gesellschaftleche Problem, deen duerch den individuellen Autoverkéier am Beräich Ëmwelt an Onfäll, also Gesondheet a Käschte geschafe gouf, hätt kënnen a misse vun eise politesche Responsable fréizäiteg entgéint gesteiert gin.

Sécher as d'Liewensqualitéit vun enger Stad oder vun enger Géigend, engem Land, ganz vill ofhängeg vum Fonktionnement, vum Transport a vun der Beweeglechkeet vun de Leit, mä nët nëmmen dovunner. Zu enger gudder Liewensqualitéit gehéiert virun allem eng gesond Ekonomie, also d'Méiglechkeet, fir séng Kuuscht ze verdéngen a vläicht och nach eppes fir drop.

Déi heiteg Wirtschaft am internationalen Emfeld brauch nun emol gutt verkéierstechnesch Konditiounen.

Och déi demographesch Entwécklung, d'Zouhuele vun den Awunner am Land, d'Zouhuele vun den Aarbechtsplazen a vun de Grenzgänger, also och déi heiteg Situatioun as nët noutgedrongen oder gottgewollt entstanen, mä duerch dagdeeglech Entschedungen oder Vernoléissegunge vun de Politiker.

Och de Vertrieder vun der Regirungspartei huet hei zougin, dass et Feler gouf an der Landesplanung an der Vergaangenheet, an dass déi nët däerfe widderholl gin.

Zum Auto- a Stroossennetz wëll ech dat heiten nach soen.

Am Rapport gët den Androck erwächt, dass nëmmen ausschliisslech eng onophaltbar international Entwécklung fir de Stau op de Stroosse responsabel as. Dass deem nët esou as, as evident, an as och schon hei am Haus gesot gin.

De Rapport hält da fest, dass am Secteur vum öffentlechen Transport haut 12.000 Leit schaffen. Dass et do grouss Ennerscheder tëschent den Aarbechtsbedingunge vun de Leit aus dem private Beräich zu hire Kollegen aus dem öffentleche Beräich gët, brauch nët nach eng Kéier erkläert ze gin. De Problem as, dass den öffentleche Service aus villerlee Grënn nët interessant as fir de Verbraucher.

Hei musse sech d'Politiker d'Fro gefale loossen, firwat dass si et nët fäerdegbruecht hun, en attraktiven öffentlechen Transport opzebauen.

D'Personal vun Eisebunn a städteschen Autobussen as jiddefalls nët dru schold, hir Betriber nët effikass schaffen, nët genuch Succès beim Client hun an zevill Suë kaschten.

Et as richteg, dass de Problem iwwer d'Haaptstad eraus iwwer d'ganzt Land an och an d'Grenzregioun eraus ugaange gët, sou wéi dat am Rapport versicht gët.

Zum Pilotprojet, wat de Rapporteur och ugeschwat huet, as vläicht ze soen, et misst virun allem am Zentrum ugefaange gin. Op alle Fall d'Gare an d'Stad mussen drop virbereet gin, ier vu baussen eran Leit en masse erbäigefouert gin.

D'Reorganisatioun vun de Bus-Servicer an d'Verbesserung vun de Servicer bei der Eisebunn sin en noutwendege Schrëtt an déi richteg Richtung. Mä dës Iwwerleunge koume spéit, an ech denken, dass d'Zouhuele vun de Passagéier bis elo éischter op de Stau op der Strooss am Auto als wéi op d'Attraktivitéit vum öffentleche Verkéiersmëttel zréckzeféieren as.

Mir si mat der Regirung eens, wa si an der Regirungserklärung vun 1994 seet, den öffentlechen Transport muss gefördert gin. Mä d'Etüd Luxtraffic bestätegt eng Rei Schwaachpunkte vun där heiteger Offer: - an de Spëtzestonnen onzoumuttbar Iwwerfëllung, - d'Angscht, fir déi richteg Transportpolitik unzepaken, - keng Koordinatioun tëschent dene verschiddenen Netzer a Bedreiwer, - nët genuch Efforen, fir d'Rentabilitéit ze verbesseren, - vu Marketing, besonnesch iwwer de " service au client ", nët ze schwätzen.

Ech hun dës Schwaachpunkten nëmmen opgezielt, well si de Wee weisen, deen ee muss aschloen. D'Konklusioun, déi ze zéien as, heescht, et musse grondlegend Ännerungen ënnerholl gin, et geet nët duer, um heitege Problem erëmzebastelen. Dës Konklusioun steet an der Etüd an as dee Beweis vum Feelverhalen aus der Vergaangenheet.

Nët averstane sin ech mat der Ausso vun der Etüd, e Métro urbain wär ze deier an nët rentabel. Et leie Projetë vu privater Initiativ vir, fir de Géigendeel ze beweisen.

D'Riednerin vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Problemer vun deem heitege Projet vun de Schinnen an der Stad schon opgezielt.

Tramschinnen an der Stad an elektresch Leitungen tëschent den Haiser, si sécher nët déi beschte Léisung.

Wat maache mer zum Beispill mat de Veloën an der Stad? Och wann et kaum e grousse Beruffsverkéier um Velo wäerd gin, sou versichen dach eis Responsabel och dem Velo an der Stad eng Plaz ze gin. An dann hënneren d'Schinnen nun eemol!

Mme Renée Wagener (DÉI GRÉNG).- Hut Dir ons Velospiste scho gekuckt an der Stad?

M. Fernand Greisen (ADR).- Do feelt nach vill!

Mme Anne Brasseur (DP).- Et sin der op d'manst do! An denen anere Gemenge sin iwwerhaapt keng!

(Interruptions diverses)

M. Fernand Greisen (ADR).- En ënnerirdesche Metro an der Stad kënnt, grad esou gutt wéi deen heitege Projet iwwer de Buedem, ausserhalb der Stad fueren an déi Gemenge ronderëm - Stroossen, Bartréng, Hesper, Sandweiler, Walfer bis op Miersch - uschléissen.

D'Iwwerleung, fir op der Gare an am Zentrum vun der Stad unzefänken an da wéi e Spannennetz iwwer d'ganzt Land weider auszebauen, schéngt eis richteg.

Mä firwat onbedingt den Tracé " Rout Bréck ", dat heescht, eng nei Bréck iwwer dee gréisstméiglechen Dall, dee mer hun?

Une voix.- Mir fueren iwwer déi bestehend!

M. Fernand Greisen (ADR).- D'Bréck as also staark genuch. Voilà!

As dat wiirklech déi bescht Léisung, fir dee selwechten Trajet do ze fueren? Sin dozou Variante studéiert gin oder bestin déi Festungsmaueren, déi am leschte Jorhonnert ofgerappt gi sin, nach ëmmer an de Käpp vu verschiddene Leit?

Et kënnt een och op de Kiirchbierg, ouni d'Gewulls vum Trafik duerch d'Stad an iwwer de Lampertsbierg ze schlefen, zum Beispill iwwer Cents, Hamm a Bouneder iwwer Weimeschkiirch, Millebaach, Rolléngergronn, Lampertsbierg, firwat nët Hesper, Izeg an déi westlech Staddeler an där éischter Phas mat virgesinn?

Muss ech un de Stüben-Plang vum Ufank vun dësem Jorhonnert erënneren, deen déi östlech Deler vun der Stad iwwer eng Bréck wollt verbannen?

Si mir schon esou festgefuer an eisen Iwwerleungen, dass nët méi iwwerluegt kënnt gin, fir verschidde Brécken op der Ostsäit - Kiirchbierg, Cents, Clausen - ze bauen?

As et zum Beispill nët méiglech, de Geesseknäppchen a Märel bis op Stroossen besser mat an d'Iwwerleungen eranzezéien?

As den Uschloss vum Erhuelungs- a Sportgebitt op der Kockelscheier, a sin d'Wunngebitter vu Gaasperech genuch berücksichtegt gin?

Wann Dir elo sot, d'Etüden hätte bis elo genuch kascht, da muss ech froen, wéisou déi staatlech offiziell Etüden ëmmer Millioune kaschten, an awer nët méi wäit gesi wéi zum Beispill eng privat Etüd vun der Tram-A.s.b.l., déi fir eng hallef Millioun dat selwecht ausseet.

Et bleiwen also nach weiderhin eng Rei Iwwerleungen ze maachen, an eréischt duerno kann een un déi reng technesch a finanziell Detailer kommen. Dass d'Finanzéierung vum öffentlechen Transport Prioritéit iwwer aner Projetën huet, a méi wichteg as wéi zum Beispill e Pei-Musée, well ech hei besonnesch ervirhiewen.

Dass mat der bishereger Ausriichtung vun der Verkéierspolitik nët weidergefuer ka gin, as klor. Soss si mer geschwënn esou wäit, dass den Automobilist mueres eraus an de Stau fiirt, op der Strooss am Auto, dank den neie Kommunikatiounstechnologien, säin Télétravail erledegt, an dann direkt erëm heemfiirt, wann de Stau sech owes opgeléist huet!

Eng global Konzeptioun vum öffentleche Verkéier huet bis elo gefeelt. Mir begréissen et, dass elo endlech vun der Regirung eppes op dësem Gebitt geschitt, a mir betounen, dass eng Koexistenz vum öffentlechen Transport an individuellen Autoverkéier muss bestoë bleiwen.

Eise Vertrieder an der Transportkommissioun huet d'Motioun mat ënnerschriwwen, déi d'Regirung invitéiert, d'Konklusioune vun der Etüd duerchzesetzen.

M. Henri Grethen (DP).- Do steet och " réservant un rôle important aux CFL " dran.

M. Fernand Greisen (ADR).- Dofir hun ech jo hei nach e puer zousätzlech Erklärunge gin.

Eng integréiert Politik fir Transport a Landesplanung gët am Bericht vun der Kommissioun verlaangt. Dës Ausso as eng verschéinert Emschreiwung vun der vergaangener Handlungsweis vun alle politeschen Instanzen, wou et méi wichteg war, Profit aus Spekulatioun ze zéien oder mat Personalpolitik bei Bus an Eisebunn Muecht fir déi al Parteien ze erhalen, méi wichteg wéi ondankbar, laangfristeg a komplizéiert Problemer unzepaken.

Am Bericht steet: " La demande suivra l'offre. " Ech mengen, dat stëmmt nët ganz. D'Clientë sin nämlech do, et as eng Demande do, mä d'Offer muss dem Bedarf vum Client ugepasst gin. An hei soll eist Beispill vun denen neie Karlsruher Verkéiersbetriber richtungsweisend sin.

Grad wat d'Exploitatioun ubelaangt, verlaange mir, dass verstäärkt an d'Richtung vun enger onofhängeger Organisatioun mat motivéiertem Personal geduecht gët, an emol eng Kéier nët un d'Schafe vun neie Poste fir trei Parteileit.

Vläicht kënnen d'Fachleit aus der Direktioun vun de Karlsruher Betriber grad do e Beispill gin.

Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Als nächste Riedner as den Här François Bausch agedroen.

Här Bausch, Dir huet d'Wuert.

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. 1988 hun déi Gréng sech intensiv mat de Verkéiersproblemer an der Stad an am Groussraum Lëtzebuerg befaasst. Si hu schon deemools versicht, un Hand vu vergläichbare Beispiller a vergläichbare Stied am Ausland, sech Gedanken ze maachen, wat ee kënnt fir de Groussraum Lëtzebuerg proposéieren, fir de Verkéiersproblem an de Grëff ze kréien.

Et war deemools schon erauszefannen, wéi den eigentleche Problem vum Verkéier sech an a ronderëm d'Stad an doriwwer eraus souguer a verschiddenen anere Regiounen, bis erop op Miersch stellt. Et war déi Zäit scho klor, datt de Beruffsverkéier, de sougenannte Pendlerverkéier, den Haaptverursaacher wär vun deem enorme Verkéierschaos, dee sech vun deemools bis haut jo nach weider gesteigert huet.

Haut de Mëtteg as vun enger Riednerin zu dësem Thema gesot gin, verschidde Leit - a si huet op déi Gréng ugespillt - géingen aus dem öffentlechen Transport en Dogma wëlle maachen. Dat as absolut nët de Fall. Zemol mir Gréng handelen an der Regel nët dogmatesch, mir si jhust aus de Chifferen an aus enger Rei rezente Beispiller eraus, wat fir Léisungsvirschléi an anere Stied am Ausland elo scho probéiert gi sin, zur Konklusioun komm, datt dat gëegentst Mëttel, fir de sougenannte Beruffspendlerverkéier aus der Stad ewechzekréien, de qualitativen Ausbau vum öffentlechen Transport wär.

Ech fannen et an deem Sënn bedauerlech, datt et an dene leschte Wochen esou agerass as, datt dene Gréngen, wann ee sech nët méi wëllt mat hiren Iddiën ausernanersetzen, dauernd allméiglech Saachen ënnerstallt gin, an datt se verschrië gin als Dogmatiker oder als gréng Mullahën.

Ech mengen, d'Leit dobaussen, déi eis Positiounen an dene leschten 10 Jor verfollegt hun, konnten a kënnen och haut nach feststellen, datt mir weder Dogmatiker nach soss eppes sin. Ech hun dat scho méi wéi eng Kéier op dëser Tribün gesot. Ech selwer hun en Auto a fueren och Auto. Déi Gréng sin nët allgemeng der Menung, et soll een den Auto verbidden. Mir si jhust der Iwwerzegung, dass een den Auto do soll asetzen, wou et sënnvoll as. Nët sënnvoll as et eiser Menung no, fir den Auto ze benotzen, fir mueres ëm 6.30 oder ëm 7.00 Auer zu Miersch fortzefueren an an d'Stad schaffen ze kommen, den Auto 10 Stonnen do stoen ze loossen an owes erëm dermat heemzefueren, wann ee weess, dass een déi Mobilitéit, déi do erfuerdert as, vill besser kënnt regele mat öffentleche Verkéiersmëttelen.

Aus denen Uraache si mir schon 1988 der Iwwerzegung gewiescht, dass déi Ustrengungen, déi zu deem Zäitpunkt gemaacht gi sin, zum Beispill vun der Gemeng Lëtzebuerg, fir den AVL ze verbesseren - wéi den Här Brändli op Lëtzebuerg bestallt gi war an och eng Etüd gemaacht huet - zwar gutt wären, mä dass dat à la longue mat Sécherheet nët géing duergoen an dass ee misst en qualitative Spronk maachen am Ausbau vum öffentleche Verkéier. Mir waren zwar déi Zäit schon der Menung, dass dat nët eleng de Rôle vun der Stad Lëtzebuerg wär, mä dass virun allem de Stat an och aner Gemenge gefuerdert wären, fir esou e qualitative Spronk ze realiséieren.

Aus denen Ursaachen hu mer eis schon 1988 intensiv befaasst mat dem sougenannte Karlsruher Modell, an nët - wéi virdrun hei behaapt gin as - mat engem Tram separat fir d'Stad. Dee Modell war déi Zäit schon an der Aarbecht, an dofir hu mer eis dermat befaasst. Mir hu kuurz duerno gemengt, dass en ähnleche Modell wéi dee Karlsruher Modell fir Lëtzebuerg kënnt déi gëegent Form sin, fir dee qualitative Spronk ze maachen.

Ech wëll derbäi soen, dass d'Geschicht hei e bëssche mam Briecheise forcéiert gin as, an dass an anere Leit hire Käpp déi Zäit awer aner Saache geschwieft hun. Ech wëll drun erënneren, dass den deemolegen

Transportminister duerch d'Land gelaf as a sündhaft deier Prestige- Metroprojetën op Stelze versicht huet ze promovéieren.

Et soll elo keen hei soen, déi Projetë wären deemools nëmmen an d'Diskussioun lancéiert gi wéi anerer. Ech kann Iech soen, déi Zäit sin hei grouss Pressekonferenzen organiséiert gi mat verschiddene private Firmen, wou den deemolege Minister dobäi war. Dat as deemools als grousse Léisungsvirschlag promovéiert gin, fir d'Verkéiersproblemer an der Stad. Et mag sin, dass deen deemolegen Transportminister sech verblende gelooss huet vun enger gutt organiséierter privater Firma, déi hei wollt Lëtzebuerg e milliardendeiere Projet opschwätzen, mä zumindest war et esou, dass den deemolegen Transportminister eis éischter belächelt huet mat eiser Iddi, fir an d'Richtung ze goe vum Bahnhybrid a gemengt huet, hie misst déi Metrosinitiativ weider forcéiert zur Diskussioun an d'Öffentlechkeet erabréngen.

Kuerz duerno hu sech eng Rei aner Initiative gegrënnt. Ech wëll nëmmen erwähnen, dass dun eng Tram-A.s.b.l. entstanen as, déi an enker Zesummenaarbecht mam Mouvement écologique eng ganz gutt Viraarbecht geleescht huet, an ënnert anerem 1991 dat Gutachte vum Här Knoflacher présentéiert huet, woubäi ech zwar nët averstane si mat deem wat virdrun hei gesot gin as, dass dat Gutachten duergaange wir an hätt kënnen dat ersetze vun Analysen, déi duerno gemaacht gi sin vum Büro Luxtraffic. Dat war souwisou nët den Objektiv vun deem Gutachten, well do si jo beschränkte Moyenën ugewant gi fir dat ze erstellen. Et as jhust versicht gin opzestellen, wat fir eng Méiglechkete fir Lëtzebuerg adequat wiren. Och den Här Knoflacher huet nët en Tram separat fir d'Stad als beschte Léisung a sénge Konklusioune proposéiert, mä éischter eppes an der Richtung vum Karlsruher Modell, mat ausgebaute Strecken a Richtung Westsäit, bis erop op Mamer asw.

Dun as, wéi d'Mme Brasseur dat richteg hei gesot huet, 1990 dee Luxtraffic- Büro an d'Liewe geruff gin. Et as eng Initiativ, déi richtegerweis geholl gin as vun der Stad Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Transportministère. Mä ech wëll awer och dobäisoen, dass jiddefalls laut deem wat den deemolegen Transportminister ausgesot huet, mer dovun iwwerzeegt sin, dass hien a séngem Hannerkapp nach ëmmer geduecht huet, dass sech vläicht bei där Etüd kënnt erausstellen, dass déi Metrosprojetën awer eppes Interessantes kënnte sin, well zumindest huet den deemolege Minister dat nach zimlech offensiv mat verteidegt.

Wann ech da kucke wat fir eng Konklusiounen, datt schon 1993 eng éischte Kéier gezu gi si vun deem Luxtraffic-Büro, da stellen ech zumindest fest, datt déi Konklusiounen, esou gutt wat d'Analys ubelaangt, wou de Verkéier hirkënnt, wou de Problem sech stellt, wéi och dat wat proposéiert gët als Léisungsvirschlag, sech zimlech mat deem deckt wat mir als Gréng Enn den 80er Joren och scho versicht hun an d'Diskussioun ze bréngen.

Fir wat hun ech deen Historik hei nach eng Kéier gemaacht? Engersäits fir emol d'Geschicht e bësse méi an d'richtegt Liicht ze setzen, mä awer nët nëmmen well ech hei wëll soen. Dank dene Gréngen as déi Iddi an d'Diskussioun komm, mä well ech wëll opweisen, dass, wa mer eis déi Zäit scho mat seriöse Projetën ausenanergesat hätte wéi déi, déi mer haut hei diskutéieren, dann hätte mer nët eng immens wäertvoll Zäit verluer vun 1989 bis haut. Mir hätte mat Sécherheet eng ganz Rei konkret Schrëtt scho méi fréi kënnten huelen, an da géinge mer haut vläicht mierke wéi wichteg a wéi interessant esou e Gesamtprojet kënnt sin, fir zum Beispill eng Alternativ ze bidde fir d'Verkéiersproblemer am Uelzéchtdall an de Grëff ze kréien, an dann hättewaarscheinlech och anescht diskutéiert iwwer de Projet vun där sougenannter Zentrumsstrooss vu Miersch op de Kiirchbierg, déi jo elo irgendwann eng Kéier hei an der Châmber soll décidéiert gin.

Fir eis als Gréng as et op alle Fall klor, datt, wéi d'Regirung Enn 1995 definitiv décidéiert huet, fir dëse Projet ze realiséieren, a well d'Châmber haut jo an enger Motioun scho méi konkret Richtunge festleet, datt mat denen doten Décisioune fir eis waarscheinlech ee vun dene wichtegsten Infrastrukturprojetë vum kommende Jorzéngt fir Lëtzebuerg wäerd realiséiert gin.

Dat soen ech nët nëmme well ech der Iwwerzegung sin, datt dëse Projet wichteg as fir d'Verkéiersproblemer an de Grëff ze kréien, mä och well ech der Iwwerzegung sin, dass mer hei e Projet diskutéieren, deen an engem gewëssene Sënn och e soziale Charakter huet.

Et as scho vun engem Virriedner hei kuurz erwähnt gin. Ech wëll awer nach eng Kéier soen, dass mer vill zevill oft verkennen, datt wa mer zum Beispill Milliarden an de Stroossebau investéieren, datt dat Milliarde Steiergelder sin, wouvun een Deel vun der Bevölkerung mat Sécherheet ausgeschloss as, nämlech déi, déi entweder keen Auto hun oder eler Leit, déi nët méi kënne mam Auto fueren oder Angscht hu mam Auto ze fueren, oder awer och jonk Leit. Dee Prozentsaz as bei wäitem méi héich, wéi dat oft gemengt gët. Dat mécht 1/3 vun der Bevölkerung.

Op alle Fall as et esou, dass vun dene Milliarden, déi mer investéieren an dëse Projet, all Mënsch kann dovu profitéieren, an nët nëmmen déi, déi d'Moyenën oder d'Méiglechkeet hu fir mat engem Auto kënnen ze fueren. Dat schéngt mir zumindest eng Dimensioun ze sin, déi een emol misst méi verstäerkt an d'Diskussioun erabréngen, wann iwwer Stroossen- oder Transportproblemer am allgemengen hei am Land diskutéiert gët.

Ech wëll nët méi weider op déi eenzel Detailer agoen, déi am Rapport vum Rapporter Marc Zanussi stin. Mir fannen dee Rapport u sech insgesamt ganz gutt. Mir kënnen och de Gros vun dene Saachen droen, ausser mat enger Reserv natiirlech par rapport zu där noutwendeger, beschriwwener Zentrumsstrooss vu Miersch op de Kiirchbierg, déi och drasteet, wou mer natiirlech nët domat averstane sin. Dat as näischt Neits. Fir de Rescht fanne mer awer dee Rapport ganz gutt an ech hun och an der Kommissioun dofir gestëmmt.

Ech wëll jhust haut un Hand vun 11 Punkten eng ganz Rei konkret Saache mat an d'Diskussioun werfen, wou ech mengen, dass se wichteg sin, wa mer elo an déi méi konkret Phas vum Projet Bus-Tram-Bunn 2002 eragin.

Den éischte Punkt as dee vum Zäitplang. Ech fannen et begréissenswäert, datt d'Regirung deen Zäitplang, dee virgeschloë gi war vum Luxtraffic-Büro, erofgesat huet, well dat war fir mech ee vun de Schwaachpunkten an der Etüd. Deen Zäitplang war fir méng Begrëffer vill ze laang, mä dat hat natiirlech och mat Urssachen ze di par raport zu Saachen, déi zum Beispill de Luxtraffic-Büro proposéiert huet, déi elo awer nët méi zréckbehale gi sin, wat ech och gutt fannen. Dozou gehéiert ënnert anerem déi Geschicht, fir eng zwet Rout Bréck zebauen. Dozou gehéieren awer och esou Saachen, dat do proposéiert gi war, fir e Gefier mat véier Stroumaarte fueren ze loossen, wat et eigentlech iwwerhaapt nach nët gët, wat als Prototyp misst gebaut gin. All déi Saachen hu mat Sécherheet dozou bäigedroen, dass do esou en iwwerdriwwe laangen Délai proposéiert gi war.

Mir hoffen, dass d'Regirung versicht alles drunzesetzen, fir datt deen Zäitplang 2002, wou dann déi eigentlech regional Tram-Bunn-Linn soll wierklech fueren, kann agehale gin. Mir fannen et virun allem wg, well déi Réckgratlinn vum Zentrum op de Kiirchbierg, wat jo den eigentleche Schwaachpunkt as de Moment vun eisem öffentlechen Transport, bis dohinner soll fueren.

Eng zweet Saach wiren eng ganz Rei kuurzfristeg Verbesserungen, déi elo scho solle gemaacht gin, dat heescht, ier deen eigentleche Projet Bahnhybrid ugepaakt gët. Dozou zielen ech virun allem eng weider Erhéijung vum Taktverkéier um Eisebunnsnetz, virun allem an de Spëtzestonnen, an och eventuell verschidden zousätzlech weider Halten. Ech denken do virun allem un déi Streck wou ech weess, datt dat och technesch méiglech as ze realiséieren, nämlech d'Nordstreck, déi nët esou belaascht as wéi zum Beispill d'Streck op Betebuerg-Esch.

Weider misst kuurzfristeg dofir gesuergt gin, datt eng verbessert Signalisatiounstechnik op den Eisebunnsréseau kënnt, fir datt a méi kuurzen Espacë ka gefuer gin, fir datt och méi Arrêtë kënne geschaaft gin. Dat géing dozou féieren, datt d'Produktivitéit vun denen eenzelne Strecke kënnt erhéicht gin.

Den drëtte Punkt as dee vun der Pilotlinn. Ech fannen et gutt, dass deen och an der Motioun vun der Châmber enthalen as. Déi Pilotlinn soll ab d'Jor 2000 a Betrib sin. An der Châmbersmotioun hu mer eis nët festgeluegt wat fir eng Streck dass dat soll sin.

Mir mengen als Gréng awer, dass et ugesiichts vun der Problematik, wéi mer se haut am Uelzéchtdall kennen, virun allem d'Streck Ettelbréck-Lëtzebuerg soll erausgesicht gin, fir déi Pilotlinn anzeféieren. Dat géing mat Sécherheet dozou féieren, dass d'Ugebuet sech do an denen nächste Jore géing ganz rapid verbesseren a vill kënnt zu der Entlaaschtung vum Verkéier am Uelzéchtdall bäidroen. Dat as vun eiser Säit jiddefalls eng konkret Uregung, fir dass déi Streck do soll zréckbehale gin.

E véierte Punkt as dee vum Fuhrmaterial. Et as schon hei gesot gin an och an der Kommissioun waren d'Vertrieder vun den CFL an och vun de

Gewerkschaften der Menung, dass d'Eisbunn haut schon um Enn vun hire Kapazitéiten as. Dat heescht, hire Matériel roulant as total ausgelaascht an d'Kadenze vun den Zich kënnen nët méi erhéicht gin, ausser wann d'Eisebunn en mesure gesat gët, fir esou séier wéi méiglech neit Fuhrmaterial anzekafen.

Vü datt den Taktverkéier soll an de Spëtzestonne verbessert gin, wir et awer wichteg, datt dat esou séier wéi méiglech realiséiert kënnt gin, wou een an enger éischter Phas géing versichen, d'Eisebunn en mesure ze setzen, datt se Material ka léine bei auslännesche Réseauën, an dann awer zu gläicher Zäit relativ schnell d'Décisiounen ze huelen, fir dass kënnen där Hybridween ugeschaaft gin, déi dann och herno kënnte benotzt gin, fir op där Pilotlinn ze fueren.

E fënnefte Punkt as d'Analys vum Ausbau vum Netz, wou den Tram régional herno soll fueren. Mir kënnen total averstane si mat deem wat elo an enger éischter Phas geplangt as. Mir mengen awer, dass et op alle Fall falsch as ze soen, mir realiséieren déi elo emol, an dann eréischt, wann dat fäerdeg as, fänke mer un eis Gedanken ze maachen iwwer déi zweet Phas, déi jo ugedeit gët an déi géing dora bestoen, fir a Richtung vu Klengbetten eventuell eng Kéier en Ausbau ze maachen. Virun allem wir dat nët gutt, well mer jo do dee Problem hu vun där verschiddener Stroumaart, déi mer op där Streck hun. Do gët mat 3.000 Volt Gläichstroum gefuer, op denen anere Strecke 25.000 Volt Wiesselstroum. Dofir wir et wierklech wichteg, dass währenddeem wou déi éischt Stuf realiséiert gët, mindestens sech och eng ganz Rei Gedanke gemaacht gët iwwer de weideren Ausbau vun der Streck, fir datt herno nët do Décisioune geholl gi wären, déi eis op mol géinge Steng an de Wee leë wa mer wierklech wëllten ausbauen.

E sechste Punkt, dee scho vill diskutéiert gin as an zu vill Polemik Ulass gin huet, och am Kader vum Hearing hei an der Châmber, as dee vun der Finanzéierung.

Mir maachen eis do näischt vir. Wat den Opbau vun deem Réseau an och déi éischt Acquisitiounen ugeet, si mer der Iwwerzegung, dass dat nëmme kann iwwer de Staatsbudget finanzéiert gin. Et as jo och e Finanzement wou d'ganzt Land dovunner profitéiert, dee wichteg as fir d'ganzt Land, an dofir schéngt et eis evident, dass dat iwwer de Staatsbudget soll finanzéiert gin.

Iwwer de weideren Aspekt vun der Exploitatioun kommen ech zu engem spéidere Moment nach ze schwätzen.

Ech wëll emol eng Kéier, onofhängeg vum Fait, datt de Rapporter hei schon emol déi Chifferen all berichtegt huet, déi an der Öffentlechkeet gegeeschtert sin, déi Onzomme vu Milliarden, déi eigentlech iwwerhaapt nët méi stëmmen ugesiichts vun deem wat elo geplangt as, awer och emol eng Kéier dee Chiffer, deen elo am Raum steet, en rapport setzen zu deem wat mer zum Beispill eigentlech ausgi fir de Stroossebau.

Mir kruten de Moiën an der Finanzkommissioun vum Budgetsminister de Plan pluriannuel vun der Regirung. Do sin all déi grouss Investissementer dran enthale vum Jor 1996 bis d'Jor 2000. Dee Chiffer beleeft sech op 110 Milliarde Frang. Dovunner sin eleng 27,95 Milliarde fir de Stroossebau virgesinn. Dat as ongeféier 1/3.

Deemgéintiwwer stin 8,7 Milliarde fir d'Eisebunn, d'Loft- an d'Schëffaart zesummen. Vun denen 8,7 Milliarde sin da ganz genau 7,3 Milliarde fir den Ausbau vun der Eisebunn.

Dës Zuele fir déi nächst 4 Jor schwätzen eng däitlech Sprooch wou nach ëmmer déi eigentlech Prioritéiten hei zu Lëtzebuerg an der Transportpolitik leien.

A wann ech dann nach derbäizielen, dass mer op den 1. Januar 1995 mer schon 121 km Autobunn hei am Land haten, da muss ee sech d'Fro stellen, wivill Milliarde Frang an dene leschte Jore souwisou schon an de Stroossebau gefloss sin, an dass dat a kengem Rapport steet zu deem wat an den öffentlechen Transport investéiert gin as.

Ech mengen, dass dës Zuele wichteg sin an dass déi Leit sech déi emol sollen an d'Stammbuch schreiwen, déi behaapten, dass déi Investissementer fir de Projet Bus-Tram-Bunn d'Allgemengheet ze deier géife kaschten an de Rentabilitéitskritär dovunner a Fro stellen.

E siwente Punkt, deen och hei schon ugeschnidde gin as, as dee vun der Verantwortung vun de Gemengen.

Et gët verschidde Gemengen, déi an dene leschte Joren Effore gemaacht hun, fir zum Beispill de Busdéngscht auszebauen. Dat as begréissenswäert, mä global kann een awer soen, dass et haut nach ëmmer esou as, dass d'Gemeng Lëtzebuerg an doniewent nach eng Rei Südgemengen, déi am TICE sin, quasi eleng als Gemengen Effore maachen, fir den öffentlechen Transport hei am Land ze ënnerhalen an och auszebauen.

Ech mengen, dat misst an Zukunft änneren, well et muss dach wiirklech eng normal Saach gin, dass all Gemeng hei am Land sech Gedanke mécht, wéi déi Leit, déi an hirer Gemeng wunnen, méi sënnvoll op hir Aarbechtsplaze kommen, wéi datt se mueres den Auto huele fir dohin an owes nees fir zréck.

Dofir gin engersäits organisatoresch Effore verlaangt vun all Gemengen hei am Land, mä anersäits och finanzieller. Virun allem déi finanzstaark Gemengen, déi am Zentrum a ronderëm d'Gemeng Lëtzebuerg leien...

(Interruptions diverses)

Den Här Theis huet de Fanger direkt ausgestreckt, well hien an esou enger Gemeng Buurgermeeschter as. Ech hoffen, dass d'Gemeng Hesper herno och esou séier bereet as, fir finanziell matzemaachen.

Une voix.- An Nidderaanwen!

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Nidderaanwen selbstverständlech och, mä et sin nach anerer derbäi!

(Interruptions diverses)

Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre des Transports.- Här Bausch, loosst Iech nët duercherneebréngen!

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Sou séier loossen ech mech nët duercherneebréngen!

Wéi gesot, ech hoffen, dass virun allem déi finanzstaark Gemenge ronderëm d'Stad an am Zentrum an Zukunft hir Responsabilitéit wäerten huelen, an dass d'Gemengeconseillerën déi néideg Décisiounen huelen. Ech hoffen och, dass an dene Gemengeréit an den nächste Méint emol Diskussioune ronderëm dëse Projet stattfannen. Et as nët nëmme wichteg, déi Diskussioun hei an der Châmber ze féieren. Den Interessen an d'Bereetschaft, fir sech un dësem Projet ze bedelegen, weist sech och en fonctioun vun deem, wéi déi eenzel Gemengeréit bereet sin doriwwer ze diskutéieren. An den nächste Méint wäerd dat sech jo erausstellen.

En aachte Punkt as dee vun der Bedreiwergesellschaft.

Mir kënnen eis als gréng Fraktioun d'accord erkläre mat deem zwete Modell, dee vum Rapporteur am Rapport proposéiert gët. Mir fannen, dass dat eng gutt Léisung wär. Ech kommen awer nët derlaanscht, well hei an op anere Plaze vill Saache gezielt gin, déi einfach esou nët stëmmen, fir e puer Wuert ze verléieren iwwer den zukünftege Rôle vun der CFL bei dësem ganze Projet.

Ech hun et schon an der Kommissioun gesot, ech géing déi Leit bewonneren, déi sech der Illusioun higin, dass een zum Beispill irgendee private Promoteur géif fannen, dee bereet wär, dat Netz ze bedreiwen. Mir brauchen eis näischt virzemaachen. Dee ganze Projet huet vollekswirtschaftlech en enorm groussen Notzen, mä betriibswirtschaftlech werft e mat Sécherheet, zumindest nët kuurz- a mëttelfristeg Bënëfisser of. Ech gesinn dofir kee private Promoteur, deen sech mat zwee Féiss géif dra geheien, fir dat ze bedreiwen.

En zwete Punkt as, dass ech kee gesinn, deen den néidegen Know-how hätt, fir dee schinnegebonnene Verkéier esou kuurzfristeg ze maachen. Et geet jo drëm, fir elo schnell Décisiounen ze huelen. Wa mer gären hätten, dass am Jor 2002 déi éischt Linn soll fueren, da kënne mer nët nach 5 bis 10 Jor waarden, fir een ze fannen, dee bereet as - an och den néidegen Know-how huet - fir dat ze maachen. Do gesinn ech, éierlech gesot, kaum en anere wéi dee Betrib, deen hei zu Lëtzebuerg schon zënter Jorzéngten de

schinnegebonnene Verkéier bedreift, nämlech d'CFL, fir dat ze maachen.

Ech sin der Iwwerzegung, wa mer aus irgendengem obskure politesche Grond en anere Wee géife versichen anzeschloen, dass mer dann d'Saach onnéideg verkomplizéieren, wat mat Sécherheet nët derzou géif bäidroen, fir de Projet schnellstméiglech op d'Schinnen ze setzen.

Ech verstin och, éierlech gesot, déi Opregung an deem Zesummenhank nët. Et gët direkt den Däiwel un d'Wand gemoolt, dat géing eng Käschtenexplosioun gin, wann een der Eisebunn dat géif gin. Et gët vun de Lounkäschten a vun den Aarbechtsbedingunge geschwat, déi do bestin. Ech gin dervun aus, dass d'Leit dermat averstane sin, dass mer mussen an d'Richtung goen, fir am privaten Autobusverkéier eng Kéier d'Aarbechtskonditiounen ze verbesseren an ze hiewen, an nët, dass mer de Contraire maachen, dass mer se do, wou se de Moment sënnvoll a gutt sin, verschlechteren. Mir musse mat zwee Féiss um Buedem stoë bleiwen an d'Saach esou gesinn, wéi se as, nämlech dass d'Lounkäschten, déi do ufalen, nët an deem Mooss explo

 

 

déiere wäerten, ob mer elo d'Eisebunn dat fuere loossen oder nët.

Wann een natiirlech drun denkt, fir wiirklech an ichtung ze goen, wéi dat a verschiddene Leit hire Käpp virschwieft, fir an Zukunft alles an dëser Gesellschaft esou extrem no ënnen ze liberaliséieren, haaptsächlech am soziale Beräich, dann as et eis deementspriechend och egal, wat d'Leit nach verdéngen, egal wou se schaffen. D'Haaptsaach as, mir kréien dat, wat mir gären hätten.

Dat as op jidde Fall nët d'Menung vun dene Gréngen. Mir sin der Iwwerzegung, datt deen dote Problem un d'Wand beschwuer gët aus anere politeschen Ursaachen. Dofir menge mir och ganz klor, egal wéi déi eigentlech Bedreiwergesellschaft sech wäerd zesummesetzen, dass d'Gemeng Lëtzebuerg irgendwéi muss mat dra vertruede sin a muss kënne matschwätzen, mä datt déi eigentlech Gestioun an d'Exploitatioun vum Réseau nëmme kënne vun der CFL selwer gemaacht gin.

Ech wëll an deem Zesummenhank ee Punkt uschneiden, dee ganz wichteg as. En hänkt direkt zesumme mat deem neie Material, wat soll ugeschaaft gin, vun den Atelierë vun der CFL. Zënter Joren as an der Diskussioun, dass d'CFL nei Atelierë brauch, well se haut schon total vereelzt sin an nët méi dem aktuelle Stand vun der Technik ugepasst sin. Et gët schon e Projet vum Ufank vun den 90er Joren. Et as gesot gin, dee Projet misst nach e bësschen adaptéiert gin. Mir mengen awer, dass et elo un der Zäit wir, fir schnellstméiglech d'CFL en mesure ze setzen, datt se kann deen neien Atelier realiséieren, virun allem en vue vun deem neie Material, wat soll ugeschaaft gin, fir datt d'Méiglechkeet besteet, datt dat herno an denen Atelierë ka gewart gin.

Fir dat emol eng Kéier ze bekräftegen, géing ech et wichteg fannen, wann d'Châmber géif an där Fro eng Recommandatioun un d'Regirung maachen. Dofir proposéieren ech nach eng Motioun, wou an de Considérantën dat widderholl gët, wat am Rapport vum Här Zanussi steet zur Etüd Luxtraffic. D'Regirung gët opgefuerdert, fir schnellstméiglech der CFL déi néideg finanziell Moyenën ze gin, fir datt se deen neien Atelier de maintenance ka bauen.

Motion 2

La Chambre des Députés,

- considérant que l'étude Luxtraffic esquisse avec le tram régional y développé une perspective à la fois réaliste et prometteuse pour les citoyens et pour l'économie nationale dans son ensemble;

- considérant que le projet " Bus Tram Bunn 2002 " encadrant la planification d'un système de tram régional est désormais dans sa phase active;

- considérant l'objectif de la mise en place d'une desserte pilote en l'an 2000 nécessitant du nouveau matériel roulant;

- considérant que dans ses conclusions l'étude Luxtraffic suggère la construction d'un nouvel atelier CFL;

- considérant que les ateliers de maintenance du matériel roulant des CFL ne répondent plus aux exigences actuelles et futures;

demande au Gouvernement

- d'accorder aux CFL les moyens financiers nécessaires pour la construction d'un nouvel atelier de maintenance.

(s.) François Bausch, Camille Gira, Robert Garcia, Jean Huss et Renée Wagener.

En néngte Punkt as dee vun der Öffentlechkeetsaarbecht.

Ech gin der Madame Brasseur total recht, wa si seet, dass dat nët sënnvoll as, wat de Moment gemaacht gët, datt den AVL, den TICE an och d'Eisebunn, jidfereen a séngem Eck, séng Publicitéitseffore mécht. Déi Effore sin zwar gutt an et as och wichteg, dass der an dene leschte Jore méi gemaacht gi sin, mä et wär vill méi effikass a sënnvoll, wann am Kader vun engem allgemenge kompakten Image vum gesamten öffentlechen Transport eng Koordinatioun kënnt stattfannen, fir esou gemeinsam Öffentlechkeetscampagnen ze décidéieren. Virun allem muss déi

Öffentlechkeetsaarbecht nach méi offensiv gin.

Ech wrun engem halwe Jor mat der Tram-A.s.b.l. op Saarbrécken gefuer, fir mer dat unzekucken, wat do leeft. Wann ech gesinn, wat fir eng formidabel Öffentlechkeetsaarbecht vun deem Büro gemaacht gouf, schon an der Virphas, ier iwwerhaapt deen éischte Steen aus dem Buedem geholl gin as, da fannen ech dat, wat mir an eisem Budget stoen hun, zum Beispill fir 1997, fir d'Öffentlechkeetsaarbecht fir den öffentlechen Transport insgesamt, vill ze wéineg. Ech sin der Iwwerzegung, dass een dee Montant wesentlech misst an d'Luucht setzen.

An deem Sënn as en Avis vun der Transportkommissioun gemaacht gin, deen ech ganz gutt fannen. Ech hoffen, dass deen och bei den Amendementë berücksichtegt gët, déi vläicht vun der Regirung zum Budget kommen.

Wat kaschten déi momentan Campagnë fir d'Sécherheet op der Strooss, déi ech gutt a sënnvoll fannen, an déi och zimlech professionell gemaacht gi sin? Et wär interessant ze wëssen, wat déi Campagne, déi ronderëm de Gurt gemaacht gin as, géif kaschten. Mat Sécherheet kascht eleng déi Publicitéitscampagne méi wéi dat, wat elo gesamt am Budget steet. Wann dat nët de Fall as, da kann d'Madame Minister mer dat jo herno soen. Et kann een dat nët am Budget erausfannen, mä et wär interessant, fir dat emol eng Kéier matgedeelt ze kréien.

Op alle Fall hoffe mir, dass d'Regirung nach en Amendement mécht an dass dee Poste vun der Öffentlechkeetsaarbecht fir den öffentlechen Transport am Budget fir d'nächst Jor erhéicht gët.

En zéngte Punkt as dee vum Buszoubréngerdéngscht.

Natiirlech spillt de Bus och an Zukunft nach eng wichteg Roll. E spillt virun allem eng wichteg Roll am Kontext vum Zoubrénger zu deem neie System, dee soll geschafe gin. An deem Kontext wär et schon haut wichteg, fir d'Planifikatioun an d'Koordinatioun vun den eenzelne Buslinnen nach ze verbesseren an och d'Offer insgesamt op verschiddene Plazen an d'Luucht ze setzen. Ech hun an der Kommissioun mat Freed vum Responsable vum Ministère, dem Här Groff, héieren, dass déi Saachen an der Diskussioun sin, fir ze kucken, wat ee kuurzfristeg nach ka verbesseren.

En elefte Punkt betrëfft d'Zukunftsvisiounen.

Et gët eng Rei Saachen, déi hei zu Lëtzebuerg nach ni diskutéiert gi sin. Ech wëll se opzielen, fir ze weisen, wat iwwerhaapt alles méiglech as, a wat am Ausland scho praktizéiert gët.

Do gët et zum Beispill d'Ruf- oder d'Sammeltaxiën. Ech war kiirzlech op deem Seminar vum Mouvement écologique, wou e Busmodell virgestallt gin as vun enger Stad aus Däitschland, déi vergläichbar as mat der Stad. Wann ech gesinn, watfir formidabel Initiativen do geholl gi sin, fir de Leit och owes, wou et nët méi sënnvoll as, fir ganz Bussen doruechter fueren ze loossen, nach d'Méiglechkeet ze gin heemzekommen, ouni mam egenen Auto ze fueren, wa se verschidde kulturell Veranstaltungen ze besichen oder op soss Plazen ze goen hun, da stellen ech fest, datt och déi Visiounen eng Kéier méi konkret missten an d'A gefaasst gin.

Dozou gehéiert och, dass den Image insgesamt vum öffentlechen Transport weider soll verbessert gin, andeem derfir gesuergt gët, dass all Arrêtën iwwerdaacht sin. Et hänken nach eng ganz Rei Saachen hannendrun, wou nach kënne weider Effore gemaacht gin.

Et gehéiert derzou, dass ee sech emol misst inspiréieren un der Qualitéit vum Service, deen an anere Länner, wéi zum Beispill an der Schwäiz, gemaacht gët, wou am Beruffsverkéier formidabel Saachen ugebuede gin. Ech war kiirzlech zu Bern. A verschiddene regionalen Zich, déi vun der Distanz hier 20 bis 25 Kilometer eraus fueren, kritt ee mueres souguer Kaffi, Bréidercher an Zeitungen am Zuch ze kafen.

in Initiativen, déi immens wichteg sin, an déi och an Zukunft méi konkret misste mat an esou e Projet wéi deen heiten abezu gin.

Da gët et de Park & Bike. Och un en Ausbau vum Park & Ride-System misst geduecht gin, zwar nët hei an der Stad, mä virun allem a Grenzregioune vun eisem Land. Et misst méi genau analyséiert gin, wat do méiglech as, respektiv herno op Knietpunkte vun deem neie System, deemno wou déi vläicht hikommen.

Ech wëll nach zwee Sätz verléieren, fir dat ze rektifiéieren, wat d'Madame Brasseur hei gesot huet. Ech hu keng Loscht, fir eng Debatt mat hir ze féieren, déi ech éischtens emol schon oft genuch mat hir am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gefouert hun, a wou ech och mengen, datt se an de Stater Gemengerot gehéiert. Do gët jo elo iwwer de Budget diskutéiert, a mir wäerten dat mat Sécherheet zur Sprooch bréngen.

Ech wëll jhust eppes rektifiéieren. D'Madame Brasseur stellt et ëmmer duer, wéi wann déi Gréng géife verlaangen, dass ronderëm d'Stad op den Haaptachse géife Barriäre gesat gin an dass iwwerhaapt keen Auto méi diirft an d'Stad erakommen. Esou eppes hu mir nach ni behaapt. Mir sin zwar nach ëmmer der Iwwerzegung, datt am Stadkär fir d'Verkéiersberouegung am Beräich Foussgängerzon nach vill kënnt gemaacht gin, mä mir sin awer absolut nët der Menung, dass d'Stad muss zougemauert gin an dass keen Auto méi däerf eragelooss gin.

Mir si grad esou iwwerzeegt, dass dat, wat décidéiert gin as, fir dee Parking Monterey ze bauen, onsënneg as, well - dat hun ech och am Gemengerot gesot - eigentlech genuch Parkraum an der Stad besteet. Mir hun d'Glacisplaz, déi vun der Distanz zum eigentlechen Akaafszentrum, zum Kär vun der Stad genau esou wäit ewech läit wéi déi Plaz, wou deen neie sougenannte Parking Monterey soll gebaut gin. De Parking Glacis, et deet mer leed, steet zur Halschent eidel. Et soll kee mer soen, datt hei an der Stad e Manktum u Parkraum do wär. Iwwregens wëll ech derbäi soen, dass de Parking St-Esprit och kaum ganz voll as.

Dofir ware mir der Iwwerzegung, dass déi bal 170 Milliounen, wat dat de Budget vun der Gemeng Lëtzebuerg kascht, méi sënnvoll agesat wären, fir de Parking résidentiel auszebauen, wéi fir esou e Projet, deen insgesamt kee Sënn huet.

Ech wëll nët weider dorobber agoen, well ech déi Diskussioun mat der Madame Brasseur op enger anerer Plaz wéi hei wäerd féieren. Ech hun et awer wichteg fond, fir dat emol eng Kéier ze soen. Et gin ëmmer Saachen hei un d'Wand gemoolt, wat mir géife behaapten, wat an där Form nët stëmmt.

Als Konklusioun wëll ech soen, dass mir bei deem heite Projet - an der Kommissioun konnten d'Leit dat bestätegen - versicht hu vun Ufank u konstruktiv matzeschaffen. Iwwregens wëll ech soen, dass dësen Débat d'orientation op Initiativ vun enger Interpellatioun vu mir vun 1994 lancéiert gin as. Ech hu vun Ufank u gesot, datt et mir drëm géif goen, fir eng eenheetlech Positioun an dësem Parlament zu dësem wichtege Projet ze kréien. Et as mir zu kengem Moment drëm gaangen - an et geet och souwisou dene Gréngen ni dorëm - fir bëlleg Polemik ronderëm dee Projet hei ze bedreiwen. Ech fannen et dofir och begréissenswäert, dass mer dat erreecht hun, dass mer eis an der Motioun zu 99% eens sin. Et as jhust eng Partei, déi mat engem Prozent vun der Motioun Schwiregketen huet, mä déi Responsabilitéit iwwerloossen ech där Partei gär.

Dofir wëlle mir als Gréng an Zukunft weider mathëllefen un deem Projet Bus-Tram-Bunn 2002 ze schaffen, virun allem, fir derfir ze suergen, dass dee Projet nët am Jor 2002 stieche bleift, mä dass en doriwwer eraus weiderentwéckelt gët, fir der hei zu Lëtzebuerg definitiv zu enger ekologescher a sozial sënnvoller Verkéierspolitik fannen.

Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Als leschte Riedner as den Här Jacques-Yves Henckes agedroen.

Här Henckes, Dir hut d'Wuert.

M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Ech wëll nëmme kuurz Stellung huelen, fir e puer prinzipiell Aussoen ze maachen an och fir méi eingehend op d'Motioun selwer anzegoen, notamment iwwer d'Problemer vun der Gestioun an déi finanziell Problemer, déi sech wäerte bei dësem Projet ergin an op wat ee muss oppassen.

Et as esou, dass mir als ADR dofir sin, datt den öffentlechen Transport verbessert gët, mä nët doduerch, datt een den Autosverkéier futti mécht. Ech mengen, et as eng global Alternativ, déi fir d'Leit muss zur Verfügung stoen.

Mir hu gesinn, datt lues a lues an der Stad Lëtzebuerg verschidde Verbesserunge komm sin, notamment wat den Transitverkéier ugeet. Dat heescht, et konnt ee gesinn, datt ronderëm d'Stad Lëtzebuerg an enger Aart Krop eng Strooss gebaut gët, déi ganz vill Transitverkéier opfänke kann an och de Verkéier innerhalb vun der Stad verbessert an deem Sënn, dass se ganz vill Verkéiersaxen entlaascht.

Eng vun de wichtege Saachen, déi awer nach muss gebaut gin an deem Kontext, fir dee Réng an déi Entlaaschtung vun der Stad um Niveau Verkéier komplett ze maachen, as de Bau vun der Nordstrooss. Ech hoffen, datt d'Regirung do ganz rapid mat engem Projet an d'Châmber kënnt, fir datt d'Châmber op deem Gebitt och hir Responsabilitéite kann huelen.

Ee vun de Grënn, woufir mer haut iwwerhaapt iwwer de Bahnhybrid, de regionalen Tram schwätzen, as dee vun der Evolutioun vun der

Urbaniséierung vun der Stad Lëtzebuerg. Et as ganz klor, datt, wann de ganze Bankenzentrum an d'ganz Aktivitéit am Stadkär bliwwe

 

 

wiren, da wir eng Liaisoun tëschent der Gare an dem Stadkär d'Léisung gewiescht.

Mir mussen awer elo, well mer gesinn hun, datt ganz vill Aktivitéiten op de Kiirchbierg verluegt gi sin, natiirlech och dohinner den öffentlechen Transport bréngen.

Mir soë jo zur Dezentraliséierung, mä mir soen awer och grad esou klor neen zum Verspreë vun den Aktivitéiten ekonomescher an administrativer Natur quiesch uechter d'Stad an d'Emgéigend. Well et as ganz klor, datt wann ee verspreet, dann as et obligatoresch, dass ganz vill Entreprisen, ganz vill Leit mussen op den Auto zréckgräifen, well se soss déi Mobilitéit nët hun an déi Kontakter tëschent den Administratiounen oder de Betriber, notamment hei an der Stad Lëtzebuerg, nët kënnen oprecht erhalen.

Et as dat wat ee muss bedenken a wou onser Menung no en Emdenke muss provozéiert gin, och um Niveau vun der Regirung, well dat wat de Fonds d'Urbanisation du Kirchberg verbrach huet, dat geet augenblécklech op keng Kouhaut. Dat as eng total anarchistesch Urbaniséierung, déi do gemaacht gin as, wou d'öffentlech Hand ganz vill muss investéieren, fir där nees Meeschter ze gin.

Mir hu Problemer douewe fir Parkingen zur Verfügung ze stelle fir déi Leit, déi schaffen oder wëllen akafe kommen. Mir mussen och elo en öffentlechen Transport dohinner bréngen. Dat gët alles vun der öffentlecher Hand finanzéiert. Ech mengen, et wir besser gewiescht, wann d'Regirung bei der Urbaniséierung vum Kiirchbierg méi enk mat der Stad Lëtzebuerg zesumme geschafft hätt a wann d'Châmber selwer méi implizéiert gi wir, wann esou wichteg Investissementer gemaacht gin.

Wat d'Stad Lëtzebuerg ugeet, wëll ech ganz klor soen, dass den ADR och fir Parkingen an der Stad as. Mir sin zwar méi kritesch vis-à-vis vum Bau vun engem Parking ënnertntereys-Avenue, mä mir hätten awer grad esou gär gesi wann déi bestehend Parkingen op der Theaterplaz an ënnert dem Knuedler hätte kënnen ausgeweit gin, fir esou ze verhënneren, dass en neien zousätzleche Parking gebaut gi wir. Mä déi Décisioun as gefall a mir kënnen elo nëmme jhust méi d'Situatioun aktéieren.

Wat mer och klor wëlle soen, dat as, dass déi Luxtraffic-Etüd an dee Bahnhybrid, deen elo soll amenagéiert gin, datt mer do wëllen, datt no der Realisatioun vun der éischter Etapp e Bilan gezu gët an dass dann eréischt driwwer diskutéiert gët, ob et iwwerhaapt an déi zweet Etapp soll goen.

Wat d'Trass ugeet, do war et eng gutt Nouvelle wéi mer héieren hun, dass mer nët bräichte bei der Rouder Bréck eng zweet Bréck ze bauen, well wann dat geschitt wir, dat wir vläicht technesch machbar gewiescht, mä vum Ästheteschen hir, wat d'Silhouette vun der Stad ugeet, wir et garantéiert eng total Katastroph gewiescht. A wann ee wëllt e Musée Pei douewe bauen an dann doniewent alles verschandelen duerch eng zousätzlech Bréck, ech mengen, dat wir garantéiert eng schlecht Léisung gewiescht.

(Interruption)

Et gin och schéi Brécken, mä wann der zwou, eng niewent där anerer sin, wou se nët onbedéngt beienaner géinge passen, géing ech soen, dass sech do jiddefalls vum Ästheteschen hir verschidde Problemer gestallt hätten. Ech hun awer och gemierkt, dass d'Architekten oft ganz flott Léisunge virleën, fir esou Problemer ze meeschteren, mä de Fait, dass elo d'Décisioun geholl gin as fir den Tram iwwer d'Bréck ze féieren, schéngt ons awer emol vum ästhetesche Standpunkt aus eng ganz gangbar Léisung ze sin.

Den zwete Problem, deen och scho vun enger Virriednerin hei opgeworf gin as, as de Problem vun der Linneféierung an der Stad selwer, notamment op der Gare. Och do, mengen ech, as et ganz klor, datt nëmmen eng eenzeg Fuerbunn soll virgesi gi fir eng Strooss. Do mussen et ménger Menung no technesch Méiglechkete gin, fir déi Konditioune kënnen ze realiséieren.

(Interruption)

D'Mme Brasseur hat opgeworf, dass ee misst verschidde Bunne reservéiere fir den Autosverkéier a fir d'Entluedung. Dat as eng ganz richteg Bemierkung, mä ech géing awer soen, dass dann och d'logesch Konsequenz déi as, dass een dann op där Plaz nët awer och nach zwou Bunne baut, well soss kann een déi Konditioun nët méi realiséieren.

Wat d'Gestioun ugeet, steet an der Motioun, dass mer sollen den CFL eng wichteg Roll zougestoen. Mir sin domat als ADR d'accord, well mer mengen, datt eng national Struktur hei gefuerdert as, an datt d'CFL, op jidde Fall wat d'Sécherheetsbestëmmungen ugeet, garantéiert déi Institutioun as, déi doran am meeschten Erfarung huet.

Wat elo awer d'Gestioun vun den CFL als solch ugeet an d'Aart a Weis wéi dat ganzt Netz soll geféiert gin, do menge mer, datt awer sollt méi wéi bis elo op privat Initiativ zréckgegraff gin an op privat Strukturen.

Et as och ganz klor, datt dee Projet hei steet a fällt mat der Aart a Weis wéi ën ugepaakt gët, an datt de Choix vun der Direktioun vun den CFL oder vum Projet selwer ganz wichteg as, fir ze kucke wat fir eng Persoun dohinner kënnt. Ons schéngt et inakzeptabel ze sin, dass dat soll e Poste sin, dee vun der Politik ganz staark influenzéiert gët an datt en ausrangéierte Gewerkschaftler oder e Minister sollt esou e Posten iwwerhuelen.

(Interruption)

Ech wëll Iech jhust nëmme soen, dass et hei esou Präzedenzfäll gin, an dass et ëmmer wichteg as, dass een direkt um Ufank seet, wéi een e Projet ka futti maachen. Dofir gët vun onser Säit aus ganz klor gesot wéi mir de Projet gesinn, och wat d'Ausféierung dovunner ugeet. UD Henri Grethen (DP).- Här Henckes, mengt Dir, ech wir domat d'accord, dass Dir géift President gin?

M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Ech wollt dem honorablen Här Grethen soen, datt do normalerweis Décker dohinner kommen an do wir hie jo nawell gutt placéiert!

(Hilarité)

Wat nun de Käschtepunkt ugeet, esou schéngt ën natiirlech wat den Invest ugeet, héich ze sin, mä ons schéngt, datt de Montant awer berechtegt as, an haaptsächlech vü vun der Opdelung, déi mer virgesinn hun. Nach muss ee sech och d'Fro stellen, wéi de Projet ka realiséiert gin.

Ee vun dene Punkten, deen hei am Bericht nët diskutéiert gin as, as deen, wéi een dann nun déi elektresch Leitungen, déi jo néideg sin, fir dass den Tram gefouert gët, un den Haiser ka befestegen. Vum Techneschen aus gesinn as et machbar, mä et as evident, dass dat augenblécklech nëmme kënnt op Basis vun enger fräiwëlleger Initiativ ënnert de Parteie berouen. Dat heescht, op där enger Säit dem Exploitant an op där anerer Säit deem, deen en Haus huet wou dat muss ugemaacht gin. Ech géif soen, dass een do awer riskéiert op ganz vill Widderstänn ze stoussen, an do muss ee sech d'Fro stellen, ob een nët iwwer e Gesetz soll eng Servitude aféieren, grad wéi mer et bei de CEGEDEL-Leitungen hun. Ech wollt déi Suggestioun hei opwerfen, well ech mengen, datt mer soss an der Realisatioun mat ganz ville praktesche Problemer wäerte konfrontéiert gin.

Dat zweet as, datt wann een esou Schinne leet, dann as dat natiirlech och mat relativ importenten Aarbechte verbonnen. Wat wichteg as, dat as, dass mer eng gutt Koordinatioun vun den Aarbechten hun.

Dat wat et nët däerf sin, dat as wéi mer et op verschidde Chantierën an der Stad gesinn, datt déi festgeluegten Délaiën sech herno ëm dat Duebelt oder dat Dräifacht ausweiten. Ech mengen, dat wir eppes, wat sech verhehrend géing auswierken, fir de Verkéier selwer an der Stad an och fir alleguer déi Commercer, déi ënnert esou engem Mangel u Koordinatioun vun den Aarbechten ze leiden hätten.

Dofir géing ech och hei wënschen, dass, wa méi konkret soll an der Châmber iwwer de Projet diskutéiert gin, dass dann awer och d'Regirung ons seet, wéi se d'Aarbechten als solch wëllt koordinéieren, fir datt déi zügeg iwwer d'Bühn kënne goen.

Wat d'Verwaltungskäschten ugeet, déi bien entendu wäerten ufalen, esou schéngt ons déi Iddi vun engem Verbond vu Stat a Gemengen eng ganz gutt Léisung ze sin. Déi Solutioun, déi am Bericht ugedeit gin as, déi seet, dass all Gemeng, déi gär eng Haltestell op hirem Territoire hätt, och fir déi Haltestell soll bezuelen, a wann se der gären e puer hätt, da muss se ebe méi bezuelen, schéngt ons e relativ gudde System ze sin, wat och géing dozou bäidroen, datt verschidde Käschte vum öffentlechen Transport kënnten op méi Gemenge verdeelt gin, an dass si och selwer deen Abléck en Notzen dovunner hätten am Prozentsaz zu deem wou se ën an Usproch huelen.

Wat ons awer och wichteg schéngt, dat as, datt all Effore musse gemaacht gin, fir ze verhënneren, datt mer en neien, zousätzlechen, defizitäre Betrib schafen, datt mer also kucke bei Geleënheet vun der Diskussioun iwwer dëse Programm, datt déi allgemeng Defiziter, déi mer elo an der Stad Lëtzebuerg kennen, beim TICE, bei deem neien Organismus, dee mer elo vläicht schafe mussen, vum öffentlechen Tramsport reduzéiert gin, well op laang Zäit as dat hei fir onst Land nët finanzéierbar.

Ennert der Reserv vun dene Bemierkungen do, konnte mir als ADR déi Motioun, déi vun de Majoritéitsparteië virgeluegt gin as, ënnerschreiwen.

M. le Président.- D'Wuert huet d'Transportministerin, d'Mme Mady Delvaux-Stehres.

Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre des Transports.- Här President. Ech wollt merci soë, fir deen Débat. Ech wëll och merci soë fir déi Ennerstëtzung, déi ech hei aus dem Parlament kréien. Eigentlech sin ech an deem Sënn berouegt, dass keng Fro gestallt gin as mat där mer nët amgaang sin eis de Moment ze beschäftegen. Dat konfirméiert also, dass mer an déi richteg Richtung gin.

Ech kann all déi Froen, déi haut gestallt gi sin, selbstverständlech nët beäntweren, well ech uganks gesot hun, dat sin déi Froë wou mer amgaang sin driwwer ze diskutéieren an déi mer mussen am Laf vun denen nächste Méint an Aarbechtsgruppe mat Techniker, mat Leit, déi déi néideg Experienz hun, diskutéieren, an dass mer dann erëmkommen an dem Parlament déi Erkläerung gin.

Et as eng ganz prezis Fro gestallt gin. Dat as déi, wivill de Käschtepunkt as vun der Campagne vun der Sécurité routière, déi elo amgaang as. Ech wëll d'Parlament informéieren, dass déi Campagne ronn 3,5 Millioune kascht. Dovunner gin 2,5 Millioune vum Transportministère bezuelt. Déi aner Millioun gët vun denen anere Sponsoren opbruecht, déi och ugefouert sin an der Campagne.

Fir e Verglach ze maachen: Mir hun am Budget 1997 fir den Transportministère 7 Millioune stoen, fir Publizitéit fir den öffentlechen Transport. Ech wëll jhust en Anonymen zitéieren aus dem Ministère des Transports, dee fond huet, d'Sécurité routière wir frou wann se esou géif verwinnt gi vum Finanzminister wéi den öffentlechen Transport. Ech wëll soen, och fir d'Sécurité routière musse jo Sensibilisatiounscampagnë gemaacht gin.

Dat war alles wat ech dem Parlament op déi prezis Fro wollt äntweren an ech soen Iech villmools merci fir deen Débat.

M. le Président.- Domadder wire mer um Enn vun eiser Sëtzung vun haut ukomm. Déi nächst Sëtzung as muer Donneschdeg, den 21. November a fänkt um 14.30 Auer un.

D'Sëtzung as opgehuewen.

(Fin de la séance publique à 18.02 heures)

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo

Last update / Dernière mise-à-jour: 4 avril 2001