Ech hun un Hand vun Bing Satellittenbiller d' Strëck fir Openstreetmap probéiert nozevollzéihen: Se goung matzen duerch déi heitëg Garage op der N13 an engem Bou duerch den Rondpoint op der N13 Richtung Helleng-Gare.
Fir d'topographesch Kaart vun 1954 klickt lénks op "Données de base", dann op "Cartes topographiques", dann op "Cartes topographiques historiques" an do op "Carte topographique 1954".
21 Jun 2014 18:36 - 21 Jun 2014 21:12#3197 von charel1604
charel1604 antwortete auf das Thema: Wou ass dëst? Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt
Den Text zur Foto set jo Betebuerg 1930. D'Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt gouf von 1919 -1934 vum PH bedriwen. D'Joer ging also klappen. Den Uniformen no misst et jo eng PH-Streck sin. Wou gouf et dann eng riicht lang Streck déi nët lanscht Strooss gangen ass op där Streck?
Charel
Letzte Änderung: 21 Jun 2014 21:12 von charel1604.
Ech ging vum Gefill hir soen, dat Schmuelspur Stegbreeten vun 10 cm hat, an Normalspur 14 cm haten.
An denen 2 Fall kennt ee mat 10 Schinen op d'Breet vun der Spurwait : 10x10 cm =1 m an 10 x 14 cm = bal 1,435 m
Demno kinnt et eng Schmuelspur oder Normalspurstreck sin.
Dan525354 antwortete auf das Thema: Wou ass dëst? Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt
Salut,
also wann ech mer die Foto do ukucken an die 3 Männer huehlen,déi knapps niewenteen passen an en duerchschnettleche Mann vun déi Zeit tescht 30 an 45cm breed war,dann kann et wuhl kaum eng Normalspurstreck sin;well 3 x 50 = 150cm.
Dann huet en Schinnesteg vun déier Zeit eng duerschnettleche Breed vu 10cm,et leien 10 Schinnen um Lorry,an daat sin 100cm;also gif ech eischter op eng Meterspurstreck tippen.
Et kann natirlech Streck Naerden - Martelange sin;mee daat doen ass méih schwéier erauzefannen,ken Unhaltspunkt,ausser enger langen Geraden;mee bon,losse mer kucken.
15 Jun 2014 19:22 - 16 Jun 2014 13:47#3182 von Louis
Louis erstellte das Thema Wou ass dëst? Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt
Déi Foto mat der PH - Damplok 261 ass ganz klor Stengefort! Villmols merci fir déi Recherchen!
Ech hat och nach folgend Foto um Internet fonnt:
Dieses Bild ist für Gäste verborgen. Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
Mat dësem Text: BETTEMBOURG -Travaux pour la ligne du train 1930 carte photo
Ech huelen dann och un, dat dëst och nët Bëtebuerg, mais eng PH-Streck ass (well d'Eisebunner schingen eng PH - Kapp unzehun, esou wéi op der Foto mat der PH-Lok), fir wat nët d'Attertlinn... Vleicht fënnt och een eraus wou dëst ass?