Photo Elwen?? Geléist!

Mehr
28 Mär 2020 14:30 #5565 von BB3608
BB3608 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Hei "à titre de curiosité" en Ausschnëtt aus dem genannten PSS

Dieser Beitrag enthält einen Anhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Mär 2020 14:16 #5564 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Hallo...
Op der Wasserbelleger Streck goufen virun Joren vill Blocksignaler ( also keng entrée a sortie mee just intermédiares...) aanescht opgestallt...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Mär 2020 21:30 #5563 von BB3608
BB3608 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
OK, waat op jiddefall nët geännert huet par rapport zu haut ass den Oofstand vun der Opstellung vun den Mirliton'en. An engem 1948er Signalbuch stin déi gleich Oofstänn wéi am aktuellen RGE

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Mär 2020 21:16 #5562 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Gudden Owend,
Well d'Biller vun der Führerstandsmatfahrt beim PK 23.000 respektiv 23.050 net op d'Vue vun der Foto passen, ass déi eenzeg Erklärung, datt sengerzäit d'Virsignal vum Blocksignal vu Betzder net op der Platz stoung wou et haut steet, respektiv laut PSS stoung.
Em 1959, 1960 waren iwwregens keng Blocksignaler méi zou Betzder a Betrib (laut LMT 1959 an LMT 1960).
Weider war 1955 d'maximal gefuere Vitesse wuel och méi niddreg wei haut.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Mär 2020 20:47 #5561 von BB3608
BB3608 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Gudden Owend,

ech géing d'Plaatz awer nach eng gudd 250 bis 300 Meter méi Richtung Lëtzebuerg platzéiren aus dem Grond datt d'Mirlitonstafel (3 schief Strëcher) déi een am Hannergrond geseit laut CFL's RGE 250 Meter vum Viirsignal opgestallt ass (1 Strëch 100m, 2 Strëcher 75m vun daer mat 1 Strëch, 3 Strëcher rëm 75m vun daer mat 2 Strëcher). Daat Viirsignal waat hei annoncéiert gëtt ass den "Avancé A" vun der deemoleger Blockstell Betzder, an daat Viirsignal A stung um PK 23.303. Wann ech dann vum PK 23.303 déi 250-300 Meter oofrechnen kommen ech op den PK 23.050-23.000. Dës Distanzinformatiounen sin aus dem PSS (Plan Situation-Signalisation) rausgeholl deen zu engem Deel zur Léisung vum Rätsel beigedroen huet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 21:48 #5560 von Dan802
Dan802 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
hmjo

muss een sech dei ganz vegetatioun wech denken.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 21:23 #5559 von CC1800
CC1800 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Nee Dan, do kann et net sinn. Wat een hei bei där versioun hei um rail.lu net erkennt ass dass riets keen einfachen hiwwel ass, mee dat ass gemauert, grad esou wéi ob der lénker Säit och.
Dat erkennt een am Ed Federmeyer sengem Buch vill besser, do geseit een esuguer en gemauerten Bau!
Et ass ronn 30 Sekonnen no dem weissen Haus wou déi Foto geholl gouf. An zwar einfach vun ob der Säit stoend, eventuell nach eng kleng Leeder. Mee vum 1. Stack wier Perspektiv ganz aanescht.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 20:59 - 26 Mär 2020 21:05 #5558 von Dan802
Dan802 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Bonjuer

Ech mengen rausfonnt ze hun, vu wou dei Foto gemaach gouf.

Kuckt de Video, bei 21min30.

ech mengen dee war an deem wäissen Haus um éichten Stack, an huet vun do aus d'Foto gemaach.

De Bahndamm lenks vun der Streck passt och, als eicht eng Knupp, an dono mei deif roof. Och den Hannergrond riets passt och ,eng flaach Kopp mat kengem Besch. D?Fielsen riets vun der Streck sin warscheinlech zougewuess - schued well domadder keint een definitiv d'Plaatz identifizéiren.
Letzte Änderung: 26 Mär 2020 21:05 von Dan802.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 20:29 - 26 Mär 2020 20:33 #5557 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Hei ass e Link op eng Führerstandsmatfahrt dei op Youtube ass.
Bei der min 22:06, um PK 23,2, erkennt een d'Plaatz guttt.
Letzte Änderung: 26 Mär 2020 20:33 von cc 14100.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 20:14 #5556 von bb3602
bb3602 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
D'Sonn kann een am Hannergrond net gesinn, well d'Schieder vun de Waggonen weise wou se steet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 19:19 #5555 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Moin....
Am Hannergrond gesäit een d'Sonn... Kann also een Zuch sin deen Owes resp am spéiden Nomëtten vun Roodt op Betzdorf fiert ( duerch di vill Kéieren....well vun Betzdorf op Wecker gin et der nit méi sou vill , praktesch nëmmen 2...) oder versa en deen vun Betzdorf op Roodt fier am Laaf vum Moien...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 18:59 #5554 von merni
merni antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Ok merci!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 18:21 - 26 Mär 2020 18:21 #5553 von bb3602
bb3602 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Gudde Mëtteg,

ménger Meenung no ass et hei:
map.geoportail.lu/theme/main?fid=352_1232
Letzte Änderung: 26 Mär 2020 18:21 von bb3602.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 17:51 #5552 von merni
merni antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Villmols merci fir déi Information. Gesinn ech dat richteg, dat de Photograph an der Géigend vum PN 67 zu Ouljen stoung? Op Google Street view gesäit een dat. Wann d'Emstänn et erem erlaben, ginn ech mer dat emol ukucken.
Leider ass elo an der 3. Versioun vum soss ganz gudde Buch iwer d'Vennbahn d`Photo nach emmer dran an dat obschonn ech engem vun den Auteuren eng Mail gemaach hat.
Schéi Gréiss

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mär 2020 13:34 - 26 Mär 2020 17:32 #5551 von bb3602
bb3602 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Gudde Mëtteg,

no Gespréicher mat verschiddene Lokomotivführer a weidere Recherche gesäit et aus, wéi wann déi Foto kënnt um PK 23,2 vun der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg gemaach sinn, dat heescht a Fuerrichtung vum Zuch kuerz hannert dem heutegen Arrêt Betzder.
Letzte Änderung: 26 Mär 2020 17:32 von bb3602.
Folgende Benutzer bedankten sich: BB3608, merni

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
08 Mär 2016 12:05 - 08 Mär 2016 13:00 #4285 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Also fir nach eng Kéier op daat Thema do zereeckzekommen;et kann niemols en Zuch sin,deen do tescht Gouvy an Elwen ennerwee ass.Ech war wéini ze Fouss vun Elwen op Welwerdang getreppelt an dunn hun ech déi Saach do emol genee gudd ugekuckt.Aus dem Elwenter Tunnel eraus Richtung Gouvy geet et an eng Rietskéier an dono kennt eng Riet,déi opmannst baal 800 Meter lang ass an dono kennt d°Lenkskéier Richtung Bellain.Um Retour zereeck op Elwen koum eng 3000er mam Schnellzuch fir op Leeck an ech stung op der Héicht vum Desch mat de Panneauen,deen mer hei op der Foto vum Nico Mercatoris fannen,déi an der Rubrik iwer Streck Elwen - St.Vith hei um Rail.lu ass.
Wann ech d°Foto vum Aschmann mat deer vun haut vergleichen,ass déi Riet op der Foto net esou lang,well an der Vergréisserung vum Jean-Marie ass d°Riet schon beim 11.Won eriwer;an ausserdem ass,wéi mer op der Foto vun haut gesin,geet den Hiwel Richtung Gouvy bis zum Ufank vun der Lenkskéier an um Aschmann senger Foto ass den Hiwel an der Mett vun der Riieter faerdeg an en ass och net esou héich,wéi op der Foto vun haut;well soss waer Streck vleit anescht geluet gin,wann den Hiwel net esou héich gewiecht waer.Wann mer natirlech op der Vergréisserung kucken,da steet jo do eng Ukennegung vun engem Signal;an haner Elwen Richtung Gouvy gouf et kee Signal a Richtung Welwerdang scho guer net.Et ass natirlech net ausgeschloss,daat déi Foto do op enger aner Platz op der Nordstreck gehol gin ass,mee opjidde Fall,eent steet fest,et ass net zu Elwen beim Tunnel Seit Gouvy.Mee wou daat ass,fanne mer schon eraus;a wann et och nemmen duerch Zoufall ass.
Letzte Änderung: 08 Mär 2016 13:00 von Dan525354.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Mär 2015 15:57 #3664 von Gilles
Gilles antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Mëch erënnert déi Foto iergendwéi un d'Waasserbëlleger Streck, ouni awer eng genee Plaaz kënnen ze nennen.

De Schied ass lënks vun de Waggonën, also stet d'Stonn riets. Wann den Zuch vu Wasserbëlleg an Stad fiert, steng d'Sonn (am fréien Nomëtten) am Süden, oder?

Op där Streck sinn d'Bierger och nët esou héich ewéi am Eisleck.

Vleicht sin op Youtube Filmer vun der Streck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Nov 2014 18:38 - 11 Nov 2014 19:54 #3471 von Jos K
Jos K antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Riets ass jo e Mirliton mat 3 Straifen ze gesin, also misst an 250 m ee Virsignal stoën.

Wéi wait ass ët vum Virsignal bis an d'Gare?
Letzte Änderung: 11 Nov 2014 19:54 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Nov 2014 15:52 #3469 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Majo ganz genau,den Oofschnett mam Zuch ooffuehren;da fennt een schon eraus,ewou et ass.Daat muss och net onbedingt virun engem Tunnel sin;esou kleng Hiwelen op 2 Seiten fennt een méih oft op enger Streck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Nov 2014 15:45 - 11 Nov 2014 21:28 #3468 von merni
merni antwortete auf Photo Elwen?? Geléist!
Salut,

Dat do klengt logesch.
Aus Richtung Gouvy kommend géif en virum Tunnel stark ofbremsen.

Wann ech déi nächste Kéier op Elwen fueren, kuken ech mer dat mol un.

Merci op alle Fall fir den Tipp.

nm
Letzte Änderung: 11 Nov 2014 21:28 von merni.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.191 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang