Jo gett den Daag iwwer nett esou oft gemaach weinst de Persounenzich, dei sollte meiglechst weineg um Geigegleis fueren weinst dem Fahrplang, do steet jo de Quai op welchem den Zuch fiert drop, an daat sollt meiglechst nett geännert ginn, soss mussen Usoen um Quai an am Zuch gemeet gin.
Souweit mir bekannt sinn all Strecken am Land banaliseiert, hescht eigentlech dass et keng Duebelgleiseg Stecke sinn, mais reglementaresch gesinn 2 eegleiseg Strecken niewenteneen.
Ech huelen unn dass dei 1500er "à contre-sens" (d.h. a Fahrtrichtung daat lenkst Gleis) vu Btg op Teiteng gefuer ass, während de Persounenzuch um normale Gleis (Also riets) op Scheffleng gefuer ass.
Konnt daat um Aramis verfolgen.
Haut den 20. Abrell um 16 Auer 40 stung ech zu Hunchereng an Directioun Näertzeng bei der Barrière. Dun ass vu Betebuerg erfort eng rout CFL-cargo Vossloh Série 1500 (Nummer hun ech net erkannt,ech war ze wäit ewech,mä si war zimmlech blatzeg) vu Betebuerg komm. Ongeféier 4 Sekonnen drop ass een Duebelstäkegen Persounenzuch an déier selweschter Richtung gefuer. Ewéi ass dat méigelech dass 2 Zich kennen esou no hanert enneen fueren. Oder war hei eng op deem aanere Gleis ennerwee ? Wéi gesot ech war ze wäit ewech fir dat ze erkennen.
Merci gesot fir een deen eppes doriwer wees an wenschen iech all nach ee schéinen ......