Wou gouf dës Foto vum Tram N° 32 gemaach? Geléist!

Mehr
07 Apr 2020 16:33 #5579 von Romain Rech
Gudde Mëtteg.
Déi Foto vum Tram 32 ass zu Walfer gemaach ginn an zwar do, wou haut de Rondel bei der Kierch ass. Et ass do an der Kéier, haut steet amplaz vum Haus hannendrun de "Biergerzenter" do, fréier d' Post. Den Tram fiert eng Linn 10 bis op Heeschdrëf. Op dem Schëld steet: "Eich/Walferdange 10 Heisdorf". Wann dat Schëld ëmgedréint gëtt, steet do "Clausen 9 Neudorf" drop. Dat war deemols esou, well déi Serie 32-34 op de Linnen 9 an 10 gelaaf ass. Den Tram 32 ass hei nach ganz nei, hien huet nach Ridoën dran. D' Foto ass vun 1931.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Apr 2020 15:53 #5578 von CC1800
Dat Haus wat een ob der Foto vum 28 gesäit ass d'Haus Nummer 452:
www.google.com/maps/@49.6245264,6.1759593,130a,35y,140.1h,45t/data=!3m1!1e3
Den Café Terminus schengt also net ganz um Terminus ze sinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Apr 2020 13:39 #5577 von jmo
Hei ass eng Vergréissung vum Zielschëld vun hannen:

Hei ass eng Foto vum Café Terminus am Neiduerf (vu Google Streetview), do misst jo och den Terminus gewiecht sinn, oder?

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Apr 2020 10:09 #5576 von CC1800
Den Terminus am Neiduerf géif ech baal aussschléissen, wann ech mat der Foto vum 28 vergläichen:
rail.lu/im/g3/Motrice-no28-Clausen-Neudorf.jpg

Dat Haus riets vum 28 steet iwwrens nach ëmmer do.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Apr 2020 22:41 #5575 von RV
Et misst um Terminus am Neiduerf sinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Apr 2020 22:35 #5574 von RV
Hannen um Won erkennt én deitlech an der Mett vum Zielscheld eng "9" awer seitenverkeiert!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Apr 2020 21:59 #5573 von GM1800
Gudden Owend,

ech wollt froen wou een op deser Foto d'Neiduerfer Zielschelder gesait?

Villmols merci fir dei Info!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Apr 2020 14:28 #5572 von RV
Daat misst am Neiduerf sinn; de Won dreiht och Neiduerfer Zielschelder!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Apr 2020 19:49 #5571 von jmo

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wou gouf dës Foto (Collection: Marco Barnig) vum Tram N° 32 gemaach?
Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

Alles Gudds,

Jean-Marie

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.130 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang