Rettung fir d'Eisebunnsstreck Esch - Audun-le-Tiche!

Mehr
26 Nov 2020 20:19 #5634 von marv91
Natierlech gehéien Z2en net méi bis op Diekrech oder Wasserbelleg a e Remplacement am Fahrplangwiessel 2020-2021 wier eng ganz gudd Saach.
Wat d'Streck Audun-Esch (wéi och fir Rëmeleng-Näerzeng oder Bettembuerg-Volmerange) wier eng Zort Überlandstrossenbahn nom Karlsruher/Kasseler Modell sënnvoll well am aktuellen Zoustand ass all Streck mat Ausnahm vun der Diddelénger Linn zu enger Fermeture condamnéiert.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Nov 2020 20:13 #5633 von Lemmy
Moin...
Jo wi gesoot Z'2en sin resp ginn nach um "Liewen "gehaal, bis dat 24er kommen mee vu duerch di aktuell Situatioun kann daat e bessi mi spéit gin....
Fir Zukunft gesait et esou aus :
2200er praktesch nëmme nach Metz, Nancy , well 24er keen KVB hun ( an Franzousen nit su schnell den ETCS weider vu Uckange an Metz resp Nancy wëllen maachen)...an daat waat vum pool frai gëtt wärt op der Linn 1 agesaat ginn, well do Z2en sou wi d'Rumeuren soen nit mi laang därfe fueren, di wärten dann op Linn 3 switchen, an en plus nach di Antennen ( KT-WZ, BT-VM asw...)
24er sinn jo bestallt gin vir LUX an BE , an deelweils LWY well do ETCS Level 1 ass ..
2300er jo an DE an Iwerkapazitéiten op den Transversales..
Dostoen , transversales bis dat di verschwannen an duerch eng evtl optioun vun " nach 24er" ersaat ginn..
3000er sinn och um ausstiewen well se sollen jo anscheinend an Beslch fir Cargo goen...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Nov 2020 18:47 #5632 von Zischi
Ech hunn d'Impressioun, dass den Problem ganz an zwouscht annescht lait;

D'Z2 Automotricen sinn um Enn vun hierer Liewenszait an d'CFL wëllt keng nei méi kleng Automotricen kaafen, Well dës Stréck an och déi op Dikkrech, Wolz oder Rëmleng awer méi kleng Zich giffen brauchen, ass et dann méi einfach se zou ze maachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Nov 2020 12:05 #5630 von Carlo
Ech wollt awer och nach betounen, dass ech och géint d'Zoumaachen vun der Eisebunnsstreck vun Esch op Oth sin.

Leider as et net méi méijlech, déi Linn weiderzeféieren bis Villerupt, well d'Franzousen op där Säit alles zougebaut hun.

An ech mengen, d'CFL sin och net besonnesch interesséiert, fir déi Linn weiderzebedreiwen, an hinnen kënnt dem Här Bausch säin 'Plang' entgéint.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Nov 2020 18:33 #5629 von Carlo
Also dee ganze Projet as e bessi komesch:
1) de schnellen Tram:
Waat soll daat - en Tram as kee Schnellzuch! Wann se déi selwecht Ramen benotze wellen, wéi déi an der Staad, mat wéineg Sëtzplaazen, da mussen an de Spëtzenzäiten nawell vill Leit am Stoen déi 100 km/h aushaalen. Den Tram iwwer déi Trass do mecht nëmmen Sënn wann et Haltstellen zu Leideleng an Steebrécken gët.
Och déi Art a Weis wéi den Tram duurch Esch soll fueren, ass zumindest komesch: den Tram kënnt weder an den Zentrum nach op d'Guar.
2) de Bus à haut niveau de service:
Daat as eng mat der Fauscht an d'Gesicht vun de jetzeje Busservicer, wou sech vill méi gi gët, fir en éierbaren Service oprechtzeerhaalen.
Ausserdem hätte mer dann 4 net kompatibel Transportsystemer op relativ klengem Raum: Zuch, Tram, Bus an Bus à haut niveau de service, wou et haut schon net méijlech schéngt der 2 esou fueren ze loossen, dass een gudd vun dem engen op den aaneren emklammen kann.
3) de politeschen Aspekt.
De Finanzéierungsprojet soll nach virun Enn vun deser Législaturperiod duurch d'Chamber. An dann as déi next Regierung domadder gehäit, well do dierft den H Bausch jo net méi dran sinn, well hie jo mol gesoot haat,dass een net méi ewéi 2 Perioden an enger Regierung sin, oder?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2020 17:43 - 14 Nov 2020 17:46 #5628 von Jos K
Ech fannen och dat een elo soll dovun profitéieren fir eng Eisebunnsinfrastruktur déi 50 - 140 Joër aal ass, an d'21. Joërhonnert ze brëngen!

D'Viadukten mussen och irgendwann eng Kéier ersat ginn, da wier elo eng gutt Geleenheet fir d'"Hochbahn" effectif aus Esch erauszekréien.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


D'Rout Lëns gehéiert jo engem privaten Investor, mais och mat dem kinnt ee bestëmmt Terrainen tauschen!

Wéi soll déi BHNS-Linn konkret ausgesinn? Soll déi bis op Audun goen? Ginn ët do well irgendwou Pläng?

Ech fannen ët jiddefals och keng gutt Iddi fir Eisebunnsstreck op Audun ofzeschaafen, éischter da vlaicht als Tramsstreck mat Verbindung op de Belval a Schëffleng ausbauen.

Kinnt ee nët och den aalen ARBED-Eisebunnstunnel vergréisseren fir d'Barrière op der Grenz iwwerflësseg ze maachen?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



An dem Eck ass vill Potential!

Et gëlt elo d'Weichen riichteg ze leeën!
Letzte Änderung: 14 Nov 2020 17:46 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2020 14:49 - 14 Nov 2020 16:58 #5627 von jmo
Ass d' Eisebunnsstreck Esch - Audun-le-Tiche nach ze retten?

Oder ass dat well eng beschlosse Saach dat se duerch een BHNS = Bus à haut niveau de service (wat ëmmer dat si soll) soll ersat ginn?

Dat wier jiddefals de falsche Wee!


Wier de Projet Rout-Lëns dann net eng gutt Geleeënheet fir z.B.
  • beim neie Quartier Rout-Lëns een zousätzlech Arrêt op der Eisebunnsstreck Esch - Audun-le-Tiche ze schaafen?

  • den neie Quartier Rout-Lëns un déi geplangten Tramslinn unzebannen

  • d'Eisebunnsstreck Esch - Belval vum Viaduc (rout um Plang) ewech op den Terre Rouge - Site (blo) ze verleeën?


  • an ët gi sëcher nach anner Méiglechkeeten



  • Mat beschte Gréiss,

    Jean-Marie

    Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
    Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

    Letzte Änderung: 14 Nov 2020 16:58 von jmo.

    Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

    Ladezeit der Seite: 0.104 Sekunden

    rail.lu RSS

    Zum Seitenanfang