Wou goufen dës Fotoe gemaach? vum Charly?

Mehr
14 Jan 2021 20:40 - 14 Jan 2021 20:50 #5680 von BB3608
Um Scheedgen war d'Situatioun wéi um PDF;

Déi Balken déi quiersch iwer Gleis 2 gezeechent sin, mam Pfeil doduerch, sin d'Entgleisungsschong. Den Pfeil weist d'Richtung un, an déi d'Gefier entgleist wann et iwert den zouenen Schong fiirt. Daat Symbol gëtt haut och nach an den PSS'en (plan de Situation-Signalisation) gebraucht

Dieser Beitrag enthält einen Anhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Letzte Änderung: 14 Jan 2021 20:50 von BB3608.
Folgende Benutzer bedankten sich: Jos K

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 20:09 #5679 von Jos K
Villmools Merci fir déi Info!

Wou fënnt een déi Gleispläng vum Charly?

Wéi war d'Situatioun um Scheedgen ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 19:31 #5678 von BB3608
Gudden Owend,
daat mam Bësch ass mir och opgefall. A wann een haut zu Konsdrëf op daer Plaatz kuckt, wou d'Gare war, ass effektin den Bësch (deen haut och nach do ass) lënks, an riets ass e Plateau. An dem Bleisplang no, war zu Konsdrëf och um Garekapp Richtung Iechternach en Stompgleis. D'Gleis Richtung Iechtrnach ass och hannert dem Oofstellgleis verlaaf, sou wéi hei um Bild
Folgende Benutzer bedankten sich: Jos K

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 18:53 #5676 von Jos K
Déi Foto vun dem Güterwon ass och am Buch "Schmalspurbahnen in Luxemburg - Band 2" vum Ed Federmeyer Saite 478, allerdings e bëschen méih ofgeschnieden an ouni Plazinfo.

Laut der Beschrëftung "Camping Lauterborn 1932" misst dës Foto jo an där Géigend gemaach gi sinn.

D'Foto gouf an enger Charlys-Gare op engem Plateau mat engem Bësch lënks relativ no am Hannergrond, riets schingt de Bësch méih wait eweg ze sinn...

Ech tippen op Scheedgen oder Konsdrëf?
Folgende Benutzer bedankten sich: BB3608

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 17:37 - 14 Jan 2021 17:46 #5675 von BB3608
Gudden Owend,
Wann een déi Foto do op den Streckendeel tëscht Iechternach a bis virun Konsdrëf (PK 37.100) limitéiert, kéim den Scheedgen (Scheidgen) an Fro.Um Scheedgen (PK 38.630) war en Oofstellgleis waat Richtung Konsdrëf an Richtung Iechternach mat je enger Weich un d'Haaptstreck ugebonnen war.
Konsdrëf fir sein Deel haat niewent enger regelrechter Iwwerholung, nach 3 Stompgleiser vun je ongeféier 25m.

Ech bezeechnen daat Gleis um Scheedgen als Oofstellgleis well et a béid Richtungen mat engem Entgleisungsschong oofgesëchert war, an demno Zuchiewerhulungen an Zuchfahrten iwert daat Gleis nemmen mat Opwand hätten gemaach gin. Hannert dem Scheedgen goufen et just nach Kalkesbaach (PK 40.740), Lauterborn (PK 43.470), Iechternach-Stad (PK 45.070) als reng Haltestellen ouni Garageméiglechkeeten. Iechternach-Voie Etroite (PK 45.850) haat fir sein Deel e relativ groussen Gleisplang.
Letzte Änderung: 14 Jan 2021 17:46 von BB3608.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 09:32 #5672 von GM1800
Salut,

Op der Foto mam Güterwon ass jo een 2. Gleis ze erkennen:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Ech hun mol eng allgemeng Fro: Op wéi enge Plazen gouf ët tëschend Konsdref an Iechternach iwwerhapt d'Méiglechkeet ee Güterwon ofzestellen, oder een Embranchement?

Vilmools Merci fir all Info!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Jan 2021 12:17 #5655 von Minidax
Moien,
ech schätzen et as ongefeier op der Heicht vun „Leiwerdelt“, sin mer awer net secher, ass schon puer Joer hier daat ech do wor.
MbG
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Jan 2021 10:57 #5654 von jmo
Villmools Merci Daniel! Dat gesait gutt aus! D'Buggien sti jo nach do....

Wou ass dat ongeféier um Plang vum 1954?




MbG,

Jean-Marie - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Folgende Benutzer bedankten sich: Minidax

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jan 2021 22:59 #5653 von Minidax
Gudden moien,

zu dem Steebroch, hei sin Biller vun mir (gemach 2015, keng super Qualliteit) vun enger Verluedeplatz o.ä. tescht Lauterbuer an dem Ârrét Kalkesbaach bessi niwwet dem Veloswee/Charlysstreck am Bësch, kann dest zusummenhänken?

MbG,
Daniel Dax

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jan 2021 13:22 - 02 Jan 2021 14:19 #5652 von jmo
Fir d'éischt mol Alles Gutts am neie Joer!

Hei sinn déi éischt Froen fir dëst Joer:

Wou gouf dës Foto gemaach?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Hannen op der Foto steet "Camping Lauterborn 1932"
ech mengen dat war eng Excursioun vun de Mierscher Boy Scouts: https://www.delcampe.net/fr/collections/search?search_mode=all&excluded_terms=lille&is_searchable_in_descriptions=0&is_searchable_in_translations=0&term=scouts+mersch&payment_methods%5B%5D=delcampe_pay&payment_methods%5B%5D=paypal&payment_methods%5B%5D=check&payment_methods%5B%5D=bank_transfer&payment_methods%5B%5D=cash&payment_methods%5B%5D=creditcard&display_ongoing=ongoing&display_state=ongoing&started_days=&started_hours=&ended_hours=&display_only=&min_price=&max_price=&currency=all&seller_localisation_continent=europe&seller_localisation_country=LU&seller_localisation_choice=world&view=gallery&order=sale_start_datetime

Dat heescht dat misste jo dann de Charly an der Lauterbuerer Géigend sinn...

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Hei si weider Fotoen aus dëser Serie "Camping Lauterborn 1932":

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wou stung dëse Schmuelspuer-Waggon aus der Série 525-536?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wou war dëse Steebroch?

Villmools merci am Viraus fir all Tuyau!

Alles Gutts!

Jean-Marie - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 02 Jan 2021 14:19 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.129 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang