Asaatz vun den 3000er am Moment laut Roulement:
2x HS (3001 verschrott, 3012 gett och wuel nett mei an d'Reih gesaat)
3x CFL fir Lux-Kb-Arl
2x Verlount un CFL Cargo, Asaatz haaptsächlech Richtung Frankreich
11x Verlount u Sibelit, Asaatz um Corridor Anvers-Basel, an am Moment och op de Modalohrszich (bis wouhin si se feieren wees ech nett awer wuel kaum bis à destination).
MbG
Michel
D'3000er laafen op der Areler Streck, et sin meeschtens déi selwecht Lokken am Roulement. Am Moment z.B. d'3003.
Hei ee Video deen ech viru kurzem zu Klengbetten gemacht hun:
Fir d'Gidderzich kann een der virun allem tëschent Athus an Beetebuerg (iwwer Esch an iwwer Dippech) an tëschent Beetebuerg an Diddenuewen mat 3000er gesinn.
Gudde Moien.
3000er gin an Zukunft ëmmer mi rar bei voyageurs-operatiounen.Just nach op Aarel ass am moment nach en Asaatz resp op der Linn 5.
Et gett mat de gedanke gespillt fir se an d'Belsch ze verkaafen, ( bei eng cargo-Firma, di schon eng "schwaarz" 13er huet ) well se den ETCS hun an eng oprëschtung vun muenchen T13 deenen ze deier ass...
Mol, kucken waat nächst zait do geschitt, ass nach naischt sëcher.
Nowend, also haaptsächlech sin d'3000er, wat lo Persounenzich betrefft, op der Streck tescht Letzebuerg (ligne 50) an Arel (ligne 162) ennerwee. Et laafen der och bei der Cargo, Richtung Belge (z.B. Athus/Athus-Meuse). Vir a Frankreich (Beetebuerg) mengen ech och, sin mer do awer lo grad net 100% secher.