Gudden Owend,
ech hat d'Méiglechkeet an der leschter Zäit am RGE Livre 1-4 e bëssen ze liesen. Mir ass dobäi allerdengs opgefall, dass dëst Regelwierk vill méi ëmfangräich ass wéi ech eigentlech geduercht hätt...
Außerdem ginn et esou vill Dokumenter déi zousätzlech zum RGE gehéieren awer iwwerall anescht genannt ginn.
An
dësem
Dokument z.B. gëtt vum RGE-4, der Bibel vun de Fuerdéngschtleeder, geschwat. Ass domatter elo en Appendice, e Livre oder soss iergendeppes gemengt?
Vläit ka mer jo een eng Kéier den Inhalt vun deene verschiddene Partië vum RGE erkläeren...
LG Felix