Aus fir d' Museesbunn zu Losheim am Saarland

Mehr
17 Apr 2017 08:10 #4714 von René
schlecht Noriichten vun der Museumseisenbahn Losheim. D’ Landeseisenbahnamt aus dem Saarland huet kuerz virum Start vun der neier Saison Ouschterméindeg di ronn 16 Kilometer laang Streck tëscht Merzig – Ost an Dellenborner Mühle kontrolléiert an se dunn ganz einfach wéinst Oberbaumängel gespaart.

Elo bräicht de Verein ganz dringend 900.000 € fir di Saach ze flécken, soss bleift den Zuch och fir di 35 Joer, di am August sollte gefeiert ginn, am Schapp. D’ Gemeng Losheim am See, där d’ Streck gehéiert, huet di Suen net, well am Sarland d’ Geménge jo net am Geld schwammen an elo huet emol d’ Madame Kramp – Karrenbauer gesot, si géifen di Saach an der Staatskanzelei zu Saarbrécken kucken (esou mellt et emol den SR3).

Tjo, do stelle sech Froen. Fir di virlescht Gemengewalen hunn di Gréng, di elo aus dem Landtag geflu sinn, nach proposéiert fir nees mam Zuch regelmässeg op Losheim ze fueren. D’ Iddi ass anscheinend net vum Dësch, mee net konkret an eppes wéi de Monster vum Loch Ness, deen heiansdo nees opdaucht.

Mee wat mécht een am Zäitalter vum knappe Geld? De VCD Saar a säi President Werner Ried fuerderen fir d’ Primstalbahn tëscht Dillingen a Lebach, wou anscheinend nëmmen ronn 400 m Gleis feelen, nees opzebauen fir eng weider Querverbindung West – Ost ze hunn. Déi hu si och méi wichteg agestuuft wéi d’ Saarbahn tëscht Heusweiler a Lebach.

Eng aner Fro stellt sech an deem Zesummenhang. Wat geschitt mat der Verbindung op Überherrn an weider op Creutzwald? Och do gëtt vun enger Reprise geschwat, emol um Ufang fir de Güterverkéier? A wéi ass et mat Dillingen – Niedaltdorf – Bouzzonville, wann ee bedenkt, datt d’ DB do muss Dieselautorailen halen, och nach wann Saarbrécken – Lebach fäerdeg elektrifizéiert ass? Do kann et dann och sinn, datt ee muss en Inselbetrieb, deen deier ass, oprecht erhalen. A wat ass, wann SNCF Réseau seet: Ok, DB a Saarland, Dir kënnt op Bouzzonville fueren, mee Dir bezuelt d’ Streck an déi ass jo och net top?

Enner dëse Premissen wéisst ech net wéi ech mech entscheede sollt wann ech di 900.000 € nëmmen eemol kéint ausginn. Schued, datt et sech em Eisebunnstrecken handelt an net em Autobunnen, Schnellstroossen oder Futballsstadionën.

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.066 Sekunden
Zum Seitenanfang