TGV op Pareis an Südfrankreich während der Olympiade

Mehr
16 Mär 2024 13:55 - 18 Apr 2024 12:39 #6008 von Moulinex
Nee, ech mengen net dat se iwwert Lonkech fueren, well de Trajet ass ab Belval 15 Minute méih lang, an ab Rodange 45 Minuten méih lang ewéi biselo. Soss miss et jo ëmgedréit sinn.

Eng anner Fro déi sech stellt wiesou een mam TGV vu Rodange bis Belval 30 Minute brauch, een normalen Zuch awer just 17 Minuten.
Letzte Änderung: 18 Apr 2024 12:39 von Moulinex.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mär 2024 20:34 #6007 von traindocs
Gudden Owend alleguer

Rezent huet jo den CFL bekanntginn dass während der Olympiade (28.Juli bis 11.August) an der Strecke-Sperr Lux Beetebourg am Summer TGV op Rodange emgeleet ginn.

Folgend Horairen hun ech dann och fonnt :

Paris Est 7:27 TGV 2801 Rodange arr 10:12
Rodange dep 11:00 TGV 9879 Montpellier Sud de France

an
Montpellier St.Roch 6:31 TGV 9898 Rodange arr 14:42
Rodange dep 15:48 TGV 2873 Paris Est 18:31

Dess Zich kann e schons ab/bis Rodange buchen.
Allerdengs hun ech keen Arret intermediaire bis Metz fonnt, nach net emol Thionville.

Keint et dofir sinn dass dess TGV-en vu Metz un via Hayange-Longuyon-Longwy op Rodange fueren ?? Vun de Fuerzeiten hier geing et passen.

Wien weess mei ?

Jean Lou

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.074 Sekunden
Zum Seitenanfang