CFL & CFL Cargo Lokomotiven am Gesamten am Moment?

Mehr
03 Apr 2012 17:44 #1000 von Lux
N´Owend,
hei sin zwou Fotoe vum 18. Februar 2009 zu Rodange wou 4005 an 185 555 an Duebbeltraktioun mat engem Zuch aus Daitschland zu Rodange unkomm sin:


185 555 beim Emsetzen nierft dem 4157 vun der SNCB:

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Folgende Benutzer bedankten sich: gilyv051

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Apr 2012 16:25 #997 von Arm68
Hallo,

Also vun den 185er sin maximal d'185.1 als 2. Maschin hei am Land zougeloos, deemools war et 185 555 dei hannert enger 4000er ob Rodange gelaaf ass.
Zou de Maschinen bei der CFL Cargo an Deitschland kommen nach zwou 186er, an elo och en schwaarzen Taurus, ech mengen mech ze erreneren dass et d'039 ass.
1103 ass net mei am Land, dei ass zu Niebüll, a fiirt teschent Niebüll a Westerland ob Sylt.

Armand
Folgende Benutzer bedankten sich: Aldo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Apr 2012 15:51 #996 von CFL1800Loks
Hallo,

Merci fir dei Infoen :cheer:

As zwar schued, dass een net esou kann mat am Poste de conduite matfueren. :(

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Apr 2012 13:26 #994 von gilyv051
Salut,

et ginn Leschten mat den Tonnagen di eng Lok op de Strecken vum Land zeien kann! Di Leeschtung ass natiirlech staark vun der Streck ofhängeg, Penten, Radius vun de Keiren, ...

Di Ennerscheeder an der Leeschtung erklären sech duerch de Motor! E Verbrennungsmotor vun enger 1500 kritt net dat geleescht wat eng 3000/4000er leescht di un enger 25kV Catenaire hänkt!

Poste de Conduite/ Maschinneraum vun enger Lok kriss de am Regelfall nemmen bei Porte Ouverten ze gesinn!


Yves
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1800Loks

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Apr 2012 13:16 #993 von CFL1800Loks
Hallo,

ech fannen et och gudd, dass dei 1800er nach fueren. Mee dei 1500er dat sin och geleinten Loken?

Se geingen haut och net wierklech Senn machen! Di schwéierst Rammen di et hei Land ginn, hunn
+ - 2500t.

Dat ass schon en scheint Gewiicht, an dat kann eng 3000er, 4000er, 1800er alleng ziehen? Wei ass dat meiglech dass dei 3000er & 4000er esou en gudden Krakk mei staark sin wei eng 1500er zb?

Et giff mech mol interesseieren, esou eng 3000er oder 4000er awer virun allem eng 1800er engkeier vun bannen gesin an engkeier op enger Streck matzefueren?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 23:56 #990 von gilyv051

CFL1800Loks schrieb: 15 (1500er)
3 (1800er)

Dat ass e gudd Beispill fir den Ennerscheed tescht Theorie a Praxis ze weisen.
Wann d'Cargo 15 1500er hätt, da geif keng 1800er mei fueren. An der Praxis heescht daat, datt eng ganz Rei 1500er aktuell net asazbereet.

CFL1800Loks schrieb: Gin dann net fir schweier Güterzich 3 Loken an Tripeltraktioun gehangen?

Sou in etwa wei bei de Belsch??

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wier mir net bekannt datt et sou Kombinationen planmeisseg gett, oder a jenkster Zait ginn huet.
Freíer gouf et bei Gidderzich op der Nordstreck alt mol vu Gouvy iwwert d'Knupp bei Bellain 3-4 Loks (2 1800er vir an 1-2 55er di nogedreckt hunn)

Se geingen haut och net wierklech Senn machen! Di schwéierst Rammen di et hei Land ginn, hunn
+ - 2500t. Dat keinnt, je no Streck(oder eischter Streckendeel), eng 1800er, eng 3000er oder 4000er eleng zéien.
Wann ech also en Zuch mat sou engem Tonnage hunn, da setzen ech eng 2t Lok drop an hunn eng Leeschtung di wait iwwert deem läit wat et un Zich gëtt.

Datt d'Belsch mat 3 Loks op engem Zuch ronderemrennen läit un hiren HLD77/78, wat Rangéiermaschinnen sinn, di u sech ni geduecht waren fir op der Streck sou Laaschten ze zéien.(eis 1500/1580 hunn deen nämmlechten Problem)
=> an Däitschland sinn d'77/78 dowéinst an Zwëschenzäit och verbueden!


Yves
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1800Loks

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 22:08 #989 von CFL1800Loks
OK, Merci fir dei Info.

19 (4000er)
19 (3000er)
15 (1500er)
3 (1800er)
6 (1100er)

61 Lokomotiven zesummen , dat sin der schon en Paak. ;) ;)

(mat deenen 6 1100er, hun dei mol derbeigezielt well se jo och deels Strecken fueren).

Hun gesin dei 3000er an 4000er sin zimlech staark motoriseiert, hun iwer 7000 PS, an dei 1500er hun 2000 PS ass schon en scheinen ennerscheed.

Gin dann net fir schweier Güterzich 3 Loken an Tripeltraktioun gehangen?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 19:30 #987 von gilyv051

Initsch schrieb: Salut,

4016, ass daat d'Maschinne vun Lëntgen?

Wann d'1100'er verschwannen, wei eng Maschinn mescht dann an der Staat d'Rangeierarbegt?

d'185'er vun der Cargo laafen awer zu 99% an Daitschland? Ech hun allzait nach keng zu Letzebuerg begeint,...


Genau d'4016 ass 2010 zu Lentgen op der Barriere mat enger Remorque kollidéiert!
Wann ech d'News hei um rail richteg verstin, dierftrn et och do 300er sinn! Oder eng 1500er, wat exzellent Rangeiermaschinnen sinn!

D'185er hunn, et sierf et hätt sech rezent eppes geännert, eng Letzebuerg Zouloosung, mä kee Memor 2+!
Si dierfen demno zu Letzebuerg fueren, mä nemmen hannert enger Maschinn mat Memor 2+! 2009 war eng 185er(schwaarz) zu Letzebuerg an ass hannert enger 4000er Gidderzich gefuer! Hei um Site hunn ech keng Foto fonnt, mä vlait huet nach een eng!


Bis dann,

Yves

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 19:22 #986 von 16-567c

Initsch schrieb: Salut,

d'185'er vun der Cargo laafen awer zu 99% an Daitschland? Ech hun allzait nach keng zu Letzebuerg begeint,...


Dei schwarz sin (mengen mol) guernet zu letzebuerg zougeloss

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 19:09 #985 von Initsch
Salut,

4016, ass daat d'Maschinne vun Lëntgen?

Wann d'1100'er verschwannen, wei eng Maschinn mescht dann an der Staat d'Rangeierarbegt?

d'185'er vun der Cargo laafen awer zu 99% an Daitschland? Ech hun allzait nach keng zu Letzebuerg begeint,...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Apr 2012 00:09 - 02 Apr 2012 00:11 #981 von gilyv051

CFL1800Loks schrieb: OK, dat mescht dann

19 (4000er)
19 (3000er)
15 (1500er)
3 (1800er)

56 Lokomotiven dei Strecken fueren.

Et gin jo och nach 1100er vun MaK , dei hun ech och schon mol gesin, weivill sin dat der dann?


6,
1 bei der CFL fir d'Rangéieraarbeschten an der Staad a 5 bei der Cargo, mä mat deene Loks brauchs de net fir Streckenasäz ze rechnen!
A) Sinn di dat an eischter Linn Rangéierloks, och wann se deels fir Streckenasäz genotz gi sinn.
B ) Sollen di Maschinnen demnächst vun de Lëtzebuerger Schinnen verschwannen , well se geléint sinn an aktuell net mei gebraucht ginn.
Well et aktuell op de Schmelzen éischter roueg ass, sinn d'300er ënnerbeschäftegt a kennen d'1100er ofléisen.(Meng Infoen soen datt et eng Fro vun Méint ass bis di eischt Loks zeréckginn).


Yves
Letzte Änderung: 02 Apr 2012 00:11 von gilyv051.
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1800Loks

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Apr 2012 23:57 #980 von CFL1800Loks
OK, dat mescht dann

19 (4000er)
19 (3000er)
15 (1500er)
3 (1800er)

56 Lokomotiven dei Strecken fueren.

Et gin jo och nach 1100er vun MaK , dei hun ech och schon mol gesin, weivill sin dat der dann?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Apr 2012 23:30 - 01 Apr 2012 23:39 #979 von gilyv051
4000: 19 Stéck(4016 aktuell zu Kassel bei Bombardier)
3000: 19 Stéck(3001 gouf verschrott)

185: Bombardier Lokomotiven op deenen d'4000er baséiren: Traxx 185
300: CFL/Arbed 300
100: CFL/Arbed 100
Letzte Änderung: 01 Apr 2012 23:39 von gilyv051.
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1800Loks

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Apr 2012 23:21 #978 von CFL1800Loks
Hallo,

also 15 1500er dat sin dei mat dem Catarpillar V12 Motor? Mee et laafen dach och 1100er?

Weivill 4000er an 3000er sin et am gesamten?

Dei 185er, 300er, 100er dat sin jo dei Rangeierloken dei an der Arbed rondremfueren?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Mär 2012 10:26 #965 von gilyv051

16-567c schrieb: Wat mech mol ging interesseieren ass wei vill 4000 momentan fir CFL Cargo lafen


5 Steck: 4001, 4009, 4010, 4011 a 4013

Eng 3000er ass laangfristeg bei der Cargo: 3018
Fir d'Gidderzich op Visé ginn eenzel 3000er vun der Cargo gelount: 3008, 3011 an d'3017 waare schon an deem Fall.

Fir de Sibelit laafen 3-4 3000er.


Yves
Folgende Benutzer bedankten sich: 16-567c

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Mär 2012 09:43 #963 von 16-567c
Et sin 15 1500er (8 1500+ 7 1580)

Wat mech mol gif interesseieren ass weivill 4000 momentan fir CFL Caro lafen
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1800Loks

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Mär 2012 19:08 - 30 Mär 2012 19:09 #958 von CFL1818
Et gin meih wei 5 Serien bei der Cargo, folgend gin et och nach:

185er

300er

100er

Class 66

.
.
.
Letzte Änderung: 30 Mär 2012 19:09 von CFL1818.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Mär 2012 15:54 #957 von CFL1800Loks
Metten,

et giff mech mol interesseieren weivill Lokomotiven (och dei gelounten) am Moment bei der CFL & CFL Cargo fueren giffen?

Et gin jo mol 5 verschidden Serien:

1800er (3 aktiv: 1815, 1817 , 1818)

3000er

4000er

1100er

1500er

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.181 Sekunden
Zum Seitenanfang