Film - Leschten Zuch an der Gare Iechternach -1964

Mehr
20 Jan 2012 10:05 #531 von Claude Oswald
Wat soll dann elo nach ofgerappt ginn ? D'Basilika oder de Lycée ?

Oder d'Orangerie ? Oder d'Kierch SS Pierre et Paul, wou ech gelegentlech fir e Concert lauschtere kommen ?

Oder den Trifolion, den Iechternacher hir "Mini-Philharmonie" ?

D'Eisebunn huet jo scho laang ofgedankt ... ech mengen, do ass net méi vill Schéines ofzerappen.

Enn den 1960er Joere wier den Zäitpunkt gewiescht, fir sech ze iwwerleeën ob een déi schéin al Gare am Haasteen stoeloosse sollt. Dee Moment ass den "Zuch" leider verpasst ginn.

Bon, also reng theoretesch kënnt een déi al Gare nees opriichten. Op dëser Welt ass bekanntlech näischt definitiv.

De Stalin huet séngerzäit déi schéi, grouss Kathedral zu Moskau sprenge loosst. An den 1990er Joeren ass déi nees 1 zu 1 opgeriicht ginn.

Et hänkt bei esou Saache just dovun of, ob den néidege Wëlle besteet, an ob eng dreiwend Kraaft dohannert ass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Jan 2012 09:22 #530 von 34-19029
et wier un der zäit datt de bagger erem op iechternach kéim ! :evil:

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Dez 2011 12:41 #414 von Mercator
Genauuuu suuu assettt! :-))))

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2011 08:52 - 19 Dez 2011 08:55 #372 von jmo
Hei si Fotoen vun der Gare Iechternach am LGB vun de Lëtzebuerger Gaarde Bunn Frënn - Berdorf:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Letzte Änderung: 19 Dez 2011 08:55 von jmo.
Folgende Benutzer bedankten sich: Ronnen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Dez 2011 12:45 #370 von Mercator
Ein 0er-Modell des Gare Echternach ist eine interessante Vorstellung - vielleicht lassen sich im Luxemburger Nationalarchiv oder auch sonstwo noch Pläne des Gebäudes ausgraben!?

Es geht auch mit ein paar Fotos als Grundlage, wie am Beispiel des Modell-Bahnhofs Irrel von Jean Dahlem erkennbar, siehe hier:

www.nims-sauertal-bahn.de/50.html

Viel Glück und Erfolg!

PS: Die Gaardebunnfrenn aus Berdorf haben das Echternacher Gebäude ja auch im LGB-Maßstab!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Dez 2011 10:20 #368 von Tim90
Salut,

Eng Modulanlag mam Thema Sauerstreck wär amfong eng gudd Idee.
Ech hun d'Gare awer net selwer gebaut, mein Papp haat sech déi firun Joeren mol an Deitschland bauen gelos. Wann een demols déi wonnerbar Filmer gehaat hätt déi een haut fënnt wären déi Fehler déi drun sin vermeidbar gewiescht.
Ech spillen awer mam Gedanken d'Gare nachengkéier am 0 (1/43,5) ze bauen. Mee den gréissten Problem as do och rem Dokumentatioun. Eng Iwwersichtszeechnung oder opmanst en Grondrëss géing schon vill hëllefen. Den H0-Modell as demols nämlech nëmmen op Basis vun denen puer Fotoen gebaut gin déi mer haaten.

Bescht Gréiss
Tim

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Dez 2011 06:32 #367 von nbunner
Gudde Moien Tim,
Ech fannen däi Modell ganz schéin. Mat dengem Talent misst du eigentlech d'Gare op engem Réseau oder op e puer Segmenter nobauen. Da géif dee schéinen Deel vun der Sauerstreck wéinstens am Modell a Betrib bleiwen.

Bescht Gréiss
Pol

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Dez 2011 21:26 #360 von Mercator
Schönes Modell!

Selbst gemacht? Kunststoff?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Dez 2011 21:17 - 17 Dez 2011 21:19 #358 von Tim90
Salut,

Ech fannen et och immens schued dass all déi schéin Eisenbunnsgebeier zu Iechternach ofgerappt gin sin.
Bei mir steht d'Gare awer nach - am 1:87:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Den Modell as net perfekt, mee mir gefällt en.

Bescht Gréiss
Tim
Letzte Änderung: 17 Dez 2011 21:19 von Tim90.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Nov 2011 09:32 #216 von Realist
Wann een den doten Film kuckt dat deet engem wéi ,mutwëllëch Zerstéierung vun enger wonnerschéiner Gare .Awer et ass grad esou schons bal kriminell wann en gesäit wéi an den 60er Joer Eisebunnsstrecken mat schäin Argumenter zougemach si gin.haut wiiren mer frou wann mer déi Strecken nach hätten.Als Kand sin Ech mat mengen Elteren an mengem Bruder ufancks den 60er Joeren ëmmer opp Allerhëlchen mam Zouch vun Walfer iwer Ettelbreck ,Diekrëch opp Iechternach gefuer,mäin Pap als alen Iechternacher an Eisebunner huet ëmmer fir déi wonnerschein Sauerstreck geschwärmmt,an mir Kanner huen den Dag virdrun ëmmer Garen der Rei no auswëndeg geléiert,an woren dann hueffrech him am Zouch vir opp Iechternach him Garen der Rei no oppzezielen.Iwer all Gare opp der Sauerstreck woust hien eng Annekdot aus senger Kannerzäit ze verzielen.Den Dag wéi Sauerstreck vun Diekrëch opp Iechternach offgeschaft gin ass sot hien: "D'Eisebunn schaft sëch elo sëlwer off dat do ass den Uffanck"Wéi recht hien hat wëssen mer haut, wann mer nët fir Nordstreck gekämmpft hätten géiff déi haut och nët méi bestoen.Gottseidank schléit den Pendel haut ërëm an déi aner Richtung an d'Eisebunn ass no langen Joeren vum Offbau ërëm am Oppbau,awer den Kampf muss virun goen,Garen mussen oppbleiwen ,al Strecken ërëm oppgemach gin asw.An der Belsch mëcht Walonie ons et vir do bestinn Pläng vir Zouchstrecken vir den Persounen an och vir den Gidderverkéier ërëm opp ze machen.Dofir och hei zu Letzebuerg,et get nach vill fir d'Eisebunn ze machen kommt mir packen et un !

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Nov 2011 22:03 #212 von Mercator
Hallo!

Ein schaurig-schönes und sehr trauriges Stück Eisenbahnfilmgeschichte! Vielen Merci!

M.
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Nov 2011 17:28 #211 von Claude Oswald
Et missten nach vill méi Leit dee Film kucken a sech Gedanken doriwwer maachen, wat fir een architektonesche Bijou deemols zu Iechternach ofgerappt gouf.

Mir dierfen eis net op d'Politiker verloossen, well do sinn der eng Partie déi entweder keng Meenung hunn, oder déi sech wéi de Wand dréinen.

Dee banale Pavillon deen haut zu Iechternach steet, ka jiddefalls der fréierer Gare d'Waasser net reechen.

Et wier dach um Enn vun der Haaptgeschäftsstrooss respektiv vun der Foussgängerzon, wann ee vun der Maartplaz kënnt, en eemolege Bléckfang, wann déi al Gare nach géif stoen, amplaz esou e banale Pavillon deen nun awer wierklech keng architektonesch Valeur huet.

Zu Waasserbëlleg hu se gewisen, dass et méiglech ass, en historescht Gebai ze erhalen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Nov 2011 16:16 #208 von nbunner
Gudde Mëtteg alleguer,

eis Politiker misste forcéiert ginn, dee Film ze kucken, éier si nach Garen am Land ofrappe ginn. Di modern Gebaier kommen dach net un esou architektonesch Bijouen erunn.
Merci fir deen ergräifende Film un den Auteur!

Pol

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Nov 2011 08:57 #201 von Claude Oswald
A propos, zu Ettelbréck steet nach esou eng Gare aus der gudder, aler Zäit. Déi soll deemnächst ofgerappt ginn an duerch e sténkbanalen Zweckbau ersat ginn.

Vläicht léisst sech dat jo nach änneren ...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 21:14 #200 von Tom2001
Den De Dietrich huet awer schéi gedämpt fir op Echternach. De koum jo vun Ettelbrëck, oder?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 20:44 #199 von Fränk
Déi aal Iechternacher Gare war vill méih schéin ewéi déi "nei". Schued dat se ofgerappt gouf! Zemols dee rengen Tirmchen war speziell. Gouf ët nach eng Gare mat esou engem rengen Tirmchen?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 16:52 #197 von liecam
deer seene gett jo nach mei, fir net ze soen rendfeizechkeeten, gare hollerich . ween waar dann do responsabel? dee schrott, deen do ugebaut ass. den dach ass am iwregen faul (d'geseit een et vun der klengbettener streck aus . well awer an de sechszeger joren emmer mei op den individuellen persounentransport gesaat gouf, hu mer haut dei situatioun wei se ass. mais, zum gleck gett et och e minister, deen den dossier effentlechen transport an dei dossieen, dei laang am tirang luechen , eraus geholl an neel matt käpp gemacht.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 11:53 #195 von Claude Oswald
Do kann ee soen, wat de Krich net zerstéiert huet, dat hunn d'Mënschen duerno aus purem Muttwëll zerstéiert.

Oder war et vläicht de Krich deen d'Mënschen e puer Joerzéngte méi spéit ëmmer nach stimuléiert huet, fir muttwëlles ze zerstéieren?

Glécklecherweis ware se zu Waasserbëlleg e bëssche méi clever wéi zu Iechternach, a si hunn déi al Prënzergare stoeloosst. Déi ass haut e Bijou, och wann op der Plaz selwer keng Schinne méi leien.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 08:42 #194 von Gaffinet
Traureg Traureg :(
Esou eng schein Eisebunnsstreck ze zersteieren an en plus nach esou eng schein Gare. Jejeje. :( :( :( :( :(

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Nov 2011 06:17 - 22 Nov 2011 06:22 #192 von charel1604
Salut,

Hei ass de Link zou engem ganz flotte farwege Film iwert de leschten Zuch an der Gare Iechternach an iwert d'Enn vun der Gare:


Film "Leschten Zuch an der Gare Iechternach 1964-1974"
Letzte Änderung: 22 Nov 2011 06:22 von charel1604.
Folgende Benutzer bedankten sich: Fränk, Arno

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.190 Sekunden
Zum Seitenanfang