"Jahrhundertbauwerk" Viadukt Pulvermühle

Mehr
01 Apr 2013 15:49 - 01 Apr 2013 18:03 #2079 von Jos K
Ech verstinn dee ganzen Rummel ëm dat neit "Jahrhundertwerk" Viadukt Pulvermühle nët esou richteg. Viru méih ewéi 150 Joër gouf de Viadukt Polvermillen aus Steng lënks op der Foto gebaut:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Deemols haten se vill manner technesch Hëllefsmëttel ewéi haut. Deemols gouf nët vun engem "Joërhonnertbauwierk" geschwat, oder? Et giff mëch interesséieren wéi lang se deemols gebraucht hun fir een ze bauen a wat dat ganzt kascht huet.

Wier ët nët méiglech gewiecht einfach eng Kopie vum aalen Viadukt aus Steng oder am Beton armé der nierwend ze setzen?

Wat ass d'Liewenserwardung vun der neier Brëck? 150 Joër?

Ech verstin schon dat déi déi aktuell Metall-Konstruktioun ganz speziell ass, well se sur place zesummebaut gët, mais huet ët missen esou eng Metalle-Konstruktioun sin?
Letzte Änderung: 01 Apr 2013 18:03 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.068 Sekunden
Zum Seitenanfang