Neien Quai zu Woltz fir 1 Zuch den Daag??

Mehr
02 Jun 2013 10:07 #2299 von Marc Sinner
Moien,

Zu Woltz gëtt deen zweeten Quai op alle Fall gebraucht. Den RB aus der Stad kënnt xx.57 un an fiert xx.05 nees fort. Deen ass an der Regel op Gleis 1. Den RE vun Kautebach, deen d'Korrespondenz vum Schnellzuch hëllt, kënnt xx.05 un an fiert xx.23 nees op Kautebaach. Zur Minute xx.05 ginn déi zwee Quaien also gebraucht.

Daat zweet Gleis zu Kautebaach an op der Giewelsmillen (grad wéi zu Klief) gëtt moien, owes an an de Spëtzzäiten schon gebraucht fir ze kräizen. An wivill Fäll allerdengs déi zwee Zich halen, ass eng aner Fro. Et wier allerdengs net gescheit, däi Quaien eweg ze huelen. Am Fall vun Retard huet een vill méi Flexibilitéit. An wann de Fahrplan iergendwann eng grondleegend ännert (z.B. well zu Leck d'Korrespondenz op Bréissel sech verschiebt, an doduerch eis Nordstreck och op d'Kopp gepucht gëtt), dann kann et sinn, datt op eemol Taktkräizungen op déi Garen leien kommen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Jun 2013 09:09 #2298 von Max_goedert
Neien Quai zu Woltz fir 1 Zuch den Daag?? wurde erstellt von Max_goedert
Salut,

zu Woltz ass jo lo schonns eng Zeitchen den neien Quai 2 an Betrieb, mee ech froen mech firwaat??
Do fueren am Daag dach maximal 2 Zich vun deem neien Quai fort oder net?
D'nemlescht ass et zu Kautebach an Giewelsmillen, wou jeweils vun engem Quai nemmen 1 Zuch den Daag fort fiert??

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.074 Sekunden
Zum Seitenanfang