Ettelbreck - Dikrech

Mehr
06 Sep 2013 13:23 #2551 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Ettelbreck - Dikrech
:)

Marc Sinner schrieb: Moien,

Wees een ob et déi berühmt Etude zur Streck Ettelbreck-Dikrech iergendwou um Internet gëtt? Et wier interessant ze wëssen waat do genee dransteet (net nëmmen d'Resultat, mee och daat virdrun). Et kann een enger Etude nämlech och erausfannen, datt d'Erd eng Scheif wann een d'Parameter entspriechend wielt. Konkret geet et em d'Gewieschtung vun denen eenzelnen Kritèren an em den Zielereichungsgrad. Et stellt sech z.B. d'Fro wéi een zwou Optiounen A & B bewert, déi no beieneen leien matt engem klengen Avantage fir A. Ass et "the winner takes it all" oder probéiert een d'Nutzenpunkte proportional ze verdeelen. Je nodem waat een op dësem Punkt mescht, kënnen total aner Resultater erauskommen.

Dovun ofgesinn kann dem Ministère säin Buskonzept iwerhapt net fonctionnéiren. De Raum Nordstad ass charakteriséiert duerch dräi Beräicher:
a) en Ausseberäich südlech/westlech/nördlech vun Ettelbreck (Direktioun Bissen, Feelen, Bierden)
b) en Zentralberäich teschent Ettelbreck an Dikrech (Angelduerf)
c) en Aussebräich nördlech/östlech/südlech Dikrech (Fridhaff, Bleesbreck, Medernach)

D'Haptargument fir de Bus ass anscheinend déi besser erreechbar vum Zentralberäich aus den Ausberäicher. Déi Linnen aus dem Aussberäich Ettelbreck fueren bis op Dikrech an emgedréint. Matt duerchgebonnene Linnen kann een awer net glaïchzaïteg d'Besoinen vun den Ausseberäicher an dem Zentralberäich gläichzäiteg ofdecken.

An den Ausseberäicher geng d'Korrespondenz zu Ettelbreck op den Zuch am Vierdergrond stoen. Well deen Zuch zweemol d'Stonn fiert, geng also nécessairement eng Bündelung vun de Linnen entstoen. Mam heitegen Zuchfahrplan (Arrivée zu Ettelbruck aus der Stad zu de Minuten 10 an 40, Départ zu Ettelbruck an d'Stad zu de Minuten 20 an 50) gengen d'Bussen aus dem Ausseberäich Ettelbreck ongeféier zu de Minuten 15 an 45 zu Ettelbreck bei der Gare passéiren (Korrespondenz an d'Stad) an duerno weider op Dikrech fueren. Genau zu där Zäit gengen awer och d'Bussen, déi d'Korrespondenz aus der Stad ofhuelen an an den Aussberäich Dikrech fueren, zu Ettelbreck fortfueren. Konklusioun: d'Bussen Ettelbreck-Dikrech fueren zweemol d'Stonn an dann awer am Konvoi vun 3/4 Bussen.

Genau déi Konfiguratioun ass et awer, déi den Zentralberäich absolut net brauch. Hei steet et gläichméissegen Takt am Mettelpunkt (10 oder 15 Minuten). Mir gesinn also, datt dem Ministère säin Konzept drop erausleeft, daat nach méi Linnen teschent Ettelbreck an Dikrech missten fueren. Wirtschaftlëch wier daat secher net an vun de Fuerzäiten och net interessant.

D'Streck Ettelbreck-Dikrech huet Potential:
1) Korrespondenzen no Osten mussen systematesch zu Dikrech gemaach ginn. Daat spuert e puer Minuten Zäit an firun allem gewënnt d'Fahrplanstabilitéit wouvun déi ganz Regioun profitéiert.
2) En zousätzlechen Haltepunkt zu Angelduerf. Natierlech muss déi Streck matt ugepasstem Material gefuer ginn. Keen Z2 well soss hunn mer déi selwescht Problemer wéi zu Diddeleng (laang Beschleunegungszäiten, grouss Fahrgastwechselzäiten).
3) Wann enges Dags sollt den Train-Tram a Fro kommen, dann leien nach e puer méi Haltepunkten dran.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Sep 2013 13:21 #2550 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Ettelbreck - Dikrech
De grénge Politiker Abbes Jacoby dee sech drop behaapt dass hie Grënnungsmember vun der Stater Tram asbl ass, huet bei Gelegenheet behaapt, an der Nordstad wier kee "Potential" fir d'Schinn. Neierdings heescht dat jo "masse critique".

Gläichzäiteg huet hien awer ze verstoe ginn, en Train-Tram hätt kënnen d'Léisung sinn ... wann déi sozialistesch Transportministesch Mady Delvaux an de sozialisteschen Eisebunnsdirekter Alex Kremer deen net an de "Sand" gesat hätten.

"Wann, jo wann !"

Ech hunn den Androck dass mer hei am Beräich vun der Parteipolitik sinn, wou net méi d'Saach un sech den Ausschlag gëtt ëm déi et geet, mä d'Parteiraison. An do erwaarden ech mer net vill Guddes.

De 25. September soll nach eemol eng Manif fir d'Schinn an der Nordstad sinn, an dann hoffen ech dass méiglechst vill Leit kommen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Sep 2013 17:14 #2540 von Marc Sinner
Ettelbreck - Dikrech wurde erstellt von Marc Sinner
Moien,

Wees een ob et déi berühmt Etude zur Streck Ettelbreck-Dikrech iergendwou um Internet gëtt? Et wier interessant ze wëssen waat do genee dransteet (net nëmmen d'Resultat, mee och daat virdrun). Et kann een enger Etude nämlech och erausfannen, datt d'Erd eng Scheif wann een d'Parameter entspriechend wielt. Konkret geet et em d'Gewieschtung vun denen eenzelnen Kritèren an em den Zielereichungsgrad. Et stellt sech z.B. d'Fro wéi een zwou Optiounen A & B bewert, déi no beieneen leien matt engem klengen Avantage fir A. Ass et "the winner takes it all" oder probéiert een d'Nutzenpunkte proportional ze verdeelen. Je nodem waat een op dësem Punkt mescht, kënnen total aner Resultater erauskommen.

Dovun ofgesinn kann dem Ministère säin Buskonzept iwerhapt net fonctionnéiren. De Raum Nordstad ass charakteriséiert duerch dräi Beräicher:
a) en Ausseberäich südlech/westlech/nördlech vun Ettelbreck (Direktioun Bissen, Feelen, Bierden)
b) en Zentralberäich teschent Ettelbreck an Dikrech (Angelduerf)
c) en Aussebräich nördlech/östlech/südlech Dikrech (Fridhaff, Bleesbreck, Medernach)

D'Haptargument fir de Bus ass anscheinend déi besser erreechbar vum Zentralberäich aus den Ausberäicher. Déi Linnen aus dem Aussberäich Ettelbreck fueren bis op Dikrech an emgedréint. Matt duerchgebonnene Linnen kann een awer net glaïchzaïteg d'Besoinen vun den Ausseberäicher an dem Zentralberäich gläichzäiteg ofdecken.

An den Ausseberäicher geng d'Korrespondenz zu Ettelbreck op den Zuch am Vierdergrond stoen. Well deen Zuch zweemol d'Stonn fiert, geng also nécessairement eng Bündelung vun de Linnen entstoen. Mam heitegen Zuchfahrplan (Arrivée zu Ettelbruck aus der Stad zu de Minuten 10 an 40, Départ zu Ettelbruck an d'Stad zu de Minuten 20 an 50) gengen d'Bussen aus dem Ausseberäich Ettelbreck ongeféier zu de Minuten 15 an 45 zu Ettelbreck bei der Gare passéiren (Korrespondenz an d'Stad) an duerno weider op Dikrech fueren. Genau zu där Zäit gengen awer och d'Bussen, déi d'Korrespondenz aus der Stad ofhuelen an an den Aussberäich Dikrech fueren, zu Ettelbreck fortfueren. Konklusioun: d'Bussen Ettelbreck-Dikrech fueren zweemol d'Stonn an dann awer am Konvoi vun 3/4 Bussen.

Genau déi Konfiguratioun ass et awer, déi den Zentralberäich absolut net brauch. Hei steet et gläichméissegen Takt am Mettelpunkt (10 oder 15 Minuten). Mir gesinn also, datt dem Ministère säin Konzept drop erausleeft, daat nach méi Linnen teschent Ettelbreck an Dikrech missten fueren. Wirtschaftlëch wier daat secher net an vun de Fuerzäiten och net interessant.

D'Streck Ettelbreck-Dikrech huet Potential:
1) Korrespondenzen no Osten mussen systematesch zu Dikrech gemaach ginn. Daat spuert e puer Minuten Zäit an firun allem gewënnt d'Fahrplanstabilitéit wouvun déi ganz Regioun profitéiert.
2) En zousätzlechen Haltepunkt zu Angelduerf. Natierlech muss déi Streck matt ugepasstem Material gefuer ginn. Keen Z2 well soss hunn mer déi selwescht Problemer wéi zu Diddeleng (laang Beschleunegungszäiten, grouss Fahrgastwechselzäiten).
3) Wann enges Dags sollt den Train-Tram a Fro kommen, dann leien nach e puer méi Haltepunkten dran.
Folgende Benutzer bedankten sich: Claude Oswald

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.080 Sekunden
Zum Seitenanfang