Fir een neien Arrêt zou Angelduerf!

Mehr
08 Nov 2013 08:31 #2670 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Fir een neien Arrêt zou Angelduerf!
t'ass ganz bemierkenswäert welch Plaatzen de Cactus ëmmer wielt, fir seng Supermarché'en ze bauen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Sep 2013 20:17 #2608 von 34-19029
Huet alt schon een déi Herrschaften op der Foto (ausser dem Maurice, dee rechnen ech net zur Herrschaft) an éngem Zuch gesinn fir op d'Aarbecht, an de Kino oder bei de Dokter ?
Wat eisem ÖV feelt, ass datt och emol polit Promien sech am alldag an Zuch a Bus weisen. Net nemmen bei Aweiungen !
An der Stad huet d'Veloswelt alt wéinstens e klénge gringe Lobyist. Dee mecht an der Stad eppes fir de Velo an et gesäit een en och drop. (N.B. et ass awer net méi Kolleeg.)
Folgende Benutzer bedankten sich: BB 26072

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Sep 2013 15:37 #2606 von BB 26072
Een neien Arrêt zou Angelduerf wier nëtt fun muttwel, wann een deen ganzen Verkeier op deen zwou Saiten fun der Eisebunnslinn kukkt mist dât schon laang Realitéit sinn, woubai een den Tram-Train an dëssem Kontext nëtt esou wait soll verdrängen.
Hun een Freideg géint 17 Auer mir emol déi Verkéierssituatioun ungekukkt, wéi ech mam motoriséierten Zweerad laanscht Gare fun Dikrech gefuer sin koum een Z 2 an Gare gefuer, deen selweschten Zuch huet mech kuerz no Schieren iwwerhol, an ech krutt hien nëtt méi ze gesin.
Wann een méi laang Zait brauch fir just duerch Ettelbréck ze kommen, wéi een fir 12 Kilometer Landstrooss ouni groussen Traffic, dann muss dach spéitstens deem leschten klor gin, dât hei ëppes aus dem Ruder gelaaf as. Dann erlaben déi Ettelbrécker déi hir Verkéiersprobleemer nach nëtt selwer an den Greff kréien, deen Dikrecher Eisebunn wellen zou ze machen. Sin der Ménong, dass déi Streck soll baibehal gin an op keen Fall soll den Stonnentakt mam RE an Stad reduzéiert gin ! Wann eng Kéier een Gleis bis ofgerappt as, kennt ët secher nëtt méi zereck. :ohmy:
Folgende Benutzer bedankten sich: Claude Oswald

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Sep 2013 19:42 #2602 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Fir een neien Arrêt zou Angelduerf!
Investissemeter ginn dach all an di falsch Richtung.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Sep 2013 08:03 - 27 Sep 2013 14:53 #2597 von Louis R
Fir een neien Arrêt zou Angelduerf! wurde erstellt von Louis R
Ech kann déi Initiative vun der symbolescher Aweiung vun dem neien Arrêt zou Angelduerf nëmmen ënnerstetzen.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Et soll mol endlech eppes fir den öffentlëchen Transport gemach gin. Eisebunnsstrecken sollen nët ofgeschaaft gin, mais se sollen ausgebaut gin! Ausser zousätzlëchen Arrêten, ass op der Streck Ettelbrëck - Dikkrech nach weider vill Potential, wann een un all déi Schoulen denkt déi zu Dikkrech sin, resp. geplankt sin.

Jidderen, den och wëllt, dat d'Streck Ettelbrëck - Dikkrech moderniséiert gët, kann dësen Eintrag jo "liken", schliesslëch sin elo geschwënn Wahlen, an och den een oder annere Politiker muss nach e beschen vun de Virdeeler vum Zuch iwerzecht gin.

Villmols merci am Viraus!

Louis
Letzte Änderung: 27 Sep 2013 14:53 von Louis R.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo, Claude Oswald, BB 26072, LuxBeam

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.098 Sekunden
Zum Seitenanfang