Eisebunn soll liberaliséiert ginn

Mehr
05 Mär 2014 21:04 - 16 Mär 2014 09:47 #2930 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Jo. An den leschten Joerzéngten huet Eisebunn geschlof -> Autoen.
An den ERMTS mécht di ganz Saach och net méi einfach wéi et schéngt! Dann wier et de Leit léiwer eng véierel Stonn op enger Staatsgrenz ze waarden am Zug (!!!), anstatt während puer Stonnen op eng Gare dobaussen ze waarden, just well een Zug net kompatibel ass.
Wann Leit sech em Eisebunn bekëmmeren, déi näicht aaneres kennen ewéi hieren eegenen Auto, dann geschéien eben sou Saachen ewéi hei am Land an am Allgemengen an Europa.
Letzte Änderung: 16 Mär 2014 09:47 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Mär 2014 11:02 #2927 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
De Fernverkéier op der Eisebunn muss sech selwer droen. De Regionalverkéier gëtt subventionéiert. Also fuere mer nëmme méi Regionalverkéier. An dat bedeit, dass d'Leit ënnerwee méi dack ëmklamme mussen.

Eng aner Ursaach ka sinn, dass de System vum "Kurswon" ofgeschaaft gouf. Dat huet zur Folleg, dass mer d'Rangéierpersonal op de Garen ofschafen oder reduzéiere kënnen. Also spuere mer Geld ; awer de Client muss a Kaf huelen dass hie méi dack ëmklamme muss.

Gelegentlech ass d'Material net kompatibel, oder d'Sëcherheetsariichtunge vun den Zich sinn net (méi) kompatibel. Aus deem Grond musste mer d'lescht Joer zu Aarel ëmklammen, wa mer mam "Intercity" vu Lëtzebuerg op Bréissel fuere wollten. Dat war allerdings virauszegesinn, an dofir froen ech mech, ob déi eenzel Eisebunne geschlof hunn ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Mär 2014 17:54 - 04 Mär 2014 18:11 #2926 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Well d'Leit léiwer fir manner Suen fléien. Trass méi bëlleg = keen Zouschlag fir Passagéier.
Letzte Änderung: 04 Mär 2014 18:11 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Mär 2014 15:46 #2925 von 34-19029
34-19029 antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Alles get liberaliséiert op der Bunn awer duerchgehend international Zich get et emmer manner. Firwat ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Mär 2014 14:15 #2924 von Louis R
Ass nët eng Suite vun der Liberalisatioun bei den Eisebunnen, dat d'Zich ëmmer manner wait fueren (ausser op TGVsstrecken), an dat ee méih oft ëmklamme muss?

Fréier gouf et d'Zich vu Lëtzebuerg an Italien, Holland, etc.

Haut gin déi Zich rar. Oder op wat ass dat zreckzeféieren?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Mär 2014 08:42 #2923 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Zitat : "Nee guer net, et komme Schaffplaatze bäi. Firwaat sollt duerch d'Konkurrenz, d'CFL Course sträichen?"

Majo ganz einfach, wann e Privaaaten den Zouschlag kritt fir um Lëtzebuerger Réseau ze fueren, da ginn der CFL hir Zich gestrach. Eng Situatioun wou jiddereen egal wou an egal wéini fuere kann, a wou zwou oder dräi Gesellschaften zur selwechter Zäit op der selwechter Streck fuere géifen, gëtt et net. Dat géif sech op eisem klenge Réseau wuel kaum rechnen, ofgesinn dovun dass an deem Fall och technesch Problemer entstoe kënnten. Wivill Zich kënne gläichzäiteg op der selwechter Streck fueren ?

Wa muer d'Nordstreck ausgeschriwwe misst ginn, an et géif eng auslännesch Privaaatgesellschaft mat hirem auslännesche Personal den Zouschlag kréien, da wier eis CFL "weg vom Fenster". Déi géif dee Moment net méi op der Nordstreck fueren.

Also gi keng nei Aarbechtsplazen duerch d'Liberaliséierung geschafen, Et gi just déi eng Leit duerch déi aner Leit ersat, an "eis" Leit sinn duerno um Chômage.

Zitat : "Mee zum Beispill, stellen ech mir gudd fir, an der Grousser Regioun Linnen duerchfueren ze loossen. Firwaat net vun Libramont aus bis op Tréier fueren oder vu Stroossbuerg op Léck (via Létzebuerg), ? Fir vun Lëtzebuerg aus an d'Ausland ze reesen ass d'Häll! Ganz wéineg Uschlëss passen do! "

Do musst Dir Iech vläicht froen, wivill Leit an der Praxis, an der Realitéit vu Libramont op Tréier fuere wëllen, oder vu Stroossbuerg op Léck ?

Vläicht wier eng direkt Verbindung Lëtzebuerg-Frankfurt éischter sënnvoll. An Zukunft sollen "eis" Zich nämlech nëmme méi bis op Koblenz fueren, an dat ass wuel fir déi allermeescht Leit just eng Gare, wou si ëmklamme mussen. Déi allerwéinegst Leit wëlle wahrscheinlech op Koblenz selwer fueren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Mär 2014 20:10 - 04 Mär 2014 07:33 #2922 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
D'Wirtschaft déngt dem Mënsch, an net aanescht!

Nee guer net, et komme Schaffplaatze bäi. Firwaat sollt duerch d'Konkurrenz, d'CFL Course sträichen? Manner Pai kënnt just, wann de Budget gekierzt gëtt. Een Zugtechnicker bleiwt een Zugtechnicker, ob en fir d'CFL oder fir eng aaner Gesellschaft schafft. Ob di eng manner bezuelt ginn ewéi déi aaner, ass Firmenintern. ... Kritt den Ugestallten vun der Spuerkeess manner op d'Pai als deen vun der BIL? Oder fannen se do an Zukunft och ee Kolletkivvertrag? Aarbéchtsplaatze gi geschafen, jo. Vleicht och neier erfonnt, oder wéi ass dann den: [...] "Dat heescht, et ginn u sech keng nei Aarbechtsplaze geschafen." ze verstoen?

D'Trasse gi méi bëlleg, well méi Zig op eng selwecht Streck fueren, an engem selwechten Zäitraum. D'Netz muss op alle Fall an öffentlecher Hand sinn. D'Netz privatiséieren ass lachhaft. Mat engem Eisebunnsnetz mécht kee sech grousse Reibach. Mee zum Beispill, stellen ech mir gudd fir, an der Grousser Regioun Linnen duerchfueren ze loossen. Firwaat net vun Libramont aus bis op Tréier fueren oder vu Stroossbuerg op Léck (via Létzebuerg), ? Fir vun Lëtzebuerg aus an d'Ausland ze reesen ass d'Häll! Ganz wéineg Uschlëss passen do!

Äntwert zum Zitat 4. Net ëmmer, awer oft... Arriva huet sech gudd konnten beweisen an Holland.
Eng Vignette fir an den Auto! Net jiddfereen profitéiert vun "propperen" Autobunnen, jiddfereen awer vun "propperem" Ëffentlechen Transport!

Jo, natirlech. Sie wëllen och Liewen an sech Saache kaafen. Mee de Privaten wëll op alle Fall trei Kundschaft, déi hien mat bëllege Tickets'en probéiert unzelackelen. Doduerch erzielt hien de Profit, net zwéngsmoossend op eis Käschten...

Bei der CFL laafen d'Geschäfter vill ze lues. Daat mat der Lobby ass bei Wäitem net "daat eenzegt" gudd waat et un menger Iwwerleeung ass.

Wann net de berühmten Citytunnel gebaut gëtt, majo dann... Citytunnel an di flott Gondel do. An een Train-Tram.

An ween vun Niebüll bis op Dagebüll wëll, dee fiert mat der CFL.
Firwaat sollt et de Leit verbidde ginn, hier Zig op engem Netz fueren ze loossen?
Letzte Änderung: 04 Mär 2014 07:33 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Mär 2014 09:18 - 03 Mär 2014 09:56 #2921 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Zitat : "2. Aarbeschtsplaatzen gi geschaafen am private Sektör, woubäi et bal déi selwecht sinn, als beim Staat." Dat heescht, et ginn u sech keng nei Aarbechtsplaze geschafen. Déi bestehend Aarbechtsplaze gi privatiséiert, an d'Eisebunner kréien doduerch manner Pai. Dat entlaascht ganz sëcher d'Staatskeess, awer et mëcht och e ganze Beruffsstand méi aarm.

Firwat ginn d'Trasse méi bëlleg ? Ech kann do keng zwéngend Logik erkennen. Weem sollen dann an d'Zukunft d'Strecke gehéieren ? Dem Staat oder iergendenger Privatgesellschaft, déi mat dëse Strecken de grousse Reibach maache wëllt ?

Zitat : "4. De Reesender huet méi d'Wahl zwëschen waat en hëllt, ënner." De Reesender hëlt déi Zich, déi grad fueren. Sou funktionéiert dat och an Däitschland, wou schonn eng Partie Privatzich fueren. De Reesender ka sech an der Regel déi Zich net eraussichen, wann hien op enger bestëmmter Streck zu enger bestëmmter Zäit fuere wëllt. Wann ech mam Zuch vun Zwiesel op Grafenau fuere wëll, muss ech mat der "Waldbahn" fueren.

D'Verstaatlechung vum Eisebunnsnetz : Wat ass dorun esou schlecht ? Mir hunn och e staatlecht Stroossennetz. Wa mer dat alles privatiséiere géifen, misste mer iwwerall Péage bezuelen, sou wéi op de franséischen Autobunnen. Och déi Privat maachen näischt fir näischt. Si maache virun allem gär Bénéfice, an zwar op Är Käschten !

Dat eenzegt Positivt dat ech an Ären Iwwerleeungen erkenne kann ass d'Virstellung, dass eng privat Eisebunnslobby vläicht méi Drock op d'Politik ausübe géif, fir dass dëst an dat realiséiert gëtt. Eis staatlech CFL schéint mer do munchmol e bësschen ze zahm ze sinn.

Zum Beispill hätt ech mer erwaard, dass d'CFL kloer Stellung bezéien, géint d'Ofschafe vun der Antenn Ettelbréck-Dikrech, an dass se de Fanger ausstrecken, wann et drëm geet an e puer Joer e Bedreiwer fir de Stater Tram ze fannen. D'Gewerkschafte sinn um gudde Wee ; awer ech vermëssen nach den Engagement vun der CFL-Direktioun.
Letzte Änderung: 03 Mär 2014 09:56 von Claude Oswald.
Folgende Benutzer bedankten sich: Chris5519

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Mär 2014 09:16 #2919 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
1. Entlaaschtung vun Staatskeesen, respektiv an/oder oder oder an Erhéigung vun de Resätten.
2. Aarbeschtsplaatzen gi geschaafen am private Sektör, woubäi et bal déi selwecht sinn, als beim Staat. De Staat kritt doduerch eng direkt Konkurrenz, d'Wirtschaft gëtt doduerch een däitleche Stimuli ënnerbruecht.
3. Trace gi méi bëlleg, well d'privat Gesellschaft mat Sécherheet an Verhandlunge geréit. Waat mat sech bréngt, dass nach aaner drëtt Eisebunnsgesellschaften sech etabléiere wëllen.
4. De Reesender huet méi d'Wahl zwëschen waat en hëllt, ënner.
5. Zugfueren uechter Europa gëtt endlech mol erem méi bëlleg. Wettbewerblechkeet gëtt gefuerdert. [...]
6. D'(ver)staatlech(t), meechtens eenzeg Eisebunn um Netz, mierkt datt hier net méi "alles" erlaabt ass, an kann sech méi em d'Infrastruktur bekëmmeren. Woubäi d'Renovéierungen ëmmer gewënnbrénggend sinn.
7. Eng effektiv, stellungnehmend Lobby gëtt op d'Been gestallt, mat aus der Siicht vun verschidden Gesellschaften alleguerten hier Interessi verdeedegen. De Benotzer vum Ëffentlechen Transport steet do natirlech am Mëttelpunkt. De Staat, d'Cfl, ass ëmmer de Regulator.
8. Déi "Net gewënnbréngend Fahrten" ginn duerch der erhéigder Offer getilgt an engem méi kuerzem Zäitraum.
9. D'Cfl ass och am Ausland täteg.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Feb 2014 08:35 #2897 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunn soll liberaliséiert ginn
Firwat soll dat eng gutt Saach sinn ? Kënnt Dir eis w.e.g. Argumenter uginn ?
Folgende Benutzer bedankten sich: Chris5519

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
25 Feb 2014 21:36 #2896 von mopsfidels
Eisebunn soll liberaliséiert ginn wurde erstellt von mopsfidels
Daat ass eng gudd Saach!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.133 Sekunden
Zum Seitenanfang