Eng Fro un d'Fachleit vun der Eisebunn

Mehr
27 Jan 2016 13:46 #4196 von René
An der Zäit, wou ech nach aktiv wor, gouf zu Beetebuerg am Service S ëmmer den däitsche Begrëff "Achszähler" gebraucht. Di lëtzebuergësch Iwwersetzung kruut ech ni mat.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Jan 2016 14:48 #4188 von MMFE
Nach eemol merci, dat ass elo scho vill méi kloer. Et ass kee lëtzebuergeschen Dictionnaire dee bei esou engem Wuert kompetent ass, dofir ass dat richtegt Wuert dat, wat d'Leit effektiv benotzen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Jan 2016 12:37 #4187 von bb3602
En offiziellt lëtzebuerger Wuert gëtt et net, mee d'Eisebunner nennen et "Achszieler". An den offiziellen Dokumenter, déi all op franséisch sinn, gëtt et "Compteur d'essieux" genannt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Jan 2016 11:24 #4186 von MMFE
Merci fir d'Äntwert. Et klengt allerdéngs esou wéi wann et net esou sécher wier datt et och effektiv esou ass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2016 18:31 #4182 von CC1800
Ech geif et emol mat Achszieler probeiren ;)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2016 15:53 #4181 von MMFE
Eng Fro un d'Fachleit vun der Eisebunn wurde erstellt von MMFE
Moien,

Op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt et am Moment eng Diskussioun iwwer e Baudeel, deen op der Eisebunn gebraucht gëtt fir d'Achse vun engem Zuch ze zielen. Op däitsch heescht dat Achszähler, op franséisch Compteur d'essieux an op englesch Axle counter. D'Fro ass, wéi gëtt dat Stéck hei zu Lëtzebuerg genannt? Gëtt do en eenheetlech Begrëff benotzt oder gëtt et verschidde Nimm dofir? Wann dozou een (oder méi) eppes konkretes kéint soe, wäre mer ganz dankbar.

Merci am viraus,
MMFE

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.099 Sekunden
Zum Seitenanfang