Gratis öffentlechen Transport

Mehr
10 Jan 2019 22:38 #5383 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Iergendeppes ass awer net normal do. D'CFL huet objektiv gekuckt esou vill Rollmaterial ewéi nach ni an de leschten Joeren. 2017 sinn 11 nei 2300 komm, ouni datt Fuerleeschtungen am gläichen Emfang bäikomm sinn. Bei denen 11 2300 sinn och déi 5 fir d'Trierer Weststrecke dobäi. Momentan lafen déi nach am Inland, waat am Prinzip zu enger komfortabler Situatioun misst féiren. Waat gëtt daat dann eréischt wann déi effektiv emol an hiert geplangten Asatzgebidd kommen.
Folgende Benutzer bedankten sich: Nico Tintinger

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jan 2019 21:49 #5382 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
N'Owend...
Majo einfach erklärt ass et esou dat di 2 Linen ( Nz-RU an ES-AU ) all daag 2 engins ( normalerweis vun der série Z ) kaschten....
Well awer pénurie ass am Moment gin domatter 2 engins agespuert a kann op aanere Plaatzen agesaat ginn. Daat ass scho säit Joeren esou gemaach gin dat op den "klenge " Strecken fir d'éischt d'Material oofgezu gëtt an durch Bussen ersaat gëtt.....
Daat "Phenomène" kennt periodesch ëmmer nees erëm a huet puer Grënn wi z.B. Achsen vun de Motricen, Maschinen a Voituren di aus der Toleranz faalen an wou et eng Zait dauert bis datt neier do sinn oder dat den Sculfort en panne ass an dat z.B. motricen op Thionville musse geschleeft ginn fir reprofiléiert ze gin, 3000er op Liège oder 4000er bis op Düsseldorf....asw...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jan 2019 17:41 - 10 Jan 2019 17:42 #5381 von Blacky
Blacky antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Zitat aus dem Artikel op RTL:
"D’ Regierung Bettel 2 géif an enger Kontinuitéit an de Mobilitéitsdossiere schaffen. Nieft dem gratis ëffentlechen Transport misst een dofir och d’ Offer qualitativ verbesseren an un d’Besoine vun de Leit upassen."

Den selwechten Daag gouf bis op weideres (Enn Januar) Zich op Oth an Rëmeleng agestallt.

Daat ass eng qualitativ Verbesserung an un den Besoin vun den Leit ugepasst!.
Soll d'Regierung mol den Leit erklären waat mat dem Matérial lass ass!
Letzte Änderung: 10 Jan 2019 17:42 von Blacky.
Folgende Benutzer bedankten sich: Nico Tintinger

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jan 2019 16:09 #5380 von Carlo
Carlo antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Vun haut un fueren keng Zich méi tëschend Närzeng a Rëmeleng an och keng méi tëschend Esch an Oth aus Mangel u Matérial, wéi et vun der CFL heescht.

Ersatzbusse fueren zwar, ma déi hun keng 1. Klass.

Waat gët daat eréischt, wann den Transport gratis as. Da as geschwënn néierens méi genug Matérial do.

A wéi as et mat der Emwelt? Dieselbussen anstatt elektresch Zich!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Dez 2018 13:51 #5339 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Moien...
Jo et ass méiglech just een cem um Zuch ze hunn, de pat ass nit méi do....
MEE et wäert nach e bessi daueren, well vum Fuhrpark sin all engins mat Kamera an enger Kontroll vun den Diren (net op ouverture resp fermeture, mee och d'Sait wou se fraigeschalt sin an en plus engem voyant am poste de conduite wann iergendwou an der rame eng Dir nit (komplett) zou mécht ) équipéiert, bis op Ausnahm vun den Z'ten.. Di wärten réischt no 2021 verschwannen wan di nei hoffentlech da sollten kommen, waat nach nit esou sécher ass.....

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Dez 2018 18:01 #5338 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
De Gratis ÖV ass aus wëssenschaftlëcher Siicht och net sënnvoll: d'Nofroelastizitéit vum Präiss ass an der Regel éischter kleng. An bei deene Präisser, déi mir zu Lëtzbuerg hunn, ass se quasi null. Et wier besser, all daat Geld waat den Ticketsausfall kompenséiren muss, an d'Angebot ze investéiren.

Ech fannen zudem dann den Trend zu Lëtzbuerg, fir alles gratis ze maachen nach en aneren negativen Effekt huet: bei de Leit breet sech de Gedanken aus, de Staat suergt fir alles. E bëssen nom Motto: Steieren sollen w.e.g. di aner bezuelen.

@wirtor: et ass technesch ouni Problem méiglech Zich just matt Lokführer ze fueren. An der Schwäiz ass daat am Noverkéier de Standard. Et fueren op der S-Bunn duebelstäckeg Ramen vun 12 Caissen just matt Lokführer. Et geet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Dez 2018 09:28 - 05 Dez 2018 11:43 #5337 von GM1800
GM1800 antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Komm mir haalen op iwwert gratis öffentlëchen Transport, iwwert gratis Schoulbicher, etc. ze schwätzen!

Dat ass alles Bauernfängerei! Et gët einfach keen gratis öffentlëchen Transport, keng gratis Schoulbicher, etc. Et ass ëmmer Irgendeen dee bezillt!!!

En plus ginn ët mat dem "gratis"-System ëmmer Lait déi 2x bezuelen mussen:
beim „gratis“ öffentlëchen Transport bezuelen déi Lait déi aus irgendengem Grond nët op den öffentlëchen Transport kënnen zougraifen 2 x: 1 Kéier de Sprit fir hiren Auto an 1 Kéier mat hire Steieren den „gratis“ öffentlëchen Transport

bei de „gratis“ Schoulbicher sinn ët déi Lait där hir Kanner well aus dem Lycée eraus sinn déi 2 x bezuelen: déi hun hire Kanner hir Schoulbicher selwer bezuelt, a bezuelen elo och nach mat hire Steieren d’ „gratis“ Bicher vun denen annere Kanner...
Letzte Änderung: 05 Dez 2018 11:43 von GM1800.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Dez 2018 17:58 #5336 von Carlo
Carlo antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Ech haalen guer neischt vum Gratis-Transport: daat as eng typesch politesch Bauernfängerei, well schliesslech kann een fir 2 EUR (1,60 am 10er Paak) quiersch duurch d'Land fueren. daat as neischt am Verglach zu deem waat fir Handyskäschten ufaalen.
An de Probleem bei de Grenzen wir domat sëcher och net geléist, well de Gratisticket op der leschter Statioun virun der Grenz ophält an daat Steck bis iwer d'Grenz nach ëmmer anormal vill kascht.

Ech sin och frou, dass di zwou Transportgewerkschaften sech och dergéint ausgeschwaat hun.
Hoffentlech gët deene Leit nogelauschtert, déi sech auskennen!

Méi wëll ech dozou lo nest schreiwen, soss géif ech polemesch gin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Dez 2018 16:51 #5335 von wirtor
wirtor antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Ech ka mir keen Zuch ouni PAT virstellen! Schons vir d'Secherheet beim Départ.
Mir geht daat ganzt ze wäid; OK fir gratis Transport de weekend, fir verschidden évenementer (Nationalfeier, Schueberfouer, foire expo, Sportevenementer...). Och Quai'en dann als séjour?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Nov 2018 22:13 #5334 von Lemmy
Lemmy antwortete auf Gratis öffentlechen Transport
Jo, gratis Transport public wir an den Aen vun villen eng gudd Saach , mee et muss een di zwou Saiten vun der Medaill kucken...
Wéi schon richteg gesot ass en Transport Public keng salle de Séjour oder dortoir...Wéifill Leit fueren schon elo gratis.. Gro, Roud an Studente-Kaarten, just di Leit si normal schaffen musse bezuelen....
An waat maachen CFL dann mam PAT (Personnel Accompagnement des trains) ????...Gin di nëmme nach sporadesch agesaat fir mat Douane, Police an Pi Pa Po heiansdo eng grouss action "coup de poing " ze maachen fir dann een oder zwee "Klients " ze fannen di puer Gramm bei sech hunn.. Kritt Firma DUSSMANN nach méi Muecht, di kontrolléieren elo scho baal alles, an fueren déi da mat an den Zich..... fir "Secherheet" ze spillen...An nach e klenger Leckerli.. da kenne mer jo 1ère classe oofschaafe well jo jiddereen gratis matfiert also egal wou een setzt et spillt keng Roll méi dann well ee roude Setz mat Teppich a Glasvitrine ass genausou vill wärt wi e bloe Setz .. d.h. näischt... Ech wees daat ass e bessi satiresch mee et kann een mol seng <gedanke maachen...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Nov 2018 18:18 #5333 von Jos K
Gratis öffentlechen Transport wurde erstellt von Jos K
Am Fong fannen ech ët eng gutt Iddi wann den Zougang zum öffentlechen Transport "vereinfacht" gët, mais wéi kritt een ët dann an de Grëff, dat d'Zich an d'Bussen weider als Transportmëttel an nët als "Séjour" oder Hôtel mëssbraucht ginn?

Gët ët well gratis öffentlechen Transport op annere Platzen?

Bis dann,

Jos

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.125 Sekunden
Zum Seitenanfang