Woodward Governor fir CFL GM-Loken


Woodward - governor - CFL Locomotive 1800 (Collection: Nico Lucas)


Woodward - Schema CFL Locomotive 1800 (Collection: Nico Lucas)



Den CFL - Atelier an der Stad huet ganz vill "UELZECHTGOLD" = Waasser aus der Uelzecht gebraucht, e.a. fir d' "Cuve", de Préifstand fir d'Dieselelektreschlokomotiven, no enger grousser Revisioun oder wann den Dieselmotor nei gemaach oder changéiert gouf, ze testen an anzestellen. D'Cuve, op der Südsäit vum Atelier, war een ~3,5 m x ~3,5 m x ~3,5 m metallene Bac (eng Elektrode) déi während den Tester laafend mat UELZECHTGOLD nogefëllt gouf an an déi iwwer ee Fläschenzuch 3 metalle Plaken ~3 cm x 2m x 3m (Elektrode) variabel gezappt goufen: dës Arichtung war am Fong e variablen Tauchsieder - fir während den Dieselmotor-Tester dee vun der Generatrice produzéierente Stroum ze verheizen. Während dësen Tester, am Stand, ass d'Woodward-Regelung agestallt ginn. De Woodward-Régulateur ass eng elekro-hydraulesch Steierung déi d'Leeschtung vum Dieselmotor vun den diesel-elektresche Loken vun der CFL 800, 1600, 1800 an och e puer Brissonneauen gereget huet: zB fir dem Dieselmotor Asprëtzung bäizeginn oder d'Erregung vun der Généatrice ze reguléieren fir d'Tourenzuel vum Dieselmotor ze halen, also fir bei der agestallter Tourenzuel déi optimal Leeschtung ofzeginn ouni d'Généatrice oder den Dieselmotor ze iwwerlaaschten. De Woodward ass bal ni en Panne gefall. (Info: 4. 2026 Nico Lucas)

 

 

Liens / Links
 
 

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo

15 jan 2009