Porte Ouverte am Fond-de-Gras
3.9.2023

Zwou Déifferdenger Veteraninnen à l’honneur

E Sonndeg, 3. September huet den Train 1900 am Fond-de-Gras seng traditionelle Porte ouverte ofgehalen. Sie stoung dëst Joer am Zeeche vum 50. Jubiläum vum Train 1900 sengem éischten Zuch, de 4. August 1973, esouwéi dem 120. Gebuertsdag vun der HADIR Nr. 12. E Sonndeg war den éischte regulären Asaz vun der 12 no enger grousser Revisioun. Dës Maschinn gouf 1903 vun der Hanomag gebaut. Nieft der 12 gouf och eng aner Déifferdenger Veteranin, nämlech d’HADIR Nr. 3 dem Publikum presentéiert. Dës elektresch Maschinn gouf 1912 vun der „Waggonfabrik Fuchs“ zu Heidelberg gebaut, woubäi déi elektresch Equipementer vu Siemens zougeliwwert goufen. D’Fuchs gouf vu Proactif an hirem Graser Atelier als schéint Ausstellungsstéck restauréiert. Vun de Veteraninne vun eise Schmelze stoung nieft der 12 och nach déi Schëfflenger 5 (AES 5: Orenstein & Koppel 1912) ënner Damp. D’Cockerill 503 (John Cockerill 1920) erënnert hirersäits un déi zwou Vertikalkessel-Maschinnen, déi de belsche Stolkonzern fir d’Rangéieruärbechte viru sengen Escher Minettsgalerie am Asaz stoen hat. Och d’EL/AL T3 6114 (Graffenstaden 1891) huet hirt Meescht an hirt Bescht ginn.


Porte Ouverte am Fond-de-Gras (Photos:  3.9.2023 Francis Wagner)

 

 

 

 

 

Liens / Links
RAIL.LU - News

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo