"engem den Diks riichten"

Mehr
19 Mär 2012 08:17 - 19 Mär 2012 08:18 #883 von Danger UXB
Danger UXB antwortete auf Aw: "engem den Diks riichten"
Bei Wikipedia fënnt een och nach:

En Diks ass en optescht Signal, e Semaphore mat Hëllef vun deem den Eisebunnsverkéier geregelt gëtt.

Dëse lëtzebuergeschen Numm ass eng Verballhornung vum franséischen disque. Aner Bezeechnunge sinn: "Scheif" (vum däitsche "Scheibe") a "Signal".

Haut gëtt den Terme "Diks" praktesch net méi profitéiert, d' "Signal" huet sech duerchgesat, mee d' "Scheif" gëtt awer och nach benotzt, onofhängeg dervun op et e mechanescht oder en elektrescht Signal ass an onofhängeg dervun op eng Streck elektrifizéiert ass oder net.

Dikse goufen/gi vu Garen oder vu Stellwierker aus bedéngt.

An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock nach heefeg ze héieren:
  • den Diks ass gezunn: d'Bunn ass fräi
  • den Diks riichten, dee krut vu sengem Chef den Diks geriicht: engem eng Moralpriedegt halen
Letzte Änderung: 19 Mär 2012 08:18 von Danger UXB.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Mär 2012 08:37 - 17 Mär 2012 08:38 #867 von Danger UXB
Danger UXB antwortete auf Aw: "engem den Diks riichten"
Ech weess et och net genau, awer hei ass vläicht eng Äentwert:

Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 um Knuedler an der Stad, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder, souwéi och verschiddene Fuerschungsaarbechten.

Wéi den Dicks, dee wéinst enger Krankheet am Kandsalter kromm a gebéckt goung, als Friddensriichter op Veianen koum, haten déi Veiner Spottvullen, déi sougenannt Kuantessen, him séier en Numm verpasst, d'"Gebrachent Rad", well e beim Goen e Been am Krees no bausse geschwenkt huet.1

Wéi en an den éischte Deeg eng Kéier duerch Veianen goung souzen e puer Kommäre virun der Dier an eng sot: Oh, wat e Krommen ass dat. Den Dicks deen dat matkritt hat huet g'äntwert: Gelt, an dee kënnt Iech riichten.2

Source: Wikipedia - Edmond de la Fontaine
1 P. Bassing an enger Foussnote an enger Neioplag vum Th. Bassing senger Viandener Chronik.
2 Carlo Hemmer, Anekdotische Reise durch Luxemburg, Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1981
Letzte Änderung: 17 Mär 2012 08:38 von Danger UXB.
Folgende Benutzer bedankten sich: Hipp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Mär 2012 14:03 - 18 Mär 2012 09:26 #833 von Hipp
"engem den Diks riichten" wurde erstellt von Hipp
Moien,

Wou hier kënnt de lëtzebuergesche Begrëff "engem den Diks riichten"

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Hescht dat, d'Signal zou (riicht) machen, fir ee unzehaalen / ze stoppen?

E schéine Bonjour,

Hipp
Letzte Änderung: 18 Mär 2012 09:26 von Hipp.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.079 Sekunden
Zum Seitenanfang