En Diks ass en optescht Signal, e Semaphore mat Hëllef vun deem den Eisebunnsverkéier geregelt gëtt.
Dëse lëtzebuergeschen Numm ass eng Verballhornung vum franséischen disque. Aner Bezeechnunge sinn: "Scheif" (vum däitsche "Scheibe") a "Signal".
Haut gëtt den Terme "Diks" praktesch net méi profitéiert, d' "Signal" huet sech duerchgesat, mee d' "Scheif" gëtt awer och nach benotzt, onofhängeg dervun op et e mechanescht oder en elektrescht Signal ass an onofhängeg dervun op eng Streck elektrifizéiert ass oder net.
Dikse goufen/gi vu Garen oder vu Stellwierker aus bedéngt.
An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock nach heefeg ze héieren:
den Diks ass gezunn: d'Bunn ass fräi
den Diks riichten, dee krut vu sengem Chef den Diks geriicht: engem eng Moralpriedegt halen
Letzte Änderung: 19 Mär 2012 08:18 von Danger UXB.
Ech weess et och net genau, awer hei ass vläicht eng Äentwert:
Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 um Knuedler an der Stad, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder, souwéi och verschiddene Fuerschungsaarbechten.
Wéi den Dicks, dee wéinst enger Krankheet am Kandsalter kromm a gebéckt goung, als Friddensriichter op Veianen koum, haten déi Veiner Spottvullen, déi sougenannt Kuantessen, him séier en Numm verpasst, d'"Gebrachent Rad", well e beim Goen e Been am Krees no bausse geschwenkt huet.1
Wéi en an den éischte Deeg eng Kéier duerch Veianen goung souzen e puer Kommäre virun der Dier an eng sot: Oh, wat e Krommen ass dat. Den Dicks deen dat matkritt hat huet g'äntwert: Gelt, an dee kënnt Iech riichten.2
Source: Wikipedia - Edmond de la Fontaine 1 P. Bassing an enger Foussnote an enger Neioplag vum Th. Bassing senger Viandener Chronik. 2 Carlo Hemmer, Anekdotische Reise durch Luxemburg, Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1981
Letzte Änderung: 17 Mär 2012 08:38 von Danger UXB.