Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3

THEMA: Atterlinn

Atterlinn 26 Apr 2017 22:28 #4725

Ech soen dem René Merci fir séng Erklärungen, quitte dass se am Ënnertoun relativ défaitistesch kléngen.

Wat déi Petitioun fir eng nei Eisebunnsstreck an den Oste betrëfft, sou wëll ech soen, dass déi vun Ufank un schlecht virbereed war. Souwäit ech weess, war déi net mat den Eisebunnergewerkschaften oder mat der Actioun Ëffentlechen Transport ofgeschwat. Et huet un der néideger Publicitéit gefeelt. A vläicht och um néidegen Interesse.

Et brauch au Départ e puer wakereg Leit mat enger gudder Iddi, déi sech voll fir d'Saach engagéieren an déi och net scheien, bei d'Politiker ze pilgeren. Sou ongeféier huet d'Tram asbl 1991 ugefaang.

Et brauch natierlech och e puer wakereg Politiker déi sech ënnert engem Zuch eppes virstelle kënnen, an déi vun de Virdeeler vun der Eisebunn iwwerzeegt sinn. Den Zuch huet dach de grousse Virdeel, dass en op sénger eegener Trass fiert an net mat den Autoen am Stau hänkebleift. Den Zuch ass méi wéi e Bus deen de Laune vum Verkéier ausgeliwwert ass. Dofir sinn ech der Meenung, dass een d'Infrastruktur vun der Eisebunn net liichtfankeg opgi soll. Sou wéi d'Populatioun vun eisem Land wiisst, hëlt och de Verkéier permanent zou, an da soll ee sech d'Méiglechkeet vun enger spéiderer Schinneverbindung net verbauen.
Folgende Benutzer bedankten sich: felix.braun

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 26 Apr 2017 19:25 #4724

D'Zäit vum Dreemen iwwer eng Reouverture vu Klengbetten op Stengefort ass eriwwer. De Minister François Bausch huet bei der Entrevue mat der AÖT zu dem Sujet ganz kloer an däitlech gesot, datt hien un der Iddi vun der Stëllleeung vun der Linn 2a festhält an datt d'Trass soll genotzt ginn fir d'Velospiste vu Stengefort bis op Klengbetten weider ze verlängeren.

Wat kann een elo nach maachen? En Mobilisatioun wéi 1980 zu Elwen wäert et wuel kaum ginn; och deene meeschten Eisebunnsfrënn wäert et egal sinn wat mam Reseau geschitt. Oder wéi soll ee sech soss erklären, datt d'Petitioun fir eng nei Eisebunn an den Osten esou wéineg Ennerschrëfte kritt huet an esouguer op dësem Site zerried gouf?

De Minister hëllt genee di selwecht Argumenter fir hei d'Streck zouzemaachen. Eng Antenn ze bedreiwen op der Schinn ass deier, de Bus mecht dat méi bëlleg. A schon ass et geschitt; onse Reseau ass schon nees méi kléng ginn. Traureg Welt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 21 Apr 2017 14:18 #4716

@Thomas
Moien,
déi Streck kann een effektiv net kafe sou laang se nach a Betrib ass, zumindest am kommerziellen... Sou laang eng Linn kommerziell bedriwwe gëtt muss d'Gestioun menges Wëssens duerch d'CFL gemaach ginn. Wann do awer bis kee méi kommerziell Interess drun huet, sinn de Nohaltegkeetsministère an d'GI's Direktioun vun der CFL sécher net oninteresséiert, se aus dem Réseau primaire auszegildderen, dat kascht jo soss nëmme Geld mee bréngt keent an...
Allerdéngs misst een do zimmlech Chance hunn... D'Linn 2a op Stengefort gehéiert nach ëmmer zum nationale Réseau, well d'CFL denkt se kéint eventuell iergendwann eng Kéier drun interesséiert sinn nees drop ze fueren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 07 Apr 2017 18:12 #4712

Jo dei fum Train1900 ass
awa net schein. Gefällt ma net.
An och aaner Länner hun mei
wei eng Museumsbunn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 06 Apr 2017 12:45 #4710

Moien
@Radon, Den Zuch kennt e bessen wann e well, daat eenzecht waat ech soen kann ass dass en 3x d'Woch fiert (hängt vun Woch zu Woch oof wéini) an en fiert fréi moies dohin an kennt virun mettes zréck.
@Gaffinet,
Jo et wier schéin mee déi Streck gehéiert dem Staat an sou wäit ech wees kann een déi Streck net als privaten kaafen soulaang se nach an Betrieb ass. Well déi aus dem Fond-De-Gras sinn jo eng Museumsbunn déi mam SSMN schafft.
MfG,
Thomas

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 05 Apr 2017 22:16 #4709

Wier et net flott dei Streck als
Museumsbunn ze erhaalen,
dass ememrhinn
eng wonenrschein Streck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Gaffinet.

Atterlinn 04 Apr 2017 21:51 #4708

Schéin ze héieren! Em wéivill Auer ass den Zug dann am Moment ennerwee (fir dohinn resp. zeréck)?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 04 Apr 2017 21:19 #4706

Moien Léif Attertlinn Frënn.
Ech wollt just kuerz eppes ergänzen an zwar:
Och wann d'Weich zu Biissen fortgeholl ginn ass, gesinn ech nach all zweeten Daag een Gidderzuch mat Drootrullen op der Nordstreck, also just fir ze soen dass se momentan nach net zou ass.
MfG,
Thomas
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 25 Mär 2017 13:40 #4702

Ech hun dem Generalsekretär vum Landesverband haut eng Email geschriwen . Den Här Oawald huet recht wann hien seet , daat ët nët duer geet fir um Internet ze "liken" . Ët muss elo ëppes geschéien ,well wann Schinnen eng Kéier fort sin ,kommen se nie méi erëm .
Hei dann de genauen Text vun menger email un den generalskretär vum Landesverband:
Opp rail.lu machen vill Eisebunsfrënn an och ech sech Suergen , iwert déi nach bestéend Eisenbunsstrecken Klengbetten Stengefort , Ettelbréck Bissen an Ettelbréck Diekrech .
An enger Zäit wou dem Eisebunsverkéier ëmmer méi Wichtegkeet zougestann gët , gin ët ëmmer nach Pläng fir zu Lëtzebuerg verschiden Eisebunsstrecken ofzeschaafen an duerch Velospisten ze ersetzen .
Ët schéint mir daat verschide Leit awer glat a guer näischt aus de 60 er Joeren geléiert hun , deemols goufen einfach ganz interessant , an fir haut och nach ganz wichteg , Eisebunsstrecken ofgeschaaft , well een deemols der Meenung war de Bus wir méi „modern“ .
Den Tram ass aus deem selwechten Grond och dem Bus zum Affer gefall , an haut bauen mer den Tram erëm opp , well mer gesin hun waat déi Onmass vu Bussen an der Staat Problemer bereeden . An aus deem Grond däerfen Schinnen zweschen deenen ouwen genannten Eisebunsstrecken nët erausgerappt gin.Ët gët esou vill Potential zweschen Stengefort an Klengbetten , 1. Fir die Leit déi an deem Ëmkrees wunnen an zweetens fir déi Belsch Grenzgänger , ët gët zu Stengefort nieft de Gleiser grous fräi Flächen fir en Oppfangparking , vun deem Leit dann einfach den Zuch fir an Staat iwer Klengbëtten kéinten huelen . Genau daat selwecht zu Bissen , och wann ët do keng Grenzgänger gët awer eng grouss Populatioun déi sech iwer eng Zuchverbindung opp Ettelbréck an och fir an Staat géif fréeen . Eisebunsstréck vun Ettelbréck opp Diekrech ass fir déi Diekrecher Leit eminent wichteg , kommen sie dach ouni ëmzesteigen moies an d’Staat an owes nees heem , de gesonde Mënscheverstand seet engem daat déi Stréck nie !!!! däerf zougemach gin . An awer gin ët der déi do am léifsten e Bus hätten . Aus Erfahrung wees een wann Schinnen eng Kéier fort sin kommen se nie méi erëm . an aus deem Grond musse mer elo alles ënnerhuelen daat Schinnen bleiwen , an déi Strecken erëm revaloriséiert gin an och ërëm ausgebaut gin .Wann mer weider nokucken an näischt ënnerhuelen gesin ech schwartz , well och dem grengen Transportminister trauen ech nët . Komm Franky mir lossen ët nët zou daat zu Lëtzebuerg weider Schinnen erausgerappt gin , komm mir wieren ons , a gin den Eisebunshasser keng Chance . De Landesverband soll wieder Drock opp Politiker machen , awer daat geet nët duer ,de Syprolux , Mouvement écologique a sämtlech Eisebunsfrënn musse mat an Boot gegholl gin , ¨ret geet elo duer mat der desastréiser Politik fir alles mat Bussen ze machen an der Staat hu mer jo gesin zu waat daat féiert , do gët ët héich Zäit daat den Tram fiert , an och weider ausgebaut gët , nömmen esou kréien mer do , an nët eleng do ,Tranportproblemer an de Grëff .
Nach ass Zäit an Schinnen leien nach ëmmer , dofir musse mer handelen an zwar elo , déi heiteg an déi nächsten Generatiounen wäerten ons merci soen dofir
Folgende Benutzer bedankten sich: dechris

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Atterlinn 19 Mär 2017 21:18 #4695

Ech waarden elo just drop, dass e jonke Mënsch dee sech fir gescheit hält, eis vun uewen erof beléiert, dass am Fall vu Stengefort a vu Biissen de Stroossebus déi besser Léisung ass. Dat ännert awer näischt drun, dass dee jonke Mënsch sech als Eisebunnsfrënd bezeechent.

Mä och déi Gréng si kee verlässleche Partner. E Comitésmember vun der Tram asbl dee fir déi Gréng am Ettelbrécker Gemengerot sëtzt, huet bei Gelegenheet behaapt, tëschent Ettelbréck an Dikrech besténg net déi néideg "masse critique", fir e Schinneverkéier ze rechtfäerdegen, Wann et no him geet, ginn d'Schinnen erausgerappt, an den Zuch gëtt duerch Bussen ersat.

Och op de Mouvement Ecologique kann ee sech an dësem Fall leider net verloossen. Bei enger gemeinsamer Aktioun vu Gewerkschaften an Associatioune fir den Erhalt vun Ettelbréck-Dikrech huet de Mouvement duerch Ofwiesenheet geglänzt. Dat gëtt engem vläicht bewosst, firwat dëst esou ass, wann een d'Zesummesetzung vum Nationalcomité kuckt. Do sinn 2 Persounen déi - diplomatesch ausgedréckt - der FLEAA méi no stinn.

Loosse mer eis bewosst sinn : Dat ass kee Verbriechen. Et huet eben net jiddereen déi selwecht Präferenzen.

Wann Ettelbréck-Dikrech fällt, da gesinn ech keng Chance fir den Erhalt vu Biissen-Ettelbréck.

Vläicht mussen déi eenzel Associatiounen nach eemol eng Aktioun starten. Ech hoffen, dass dee Moment vill Eisebunnsfrënn op de Been sinn, fir d'Politiker ze beandrocken. Et geet net duer, just um Internet ze "liken".

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Claude Oswald.

Atterlinn 19 Mär 2017 20:47 #4694

zweschen klengbetten an stengefort ass alles iwerwues,et scheint jo och jidderengem egal ze sinn.dâ kennt och nach dei idee,fir eng velospiste draus ze maachen.de landesverband a mir wellen erem persouneverkeier och zweschen ett. a bissen.fatal, wann een dei fehler aus den 1960zeger jore widerhelt,an nach weider schinen ewechhellt.nemmen an enger gemeinsamer aktioun kenn een daat erhaalen an ausbauen,zb vun hoen mat enger verbindungskurv direkt a rîchtung letzeburg,wann een de kapwiesel well vermeiden.bekanntlech ass et eng verbindung vun hoen ob kohler ginn,et gouw dofir e ramblais obgeschott fir mat engem saut de mouton dei areler streck ze passeieren. daat ass eng idee,d'gleis ob kb leid nach,e parking get et zu stengefort,et brauch nemen e quai zu stengefort virum pn gebaut ze ginn.zu hoen ass de quai nach do,muss just redresseiert ginn.finalement 3,8 km catenaieren,dirft net nei ze kaschten wei d'liaison micheville. fazit :2022:stengefort-letzeburg-paffendall/kirchbierg:27 minuten mat rb.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 19 Mär 2017 18:53 #4693

Wéi op den Fotoen z´erkennen, ass zu Bissen d´Weich bei ArcelorMittal (Richtung Béiwen) eweggeholl ginn, säit wéini wees ech net. Zu Kolmer sinn d´Gleiser fir bei d´Goodyear virunn e puer Wochen och fortkomm.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 06 Sep 2013 16:01 #2552

kenzeg:iwerhlung matt stomp bei d'güterhall bis an 1950zeger joren nach 3 ofstellgleise.kohler:halte durchgangsgleis
virun hoenass d'bunn op klenbette gaang 1873. bedingt durch accidenter; bau vun engen saut de mouton.hoen:1 gleis vir op koler, daat aanert (nach bestehend ) fir op klengbetten.stengefort: kurz nodem pn war nach en ofstellgleis, speider élimineiert. dann d'gare extérieure matt mindestens 6 ofstellgleiser. gare stengefort: bei dem marchandise-gare och e pur gleiser.an der gare selwer drei gleiser(zwee bestinn der nach. an de 1950zeger joren och nach schmalspur vun der stengeforter schmelz .dann a richtung eischen acces fir d'phenol-wierk.
eischen;iwerhuelung matt stomp a richtung houwel-bieckerich. houwel:durchgangsgleis.souweit bis virun nerden. hoffen. dass et mei oder weineger komplett ass. ze bemierken, dass am laaf vun de joren emmer am négativen ofgebaut ginn ass, leider jo haut emmer erem op dem ordre du jour. villverspiechend slogaen, sowei eng kescht ouni inhalt heiert daat sech unn.matt beschte greiss vun engem groussen eisebunnverwent, spezilel atterlinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 19:43 #2542

D Autorailen sin reicht ugangs den 50er Joeren komm. Fierdrunner ass matt Damp gefuer gin. Güterzich zum Schluss gouffen och matt Dieselloks gefuer wei zb den 450er.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 14:02 #2539

Also menger Meenung no wear et méi logesch Autorailen anzesetzen. Dat waer méi einfach, well dann brauch een net emzesetzen.

@Pierrelux Zou Äischen géiffen d'Schinnen beim ufank vun der Velospiste Richtung Stëngefort ophaalen. Méi wäit géiff een nit kommen. Fréier ass d'Strëck do erop gaang an laanscht den häutegen Restaurant bei den Zwillingen ehemolegen Café de la Gare. Haut stinn um eemolgen Tracé Heiser. Dohier...

Anhang GareEischen-VuesurleCafmisenvidence.jpg nicht gefunden



Léif Gréiss,

br.eli

P.S.: Dat wat emkreest ass, ass den häutegen Restaurant bei den Zwillingen (ehemolegen Café de la Gare)

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von br.eli.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 12:38 #2538

Dann hänken ëch mëch emol hei drun, ëch hun e puer Froën zur Atterlinn:

Wéi war den genauen Streckenverlaaf vum Halte vun Uewerkährjeng a Richtung Lénger gesin? Deen vun der PC 12 (mat der enger Schikaan do wou d' rue Jean-Pierre Thill eropkënnt) oder aanescht?

Wéi war den genauen Streckeverlaaf (mat Niewengleiser) zu Kenzëg, Eischen, zu Useldeng an zu Boevange? Um Satelittenbild ass do wéinëg ze gesin.

No Kenzëg - Autelbas géif ëch déi genau Attertlinn gären an d' Openstreetmap androën an domat fir d' interesséiert Nowelt erhaalen. Wann also een genee Pläng ouni droits d' auteurs oder soss Rechter op Publikatioun hätt wir daat ganz interessant.

Merci,
Pierre

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Pierrelux.

Re: Aw: Atterlinn 08 Sep 2012 11:31 #1505

Ech hun elo nach eng besser Foto vun der Eisebunnsbrëck am Agang vun Useldeng fonnt:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Ewéi ee gesait ass den Eisebunnsbetrieb well agestallt, well op der rietser Sait ass den Eisebunnsdamm well eweg gebaggert.

Bis dann,

jm
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 11:20 #1416

ech sinn frou, dass et ausser mir och nach leit gett, dei de projet klengbetten stengefort och wichtech ass. nostalgiker hun ech scho virun 20 joergesoot kritt, wär ech, wei ech matt deser idee komm sinn.
an der besch ass dank der initiativ vun eisebunnsfrenn an esw erem persounenverkeier no langer zeit zweschen arel an athus ,verbindung vu letzeburg op virton matt persounenverkeier zustanne komm. matt der ennerstetzung vun deene leit, dei klengbetten stengefort an ettelbreck-bissen wichtech ass an dee projet massif ennerstetzen kennte mer och erem d'ouverture am persouneverkeier errechen.
no dem euro-cap rail soll d'streck vu letzeburg an d'besch op 25000 volt emgebaut ginn, sou dass dann de probléem vum material sech och geif klären.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 09:18 #1415

Salut,

D'Elektrifizeierung Letzebuerg-Grenz Sterpenich op 25kv soll menges Wessens no 2014 gescheien? Op der Belger sait ass den Embau jo schon bis baal op d'Grenz geschitt, do mussen bei der Emstellung just nach Klengegkeeten gemaach ginn.

Fir Stengefort Klengbetten keinnt och an enger eischter Phase en VT agesaat ginn? Well se op 3kv z'elektrifizeieren ass Kaabes. Dann muss de jo emmer mat enger 3000 Reversibel do fueren,... 25kv an mat enger z2, daat wier daat richtegt a mengen Aen.

MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 07:17 #1414

Den zoustännege Minister Claude Wiseler huet rezent gesot, et géif keng fréier Eisebunnsstreck reaktivéiert ginn. Donc kënne mer Stengefort-Klengbetten vergiessen.

Ech wëll awer dozou soen, dass dat de Credo vum Här Wiseler ass, an dass dat keng Fatalitéit muss sinn. Et waren an der Zäit och Leit déi behaapt hunn, et kënnt een déi Péitenger Streck net duerchgehend zweegleiseg ausbauen, wéinst deenen zwou Brécken zu Zéisseng iwwert d'Aareler an d'Escher Autobunn. Déi waren nämlech eegleiseg.

Komescherweis ass et dunn op eemol méiglech gewiescht, eng schéin, nei an imposant Bréck iwwert d'Aareler Autobunn ze bauen, an eng zweet (méi gewéinlech) Bréck niewent déi Bréck iwwert d'Escher Autobunn ze setzen.

Zu Stengefort stellt sech a méngen Aen d'Fro, ob een déi Streck elektresch oder mat Diesel bedreiwe géif. Béid Varianten hätte ménger Meenung no an der aktueller Situatioun en Nodeel : Mer missten déi kuerz Streck am 3.000 Volt Gläichstroum elektrifizéiere wéinst der Ubannung un d'Aareler Streck, kënnten also eng ganz Partie CFL-Gefierer net asetzen. Fir mat Diesel ze fueren, misste mer extra neit Material uschafen ... an da géif sech d'Fro stellen, ob mer mat deem Material och vu Klengbetten an d'Stad, ënnert der Oberleitung fueren ? Wier dat sënnvoll a rationell ?

Ménger Meenung no muss een emol ofwaarden, wéi et mat dem 3.000 Volt Gläichstroum um belsche Réseau virugeet. Wann d'Streck Lëtzebuerg-Aarel enges Dages op 25.000 Volt Wiesselstroum ëmgestallt gëtt, da kënnt ech mer virstellen, dass d'Antenn op Stengefort mat elektrifizéiert gëtt.

Et wier eventuell ze kucken, ob een an deem Fall d'Kappmaachen zu Klengbetten duerch eng aner Streckeféierung am Beräich vun der Klengbettener Gare verhënnere kënnt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3
Ladezeit der Seite: 0.203 Sekunden
Zum Seitenanfang