Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3

THEMA: Atterlinn

Aw: Atterlinn 16 Nov 2011 19:04 #162

Gaffinet schrieb: Weiviel Km Gleislängt) fun Ettelbreck op Bissen?
Weisou soll fun Scheffleng keen Droot mei kommen.
Och wann d Schmelz zu ass. Den Droht kennt fum TLM an huet nix mam Mittal ze dinn. Deen ass weider a Betrieb. Ech sinn fun Scheffleng dofier wees ech daat.


Steet haut op RTL.lu:

"An déi fréier Neelfabréck zu Biissen, déi bis ewell hiren Drot vu Schëffleng krut, muss sech den Ament no engem anere Fournisseur ëmkucken."


Schätzen mol knapp 10 km fir Ettelbreck - Bissen (vunn der Gare zu Ettelbreck bis bei de Prellbock am Besch fir op Béiwen).

D´Goodyear kritt schon säit e puer Joer näischt méi vunn der CFL, kennt alles per Camion.
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Radon.

Aw: Atterlinn 20 Nov 2011 23:56 #183

Asou ok. Schued :(
Bis wei weid ass Trass frei iert se bebaut ass wann een aus richtung bissen kukkt? Kann een ma do bessen mei erzieln? Ech kennen mech net esou gudd matt der Streck aus. Well si na zimlech jonk.

Villmols merci am fierraus.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 21 Nov 2011 19:22 #189

Anhang SAM_0047.JPG nicht gefunden


Hannert dem Prellbock (op dem éischten Screenshot agezeechent) ass d´Streck bis do wou se op d´Strooss fir op Béiwen (op dem zweeten Screenshot agezeechent) trefft absolut fräi, do kann een och nach mam Auto fueren (Feldwee). Hei leien souguer nach d´Schlaken an hei an do och nach Schwellen (op der Säit). Ab do ass dann zimmlech alles zougewues fir laanscht d´Kläranlag. Virdrunn geet et nach iwwert eng Breck iwwert d´Attert. Zu Béiwen selwer sinn e puer Häiser bäikomm, do ass d´Streck souwäit ech erkennen kann verbaut.

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Radon.

Aw: Atterlinn 21 Nov 2011 19:34 #190

Daat heecht bis kuerz firun Beiwen ass een Obbau meiglech rem?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 21 Nov 2011 19:58 #191

Jein, theoretesch jo mee op déi Bréck nach en Zuch aushellt wees ech net. Et ass jo och schon geschriwwen ginn, dat den Fond de Gras déi eenzeg Museumsbunn hei am Land bleift. Vunn do hir denken ech dass dat net waert méiglech sinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 23 Nov 2011 22:31 #215

also, vu klenbetten op stengefort leeft gur neischt mei. virun enegr zeit ass nach schotter gefuert ginn fir e chantier fu spiske. iwert de pn geet gur neischt mei, d'wich 21 oder 26 ass och freckt.durfir e solidariteitopruff fir d'streck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 12 Dez 2011 21:45 #318

Moien,

wéi war fréier den Verlaaf vunn den Gleisen op der Stengeforter Gare? Op der Foto mam Uerdinger gesäit et sou aus, wéi wann fréier een Gleis vill méi no laanescht d´Gare verlaaf wier...

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Radon.

Aw: Atterlinn 12 Dez 2011 21:54 #320

Moien!
Ech giff mengen dat 1. Gleis wier eweggeholl ginn a just dat 2. mat der Weich op dat 3. wieren haut nach do.
Luc

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 13 Dez 2011 09:40 #322

zurzeit vun der stengeforter schmelz waaren och nach schmalspurgleiser an der gare stengefort.dei sinn awer verschwonnen , den datum ass mer net bekannt. bis 1967 waaren an der gare 3 gleiser. daat eischt beim bv ass ewechgeholl ginn no der fermeture vum persouneverkeier. dodurch ass dann eng griesser paatz fir de gedrenksbuttek entstaanen.
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 05 Aug 2012 22:23 #1397

Anhang useldangeatterlinn.JPG nicht gefunden



Moien,

nach eng aner Fro:

Wéi war den Verlaaf vunn der Streck zu Useldeng Richtung Naerden (Um Screenshot markéiert). War do een PN oder eng Breck. Gett et dovunn Biller?

Merci

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Radon.

Aw: Atterlinn 06 Aug 2012 06:58 #1398

am agang vun useldeng waar eng eisebunnsbreck (do wu riets en firma auto verkeeft )
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Atterlinn 06 Aug 2012 23:25 #1402

Op der Sait vun der Attertlinn hei um rail.lu ass eng Foto vun daer Breck am Ausgang vun Useldeng
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 07:17 #1414

Den zoustännege Minister Claude Wiseler huet rezent gesot, et géif keng fréier Eisebunnsstreck reaktivéiert ginn. Donc kënne mer Stengefort-Klengbetten vergiessen.

Ech wëll awer dozou soen, dass dat de Credo vum Här Wiseler ass, an dass dat keng Fatalitéit muss sinn. Et waren an der Zäit och Leit déi behaapt hunn, et kënnt een déi Péitenger Streck net duerchgehend zweegleiseg ausbauen, wéinst deenen zwou Brécken zu Zéisseng iwwert d'Aareler an d'Escher Autobunn. Déi waren nämlech eegleiseg.

Komescherweis ass et dunn op eemol méiglech gewiescht, eng schéin, nei an imposant Bréck iwwert d'Aareler Autobunn ze bauen, an eng zweet (méi gewéinlech) Bréck niewent déi Bréck iwwert d'Escher Autobunn ze setzen.

Zu Stengefort stellt sech a méngen Aen d'Fro, ob een déi Streck elektresch oder mat Diesel bedreiwe géif. Béid Varianten hätte ménger Meenung no an der aktueller Situatioun en Nodeel : Mer missten déi kuerz Streck am 3.000 Volt Gläichstroum elektrifizéiere wéinst der Ubannung un d'Aareler Streck, kënnten also eng ganz Partie CFL-Gefierer net asetzen. Fir mat Diesel ze fueren, misste mer extra neit Material uschafen ... an da géif sech d'Fro stellen, ob mer mat deem Material och vu Klengbetten an d'Stad, ënnert der Oberleitung fueren ? Wier dat sënnvoll a rationell ?

Ménger Meenung no muss een emol ofwaarden, wéi et mat dem 3.000 Volt Gläichstroum um belsche Réseau virugeet. Wann d'Streck Lëtzebuerg-Aarel enges Dages op 25.000 Volt Wiesselstroum ëmgestallt gëtt, da kënnt ech mer virstellen, dass d'Antenn op Stengefort mat elektrifizéiert gëtt.

Et wier eventuell ze kucken, ob een an deem Fall d'Kappmaachen zu Klengbetten duerch eng aner Streckeféierung am Beräich vun der Klengbettener Gare verhënnere kënnt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 09:18 #1415

Salut,

D'Elektrifizeierung Letzebuerg-Grenz Sterpenich op 25kv soll menges Wessens no 2014 gescheien? Op der Belger sait ass den Embau jo schon bis baal op d'Grenz geschitt, do mussen bei der Emstellung just nach Klengegkeeten gemaach ginn.

Fir Stengefort Klengbetten keinnt och an enger eischter Phase en VT agesaat ginn? Well se op 3kv z'elektrifizeieren ass Kaabes. Dann muss de jo emmer mat enger 3000 Reversibel do fueren,... 25kv an mat enger z2, daat wier daat richtegt a mengen Aen.

MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Re: Aw: Atterlinn 10 Aug 2012 11:20 #1416

ech sinn frou, dass et ausser mir och nach leit gett, dei de projet klengbetten stengefort och wichtech ass. nostalgiker hun ech scho virun 20 joergesoot kritt, wär ech, wei ech matt deser idee komm sinn.
an der besch ass dank der initiativ vun eisebunnsfrenn an esw erem persounenverkeier no langer zeit zweschen arel an athus ,verbindung vu letzeburg op virton matt persounenverkeier zustanne komm. matt der ennerstetzung vun deene leit, dei klengbetten stengefort an ettelbreck-bissen wichtech ass an dee projet massif ennerstetzen kennte mer och erem d'ouverture am persouneverkeier errechen.
no dem euro-cap rail soll d'streck vu letzeburg an d'besch op 25000 volt emgebaut ginn, sou dass dann de probléem vum material sech och geif klären.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Re: Aw: Atterlinn 08 Sep 2012 11:31 #1505

Ech hun elo nach eng besser Foto vun der Eisebunnsbrëck am Agang vun Useldeng fonnt:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Ewéi ee gesait ass den Eisebunnsbetrieb well agestallt, well op der rietser Sait ass den Eisebunnsdamm well eweg gebaggert.

Bis dann,

jm
Folgende Benutzer bedankten sich: Radon

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 12:38 #2538

Dann hänken ëch mëch emol hei drun, ëch hun e puer Froën zur Atterlinn:

Wéi war den genauen Streckenverlaaf vum Halte vun Uewerkährjeng a Richtung Lénger gesin? Deen vun der PC 12 (mat der enger Schikaan do wou d' rue Jean-Pierre Thill eropkënnt) oder aanescht?

Wéi war den genauen Streckeverlaaf (mat Niewengleiser) zu Kenzëg, Eischen, zu Useldeng an zu Boevange? Um Satelittenbild ass do wéinëg ze gesin.

No Kenzëg - Autelbas géif ëch déi genau Attertlinn gären an d' Openstreetmap androën an domat fir d' interesséiert Nowelt erhaalen. Wann also een genee Pläng ouni droits d' auteurs oder soss Rechter op Publikatioun hätt wir daat ganz interessant.

Merci,
Pierre

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von Pierrelux.

Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 14:02 #2539

Also menger Meenung no wear et méi logesch Autorailen anzesetzen. Dat waer méi einfach, well dann brauch een net emzesetzen.

@Pierrelux Zou Äischen géiffen d'Schinnen beim ufank vun der Velospiste Richtung Stëngefort ophaalen. Méi wäit géiff een nit kommen. Fréier ass d'Strëck do erop gaang an laanscht den häutegen Restaurant bei den Zwillingen ehemolegen Café de la Gare. Haut stinn um eemolgen Tracé Heiser. Dohier...

Anhang GareEischen-VuesurleCafmisenvidence.jpg nicht gefunden



Léif Gréiss,

br.eli

P.S.: Dat wat emkreest ass, ass den häutegen Restaurant bei den Zwillingen (ehemolegen Café de la Gare)

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Letzte Änderung: von br.eli.

Aw: Atterlinn 03 Sep 2013 19:43 #2542

D Autorailen sin reicht ugangs den 50er Joeren komm. Fierdrunner ass matt Damp gefuer gin. Güterzich zum Schluss gouffen och matt Dieselloks gefuer wei zb den 450er.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Aw: Re: Aw: Atterlinn 06 Sep 2013 16:01 #2552

kenzeg:iwerhlung matt stomp bei d'güterhall bis an 1950zeger joren nach 3 ofstellgleise.kohler:halte durchgangsgleis
virun hoenass d'bunn op klenbette gaang 1873. bedingt durch accidenter; bau vun engen saut de mouton.hoen:1 gleis vir op koler, daat aanert (nach bestehend ) fir op klengbetten.stengefort: kurz nodem pn war nach en ofstellgleis, speider élimineiert. dann d'gare extérieure matt mindestens 6 ofstellgleiser. gare stengefort: bei dem marchandise-gare och e pur gleiser.an der gare selwer drei gleiser(zwee bestinn der nach. an de 1950zeger joren och nach schmalspur vun der stengeforter schmelz .dann a richtung eischen acces fir d'phenol-wierk.
eischen;iwerhuelung matt stomp a richtung houwel-bieckerich. houwel:durchgangsgleis.souweit bis virun nerden. hoffen. dass et mei oder weineger komplett ass. ze bemierken, dass am laaf vun de joren emmer am négativen ofgebaut ginn ass, leider jo haut emmer erem op dem ordre du jour. villverspiechend slogaen, sowei eng kescht ouni inhalt heiert daat sech unn.matt beschte greiss vun engem groussen eisebunnverwent, spezilel atterlinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1
  • 2
  • 3
Ladezeit der Seite: 0.215 Sekunden
Zum Seitenanfang