DB - Fahrwegmesszug
BR 702
2x am Joer gëtt d'Schinnennetz hei zu Lëtzebuerg vun DB Fuerweemoosszich gepréift. 2021 koum d'Baureih 702 vu Plasser & Theurer fir d'éischt hei zum Asaz. Des Gefierer goufen jeeweils  2014, 2017, an 2019 bei Plasser & Theurer gebaut an sinn mam ETCS equipéiert.  Obschonns déi nei Maschinnen 2021 nach eleng fueren duerften, missten se dëst Joer vun 2 CFL Robelen encadréiert ginn. 
  

 

 
Den DB 702 202 encadréiert vun den Robelen 704 an 705 um Polvermillener Viadukt kuerz virun der Gare Lëtzebuerg. Nodeems en vu Beetebuerg op Wuelmereng an vun do iwwert d'Stad an Sandweiler op Éiter gefuer ass, fiert en hei zréck op Beetebuerg bei den CLIF. (Fotos T. Lambert 28.04.2022)  

 
Bis Waasserbëlleg encadréieren d'Robelen den DB 702 202 deen vun do aus zréck op Ehrang fueren wäert. Hei fiert den Convoi mat 40 km/h zu Syren op d'Iwwerhuelgleis fir den Ehranger Schrottzuch mat der 308 ze kräizen.(Foto T. Lambert 29.04.2022)
Hei nach emol um Heemwee zu Syren hannert dem Tunnel (Photos: 02.07.2021 T. Lambert )
Den DB 702 203 nieft der CFL 2017 wärend senger éischter Miesscampagne zu Beetebuerg (Photos: 29.06.2021 T. Lambert ) D'Baureih 702 den Ersatz fir den Bussinger GMTZ
Liens / Links
Rolling Stock of Foreign Companies in Luxembourg / Matériel ferroviaire de réseaux étrangers au Luxembourg / Eisenbahnfahrzeuge ausländischer Gesellschaften in Luxemburg
   

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail.


 

Created by / Créé par / Copyright: jmo