rail.lu - Les chemins de fer au Luxembourg et environs
Eisebunns-Telefonsleitungen op der Streck
- jmo
-
- Hors Ligne
- Membre platine
-
Moins
Plus d'informations
18 Nov 2014 20:26 #3483
par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Re: Aw: Eisebunns-Telefonsleitungen op der Streck
Villmols fir déi Informatiounen!
Hei ass eng Foto vun 1937 vun engem Telefonspoteau virum "Tunnel de Schwarzepoul" (Nordsäit) - bk 60.2 , 2ten vun 3 Tunnelen tëscht Giëwelsmillen a Kautebaach op der Nordstreck:
Cette image est caché pour les invités.

Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Jos K
Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.
- BB 26072
-
- Hors Ligne
- Nouveau membre
-
Moins
Plus d'informations
- Messages : 14
18 Nov 2014 18:15 #3482
par BB 26072
Réponse de BB 26072 sur le sujet Aw: Eisebunns-Telefonsleitungen op der Streck
Hallo,
kann puer Saachen heizou soen:
An der Stad war een Automate an och een zu Ettelbréck an der Gare (goufen dach awer nach méi), kann mech nach dorun arënneren, vue dass main Papp zesummen matt senger Equipe fir Nordstreck zoustänneg war. Déi Leitungen waren aus 3 mm Koffer-Kabel an am Ufang vun enger Linn waren kloer méi Dréiht, dëss hunn laafend sech gekräizt vir Stéierungen ze vermeiden.
Am Prinzip wäer et duer gaang fir iwwert een Drot géinnt Erd een Gespréich ze féiheren, gouf awer selten ungewannd, just am Fall fir een Probleem ze iwwerbrecken.
Sie hunn laafend vun enger Säit op déi anner gewiesselt esou wéi um Terrain Plaz war fir Masten opzeriichten, iwwert Tunnelen haaptsechlech am Eisléck gouf deen einfachsten Wee gesicht, nett emmer deen kierzten. Den Ennerhalt war grouss an no all Stuerm oder Wieder gouf et genuch ze dinn fir den Service um laafen ze haalen.
An den Automaten stungen mechanesch Wähleren fir Verbindungen zu stann ze bréngen, am Fall vun Tester huet een eng grouss Unzuehl vun Zifferen iwwer een aalen Telefon fun enger Wählerscheiw gewiehlt spéider haaten sie och Tastentelefoner an konnt een duerch Europa telefonnéieren an déi anner Eisebunnsnetzer.
Streckentelefoner hunn mat enger Kiepp deen iwwert een Magnéit déi néideg Energie bruecht huet funktionnéiert an waren iwwert deen nächsten Automat zu den Garen an Stellwierker verbonnen.
Am Kader vun der Moderniséierung op der Nordstreck sinn déi Leitungen duerch Kabelen, déi an Caniveauen geluecht goufen Ersatt ginn.
Fir weider Détailler mist ech nofroen, denken, dass Saach elo bëssen méi kloer ginn ass.

- Gilles
- Hors Ligne
- Membre junior
-
Moins
Plus d'informations
- Messages : 29
13 Nov 2014 22:12 - 16 Nov 2014 19:55 #3473
par Gilles
Réponse de Gilles sur le sujet Re: Eisebunns-Telefonsleitungen op der Streck
Esou wait ech wees hungen d'Streckentelefoner parallel u just 2 Leitungen.
Dernière édition: 16 Nov 2014 19:55 par Gilles.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Jos K
Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.
- Jos K
- Auteur du sujet
- Hors Ligne
- Membre premium
-
Moins
Plus d'informations
- Messages : 82
11 Nov 2014 17:50 - 12 Nov 2014 14:49 #3470
par Jos K
Eisebunns-Telefonsleitungen op der Streck a été créé par Jos K
Salut,
Firwat sin do souvill Leitungen benotzt gin? 1-2 pro Gare? fir d'Streckentelefoner?
Ab wéini gouf ët Streckentelefoner?
War d'Unzuel vun de Leitungen op enger ganzer Streck déi seleecht, oder huet d'Unzuel vun de Leitungen vun der Zentral a Richtung Enn vun enger Streck (Grenz) no all Gare ofgehol?
Wéivill Leitungen sin iwert d'Grenzen gangen?
Wou woren d'Telefonszentralen?
Op wéi enger Sait vum Gleis stungen d'Eisebunns-Telefonsmasten? Gouf ët do ee System, oder huet dat variert?
Villmols merci am Viraus!
E schéine Bonjour,
Jos
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Ech hun e puer Froën zu den Eisebunns-Telefonsleitungen vu fréier:Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Firwat sin do souvill Leitungen benotzt gin? 1-2 pro Gare? fir d'Streckentelefoner?
Ab wéini gouf ët Streckentelefoner?
War d'Unzuel vun de Leitungen op enger ganzer Streck déi seleecht, oder huet d'Unzuel vun de Leitungen vun der Zentral a Richtung Enn vun enger Streck (Grenz) no all Gare ofgehol?
Wéivill Leitungen sin iwert d'Grenzen gangen?
Wou woren d'Telefonszentralen?
Op wéi enger Sait vum Gleis stungen d'Eisebunns-Telefonsmasten? Gouf ët do ee System, oder huet dat variert?
Villmols merci am Viraus!
E schéine Bonjour,
Jos
Dernière édition: 12 Nov 2014 14:49 par Jos K.
Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.
Temps de génération de la page : 0.177 secondes