Monsieur "Lange aus Lanners" – e Lëtzebuerger beim Eisebunnsbau a Siam?

Plus d'informations
21 Jan 2026 16:09 - 21 Jan 2026 16:14 #6179 par Thierry
Moien alleguerten!

Hei sinn ech hoffentlech un der richteger Adress fir Hëllef ze fannen.

Et geet em eng Recherche zu engem Beriicht iwwer e Lëtzebuerger, dee wahrscheinlech Enn vum 19. Jh. um Bau vun enger Zuchstreck a Siam (Thailand) bedeelegt war.

Déi Geschicht hëlt an engem Zeitungsartikel vum 22. Januar 1897 hiren Ufank: De Corneille Schlesser, e Lëtzebuerger Affekot, trëtt an de Staatsdéngscht am fernem Siam an fir do un de Moderniséierungsreformen matzewierken. Am Artikel ginn nach lëschteg Erzielungen opgegraff, no deene Lëtzebuerger omnipräsent an der Welt erëm ze fanne sinn a wéi se sech ënnertenee duerch hir gemeinsam Sprooch z’erkenne ginn. A wéi et net anescht konnt kommen, zitéiert d’Zeitung e puer Woche méi spéit aus engem Bréif vum Här Schlesser, datt en tatsächlech a Siam op e Lëtzebuerger getraff ass, dee wéi aus dem Näischt do opgedaucht ze si schéint: De Maître ass mam Zuch vu Bangkok op Ayutthaya ënnerwee a stéisst bei der uschléissender Flossiwwerquerung op e Lëtzebuerger, dee sech als Monsieur “Lange aus Lanners” presentéiert. Wéi de Maître a sengem Bréif ausféiert, ass e leider net méi derzou komm méi iwwert sengem Compatriot seng Geschicht gewuer ze ginn.

viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/574rmbxfdh/pages/2/articles/DIVL75
viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/fpxxv53pwp/pages/3/articles/DIVL103

De Verdacht läit no, datt deem Här Langen seng Präsenz mat der Konstruktioun vun der Eisebunnsstreck Bangkok - Ayutthaya z’erkläeren ass. De Projet ass vun däitschen Ingenieure geleet ginn an et war déi éischt Streck a Siam, déi a Betrib geholl ginn ass (26. März 1896).Leider weess ech net, wat iwwer esou Bauprojeten iwwerliwwert a publizéiert ass, eben speziell iwwer d’Bedeelegung vu Lëtzebuerger, a wollt dohir am Forum nofroen, ob villäicht ee méi zu dësem Themeberäich weess.

Merci a frëndlech Gréiss
Thierry
Dernière édition: 21 Jan 2026 16:14 par Thierry.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.138 secondes