Wou ass dës Eisebunnsbrëck?

Plus d'informations
15 Nov 2018 20:16 #5310 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet Re: Wou ass dës Eisebunnsbrëck - 2?
Gudden Nowend
Dat ass net nemmen ee ganz gudden Tuyau, dat hei op der Foto vum Google Streetview dat ass déi gesichte Bréck. Leet een déi 2 Fotoen dei aal sw op déi vum Streetview genau openeen da passt dat ewéi d'Fauscht op d'Aa.
D'Mauerwierk,d'Stroos,d'Hecken,den Horizont an esou guer dee klenge Wee deen lenks no der Breck op der SW-Foto ze gesinn ass passt. PS op der SW-Foto gesäit e jo och dass et hei eng zweegleiseg Streck ass.
MbG

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
04 Jui 2016 12:50 #4442 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Re: Wou ass dës Eisebunnsbrëck - 2?
Jo dat do ass ee ganz gudd Tuyau!
Hei ass ee Screenshot aus dem Google Streetview:
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
03 Jui 2016 21:08 - 04 Jui 2016 08:58 #4441 par Blacky
Réponse de Blacky sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck - 2?
Déi éischt Bréck ass mat grousser Wahrscheinlechkeet tëschent Manternach an Mäertert, méi genau op der Fausermillen. Déi Platz huet als Besonnechkeet dass ënnert der Strooss och nach eng Bach leeft, also eng Bréck iwwert eng Bréck

Blacky
Dernière édition: 04 Jui 2016 08:58 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
03 Jui 2016 16:32 - 03 Jui 2016 19:13 #4440 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck - 2?
Hei ass eng Foto vu mir vun der Brëck N°11 op der Streck Bivange - Alzingen - Sait Bivange (2014)

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Huet een eng Foto vun där Brëck am Originalzoustand virun der Modernisatioun?

Villmols merci am Viraus!

jm
Dernière édition: 03 Jui 2016 19:13 par jmo.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
03 Jui 2016 15:15 - 04 Jui 2016 08:55 #4438 par jeancl_r
Réponse de jeancl_r sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck - 2?
dei breck misst d'nummer 11 um plang sin, déi huet och en neien tablier virun enger retsch joer kritt, an deen aalen war ongefeier sou aus stool. Ob en lo deen zeechen vun der us-army hat wees ech net
Dernière édition: 04 Jui 2016 08:55 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
10 Sep 2015 16:54 #3925 par adminv15
Réponse de adminv15 sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck?
Hei nach eng Info vum Félix Streicher:

D'Schëld vun 1918 ass tatsächlech een Ofzechen vun der US Army an zwar een sougenannt "Branch Insignia", méi genau deen vum "Transportation Corps". Den Transportation Corps war fir alles zoustänneg wat den Transport iwwert d'Schinn betraff huet.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
31 Aoû 2015 15:23 #3917 par Fränk
Réponse de Fränk sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck?
Ech giff nët mengen dat déi gesichte Brëck, déi 1. Brëck op der Strooss vu Fenteng op Béiweng (N° 2 um Plang) ass.

Déi gesichte Brëck ass am Hasteen gebaut:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Déi 1. Brëck op der Strooss vu Fenteng op Béiweng (N° 2 um Plang) ass Beton-armé, haut:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


an war ët och beim Bau:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Aoû 2015 21:08 #3912 par jowes
Réponse de jowes sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck?
esou wéi op der Foto ass dat déi 1. Breck vun Fenteng op Béiweng

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Aoû 2015 07:51 #3905 par Fränk
Réponse de Fränk sur le sujet Wou ass dës Eisebunnsbrëck?
Esouwait ech an där ganzer Dokumentatioun hei gesin, sin d'Brëcken No 2 - 7 all am Beton armé gebaut, also fallen déi all weg. Et kinnt eng Brëck a Richtung Syren sin, well dohinner gin ët der jo méi Brëcken am Haasteen.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
21 Aoû 2015 16:08 - 10 Sep 2015 16:59 #3904 par jmo
Wou ass dës Eisebunnsbrëck? a été créé par jmo
Hei ass nach eng Foto vum Ed Federmeyer déi vleicht och an d' Syrener - Brëcken-Rubrik passt:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Wéi ee Logo hängt um Träger vun der Brëck?

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Ass dëst d'Brëck (d'N°2 um Plang ?) am Dreieck Fenteng (Richtung Lëtzebuerg) iwert d'Stroos vun Alzeng op Réiser, oder wéi eng ass ët?

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

bis dann,

jm
Dernière édition: 10 Sep 2015 16:59 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.223 secondes